Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad d'Neiegkeeten an der Kategorie Websäit Entwécklung
Neien Server
(17.09.2018 - 10:18)
Säit gëschter Moien leeft Photogen ob engem neien Server. Nodeems mer virun puer Méint eng Rëtsch Problemer mat dem alen haten, hunn mer eis zu engem Wiessel decidéiert. Dat heescht awer och dat nach net alles ronn leeft well Saachen hunn mussen ugepasst ginn. Z.b. haten mer gëschter eng kleng Invasioun vun den ??? an haut well déi al Wochefoto hieren Troun net oftrieden, obwuel déi nei schonn gewielt ass... Mier sinn un deenen Saachen drun! Wann iech och eppes opfält, dann sot eis w.e.g. iwwer info@photogen.lu Bescheed!
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Instagram
(17.09.2016 - 18:58)
Mier hunn eng kleng Ännerung un der Profilsäit gemaach. An zwar gëtt et ab elo d'Méiglechkeet säin Instagram Profil anzedroen, sou dat een d'Méiglechkeet huet säin Netzwierk do auszewäiten. Mier kënnen dann och z.B. ären Profil ob är nächst Wochenfoto verlinken. Et geet duer bei den Profil-Astellungen säin Usernumm unzeginn, net d'ganz URL vun der Profilsäit.

Ausserdeem hunn mer ICQ an MSN aus den Kontaktméiglechkeeten erausgeholl well déi souwisou en bëssen iwwerlieft sinn.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Feeler behuewen beim Kommentar schreiwen
(10.01.2014 - 21:44)
Et gouf e Feeler deen dozou gefouert huet, dass een heiansdo, wann ee scho bei enger Foto e Kommentar geschriwwen hat, beim Späichere vun engem weidere Kommentar e Feeler krut "Ajax Error", awer de Kommentar ass dann trotzdem gespäichert ginn. Dëse Feeler ass elo behuewen, entschëllegt eis w.e.g. dofir.

Sollten iech esou Feeler an Zukunft nach opfalen, schéckt w.e.g. eng E-Mail un info@photogen.lu.

Mir wënschen iech e schéine Weekend
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
De ganze Site elo iwwert verschlesselt Verbindung
(14.04.2013 - 14:30)
Mir hunn elo eng gréisser Ännerung gemaach an der Konfiguratioun vu photogen.lu, an zwar aus Sécherheetsgrënn. Bis elo ass nämlech all Verbindung op photogen.lu ganz "normal" gewiecht d.h. net verschlësselt, sou wéi de gréissten Deel vun de Verbindungen um Internet. Well awer vill perséinlech Donnéeën driwwer fléissen an virun allem och oft Leit iwwert oppen WLAN sech verbannen (wou theoretesch jiddereen am WLAN déi ganz Verbindung dann kann mat verfolgen) hu mer décidéiert dëst ze änneren.

Vun elo un geet alles wat vu Verbindung op photogen.lu gemaach gëtt iwwert den https Protokoll, d.h. komplett verschlësselt.

An extra well et jo elo endlech méi schéin dobaussen ass: Gitt eraus Fotoen maachen! :)

E schéine Sonndeg nach,

De Comité.

7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Méi grouss Thumbnails
(06.01.2013 - 03:42)
Et gouf vun de Leit am Forum gewënscht, an et war och eis Opfaassung dass d'Thumbnails roueg kéinten méi grouss sinn op Photogen, fir dass een am Preview bëssen méi erkennt. Dëst ass elo gemaach, fir genee ze sinn hun d'Thumbnails elo eng Breet vun 190 Pixel woubäi et virdrun der 146 waren.

Wann dir nach kleng Thumbnails sollt ugewise kréien, dann maacht w.e.g. en manuelle Reload am Browser, dann muss deen d'Biller eng Kéier ganz nei lueden.

Dëst war dann och de Grond wisou elo während e puer Stonnen um Samschden Owend Photogen offline war, well déi Thumbnails hun alleguer mussen nei generéiert ginn.

Mir hoffen dës kleng Ännerung gefällt iech an mécht de Site e ganz klengt Stéck besser :)

Mir wënschen iech all nach e schéine Sonndeg.
23 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Liicht Ännerung beim Virschloën vu Wochefotoen
(05.11.2012 - 00:09)
Duerch verschidde Sachen déi eis an der läscht opgefall sinn beim Virschloën vu Fotoen fir an d'Ofstëmmung vun der Wochefoto ze kommen hu mer zwou Ännerungen elo mol agefouert, eng weider kënnt nach méi spéit no. Bis lo sinn folgend zwou Ännerungen mol aktiv:
1. Et muss een als éischt e Kommentar geschriwwen hu bei der Foto
2. Et däerf een nëmmen maximal 5 Fotoen pro Woch virschloën

An déi déi nach wärt nokommen ass, dass net just een duergeet, mee dass et mussen zwee Leit sinn déi d'Foto virschloen fir an d'Ofstëmmung.

Mir wëllen heimat vermeiden, dass zevill Fotoen an der Ofstëmmung sinn an d'Leit se net méi alleguer eecht kucken, an mir sinn der Meenung, dass d'Fotoen déi et wierklech verdingt hun mat an der Ofstëmmung ze sinn och trotz dësen bëssen méi strengen Kriteren nach dra kommen an d'Chance hun fir Wochefoto ze ginn.
45 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Annoncen-Revalidatioun aktivéiert
(04.01.2012 - 00:36)
Et hu vill Leit sech gefrot wéi laang Annoncen iwwerhaapt aktiv bleiwen, an och gemengt dass et géing stéieren dass een net géing gesinn wéi al se wir d.h. et wéisst een net ob et nach e Wärt hätt sech ze mellen bei dem jeenechen. Dofir muss een vun elo un seng Annonce all 2 Wochen revalidéieren, sollt een dat net maachen dann gëtt d'Annonce automatesch geläscht. Fir dëst ze maache kritt een automatesch eng System Noriicht. Esou ginn esou wuel Annonce geläscht vun net-aktive User, wéi och déi wou Material z.B. schonn verkaf ass, well den User dann drun erënnert gëtt an hien se bequem läsche kann.

Dat ganzt an der Hoffnung dass dëst den Annoncen-Deel e bëssen verbessert ... :)

(Ab muer muss dann mol all Annonce déi aktuell am System ass eng Kéier revalidéiert ginn, d.h. vill vun iech gesinn direkt wéi et geet)
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neien Aktivéirungssystem mat Riichtlinnen
(26.06.2011 - 01:46)
Vun elo un ass en neien Aktivéirungssystem aktiv, hei erklären ech en eng Kéier komplett:

- Et gi Riichtlinnen déi all user beim Upload och gewise kritt. Gëtt eng Foto net ugeholl, muss et eng vun dëse Riichtlinnen sinn déi net passt.
- De User kritt per System Noriicht matgedeelt wann seng Foto aktivéiert ginn ass, an wann se net ugeholl ginn ass kritt en an dëser Noriicht matdgeelt wéieng Riichtlinnen net gepasst hunn, esou wéi och méiglech Verbesserungsvirschléi
- Et geet net méi duer dass ee vun den Responsablen eng Foto unhëllt oder net, mä et ginn op manst 2 Stëmmen gebraucht.

Dëst verlängert d'Zäit zwar en bëssen déi elo eng Foto brauch bis se aktivéiert gouf, allerdéngs ass et d'Resultat vun konstruktiven Diskussiounen mat Verbesserungsvirschléi wéi mer se vun User kritt hunn.

Mir hoffen dass mer heimat de Leit besser hëllefen mam System kloër ze kommen, an mer hoffen et méi fair gemaach ze hunn.

Wann Kritiken oder Froen sinn, kënnt der déi natierlech gäeren hei schreiwen.
35 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Online User, Club Memberen
(28.05.2011 - 18:04)
2 Saachen sinn an de läschten Deeg op Photogen bäikomm respektiv erëm komm. Vu dass vill Leit et awer vermësst hunn, gesäit een ab elo erëm wéieng User online sinn, riets ënnert eisen Partner.

Ausserdeem kann een elo, wann een ageloggt ass, ënner "Memberen" och d' Lëscht kucken mat all de Club Memberen, eosu dass jideree kann gesinn ween dann elo bei der a.s.b.l. ugemellt ass oder net.

Ech wënschen iech nach e schéine Weekend.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Vimeo Support fir Videotutorials
(12.11.2010 - 21:11)
Op Nofro hunn d' User fir Videotutorials elo net nëmmen d'Méiglechkeet e Videotutorial iwwert Youtube anzebannen mee och iwwer Vimeo.

De gloda ass direkt mam gudde Beispill virgaang an sou kënne mer och direkt weisen wéi dat dann äusgesäit: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_tut&...
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Cooliris - E coole Plugin och op Photogen
(11.04.2010 - 20:52)
Wen Cooliris nach net kennt, sollt sech et emol ukucken: http://www.cooliris.com
Dëst ass e Plugin fir de Browser (Ënnerstëtzt Safari, Firefox an IE) fir op eng méi flott Art an Weis Fotoen kënnen ze kucken. Scho säit dem Update virun engem Joër kann ee Fotoen esou kucken, allerdings gëtt dës Funktioun nach net vill genotzt dofir gëtt et hei eng Kéier extra virgestalt.

Wann een en Internetsite huet deen dat ënnerstëtzt (Wéi z.B. och nach Facebook oder deviantArt), kann een de Plugin starten an d' Fotoen an enger 3D Galerie kucken. Mat Klick drop kann ee se grouss kucken. Hei e Beispill beim Browsen:




Dat funktionéiert Live, d.h. während deem een duerch d' Fotoen geet ginn d' Fotoen gelueden d.h. wann d' Fotoen net séier geluede ginn dann ass et Är Leitung déi e bëssen ze lues ass. Allerdings dieften déi aktuell Minimum DSL Speeds scho gutt duergoen fir propper esou eng Galerie kënnen ze kucken.

Dir braucht op hierem Site net ze sichen no der richteger Versioun fir Iech an Äre Browser, dat gëtt alles automatesch erkannt. Also einfach erof lueden an installéieren, et ass definitiv derwärt. Eenzege Problem mat Browser bis elo: Safari op Snow Leopard muss am 32-bit Modus lafen fir dass Cooliris richteg funktionéiert - dat geet mat rietsklick op den Safari Icon am Finder -> Programme (oder Applications op Englesch), an dann e Krop maachen bei der Optioun "Öffnen im 32-bit Modus".

Vill Spaß :)
13 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photoclub am Profil mat uginn
(05.04.2010 - 23:45)
Vun elo un kann een a sengem Profil de Photoclub mat uginn an dem een aktiv ass. Et stinn alleguer déi drann déi bei der FLPA affiliéiert sinn. Bei denen déi op Photogen als Clubmember ugemellt sinn an och bezuelt hunn, ass automatesch Photogen ausgewielt ginn :)
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Zougänglechkeet vu privaten Donnéeën um Site
(05.04.2010 - 21:48)
Bis elo konnt ee bei deenen Donnéeën déi een huet mussen ausfëllen (Firnumm, Numm an e-Mail) just konnte wielen ob een se Public wëll oder net. An fir net ugemellte Leit ass d' E-Mail ni ugewise ginn (fir Spambot's drun ze hënneren bei eis E-Mail Adressen kënnen ze sammelen).

An elo kann een 3 Méiglechkeeten auswielen fir dës Donnéeën: Fir jidfereen zougänglech, just fir ugemellte Memberen um Site, oder fir kee vu béiden. Sou kann dat nach méi prezis agestalt ginn.

Jiddereen dee bis elo Public ugeklickt hat, dat ass, well et och bis elo sou war, elo "fir jidfereen zougänglech" d.h. och fir net ugemellte Memberen. Dat gëllt awer net fir d' E-Mail Adress, do ass de Standard dass just ugemellte Memberen se kënnen gesinn. An all déi déi de "public" guer net ugeklickt haten, fir déi ännert näischt d.h. do kënnt keen op déi Donnéeën drop, weder ugemellte Memberen nach normal Visiteuren vum Site.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
photogen.lu iPhone App(ril Appril)
(01.04.2010 - 00:22)

Et gouf eng éischte Kéier 2005 virum PG Update dovu geschwat, an elo as et eou wäit: d'iPhone App fir photogen.lu steet an de Startlächer. Sorry fir déi wou am Forum gesot kruten dat géif net gemaach gin: zum enge sollt et eng Iwwerraschung sin an zum aneren wosste mer nach net ob d'App géif vun Apple fräigeschalt gin.
D'Screenshots hei sollten ierch schon eng gudd Iddi gin dovun wat mat der App méiglech as.




E puer Detailer zur App:
Fotoen
D'Startsäit as geduecht als Zort Quick-Fix fir déi wou zwëschenduerch wëlle kucke wat op PG leeft. De Virdeel zu engem RSS Reader as dass den Layout besser un den iPhone ugepasst as, an dass een direkt duerch d'iPhone Interface kann op d'Fotoen kommentéieren.
Forum
Den Forum as u sech dat selwecht wéi op photogen.lu selwer, ausser dass den Layout un den iPhone ugepasst gouf fir dat ganzt méi lieserlech ze maachen, zB. keng Avataren.
Bäitrag
An dësem Menu kann een nei Fotoen op PG eroplueden. Entweder et mecht een dee Moment eng nei mat der agebautener Kamera (net disponibel um iPod Touch) oder et wielt een eng aus dem Album aus. De Virdeel vun der zweeter Optioun as dass d'Foto fir d'éischt kann an enger anerer App verschafft gin. (Opgepasst: all Fotoen déi mat der photogen.lu App eropgeluede gin mussen d'éischt akzeptéiert gin, och fir fräigeschalt User.)
Nobäi
Dës Funktioun benotzt ären aktuelle Standpunkt fir User a Fotoen vun nobäi unzeweisen. Dat éischt as praktesch op groussen Evenementer fir aner PG User ze fannen. Et kann een hinnen direkt vun deem Menu aus d'Usersäit kucken, eng PM schécken, oder, wann se hier Telefonsnummer am Profil gespäichert hun, uruffen. Dat zweet as praktesch fir ze gesin wat aner Leit vu Fotoen an der selwechter Géigend gemaach hun wann ee selwer keng Iddi huet. (Dës Funktioun get disponibel nodeems Geotagging op photogen.lu ënnerstëtzt get, dat misst bis dohin prett sin.)
PM
Hei kënnt der Messagen un aner User schécken oder vun hinne geschéckt kréien. Den System as mam PM System op PG verknäppt. Wann der eng nei PM kritt an der hutt Push Notifications aktivéiert kritt der dat direkt op der App Icon ugewisen, d'selwecht wéi bei Mail oder Facebook.

D'App gouf vun Apple provisoresch approuvéiert, a misst den an zwou Wochen, den 15. Abrëll am Appstore verfügbar sin. Wee scho virdru virwëtze wëll kann den 7. Abrëll op den Fototalk am Clubsall kommen fir d'Developer Versioun schon op den Apparater vun den Comitésmemberen déi d'App mat getest hun auszeprobéieren.

Update:
Fir déi wou et not sollte matkrit hun; et handelt sech effektiv em e klengen Abrëllsgeck deen ech mer erlabt hun :) Ech hoffen ech hun der e puer vun ierch dru kritt, oder dass et ierch op d'mannst schmunzele gedoen huet. D'App as zu 100% am Photoshop entstanen. E puer Detailer, gewollter an ongewollter, un denen een dat erkenne konnt:
-D'Reihefolleg vun de Messagen am PM Chat as verdréint par rapport zu den Auerzäite wou se geschriwwe goufen.
-Et as u sech PN, net PM.
-22:45 PM get et net.
-Et hätt misse LUXGSM sin, net LuxGSM. (Ech hu just en iPod dofir war mer dat net opgefall.)
-De MarcGerard huet séng Fotoen op der Kaart mat Geotagging versin, mee hee wosst näischt vun der App.

Schéi Feierdeeg,
gloda
37 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Tëschefall duerch Datenbankfeeler
(26.02.2010 - 00:21)
Duerch e klengen awer éischter gravéirende Feeler an der Datenbank vum Site, goufen verschidde Fotoen falsch eropgeluede respektiv an der Haapt-tabell ass eppes geännert ginn wat sou net hätt dierfen. De Feeler misst elo gefixt sinn, just leider hun déi läscht 6 erop geluede Fotoen mussen geläscht ginn. Déi däerfen awer selbstverständlech nei erop geluede ginn!

Entschëllegt fir dësen techneschen Tëschefall.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Weiderklicken mat de Feiltasten
(14.06.2009 - 13:18)
Wann een eng Foto kuckt an et kritt een déi nächst an/oder déi virdrun och direkt ugewisen, kann ee vun elo un sech do weiderklicken mat den Feiler no riets an no lénks, et muss een net mat der Mäus op d' Foto goen. Dat ass geduecht fir wann een einfach wëll d' Fotoen der Rei no kucken, gemitlech, sou brauch een d' Mäus net méi an et geet méi einfach a méi séier.
20 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Re-Design vun de private Noriichten
(14.06.2009 - 04:59)
D' privat Noriichten ware just vun de Faarwen ugepasst ginn un den Update, mee nach net wierklech vum Stil hier. Dat ass dann elo och anescht, well se si ganz geännert ginn. D' Iwwersiicht ass méi flott, an et kann een elo eng Noriicht an der Iwwersiicht och direkt läschen, sou wéi d' System Noriichten. Bei der Iwwersiicht gëtt den Avatar ugewise vum Benotzer, an och beim Liesen vun enger eenzelner Noriicht.

An fir déi déi et nach net matkritt hunn, virun e puer Deeg ass d' Limit vun Noriichten déi ee kann hunn vun 50 op 100 erop gesat ginn.

Domat wënschen ech iech all nach e schéine Sonndeg, an vergiesst net fir d' Foto vun der Woch of ze stëmmen :).
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Workshops
(07.06.2009 - 21:45)
Ab elo ginn Workshops organiséiert an annoncéiert hei um Site. Deen nächsten gëtt ëmmer op der Startsäit ugewisen. Et kann een dann weider Detailer derzou liesen, an sech direkt umellen, iwwert de Site.

Ugemellt ass een awer réischt definitiv wann een d'Suen op de Compte iwwerwisen huet, dat ass fir ze vermeiden dass Leit sech einfach umellen fir eng Plaz secher ze hunn an herno net do sinn.

Kommentéieren kann een och direkt beim Workshop, fir wann Froen sinn oder sou ähnlech.

Vill Spass nach bei de Workshops an um Site natierlech.
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nei kleng Konkuer Erweiderung an aneres
(24.05.2009 - 05:41)
Ab elo gesäit een op engem senger Usersäit och déi läscht Fotoen déi bei Konkueren eng vun den Top3 Plazen gemaach hunn, mat direktem Link op de ganze Konkuer.

Äusserdeem gi lo bei de Konkueren d'Fotoen mat den éischten 3 Plazen och als déi gekennzeechent, well anscheinend war dat net direkt ëmmer offensichtlech fir Leit déi net grad 24/7 op Photogen hänken ;)

Dann sinn och nach puer kleng Saache verbessert, z.B. war de Problem dass heinsto an enger URL en Smiley agesat ginn ass, dat geschitt net méi, Membersich hat puer kleng Feeler wann een ze séier getippt huet asw ...
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen an Internet Explorer
(02.05.2009 - 04:45)
Et waren e puer Saachen déi am internet Explorer net richteg gaangen sinn (well Microsoft sech net un vill Standards gehal huet). Betraff waren IE 7 an IE 6. Déi déi schonn Internet Explorer 8 installéiert haten, dieften kee Problem gehat hunn.

Op allefall sinn déi Problemer déi mir bekannt waren lo mol all gefixt, bis op vläicht puer eenzel optësch Klengegkeeten, mee z.B. konnt een eng Foto net als Favorit bäisetzen, keng PN schécken asw. Dat klappt alles elo. Wann der nach sollt Feeler fannen, einfach Bescheed soen.

An deem aktuellen Windows-Update misst IE 8 mat drann sinn, an deem dieft alles e bëssen méi propper lafen well do Microsoft sech dru ginn huet sech un Standards ze halen. Erof ze lueden kritt een dësen hei: http://www.microsoft.com/windows/Internet-explorer...


Nach eng Klengegkeet: Am RSS News Feed gëtt en Preview Text mat ugewisen an net just nëmmen méi den Titel.
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Konkuerfoto erop lueden Problem geléist
(27.04.2009 - 01:18)
Leider war e klenge Problem beim Erop lueden vun enger Foto fir e Konkuer. Bei der Firschau ass se deemnowéi net ugewise ginn, an dofir wärten der puer ofgebrach hunn oder net färdeg gespäichert. De Problem ass awer elo geléist, an dir kënnt är Fotoen roueg erop lueden. An engems erenneren ech heimat dass an bëssen méi wéi enger Woch Deadline ass fir de Konkuer :)

Och als Klengegkeet nach gëtt den Link wou een eng Foto an d' Wochenofstëmmung lo geännert wann d'Foto schonn firgeschlo ass, oder wann een se grad firschléit direkt nodeem et gespäichert ginn ass.

1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Kommentar an PN Ännerungen
(19.04.2009 - 15:21)
E klenge Feeler bei de PN'en war mer opgefall, an zwar ass se net ganz iwwerdro ginn wann een en "&" drann hat. Dat ass elo verbessert mat enger spezieller Funktioun.

Dat selwecht hun ech bei de Kommentarer agebaut well dat besser funktionéiert.

Wann dir elo de Problem hudd dass an de Kommentarer Bustawen mat Accent'en komesch iwwerdro ginn, maacht en manuellen Refresh vun der Säit, dann misst et klappen. Firefox-user mussen déi hei Datei opruffen: http://www.photogen.lu/js/comments.js an dann do eng Kéier e manuellen Refresh maachen. Et ass nämlech den Deel vum Code dee wichteg ass, an den FF lued deen net direkt nei ëmmer.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PM Feeler behuewen
(31.07.2008 - 15:54)
E puer Leit haten heinsto de Problem, dass wa se eng PM geläscht hun déi se net gelies haten, dës emmer nach als ongelies ugewise ginn ass, obwuel se net méi do war. Dëse Feeler ass lo behuewen an koum doduerch dass d'PM net ganz geläscht ginn ass, well dat gëtt se réischt wann den dee se geschéckt haat, och geläscht huet a sengem Äusgang. Mee wéi gesot, dat kënnt elo definitiv net méi fir.

Vill Spaß weiderhin
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Topfotoen deaktivéiert
(27.10.2007 - 22:22)
Wéi déi meescht vun ierch scho wärten iergendwann mattkritt hun, sollten Topfotoen mam PG Update souwisou verschwannen, einfach doduerch dass se mëssverstane gi sinn vu ville Leit. Daat huet vill sënnlos diskussiounen matt sech bruecht, an daat muss jo net sinn well daat helleft kéngem. Well ech awer lo mam Update nach mei laang bräuch, hu mer décidéiert, dass e User matt senger Kritik Recht haat, et wär besser se elo schonn ze deaktivéiren.

Soumatt kann een elo Topfotoen zwar nach kucken, mee kéng méi firschloën, et gesäit een och bei der Foto selwer net méi wa se net ugeholl ginn ass, eben den ganzen Rechteck dee fir Topfotoen war bei enger Foto, ass fort.

Waat den Update ugeet: Ech krut an der Vakanz e Stéck dru geschafft, mee well ech daat waat ech maachen wëll anstänneg maachen an net just ales ganz séier wëll maan, dauert et eben nach. Lo hun d'Kueren och rem ugefaang op der Uni asw, dofir zitt daat sech leider nach e bessen. Ech hoffen awer, dass dir ierch nach e bessen kënnt gedëllegen (oder eben bessen vill ...). Ech maachen mäin bescht fir all déi nei Saachen an Ännerungen sou gutt wéi méigleg ze réaliséieren.

32 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Newsblog geet online
(08.08.2007 - 03:13)
Als éischten Deel vum Photogen Update dee kennt, geet haut den Newsblog online. Et ass, wéi den Numm et scho seet, en Blog den extra gemaach ass fir Neiegkeeten ze veröffentlëchen.

D'Faarwen sinn secher ongewinnt, verglach mam Haapt-site vun PG, awer daat sinn dei Faarwen déi och beim Update matt drann firkommen.

D'Kommentarer ginn och aanescht ugewisen, passend zum Design vum Newsblog. Wann een elo en Kommentar schreiwt um Blog, dann gëtt och net méi déi ganz Säit nei gelueden, de Kommentar kennt einfach direkt bäi. Genee sou geet d'éditéieren vun Kommentarer, d'Säit lued net nei, et geet vill méi séier an userfrëndlech.

Sichen kënnt der och an den Titelen vun den Neiegkeeten, direkt op http://blog.photogen.lu, an och hei gëtt Live geupdate, also keen Reload vun der Säit néideg.

Waat nach bäikomm ass, sinn d'Smileyen an de Kommentarer. Déi ginn och am Moment just um Newsblog an herno um ganze Site. Ech hun déi selwer entwéckelt, also w.e.g. klaut se och net :) An et ginn der nie mei ugewisen wei eng gewessen Zuel, well mer et jo net iwwerdreiwe wëllen ...

Links ginn an ärer Kommentarer do och automatesch erkannt, d.h. dir bräucht net méi ierch matt den [] remzeploën fir en Link anzesetzen. Just copy-paste an en gëtt och verlinkt am Kommentar. Och dëse Feature awer am Moment just um Newsblog...


Ech hoffen daat weist dass awer bessen eppes geschitt, an dass ech net just soën de Site géif sech weiderentwéckelen, an ech hoffen dass den Newsblog ierch gefällt.

Et wäerten dann och méi oft Neiegkeeten elo kommen, och méi allgemenger fier ierch am ganzen Beräich vun der Fotografie an alles waat domat ze dinn huet, op engem méi aktuellem Stand ze halen.


Vill Spass dann wënschen ech, an Meenungen sinn ëmmer wëllkomm!
37 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Kommentarer allgemeng verbessert
(21.01.2007 - 03:08)
Elo huet daat waarden en Enn. En Beispill: Beim Lex senger Foto Amandine huet de Script virdrun iwwer 20 Sekonne gebräucht fir all d'Kommentarer ze lueden. Elo matt menger Verbesserung, déi eigentlech réischt beim groussen Update sollt eräuskommen, bräuch se nach ganzer 600 - 900 Milisekonnen. Also méi wéi 20x méi séier. Ech hun daat ganzt elo schonn agebaut well et einfach ze vill genervt huet, a programméiert haat ech et jo sws schonn.

Nach derbäi gin d'Kommentarer lo bessen aanescht ugewisen ... eben esou wéi ech et och fir den Update geduecht haat. D'Links fir ze äntweren sin elo ënnen riets vum Kommentar, passt besser wéi ech fannen. (Natirlech emstelle muss ee sech bessen mee no 2 Deeg sidd der dru gewinnt).
D'Schrëft ass och méi grouss, mee daat läit éischter drun dass bessen méi grouss Schrëft méi lieserlech ass op engem däischteren Design ... Jo well nom Update sollt PG däischter sinn. Wann et hei aer ze vill stéiert, soot mer et, da gëtt se rem kleng gemaach.

Daat fir ze äntweren, ze iwwerwaachen an ze bewärten hun ech och liicht verbessert, mee do wärten déi meescht vun ierch net vill dru mierken, mee et ass lo vill méi propper opgebaut.

Puer Leit hu mer och gesoot dass heinsto op der Home Säit, bei de Kommentarer all Quert ënnerdeneen ugewise ginn ass ... ech wees emmer nach net u waat daat läit (war jo och nemmen heinsto dass et virkomm ass), mee elo dieft daat dann och behuewe sinn, genee sou wéi den Bewärten-Link bei den Tutorials den elo rem geet (sry Pinocchio dass et bessen gedauert huet)

An dann nach eppes méi wichteges: Eigentlech ass et jo méi einfach déi neitst Kommentarer uewen uweisen ze loossen, fir net emmer mussen ze scrollen, allerdings sinn dann d'Äntwerten och esou ugewise ginn, waat e bessen Duergerneen war (Äntwert 1 ass dann no Äntwert 2 ugewise ginn ... obwuel et sollt eng chronologesch Reihefolg hun). Daat war mam aale System wéi se ugewise gi sinn awer onméiglech ze maachen, leider. lo matt dem neien geet daat awer, d.h. och wann déi neitst Kommentarer uewen ugewise ginn, gëtt Äntwert 1 virun Äntwert 2 ugewisen. Lo kennt och kee méi dodurch duergerneen, an denken lo ass et e gutt Stéck méi einfach déi neitst uewen weisen ze loossen :)

Laangen Text, fir vill kleng Saachen, mee ech hoffen daat helleft ierch, an gëtt ierch e klenge Virgeschmaach op den Update den nach kennt ;)

//EDIT: Sollt dir den Text ënnert dem Avatar vum User ugewise kréien, maacht eng Kéier en Reload fir dass den CSS nei geluede gëtt, duerno geet et dann.

Vill Spaass weiderhinn
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Meeting Galerie geet online
(29.09.2006 - 01:39)
Eis Meeting Galerie ass endlech do! An net sou wéi ech um ufank emmer geduecht hun e klenge Script den net an der Säit selwer integréiert ass, just fir se séier ze kucken, nee ganz offiziell matt an der Säit integréiert. do ginn Meetings dra gesaat zu denen d'Leit mir Fotoen schécken. Ech sichen vun denen der dann puer räus an lueden déi erop.

Am Moment sin Fotoen vun 2 Meetings online, den eischten op der Fouer an den Stau natirlech. Vun zweete Meeting op der Fouer (fir d'Freedefeier) do hun ech keng Fotoen. Dir kennt mer der awer schécken wann der wëllt, dann setzen ech déi nodréiglech bäi.

Och zum Meeting um Stau do feelen der nach, dem Lex seng kommen nach Ufank nächster Woch bäi.

Gidd einfach bei d'Meetings kucken, oder klickt hei:
http://www.photogen.lu/index.php?page=meeting

Vill Spass dann.
15 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Meetings androen
(26.05.2006 - 23:34)
An well mer daat wëllen den Leit einfach maachen fier hieren Meeting bessen mei populär ze kréien hun mer elo eng nei Funktioun gemaach dass jidfereen den ugemellt ass kann en neien Meeting androen hei um Site. Just bei "Neien Bäitraach" goen an vun do un misst et kloer sin.

D'Meetings gin dem Datum sortéiert soudass den den am nootsten ass, och am wäitsten uewen ass. Ganz egal weienger Reihenfolg no een se bäigesaat huet. Kommentarer kann een natirlehc och derzou schreiwen, fier Diskussiounen ze féieren wéi eventuell verschidden organisatoresch Saachen gemaach musse gin.

Vill Spaaß mat der neier Funktioun an iwerhaapt nach um ganze Site.
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Topfotoen sin elo geännert
(06.05.2006 - 03:44)
Suwuel am Forum wéi och per PM sin emmer rem User gewiecht déi sooten den Vote-system wir net immens, well d'Leit en net eecht huelen oder net richteg verstin. Verbonnen mat den Topfotoen dei een konnt kucken war daat nët wirklech daat waat sollt domadden erreecht gin. Daat war dun séier kloer an dun hun mer eis eppes äusgeduecht fier eis Topfotoen eben aanescht ze wielen, wubäi mer op folgend Décisioun komm sin:

Topfotoen gin elo vun enger Art Jury gewielt. Mee all registréierten User kann eng Foto fierschloen, dass se als Topfotoen geholl gët. Dofier gët et lo en extraen Link och wann een eng Foto kuckt wou ugewisen gët wann ee se kann fierschloen, wann se ugeholl gin ass, wann se refuséiert gouf oder wann se an der Oofstëmmung ass. No dësem Fierschlaach dann kennt déi Foto an d'Oofstëmmung, woubäi d'Jury just seet ob se OK ass fir Topfoto, oder nët. Wann dann méi wéi 6 Stëmmen derfier sin, gët se als Topfoto geholl. Méi wéi 6 Stëmmen bedeit méi wéi 50%, well d'Jury besteet äus 12 Leit.

Déi Leit déi dann an der Jury sin sin folgend:
yoshi, Lydie, Lex, mmphotos, Maggele, amBesch, Nicon07, CK, Anouk, kola, alma an ech seet de Geck.

Dës Leit sin eräusgesicht gin nët alleng no fotografeschem Wëssen oder ähnleches, mee haaptsächlech wollten mer Leit hun déi och aktiv genuch sin um Site, an wëssen wéini eng Foto top ass, oder nët. Mat der Zäit wärten mer och secher nach den een oder aaneren froen fier mat bäi ze kommen an des Jury. (Mee froot w.e.g. net fier dran ze kommen)

Topfotoen kann een kucken entweder all mateneen, sortéiert no den Kriteren wéi een gewinnt ass, just wann ee se dem Datum no sortéiert gi se sou sortéiert wéi se der Rei no als Topfoto gewielt gi sin, fier eng besser Iwersiicht ze hun, an als User och ze mierken wann eng mei aal Foto bäikomm ass. Et kann een Topfotoen awer och ënnerdeelt kucken an zwar ënnerdeelt an eisen Haaptkategorien.

Am Moment sin nach keng do, daat läit drun dass lo mol all déi aal Fotoen mussen fiergeschloo gin.

Ech hoffen dann dass dëse System zefriddenstellend ass fier déi meescht.

(Den User Vote ass nach do, jo, mee huet soss guer keng Bedeitung mei. Vläicht gët och nach eppes klenges un dem geännert an Zukunft fier d'Saach mei einfach ze maachen)

WICHTEG:
Denkt drun dass bis en Méinden Owend Fotoen fier den Contest kënnen ropgelueden gin, also just nach 3 Deech, an bis elo sin just 7 Fotoen do. Do feelen der nach vill :)
16 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Usergalerie - Ordner
(16.04.2006 - 00:06)
Bei den Astellungen kann een elo einfach en neien Ordner erstellen, an dodran Fotoen setzen. Wann op manst een Ordner gemaach gin ass vum User da gesäit een den wann een op sénger Usersäit op "User Galerie" geet. Dëst soll erméiglechen och dei eegen Fotoen kënnen mei flott duerzestellen fir déi aaneren ze weisen.

Dann hudd der secher scho gemierkt dass virun verschiddenen User dei komesch ~ Zeechen stin. Déi gring hun déi jeenech déi kënnen Fotoen roplueden ouni dass ee vun eis se aktivéire muss, an dei roud sin reservéiert fier d'Admins.

An nach derbäi hu mer a verschiddene Kategorien an der Galerie eng Makro-Kategorie bäigesaat, vu dass een elo kann 2 Kategorien wielen ass dëst dann och sënnvoll. Bei Mënschen an Emotiounen ass dann nach eng aaner Kategorie och bäikomm an zwar "Expressioun" fier dei Fotoen dei eppes bestemmtnes sollen äusdrécken, eben mei speziell sin.

Vill Spaß dann nach weiderhin op Photogen, a virun allem: Schéin Ouschteren.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Development Update
(21.03.2006 - 14:41)
Wen gescht oder virgescht eng PM gescheckt huet wärt sech vläicht gewonnert hun dass keng Äntwert koum vun dem aaneren oder dass bei Sent Items keen Empfänger stung. Hei ass den Empfänger duerch e klenge Feeler net mat gespäichert gin, an dei PM'en hun ech dun gescht mussen läschen. Elo geet awer alles erem richteg wei et soll

Dann kann een vun elo un bei den Astellungen och eng Lizens wielen dei direkt, automatesch gewielt gët wann een eng Foto roplued. Bessen Bequemlechkeet muss sin ;). (D'Idee koum iwregens vum Focus)

An wann een eng Foto roplued, an vergësst färdech ze späicheren oder aus iergent engem Grond daat ganzt oofgebrach gët, kruut een bis elo daat einfach ugewisen bei 'Méng Bäitreech'. Mee fier dass daat ganzt elo mei seier geet fir och déi Fotoen ze läschen kann lo all User séng eegen Foto déi nach nët färdech gespäichert ass, läschen an se nei roplueden.
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
2 Kategorien wielen beim Upload
(18.03.2006 - 00:10)
Beim eroplueden kënnt dir elo eng 2. optional Kategorie och wielen an déi är Foto och géif passen. Natierlech kann een och aal Fotoen éditéieren an an eng 2. Kategorie setzen. Sou kënne mer och spéider nach en puer Kategorien méi bäisetzen obwuel sech verschiddener dann géifen bessen iwerschneiden.

Vill Spaaß nach.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Usersäit an Ännerung vun de Favoriten
(12.03.2006 - 02:00)
An zwar gouf et dës Méiglechkeet eigentlech bei de Favoriten. Wann een eng Foto a séng Favorite gesaat huet dann konnt een duerno gesin wann do en neie Kommentar geschriwen gin ass. Vu dass d'Favoriten schlussendlech awer haaptsächlech dofir gebräucht gi sin, hun mer et einfach embenannt an "Iwerwaachung". Do kritt een dann elo och direkt uewen emmer gewisen weivill Fotoen en neie Kommentar hun déi dodran gespäichert sin. Eng richteg Favorite funktioun dei dann och wirklech nemmen fier dei Fotoen geduecht ass dei ee selwer schéin fënnt, maachen ech nach, mee dann aanescht opgebaut wei dei aal Favoriten, dei lo Iwerwaachung heeschen.

Vun elo un kann een och eng richteg Usersäit gesin vun jidferengem wann een op säin Nick klickt an nët nemmen den drëchenen Profil. Dëst soll bessen als flott Présentatioun gëllen. Wann een op http://johny.photogen.lu geet kënnt een dann automatesch op déi Säit. (daat geet fir all User)

Och kann elo all User Kommentaren kreien vun aaneren op der Usersäit.

An dann huet een elo 'Astellungen' am Usermenu wou een verschidde Saachen astelle kann dei net wirklech zum Profil gehéieren. Hei kann een och eng Lieblingsfoto vum ganze Site wielen dei dann herno op der Usersäit gewise gët. Hei kann een och en eegene Kommentar derzou schreiwen wisou een déi Foto sou flott fënnt.
19 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Kommentar-funktioun optiméiert UPDATE
(24.02.2006 - 01:51)
Vun elo un ass et dann méiglech, soubaal een ageloggt ass, op egal weieen Kommentar ze äntweren. Bis lo konnt emmer nemmen den Auteur vun der Foto daat selwer oder d'Admins.

Äußerdem kann een lo nët nemmen méi op en Haaptkommentar äntweren, mee och op eng Äntwert selwer rem (Wann een daat virdru wollt maachen huet ee mussen en neien Haaptkommentar schreiwen an daat huet herno emmer komesch äusgesin). Lo gin déi dann emmer ënnerdeneen ugewisen, déi jeweilech Äntwerten. Dier kënnt sou oft wéi der wëllt op eng Äntwert rem äntweren.

En plus hun ech den Code bessen optiméiert soudass all Säit wou méi Kommentarer ze liesen sin lo och bessen méi séier lueden. Nach derbäi hun ech daat ganzt bessen emgeschriwen soudass et fir mech méi iwersiichtlech ass (50 Zeilen manner Code), mee dofun mierkt dir sou direkt näicht, oofgesin vun der Vitesse.

//UPDATE:

Lo kann een och säi Kommentar formatéieren mat bold, underline, italic, Links asetzen an och direkt Links op Biller wou dann am Kommentar d'Ikon ugewise gët. en plus kann ee wielen ob een vir den eelsten Kommentar wëll als eischt liesen oder den neitsten.
15 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Wiel vun enger Lizenz beim Upload
(20.02.2006 - 00:24)
Vun elo un sin Photogen an Wikipedia Partner. Dëst huet eis folgend Funktiounen bäisetzen geloos:

Beim Upload vun enger Foto kann een elo d'Lizenz wielen ënnert déi eng Foto soll kommen. Hei huet een dann 3 Méiglechkeeten:

- GFDL, woubäi een erlaabt aaneren d'Foto ze gebräuche ënner Conditioun dass dee jeenechen den Numm oder Pseudonym vum Fotograf mat ugët

- Gebräuch op der Wikipedia, woumat een erlaabt dass ouni Nofroo vun Wikipedia, sie d'Foto därfen fier Artikelen op hierer Säit gebräuchen, mee och ënner Conditioun dass se den Numm oder Pseudonym vum Fotograf mat ugin, an och e Link op Photogen

- Iwerhaapt keng wielen, dann gin d'Rechter, wei bis lo och emmer, duerch droits d'auteur gereegelt.


Mir recommandéieren natierlech dass een op manst der Wikipedia erlaabt d'Foto ze gebräuchen, sou fällt hinnen d'Sich no passablen Fotoen fier hier Artikelen méi einfach an an engems ass et eng kleng Reklamm, suwuel fir den Fotograf selwer wéi och fier Photogen.
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Eppes ganz klenges
(24.01.2006 - 13:05)
Jidfereen kann elo beim Profil ënner Astellunge, wielen ob en wëll Detailer an der Galerie gesin wéi eben wéivill Comments bei enger Foto sin, weivill d'Vote-note ass, weini se ropgelueden gin ass an wei oft se gekuckt gin ass. Wen d'Foto gemaach huet, steet emmer derbäi, äusser an der User Galerie.

Ech hu gemengt et kann näicht schueden sou eng kleng Funktioun bäizesetzen, et kann jo dann jidfereen maachen wéi en wëll. Ech perseinlech fannen et mei flott d'Fotoen ouni 4 Zeilen Text drënner ze kucken :).

Dann ass och nach eppes klenges bei den Neien an den Top Fotoen geännert gin, do dierft Dier awer an tëschen Zäit nët mei vill derfun mierken, et mëcht awer haaptsächlech mir d'Saach méi einfach wann eppes an der Galerie muss geännert gin.

Gëschter konnt een dofier och nët, wann een neitst Fotoen gekuckt huet, déi nächst direkt uewendriwer och uklicken, mee daat geet elo rem ouni Problem.
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Kléng nei Saachen
(23.12.2005 - 14:11)
1. geet et dobäi ëm "Méng Bäitreech" wann een ageloggt ass am User-menu. Vun elo un ass och direkt do nieft dem Link e roude Stär, wann enzwech bei enger Foto oder engem Tutorial en neien Comment geschriwen gouf. Virdrun war dëst just de Fall wann eng foto refuséiert gouf oder aktivéiert.

2. Hun mer an der Galerie an kleng nei Kategorie bäigesaat, an zwar bei Allgemeng "Fun". Dëst ass geduecht, fier Fotoen wou een eppes eischter witzeges fotograféiert, sou wéi z.B. Dës Foto:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=45
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Annoncen plus nei Navigatioun
(29.11.2005 - 00:10)
En Script fier Saachen ze verkaafen gouf virgeschlo, an daat haate mer direkt als eng gudd Idee oofgestemptelt. Och eppes wei eng Modeling agency wollten puer Leit. Do duechten mer, well et onsecher ass dass daat mat den Models och wirklech vill gebräucht gët, mer maachen déi 2 Saachen an enger Kéier.

Bei Annoncen, kann een soumat sëch als Model oder och Fotograf firstellen, mee och Material verkaafen oder sichen. Natirlech nemmen Foto Material ...

An dann, well och nach puer nei Saachen geplangt sin, gouf séier kloer dass d'Plaatz uewen wou déi aal Navigatioun war, nët méi géif duergoen. Dofier hun ech d'Navigatioun am fong mussen duer setzen wou se lo ass, et gouf keng aaner Méiglechkeet. Allerdings denken ech dass et sou och bessen méi iwersiichtlech ass, an verschidden Leit hun Links ënnen op der Säit guer net gesin, wéi z.b. Guestbook, About, Contact asw.

En plus sin lo 2 Links hei op der Säit, wou déi aal Navigatioun war, wou een kann live online Radio-stream läuschteren vun eisem Partner Crew.lu.

Mier hoffen all dës Ännerungen an Erneierungen gefaalen ierch, och wann d'Navigatioun bessen gewohnungsbedürftech ass, ech denken alles ass mei einfach esou.
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Puer Saachen verbessert
(16.11.2005 - 00:54)
Fier de Résumé ze maachen:

- Foto galerie ass optiméiert gin vum Code hier, bei villen User online spuert daat bessen Luedzäiten

- Fotoen déi ze grouss sin fier an der Säit selwer ugewisen ze gin, gin vum PHP och nahc eng Kéier am bessen méi klengen Format erstallt, sou dass se awer kënnen ugewisen gin an der Säit. D'Ooriginal Foto bleift awer och um Server an mat engem Klick op d'Foto kann een se an Original-gréisst kucken. Dëst spuert Traffic, an d'Qualitéit vun der Foto an der Säit selwer ass méi héich, vu dass se nët vum Browser muss verkléngert gin (virdurn sin do heinsto 'Traapen' entstaan an de Fotoen ...)

- Bei den Tutorials ass de Feeler lo behuewen, dass wann een en Tutorial geschriwen huet, a keen Ikon ugin haat, guer keen Ikon ugewisen gin ass. Lo gët direkt eist Default-Ikon ugewisen dofir.

- Admins hun elo d'Méiglechkeet all den User mateneen eng PM ze schécken, fier op verschidden Saachen opmirksaam ze maachen.

---------------

Et sin elo nach 5 gréisser Updates geplangt, wou och nei Funktiounen wärten bäikommen, allerdings ass schwéier soen wéini daat färdech gët, mee op jiddefall ass et sëcher dass hei bäi op User-Wënsch agaangen gët, an awer och dass nët alles beieneen kënnt, mee getrennt.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Limit fier Fotoen an Avatar-funktioun
(06.11.2005 - 01:55)
Den Problem war, dass et oft de Fall war dass Leit zimlech vill Fotoen op ee Coup ropgelueden hun.

1. Haat een es séier saat mat dem sénge Fotoen
2. den 2. Daach haat den jeenechen dann schon näicht méi ze posten
3. Denken mer dass doduerch een och emol eng Foto ropgelueden huet dei een net wirklech richteg schéin fënnt.

Op jiddefall gët et elo eng Spär, déi engem just nach erlaabt maximal 4 Fotoen an Zäit vun 24 Stonnen eropzelueden.

Avataren:
Vun elo un ka jiddereen eng kleng Grafik eroplueden (Maximal 50x50px), déi dann niewent séngen Kommentarer emmer gewisen gët. Dës Grafik soll den User bessen identifizéieren, domat kann een direkt wann een iwert d'Comments flitt, gesin vu wem weiee Comment ass, ouni mol nom Nick ze sichen.

Wann dir och sou eng Grafik wëllt mee kennt ierch net genuch am Photoshop äus, dann schreift mer eng PM, (JohnyG), an gidd mer de Link op d'Foto dei soll dran, dann maachen ech ierch ären Avatar ganz gären. Wann der d'Foto net online hudd, einfach op johny@photogen.lu schécken dann.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PM System
(04.11.2005 - 14:51)
Den PM System ass ganz emgeschriwen gin, wou dier zwar net vill dofun wärt mierken, mee vir puer speziell Saachen war dëst awer néidech.

Et ka sin dass elo aal PM'en falsch ugewisen gin bei Sent Items, z.B. dass keen empfänger mei do steet. Einfach dei PM läschen, bei all PM déi nei geschéckt gët, misst alles ouni Problem fonktionéieren. Falls nahc Saachen net richteg gin, w.e.g. hei melden.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
*UPDATE* Foto läschen an Favoriten-Optim
(02.11.2005 - 03:29)
An zwar, kann jiddereen vun elo un, nët nemmen séng Foto éditéieren, mee och selwer läschen. Jiddereen huet d'Recht drop kënnen séng eegen Foto vum Site rem roofzehuelen.

Dann en plus, kann een wann een en Kommentar schreift zu enger Foto, lo direkt mat en Ordner wielen äus séngen Favoriten, an beim Späicheren gët d'Foto dann och direkt an den Ordner gesaat. Dëst erméiglech en méi einfacht, komfortabelt a séiert bäisetzen vun de Favoriten.

Mier schaffen nach un aaneren neien Funktiounen, mee daat ass am ganzen bessen méi Arbëcht. Iwer Feedback sin mer wéi emmer frou, den een kann am Forum oofgin.

UPDATE:
Anscheinend war nach e Feeler am System dass een séng Foto nët konnt läschen well den Acces engemd erzou gefeelt huet. Dëse Feeler misst awer elo behuewen sin.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen Chat
(24.10.2005 - 00:38)
An vu dass eis user daat sou wollten, hu mer daat dann elo réaliséiert.
Et ass en neien Link bäikomm an der Navigatioun, direkt no der Galerie, wou der dann vun elo un kënnt chatten. Einfach aloggen an schwätze, et bäisst sëcher keen ierch.

Iwregens wire mer frou wann nach puer Leit, déi sëch bessen méi mat IRC (Internet Relay Chat) äuskennen, sëch géife mellen fier Operator am #photogen.lu ze gin. Einfach eng E-Mail schreiwen op johny@photogen.lu, wann Interesse sollt bestoen.

An soss, vill Spaß nach beim Chatten :)
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Favoriten System
(05.10.2005 - 23:58)
Den Favoriten System ass geduet, fier dass een kann eng Foto, déi een schéin fënnt, oder einfach wëll nei Kommentaren liesen, kann an séng Lëscht bäisetzen. An der Lëscht vun de Favoriten, kritt een och ugewisen mat engem rouden Stär, ob en neien Kommentar geschriwen gin ass, oder nët.

Am Favoriten System kann een verschidden Ordners erstellen, waat engem erméiglecht séng Fotoen ze sortéieren. Éiert een eng Foto als Favorit kann bäisetzen, muss natierlech en Ordner gemaach gin. Dier kënnt är Favoriten schnell kucken, andems der uewen riets, wann der ageloggt sidd, bei 'Favoriten' gidd.

Falls iergent welch Schwieregkeeten mam System sollten sin, dann mellt daat w.e.g. am Forum, oder schreift mir (JohnyG) eng PMS.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Fotoen aktiveiert kréien
(05.10.2005 - 22:39)
Mier haaten um Ufank wëlles, fier dass jiddereen den eng bestemmten Zuel un Photogen Skill erreecht huet, nët méi bräuch op eng Aktivatioun ze waarden vun der Foto, mee se direkt aktivéiert gët. Elo hu mer eis awer sou entschloss, dass mier selwer déi User räussichen, déi daat dann kënnen.

Wisou mir selwer? Ganz einfach:
En Ufänger, kann mei aktiv sin um Site wéi een erfuerenen Fotograf, also wir et nom Skill System sou geweecht dass awer den Ufänger eischter hätt kënnen Fotoen einfach sou roplueden. Dofier hun mer daat nët esou gemaach, mee wann mir gesin, dass een keng Fotoen méi roplued déi net der Wärt sin fier an d'Galerie ze setzen, aktivéieren mier him déi Funktioun einfach. Mee w.e.g., kommt elo net bei eis heeschen fier et fräigeschalt ze kréien, mir décidéieren selwer wem mer et erlaaben, an wem nët.

Mier behaalen eis awer emmer nach d'Recht eng Foto, wann se ropgelueden ass, ze läschen, z.b. wann en Reegelverstouß geschitt wir oder ähnleches.

Hei sin emol déi User déi lo direkt fräigeschalt gin sin:
- Lex
- Kleent
- RivanerJoe
- Sylvia
- Gilbert
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Klengegkeet waat User Galerie ugeet
(27.09.2005 - 22:33)
Et gouf vun ufank un d'User-Galerie, op déi een komm ass iwert engem säin Profil. Elo ass et sou ageriicht gin, dass een DIREKT iwert folgend Address op séng user Galerie:

http://johnyg.photogen.lu

Daat gëlt natierlech fier jiddereen. Dier musst just ären Nick mat dem der hei bei Photogen registréiert sidd, asetzen. Dëst erméiglecht ierch aaneren Leit op schnellem Wee är beschten Fotoen beieneen ze weisen.
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PM System
(26.09.2005 - 01:41)
Puer vun ierch kennen daat vläit schonn vun aaner Säite, oder äus dem Forum. En System fier iwert d'Säit selwer engem aaneren en Message ze schécken. Sou een System huet Photogen.lu dann vun haut un och. En ass vläit net grad sou gudd wéi den am Forum, mee ech denken et ass jo och emmer nëmmen fier kleng Saachen ze schreiwen, do geet dësen System déck duer géif ech soen.

Et kann een 10 eegen Ordner erstellen wou een all Message den een geschéckt kritt, kann dran späicheren. 50 Messagen därf een maximal späicheren. Wann dier dës Limit erreecht hudd, kënnt dir weder Messagen kréien, nach selwer schécken, bis der rem op manst een aalen geläscht hudd.

Ech hoffen en ass iwersiichtlëch genuch gemaach, an et gët een gudd eenz dermat. Bei Reklammatiounen, Kritiken asw, w.e.g. mellt ierch am Forum, oder schreift mier einfach eng PMS :).

Et gin elo Links wann een den Profil vun engem User kuckt, wann een eng foto kuckt, oder en Tutorial, fier dem jeenechen direkt eng PMS kënnen ze schreiwen.

(Woufier PMS steet, kënnt der ierch selwer äusdenken, entweder Photogen Message System oder private message system, een vun béiden wollt ech huelen, mee d'Oofkierzung ass jo souwisou déi nämmlecht).
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Fotogalerie updated
(21.09.2005 - 14:42)
1. Nei Funktioun: Bei den 60 neitsten Fotoen, kritt een, wann een eng Foto kuckt, déi nächst Foto an déi virdrun och ugewisen, kléng, fier direkt kënnen weider oder zréck ze goen.

2. Nei Funktioun: Beim Uploaden vun enger Foto kann een elo och Extras mat ugin, d.h. wann der en Filter benotzt hudd z.B. oder ähnleches.

Mier schaffen drun fier och nach bei den Top 60 Fotoen daat hinzekréien mat der nächster an fierëschter Foto ...
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»