Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad d'Neiegkeeten an der Kategorie Club Neiegkeeten
Assemblée Générale
(27.04.2017 - 16:15)
Eis AG ass lo schonn bëssen hier an et goufen eigentlech zwou wichteg Ännerungen: mier hunn e puer Changementer am Comité an mier hunn d'Statuten vereinfacht.

Am Comité huet lo den Oli den Presidentenposten iwwerholl, den John an d'Anouk bleiwen Vize an Trésorière, d'Catherine iwwerhëllt den Sekretärsposten vum Christian - deen austrëtt -, den Steve an den Bob bleiwen Memberen an den Alex trëtt an während den Laurent eis verléisst. Mier sichen awer weiderhinn nach no Leit déi eis hëllefen, wann een sech ugesprach fillt einfach bei eis mellen.

Wat d'Statuten ubelaangt hunn mer eis, ob den fachleschen Rot vum Alex hin, vir eng Rei Vereinfachungen decidéiert déi awer haaptsächlech administrativ Saachen betreffen. Weider Detailer heizou kommen deemnächst an enger separater Neiegkeet.
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schéint Chrëschtdag
(25.12.2016 - 13:36)
D'Photogen-Team wënscht iech an ären Famillen ganz häerzlech en schéint Chrëschtdag an en erfollegräicht neit Joer!
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schlecht News zu eisem Sall
(13.04.2016 - 18:00)
Mir hu leider eng schlecht Noriicht ze mellen. Virun ongeféier dräi Woche krute mir vun der Gemeng Jonglënster e Bréif, datt mir de Sall, dee si eis déi lescht Joren zur Verfügung gestallt hunn, bis den 1. Juni misste geraumt hunn. Op Nofro hinn hu si eis matgedeelt, datt si de Sall fir eegen Zwecker brauchen, an dat hier eenzeg Méiglechkeet wier, dofir kéinte se eis leider och keng Alternativ ubidden.

Dat bedeit esou vill wéi, dass mir vum 1. Juni u kee Sall a kee Studio méi hunn, a bis elo och emol keng Méiglechkeet eist Material ënner ze stellen.

Mir probéieren elo an den nächste Wochen a Méint no anere Méiglechkeeten ze sichen wou mir kéinten eise Fotostudio ënnerbréngen, fir och weiderhin eis Workshops a Meetings kënnen ze halen. Falls Dir awer eventuell selwer eng Iddi hutt oder esou guer vun engem Raum wësst deen fräi wier fir eisen Zweck, dann sot eis w.e.g. Bescheed, mir sinn extrem frou fir all Ënnerstëtzung an Hëllef déi mir hei kënne kréien. Am beschten ze erreeche si mir op eiser E-Mail info@photogen.lu.
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Workshops, Neijoerspatt & Feierdeeg
(24.12.2014 - 15:37)
Hohohooo léif Frënn vun der Fotografie,

Wat gëtt et neies? Majo, vläit huet jo schonn den een oder anere matkrut dass Photogen dat neit Joer direkt mat 2 flotte Workshope ufänkt.

Sou e Workshop ass ëmmer rëm flott well een enger Säits neies bäiléiert, ales widderhëlt an nei Läit an Techniken kenneléiert, nach derbäi kënnt dass ons Workshopen am klénge Grupp, ouni Stress ganz familiär ofgehale ginn (an och wierklech gënschteg sinn :-) )

Et muss een net Member bei Photogen sinn fir un engem Workshop deelzehuelen (fir d'Memberen gëtt et awer bëssi méi gënschteg :-) ), wann der also net alleng op de Workshop wëllt kommen, oder een/eent kennt den sech iwwert d'Feierdeeg gecheckt huet an eng (nei) Kamera krut an lo bëssi Hëllef brauch, oder soss och een/eent kennt den dëse Cours interesséiere kinnt, dann deelt dëse Message w.e.g. virun. Eventuell ass et eng Iddi fir e flotten Last-Minute-Chrëschtkado? ;)


Wat steet dann um Menü?

Workshop "Fotografie fir Ufänger" den 10. Januar 2015
Dat wier eng Kéier de Workshop "Fotografie fir Ufänger" mam Johny Goerend an mam Christian De Carolis.
Do ginn d'Basics un A-Z eng Kéier duerchgeholl, Begrëffer, Technik, Material, alles wat een fir e gudden Start/Neiufank brauch.
Opgepasst, dëse Cours ass ëmmer schnell ausgebucht, et heescht also sech bäimaachen! :-)

Workshop "Photoshop Introduktioun" den 24. Januar 2015
an eng Kéier de Workshop "Photoshop Introduktioun" mam Bob Bamberg an mam Steve Schneiders.
Den nächste Schratt no der Foto huelen ass nämlech d'Veraarbechtung/Post Processing, hei gëtt et dann e Cours fir e gudde start an den Photoshop ze kréien an di wichtegst Funktiounen kennen ze léiere.
(Dëse Cours war ursprénglech fir Dezember 2014 geplangt, ass awer lo op den 24.01.2015 geréckelt ginn)

Neijoerspatt de 17.1.2015
Onsen traditionellen Neijoerspatt wier den 17/01/2015 um 1800 an onsem Clubsall zu Jonglënster.
Kommt eppes drénken, eppes knabberen, bëssi schnëssen a wann nach Zäit an Loscht do ass kucke mer zesummen e Film zum Thema Fotografie.



De ganzen Comité vu Photogen, wënscht all de Memberen an hire Familljen an Frënn,
flott Chrëschtdeeg, neit Equipement ënnert dem Chrëschtbeemchen mee virun allem eng gutt Gesondheet an gutt Luucht fir 2015.
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Goodyear Challenge 2014 - Vernissage
(12.05.2014 - 08:54)
De Goodyear Photo-Ciné Club feiert de Samsden de Vernissage vun hierer
Goodyear Challenge 2014 - Expositioun.

Tëscht all den exposéierten Wierker ass och eng Foto (Waarmen Choky) vun onsem Member, dem Mike Weiwers (Wuff), déi genuch Punkten an der Kategorie "sujet libre" gesammelt hat fir exposéiert ze gin, gratulatioun un de Mike.

De Vernissage fënnt de Samsden, den 17/05/2014 um 17.00 am Centre Culturel de Colmar-Berg statt.

D'Exppo ass op:
Samsdes, 17/05/2014 vun 14.00-19.30
Sonndes, 18/05/2014 vun 10.00-12.00 an 14.00-17.00

1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nei Ënnerstëtzung am Comité
(05.04.2014 - 13:42)
No eiser Generalversammlung leschte Weekend, hu mir elo offiziell zwee nei Leit am Comité. Dat sinn d'Catherine Thill (Marmag) an de Steve Schneiders (schneve), soudass sech de ganze Photogen Comité elo esou zesummesetzt:

President: Johny Goerend
Vize-President: John Oesch
Sekretär: Christian De Carolis
Trésorière: Anouk Hartmann
Member: Laurent Koob
Member: Oli Kerschen
Member: Bob Bamberg
Member: Catherine Thill
Member: Steve Schneiders
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Studio erëm fräi fir ze reservéieren
(25.08.2013 - 18:53)
Et huet laang gedauert mä vun elo un ass de Studio zu Jonglënster erëm fräi fir ze reservéieren. E puer Fotoen wéi et elo ausgesäit an eng komplett Lëscht vun der Ausstattung ass op der Studio Info Säit ze fannen.

E puer wichteg Ännerungen si folgend:

- Alles ausser d'Androen vun der Bezuelung (Iwwerweisung) leeft op eiser Säit automatesch of.
- Mir hun en zweeten Hannergrondsystem installéiert, den zweeten mat méi Plaz an der Héicht.
- Mir hunn nei Blëtzer vu Multiblitz, mat nach weideren Accessoiren.
- De ganze Buedem ass fonkelnei, passt also w.e.g gutt dorop op.
- De Präis ass ab elo 25 Euro pro 2 Stonnen wou een de Studio lount.
- Et muss een de Studio mindestens 14 Deeg am Viräus reservéiert hunn. (aus Organisatiounsgrënn)

Wann soss nach Froen sinn, zéckt net eis einfach eng E-Mail ze schreiwen oder direkt hei a Form vun engem Kommentar.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Ännerungen am Comité
(02.04.2013 - 23:42)
An de läschte Wochen huet sech am Comité vill gedoen, verschidde Memberen sinn elo net méi derbäi, an anerer sinn nei bäikomm oder hun nei Aufgaben iwwerholl. Hei eng kleng Iwwersiicht:

Elo net méi am Comité:
- Tom Ewert
- Paul Metzler
- Yannick Schmidt
- Lydie Goerend

Nei derbäi oder nei Aufgab:
- Anouk Hartmann ass elo Caissière
- Jean-Luc Brausch
- Bob Bamberg (Metalbambi)

Mir wëllen hei nach eng Kéier deene Memberen déi am Comité waren an gehollef hunn villmools Merci soen, virun allem dem Lydie an dem Yannick op dëser Plaz, déi allen zwee Photogen am Joer 2005 mat gegrënnt hunn, déi also elo iwwer 7 Joer mat derbäi waren.

De Comité besteet elo also aus 9 Leit, hei nach eng Kéier d'komplett iwwersiicht:
- Johny Goerend, President
- John Oesch, Vize-President
- Christian De Carolis, Sekretär
- Anouk Hartmann, Caissère
- Marc Lazzarini
- Laurent Koob
- Oli Kerschen
- Bob Bamberg
- Jean-Luc Brausch
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Salon National Fotoen sinn online
(20.11.2012 - 10:57)
No der erfollegräicher Projektioun en Samschden, sinn dann och d'Fotoen online déi akzeptéiert gi sinn, dir kënnt se kucken op http://www.salonnational.lu/gallery/1

Wann dir net konnt kommen dann kommt op eis zweet Projektioun dëse Samschden de 24. November um 15 Auer zu Jonglënster am Centre Culturel.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Salon National Resultater
(10.11.2012 - 16:23)
Vu Photogen hunn am ganzen 22 Leit matgemaach vu Photogen, an mir sinn am Clubklassement 3. ginn, kréien do also och e Präis. Hei direkt e Merci un all déi déi matgemaach hunn an dëst méiglech gemaach hunn. Zwee vun eise Leit hunn eng Medail oder Mention honorifique kritt bei de Senioren, an zwar de Laurent Koob d'Goldmedail am Sujet libre an den Oli Kerschen eng Mention honorifique am Sujet imposé.

Ausserdem hu mer an de Junior Kategorien ganz gutt ofgeschnidden mam Jona Oesch, Deborah Oesch an Corinne Hennico, déi och zesumme vill Medailen an Mentiounen gesammelt hunn.

Zum Vernissage, deen de 17. November ass, fënnt een all Informatiounen hei: http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=24
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Salon National 2012 - UPLOAD
(10.10.2012 - 22:19)
Gudden Owend,

Dëst Joër huet photogen d'Éier fir de Salon National de la FLPA 2012 ze organiséieren. Den Numm "Salon" kënnt dohier dass d'Fotoen déi akzeptéiert ginn duerno ausgestallt ginn. Vu dass dëst en digitale Salon ass, gëtt dat net a Form vun enger typescher Ausstellung gemaach mee als Projektioun.

De Salon gëtt all Joër vun engem anere Club organiséiert, an ass ënnert den Lëtzebuerger Hobbyfotografen zimlech bekannt an mat de wichtegsten vir drun Deel ze huelen. Mir sinn eis bewosst, dass vill vun eise Memberen nach relativ nei sinn, an net onbedéngt genee wëssen wéi dat geet, wat dat ass an wat ee muss maachen fir matzemaachen. Dofir hu mir op eiser Säit www.salonnational.lu/froen déi wichtegst Froen beäntwert.

Dir kënnt am ganzen 8 Fotoen erop lueden fir de Salon, 4 Stéck ouni spezifescht Thema an 4 Stéck zum Thema "Linnen déi lafen". Dir kënnt awer och z.B. just Fotoen erop lueden ouni spezifescht Thema, oder och 2 Fotoen fir d'Thema an 2 ouni.

Et ginn an de Kategorien all Kéier Gold, Sëlwer an Bronze Medail verginn fir déi bescht Fotoen, esou wuel wéi och e puer "mentions honorifiques".

Limit fir den Upload ass de 27. Oktober, an mir wiere frou wann Dir kéint matmaachen an soumat och photogen do representéieren. Et brauch een allerdings eng FLPA Lizenz (ausser et fällt een an eng vun de Junior-kategorien), wen nach esoueng gären hätt kann sech dofir och bei eis mellen per E-Mail.

Duerno ginn d'Fotoen op der Projektioun de 17. November gewisen, zu Jonglënster am Festsall vum Centre Culturel, Dir kënnt Iech direkt hei um Site och mat umellen fir dee Meeting.

Wann Dir nach Froen zu dem ganzen hutt dann mellt iech roueg bei eis, am beschten op der E-Mail salonnational@photogen.lu, mir beäntwere ganz gären all Froen déi Dir nach sollt hunn.

Vill Spaass a gutt Luucht,

De photogen Comité

5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
De Photogen Sall ass zréck
(01.10.2012 - 20:26)
Et ginn gutt Nouvellen vun Jonglënster ze mellen: Läscht Woch ass eise Sall endlech fäerdeg ginn, an dat meescht vun eisem net-techneschem Material steet an Tëschenzäit schonn erëm drann. De Buedem ass elo ganz frësch an genee no eise Virstellungen gemaach ginn.

Et dauert elo just nach e bëssen bis en och erëm zur Verfügung steet fir als Studio ze lounen, well elo musse mer kucken déi al an och eis nei Blëtzer an Ausrüstung erëm dran ze kréien, wat dann an den nächste Woche wärt gemaach ginn.

Mir halen iech natierlech mam weidere Verlaf vun der Ariichtung um Lafenden :)

Dëse Mëttwoch ass och schonn erëm den éischte Phototalk zu Jonglënster, traut iech roueg kucken ze kommen :)

Phototalk Oktober
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen Clubsall Neiegkeeten
(13.07.2012 - 09:09)
Moien alleguer,

Laang schonn waarde mer drop dass eise Clubsall zu Jonglënster erëm prett ass fir den Asaz, esouwuel fir Meetings, Workshops mee och als Studio fir eis Memberen. De läschten Informatiounen no ass et elo sou dass elo just nach eppes muss gemaach ginn, an zwar e Belag op de Buedem geluecht ginn. Nodem mir eis eng Faarw erausgesicht hunn soll dëst Ufank September gemaach ginn, soudass mir de Sall Mëtt bis Enn September erëm ganz zur Verfügung hätten. Natirlech musse mir dann nach kucken d'Material erëm anzeraumen, opzeriichten, an mer wärten iech do och neit Studiomaterial zur Verfügung stellen.

Sou hutt Dir alt alleguer en Update, an eng Idee wéini de Studio och erëm bereed ass fir verlount ze ginn :)

Äeren Photogen Comité
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Generalversammlung & News
(29.03.2012 - 09:52)
E Samschden den 24. Mäerz hate mir zu Jonglënster eis ordinär Generalversammlung, an zwee Vertrieder vun Photogen waren och Mëttes schonn op d'Generalversammlung vun der FLPA. Hei dann déi wichtegst Saachen déi et dozou ze mellen ginn:

- Vun elo un ass den Tom Ewert och Member am Comité vu Photogen.
- Den Johny Goerend an de Jean-Claude Berens sinn an de Jury vun der Federatioun opgeholl ginn.
- Et geet endlech viru mat eisem Sall, vu dass elo eng ganz nei Beschichtung gemaach ass, déi just nach drechnen muss an duerno kënne mer kucken wat mer als läscht Schicht drop leeën.
- Photogen organiséiert 2012 de Salon National vun der FLPA, méi Informatiounen dozou kommen geschwënn.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Photogen iwwerhëllt photoshoot.lu
(04.08.2011 - 14:52)
Photoshoot.lu ass e Forum deen fir all d'Leit ass rondrem d'Portraits Fotoen d.h. fotografen, Models, Visagisten asw. Déi aktuell Administratoren hunn awer leider décidéiert de Forum net méi wëllen weider ze halen an hunn de Forum dofir fräi ginn fir dass een aneren en kann iwwerhuelen. Vu dass mir net wollten dass dëse Forum ganz verschwënnt, iwwerhëllt Photogen dësen elo, d.h. an den nächsten Deeg gëtt de Forum geplënnert op de selwechte Server wéi Photogen, an dann ginn d'Leit am Team gewiesselt an mir probéieren dat dann weider ze féieren.

De Plang ass fir um Ufank de Forum esou weider lafen ze loossen, an et mat der Zäit méi ze integréieren mat spezifeschen neien Funktiounen am Site vu Photogen.

Vu dass aus dem aktuellen Team nëmmen een weider dra bleift, kéinten mir nach e bëssen Ënnerstëtzung gebrauchen wat d'Moderatioun vun dem Forum ugeet. Wann Leit interesséiert sinn dodrunn, mellt Iech w.e.g. op info@photogen.lu

Dat neit Team gesäit bis elo esou aus dass de Marc Marchal (mmphotos) an de Johny d'Haapt Moderatioun wärte maachen mat Ënnerstëtzung vum Yves Gilbertz (DiGGi) an Christian De Carolis.

Mir hoffen deene Leit vu photoshoot an och eise Clubmemberen heimat nach méi kënnen ze bidden an, dass mer all zesummen nach vill weider Spaß wärten hunn beim Fotoen maachen :)
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen Studio nach net prett
(13.07.2011 - 14:08)
Leider ass de Studio vu Photogen ëmmer nach net fäerdeg an soumat och net erëm prett fir Fotoen do kënnen ze maachen. Obwuel eis um Ufank versprach gouf et géif am Mee gemaach ginn, war dat net méiglech an am Moment läit et nach e bëssen um Pabeierkrom fir dass et gemaach gëtt. Mir probéieren awer derhannert ze bleiwen (d.h. hannert der Gemeng an der Firma déi et herno wäert maachen) fir dass et virun geet.

Mir deelen iech all dat hei mat well mer regelméisseg Ufroen kréien wéini de Studio erëm zur Verfügung steet, mä leider kënne mer dat am Moment nach net esou genee soen. Esou bal mir méi Detailer hunn zu engem Datum, wäerte mer dat natierlech um Site och mat verëffentlechen!

An Tëschenzäit kënnt dir jo dobäussen och schéi Fotoen maachen (viraus gesat d' Wieder gëtt besser wéi lo dës Woch :))
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Ausstellung an der City Concorde
(17.05.2011 - 21:55)
Vun muer un hu mir eng Ausstellung an der City Concorde, zousätzlech zu deenen Fotoen déi vun eisem Club am Moment grouss do hänken. Dës Ausstellung ass vum 18. Mee bis den 4. Juni op.

En décke Merci un d'City Concorde, déi eis dës Méiglechkeet ginn.

28 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Studio lounen nach net méiglech am Mee
(22.04.2011 - 09:42)
Am Mäerz an am Abrëll haten mir de Studio jo zou gemaach, well mer mussen nom Buedem kucken an well d' Material (virun allem d'Hannergrënn) scho bal esou Wäit waren dass ee keng flott Fotoen méi konnt maachen. Dëst Material gëtt ersat wann de Buedem an eisem Sall an der Rei ass.

D'Gemeng wäert elo geschwënn am Sall mat den Aarbechten ufänken, leider hat et e bëssen gedauert bis mer en Datum vun der Gemeng kritt hunn. Den aktuelle Plang ass dass si d' Aarbechten wëllen am Mee ofschléissen, an dann wëlle mer den Sall nei an propper ariichten, wat och nach eng Kéier Zäit hellt. Dofir ass am Mee de Studio och nach zou, viraussiichtlech am Juni wäert dann alles ofgeschloss sinn esou dass mir iech dann en Studio kënne bidden dee propper ass mat anstännegem Material.

Et kann sinn dass de Phototalk am Mee dofir muss ausfalen, mä dat musse mer nach gesinn an den nächsten Deeg.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Comité Changementer
(21.04.2011 - 15:00)
E Samschden haten mir, wéi eis Clubmemberen wëssen, eis Generalversammlung. Leider waren och dëst Joer net vill Memberen do, wouduerch dat ganzt an engem relativ klengen an gemittlechem Kader gehal ginn ass. Déi wichtegst Informatioun hei vun ass dass eisen ale Sekretär, de Yannick alias yoshi säi Sekretärs-posten ofginn huet, an dësen ass iwwerholl gi vum Christian De Carolis (alias gogo), deen dann vun elo un eisen Sekretär ass. De Yannick bleift awer weiderhinn nach am Comité mat dran.
17 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Generalversammlung - Resultat
(21.03.2010 - 23:51)
Den 13. Mäerz war jo bekanntlecherweis eis Generalversammlung vun 2009. Hei waren net immens vill Memberen vertrueden - wat e bëssen schued war. Trotzdem hu mer gutt Neiegkeeten ze berichten: an zwar ass ab elo den Oli Kerschen offiziell am Comité mat drann, souwéi de Paul Metzler an d' Anouk Hartmann. Den Stéphane Zuède hat nach um Schluss vun 2009 sech aus dem Comité zréck gezunn, aus zäitleche Grënn.
Eise Comité besteet elo aus 10 Leit a mer soën deene Leit Merci déi eis wëlle weiderhëllefen, an eis ënnerstëtzen.

E ganze Résumé kritt all Clubmember per E-Mail geschéckt.

mbg,

Johny
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Studio lounen
(25.01.2010 - 01:17)
Endlech kann een de Studio lounen - Informatiounen iwwert de Studio fënnt een op http://www.photogen.lu/?page=pgclub&set=studio

An lounen kann een en hei: http://www.photogen.lu/?page=pgclub&set=studio...

Wann nach Froen sinn respektiv eppes ass onkloër, stellt d' Fro einfach hei :)

Datumer & Zäiten déi elo schon gelount sinn, sinn fir intern Zwecker wéi Workshops asw.
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Studio Erëffnung
(11.01.2010 - 10:01)


Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.

Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.

Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php

Hoffentlech bis en Sonnden dann.
16 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neies zum Club
(11.03.2009 - 16:20)
Déi Clubmemberen déi op der Generalversammlung derbäi waren, wëssen et schonn, heimat gëtt dann offiziell jidfereen et gewuer. Ab elo sinn och den kola (Laurent Koob) am Comité vum Club, nodem si eng Demande geschriwwen haten fir bäi ze trieden. En Wëllkomm hei nach eng Kéier vun eiser Säit aus un déi zwee motivéiert Memberen.

Ausserdeem gouf sech op der Generalversammlung dofir ausgeschwat fir d'Memberskaart fir d'Joer 2010 erop op 20€ ze setzen fir d'Net-Studenten. Ech wëll awer hei nach eng Kéier betounen dass et e Wonsch vun de Memberen war! :) (Fir Studenten bleift et bei 12€)

Geschwënn missten mer och all d'Material zesummen hunn fir de Studio, soubal dat do ass maache mer eng kleng Aweiungsparty esou wéi dass een dann de Studio ze lounen kritt, an mer do kënnen Workshops organiséieren oder einfach just typesch Fotoclub-méisseg Diskussiounsowenter ofgehale ginn.
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
FLPA Lizenzen ze kréien
(06.02.2009 - 00:05)
D'FLPA, also d' Fédération des photographes amateurs bidd Lizenzen un, déi een brauch wann een wëll Deel huelen u Konkueren déi vunn aneren affilitéierte Fotoclib organiséiert ginn. Vun elo un kann ee beim Umellen als Member bei eis am Club dës Lizenz direkt mat huelen, an kascht just 5€ pro Joer.

Fir déi Leit déi schonn Member sinn, an esou eng Lizenz wëllen, schéckt w.e.g. eng E-Mail op email@photogen.lu an als zousätzlech Donnéen gidd w.e.g. ären Gebuertsdag, Nationalitéit an Telefons Nummer un. Déi brauch d'FLPA fir dës Lizenz ze erstellen.

Fir déi Leit déi eigentlech schonn esou eng Lizenz hun iwwert en anere Club an deemno wéi wéilten bei eis wiesselen mat deser Lizenz, schéckt just är Lizenz Nummer als E-Mail op email@photogen.lu

Wann nach Froen sinn, stellt se roueg hei oder per E-Mail.
16 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Club Info Säit
(18.12.2008 - 00:14)
Mir hun eng Infosäit iwwert Photogen als Fotoclub online gestalt: http://club.photogen.lu

Wann mir de Studio bis fäerdeg hun, kann een do och méi genee Infos driwwer liesen, wéi och iwwer d'Workshops.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Clubmember ginn - et geet endlech!
(08.10.2008 - 00:21)
Sou, vun haut hun kann jidfereen sech als Member fir de Club umellen. Et ass einfach a séier gemaach, an all Informatiounen kann een hei noliesen, an sech direkt dann och umellen:

Link fir sech als Clubmember unzemellen
22 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen elo offiziell eng a.s.b.l !
(19.09.2008 - 09:40)
No laangem Hin an Hier an Onkloërheeten, ass et endlech vollbruecht. Photogen ass firun e puer Wochen als a.s.b.l. ugemellt ginn, an matt der Publikatioun vun eise Statuten am Mémorial C si mer dann elo offiziell firum Gesetz eng a.s.b.l., wat eis och erméiglegt affiliéierte Fotoclub bei der FLPA (http://www.flpa.lu) ze ginn.

Bis dir ierch kënnt als Member vum Club umellen, mussen nach puer Saache matt der Fédératioun geklärt ginn, am Moment waarde mer do nach op e puer Äntwerten. Wann dat bis gemaach ass, kann ee sech online als Member umellen. Firdeeler op der Websäit selwer kritt een doduerch net, mee awer typesch Fotoclub-Méiglegkeeten, wéi z.B. de Gebräuch vun eisem fonkelneie Studio dee mir och an denen nächste Wochen wärten ariichten! Oder interessant Workshops iwwert d'Fotografie selwer oder d'Fotobearbechtung um Computer bidden mer dann regelméisseg un.

Hei nach den aktuelle Comité matt den Chargen vun den Leit:

- Johny - President
- Focus - Vize-President
- Lydie - Trésorière
- Yoshi - Sekretär
- Kwitchibo (keng rechtlech Charge mee Event-Manager)
- MarcGerard (keng rechtlech Charge mee Event-Manager)


Hoffentlech bis geschwënn an eiser Clubmember-lëscht dann.
52 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»