Oofstemmung vum Contest
(26.03.2007 - 01:26)
Gesin kennt dir all Fotoen hei:
http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_view...
Wéi emmer, är 5 Favoriten wielen, an enger Woch dann gëtt d'Resultat publizéiert.
Denkt w.e.g. onbedingt drun dass dir sollt bewärten wen Thema vum Contest am beschten emgesat huet! An net weieng Foto ierch einfach am allgemengen besser gefällt...
D'Oofstemmung dauert eng Woch, also nächste Méinden um 1 Auer an der Nuecht ass zou, an am lafen Dag gëtt dann d'Resultat public gemaach.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
JADE
26.03.2007 - 01:59
hun och schon gevote ...
also meng 1. Plaaz ass ..................................................... eng kontrastesch
also meng 1. Plaaz ass ..................................................... eng kontrastesch
Masterpii
26.03.2007 - 02:25
Ech hun mein absolute Favorit fonnt, daat get och meng nei Lieblingsfoto!!!! Sin puer ganz gudder dobei!!
gloda
26.03.2007 - 11:24
Ech weess net ob et fair as spezifesch Fotoen ze diskutéieren iert den Voting eriwwer as.
Johny
26.03.2007 - 14:17
Daat stemmt ganz wuel mee daat ass well dei eng et just wollten als Motiv matt an d'Bild brengen, also de Kontrast, anerer vläicht just als Message, an anerer iergendwei eng Mëschung vun denen zwee. Mee daat ass jo grad daat interessant un souengem Contest
Maggele
28.03.2007 - 22:19
wat jo coh 't ziel vun der übung as. ech fannen dass 't interpretatioune wéi den dawnii scho seet sin deelweis "intressant" ;D mee 't thema gouf eigendlech net verfehlt.
wat jo coh 't ziel vun der übung as. ech fannen dass 't interpretatioune wéi den dawnii scho seet sin deelweis "intressant" ;D mee 't thema gouf eigendlech net verfehlt.
-Laurent-
26.03.2007 - 16:29
schick schued dadd ech meng Foto nach net gemeet hun
den konzept haat ech
mee ass flott mol een contest wou leit matgemeet hun
den konzept haat ech
mee ass flott mol een contest wou leit matgemeet hun
yoshi
26.03.2007 - 17:04
jo ass gudd dass der dest keier e puer matgema hun
dann ma deng idee mol an lued se einfa sou rop, sin gespaant
dann ma deng idee mol an lued se einfa sou rop, sin gespaant
little-dreamer
26.03.2007 - 23:17
hm...puer komesch saachen derbäi wu ech net mol den senn vun der foto/interpretatioun verstinn...=S kann awer och u mier leien ...
little-dreamer
28.03.2007 - 11:56
dann sinn ech frou =S hätt schon geduecht ech hätt zu köln bessi ze vill kölsch aus reagänz-glieser gesüffelt mee dat ass io dann antscheinend net den fall
elmuzo
27.03.2007 - 09:56
Exzellent. Gevote a gespeichert . Ech wënschen allen Bestreider vun desem ganz flotten Contest Vill Gléck...
BlackPanther
27.03.2007 - 14:28
hun o gevote...as nawell op den plaatzen 1-3 NET sou einfa geweescht...wierklech puer flott saachen drenner...
mee anrer fron ech mech WIERKLECH wisou een SOU eps an en CONTEST aschekkt!
ech selwer hun fill gesicht an weinesch font resultat:niks ageschekt...eps opbauen wollt ech nik...
sen mol gespaat wi et ausgeet...

27.03.2007 - 22:29
Du hues net onrecht, genee wei dei aner dei daat hei sooten mee daat ass wann een denkt "oh einfach mol mattmaachen, schueden kann et näicht" amplaz sech drunzeginn.
Ech well hei bemirken dass suguer 2 Fotoen nach net eng Keier vun iergend engem eng Plaz zougewise kruten, dobäi hun iwwer 40 Leit (schätzen ech) oofgestemmt bis lo. daat ass jo och net normal a bestätegt daat waats de sees just

krautheim
28.03.2007 - 01:49
Ech ka mech de Komentaren hei nemmen uschléissen, vill Biller entspriechen a mengen Aaen net wierklech dem Thema vum Contest. Trotzdem ass dat eent an dat aanert wierklech gelongen!
-Laurent-
30.03.2007 - 00:43
hmm ass awer zimlesch breed gefaechert daat thema sou direkt verstin ech nemmen een bild net
Johny
30.03.2007 - 12:55
Vu waat ech mei enttäuscht sinn ass dass esou weineg Leit d'Reegelen leisen zum Contest. 2 Fotoen hun ech geläscht well se och normal an d'Galerie eropgeluede gi sinn, obwuel an de Reegelen steet dass een näicht därf maan waat drop hiweist vu wem d'Foto ass, well d'Oofstemmung soll sou verlafen dass een eben net weesn wem seng Foto een bewärt, an eng Foto hun ech geläscht well se am November gemaach ginn ass. An eng do waarden ech nach op eng Äntwert vum Fotograf, wann dee sech net mellt bis e Méinden muss dem seng och geläscht ginn.
Ech geif ierch dach bieden dei all ze liesen an ze verstoen ... dei sinn net fir näicht do.
Ech geif ierch dach bieden dei all ze liesen an ze verstoen ... dei sinn net fir näicht do.