Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad d'Neiegkeeten an der Kategorie Partner Säiten
Photogen & Eldoradio siche Fotografen
(31.01.2009 - 13:33)
Photogen.lu sicht am Kader vun enger Zesummenaarbecht mat Eldoradio e puer Fotografen, déi regelméisseg kënnen Fotoen vun Persoune-Shootings erop lueden. Et geet hei d rëm, dass dës Fotoen an eng grouss Galerie kommen op www.eldoradio.lu, wou dann Shootings bäigesat ginn mat op mannst 15 Fotoen dran (wat méi, wat besser). Op Eldoradio.lu gëtt dann e Link bäigesat ënnert all Foto, op dem säi Profil op Photogen.lu respektiv seng Fotoen, sou bréngt et jidderengem méi Besicher an Leit déi Fotoen kucken.

Fir den Ufank virun allem ass et wichteg, dass direkt e puer Shootings kënnen gewise ginn, hei kënnen och aal Shootings dofir geholl ginn wou dann dës direkt fir de Start vum Projet kënnen zur Verfügung stoen.

An dann herno sollen och regelméisseg Fotoen bäikommen, dat muss dann awer net all Woch sinn, just "normal", soen mer mol, regelméisseg Shootings maachen, dat geet duer.

Dës Fotoen musse keng standard Studiofotoen sinn mee kënnen och méi ausgefale sinn wéi z.B. d'Miss Lilou Serie vum Marc Gerard: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_userf_p.... Do ass dem Fotograf fräi Wiel iwwerlooss.

Wann nach Froen dozou sinn kënnen déi hei gestalt ginn, oder schéckt eng E-Mail op johny@photogen.lu. Déi selwecht E-Mail gëllt fir wann een interesséiert ass fir mat ze maachen.

41 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neien Photogen-Banner
(15.04.2008 - 00:19)
Haut hu mer mol kuerz beschloss en neie Banner ze maachen fir dass jiddereen eis ka verlinken matt engem flotten, passenden an aktuellen Bild. An dem alen war emmer nach net eise Logo dee mer lo hun, an war soulues allgemeng out-of-date. Den neien ass och awer alt erem relativ einfach gehalen:



E grousse Merci un all déi déi eis scho verlinkt hun op hiere Säiten, an och un all déi déi et nach wärte maachen!
20 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PRO-SUD sicht Fotoen
(14.11.2007 - 01:08)
PRO-SUD (E Syndikat äus 12 Gemengen äus dem Süden) wëll eng Standortbrochure maachen.

D'Brochure soll en Akquisitiounsinstrument fir d'Regioun ginn.

Zielgruppe sinn d'Awunner, d'Firmen, Forschungsinstituter, Investoren vun der Regioun, vum Groussherzogtum wéi och äus der Groussregioun

D'Brochure gëtt vereenzelt op Foiren verdeelt an un interesseiert Investoren suguer international verscheckt. Se kann awer och iwwer staatlëch Kanäl, iwwer regional Firmen oder Transferstellen souwéi och d'Uni verdeelt ginn.

Parallel zu derr Printversioun gëtt d'Brochure och op den Internetsäiten vun PRO-SUD veröffentlëcht. Fir d'Wirtschatfsprofil vum Süden ze schäerfen, fokusséiert sech d'Standortstellung zwar ganz bewosst op d'Aspekter vun der Forschung, Wëssen Technologietransfer an Edukatioun, mee et ginn och vill aaner Beräicher mattabegraff, déi en innovativen Androck vun der Regioun bidden.


Inhalt vun der Brochure sinn:

- Portrait vun der Südregioun
- Wirtschaft, Handwierk an Industrie, innovativ Betrieber
- Sougenannte Wëssenscluster (Schoulen, Ariichtungen vun der Fort- a Weiderbildung Héichschoul, privatwirtschaftlech an öffentlech Forschungsariichtungen, souwéi Technologie- an Grënnerzentren)
- innovativ Architektur an d'Ëmnotzung vun Industriebauten
- Akafen an der Südregioun an op dene läschte Säiten och bessen vu Kultur, Sport an Tourismus.


Heifir sichen se héichwärtegt Bildmaterial, a firun allem och nei soll et sinn.

D'Fotoe gi matt allen néidegen Angaben gekennzeechent an zousätzlech matt enger Referenz um Schluss opgezielt.



PROSUD KONTAKT:
http://www.prosud.lu/index.php?option=com_contact&...


18 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Help organiséiert rem e Fotosconcours!
(02.11.2007 - 00:33)
Majo hei maachen mer dann rem bessen opmirksam op dee scho läscht Joer hei veröffentlechten Concours vun Help:



Bonne Chance un déi déi mattmaachen.
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
2 Concours'en gin annoncéiert
(19.10.2006 - 14:49)
Den Photo-club Ettelbréck invitéiert op säin 7e Challenge du Nord:




==========================================================


An dann huet HELP nach dësen unzebidden:




An hei den PDF den derzou gehéiert: http://www.photogen.lu/partners/help/help_concours...
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
CrewMedia
(28.09.2005 - 23:56)
Partnersäiten am Internet-beräich sin zimlech wichteg, fier kënnen selwer méi bekannt ze gin iwert den Internet. An vu dass mier ëmmer op der Sich sin no neien Partnersäiten, kommen der och heinsto mol bäi. Lo wir daat dann CrewMedia, déi op CrewMedia.org hieren Users interessant Service ubidden. Dës wieren dann insgesamt dës:

Event promotion
- Organizing concerts & parties
- PR-management
- Booking of venues & artists
- Promotion on our Websites

Artist promotion
- PR-management
- Photoshootings
- Promotion on our Websites

Audio productions
- Radio spots for Events, artists or venues
- Webradio (live) (op crew.lu)

Event reports
- Professional photos of events & artists (op crew.lu)
- Interviews with artists & organizers

Mier hoffen, dass sie duerch eis en puer Stamm-user méi kréien, an och emgedréint.

Wann dier och interesseiert sidd un enger Partnerschaft mat Photogen.lu, dann schreift einfach eng E-Mail op contact@photogen.lu.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»