Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad d'Neiegkeeten an der Kategorie Contests
Fotoen online vum BGL Contest
(18.03.2014 - 10:32)
Nodeem leschten Donneschdeg de Vernissage war an d'Gewënner hier Präisser kritt hunn, sinn d'Fotoen dann elo och online ze gesinn:

https://contest.photogen.lu/gallery

Vill Spaass beim Kucken.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Resultater BGL Contest & Vernissage
(05.03.2014 - 22:58)
Hei présentéieren mir iech déi éischt 3 Plazen vum BGL Contest:

1. de Georges Forster mat "Passage" (Gewënn: GoPro Hero 3 Black Edition)
2. de Laurent Weber mat "MX Bulli" (Gewënn: Manfrotto Stativ plus Kapp)
3. de Claude Jung mat "Lotus" (Gewënn: Joby Gorillapod Focus inkl Ballhead-X)

Gratulatioun fir déi gutt Aarbecht, a Merci u jiddereen dee matgemaach huet, et si wierklech e puer ganz flott an interessant Fotoen derbäi.

An domat invitéieren mer och jiddereen op de Vernissage den 13. Mäerz Agence Europe BGL BNP Paribas um Kierchbierg, wou eng Selektioun vun deene 50 beschte Fotoen ze gesinn ass. Fir Drénken ass Iessen ass och gesuergt :)

Detailer: Vernissage vum Photo Contest mat BGL
22 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photo Contest mat top Präisser
(30.12.2013 - 11:56)
Wéi virun e puer Deeg an der leschter Neiegkeet schonn erwähnt, gëtt et eppes klenges extras fir all eis Memberen, Benotzer, mä och aner Leit déi einfach just gär Fotoen maachen:

Zesumme mat eisem Haaptsponsor, der BGL BNP Paribas organiséiere mir e Photo Concours mat flotte Präisser. D'Thema vum Concours ass Beweegung, an et kann ee maximal bis zu 4 Fotoen erop luede bis de 16. Februar 2014.

Den Haaptpräis ass eng HGoPro Hero 3 Black Edition, mä och den zweeten an drëtte Präis si ganz interessant fir Foto-freaks.

Mir maachen dann, viraussiichtlech den 13. Mäerz (Datum kann eventuell nach liicht änneren) eng Ausstellung vun de beschte Fotoen an der Agence Europe vun der BGL um Kierchbierg.

Fir matzemaachen an all weider Informatiounen: https://contest.photogen.lu

Mir wënschen iech alleguer alt bonne Chance :)
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
DOW Contest: Stëmmen RESET
(28.07.2012 - 20:13)
Gudden Owend,

Beim DOW Contest war eng Foto déi net de Regelen entsprach huet, wat engem vun eise User awer réischt nom Start vun der Ofstëmmung opgefall ass. Déi betraffe Foto huet dofir musse geläscht ginn (Kann och leider net méi Deel huelen) an d'Stëmmen sinn och op 0 gesat ginn fir eng fair Ofstëmmung ze garantéieren. D.h. mir géifen iech all bieden eng Kéier nei ofzestëmmen, op dësem Link:
http://www.photogen.lu/?page=contest_view_all&...

Entschëllegt fir dëse klengen Tëschefall, an e schéine Recht vum Weekend wënsche mer.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Concours "Food Photography" Ofstëmmung
(17.02.2012 - 10:59)
Leider ass eis e klenge Feeler ënnerlaaf mat der Ofstëmmung vum aktuelle Concours "Food Photography". Hei duerch war nach de System aktiv vum läschte grousse Concours wou aner Regele gegëllt haaten. Ëntschellegt eis dat w.e.gl.!

D'Ofstëmmung ass haut de Moien erem komplett op 0 gesat ginn an dofiir biede mer déijeneg, déi schon oofgestëmmt hunn, dëst ze widderhuelen.

Vill Spaß beim ofstëmmen an merci fir Äert Verständnis!
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Resultat vum grousse Concours
(16.01.2012 - 21:12)
Endlech ass et esou wäit, d'Gewënner sti fest vun eisem groussen Concours wou den éischte Präis 1 Joer laang gratis Fotobicher bei foto.lu war, den zweete Präis eng Foto op Plexiglas 80x120 an den drëtte Präis eng Foto op Alu-Dibond oder Toile 70x105.

Zur Erënnerung: Et sinn ëmmer déi 3 Fotoen aberechent ginn, an ween mat senge Fotoen déi héchste Moyenne erreecht huet, huet gewonnen.

Hei dann de gesamte Ranking:

1. Focus
2. Silex
3. abrissreif

4. Sirius
5. kola
6. Miau
7. marischen
7. Metalbambi
7. ClaudeR
7. BlackPanther
7. suraki
12. mmphotos
13. He-Lx
14. mischii
15. Jeanny
16. pixelfern
17. Abacab
18. Locke
19. SBCriss
20. Marmag
20. gtaddei1
22. kicker
23. Dynax
24. Kleent
24. gogo
24. diddylux
27. Jeje
28. Magic
29. djmoses
29. jekyll
31. Val
32. Susanne
33. tennes
34. abrakadabra
35. pollux
36. Zodiac
37. Michelp88
38. eye-like
38. Klod_Jektiv
40. rocksta
40. Charly_Ente
42. Gibbes
43. Posanias
44. rockstarnailbomb
45. rivende
46. DiGGi
47. Theodor

Fir déi déi sollten norechnen: Op Plaz 3 an 4 haten mer e Glaichstand, do huet eis Jury sech dann an enger eenzelner Ofstëmmung nach fir dës Reihenfolg dann entscheed :)
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Onstëmmegkeeten beim läschte Konkuer
(07.10.2009 - 00:32)
Muencher ee vun iech wärt sech vläicht froen wou d' Foto hin ass déi hien gewielt huet, beim aktuelle Konkuer "Gezielten Onschärft". De Problem war deen dass muench Fotoen drann waren, déi net der Beschreiwung vum Konkuer nokomm sinn: Et war beschriwwen "onschaarf Foto", soudass wirklech eigentlech alles sollt onschaarf sinn (oder bal 100%), et waren awer vill Fotoen déi nach e groussen Deel Schaarf haten an just en Objet mat Bewegungsonschärft dran haten, oder wou den Hannergrond einfach onschaarf war. Dës Fotoen hu mer mussen eraus huelen, well et onfair gewiecht wir vis-à-vis vun deenen déi et sou ëmgesat hun wéi et sollt.

Et ass och kloer dass elo vill Leit dat net immens fannen, dass dat sou kuerz viru Schluss vun der Ofstëmmung geschitt ass amplaz direkt um Ufank, dofir wëll ech hei d'Erklärung dofir ofginn: Wou d' Ofstëmmung ugaangen ass, waren 2 vun 3 Admins am Ausland (Lydie an Johny), 5 Deeg an dat ouni Internet. Mir décidéieren awer esou Saachen net alleng, dofir konnt deen 3. (yoshi) guer net éischter handelen, bis mer erëm komplett waren. Dofir konnten déi Fotoen eréischt gëschter Owend eraus geholl ginn.

Mir wëssen dass dat net eng ganz glécklech Situatioun war, an mir verstinn och déi Leit déi lo enttäuscht oder rosen sinn dass hier Foto eraus geholl ginn ass, mir entschëllegen heimat fir dat ganzt wéi alles gaangen ass.
Et wärt ausserdem keng Eiwegkeet daueren bis den nächsten Konkuer ugeet, an mer hoffen, dass déi dann do erëm all wärten mat derbäi sinn, et gëtt och erëm dat selwecht ze gewannen (3 x 60*40cm Print vun enger Foto).
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Vun elo un: Fir all Konkuer kleng Präisser
(12.09.2009 - 13:34)
Mat eisem Partner Foto.lu zesummen hu mer décidéiert dass vun elo un, fir all Konkuer den mir esou starten um site, déi éischt 3 Plazen en 40x60cm Print gewannen. Dëst muss herno net d' Foto vum Konkuer si mee kann egal wéieng sinn.

Et wärt och nach geschwenn bei de Konkueren mat annoncéiert ginn soudass och jidfereen dat gesäit :)
15 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
45plus Konkuer - D'Gewënner sti fest!
(01.12.2008 - 00:00)
D'Ofstëmmung vum Konkuer "Verbindung tëschent de Generatiounen" ass eriwwer an soumat stinn d'Gewënner fest, souwuel fir den Prix publique, wéi och fir de Jury-präis.



De Prix publique dee bestëmmt gouf iwwert d'Ofstëmmung op eisem Site, d.h. eng Rees op d'Rencontres d'Arles an do Deelhuelen un engem Stage/Workshop an déi éischt Säit vum Kalenner dee gemaach gëtt, geet un folgend Foto:


vum Gloda



An d'Jury-präisser ginn an der folgender Reihenfolg verdeelt:

1. Präis (Apple Macbook 13"):

vum Gloda

2. Präis (Adobe Photoshop + Lizenz):

vum aperture

3. Präis (1TB Extern Festplatt):

vum galileo


Photogen an 45plus gratuléiren de Gewënner, an sie ginn nach kontaktéiert vun eis, an denen nächste Wochen.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Ännerungen an der Contest-Ofstëmmung
(17.11.2008 - 23:18)
Bei dem neitste Contest sinn leider just 5 Fotoën eropgeluede ginn. Bis elo war et esou dass een huet musse 5 Plazen verdeelen, mee wann ee selwer eng Foto eropgelueden haat, konnt een déi net wielen, sou sinn hei fir 5 Leit just 4 méigleg Fotoën iwwreg bliwwen fir ofzestëmmen. Vu dass mer d'Plazen déi ee verginn muss, souwisou fir de 45plus Konkuer op 3 erofgesat hätten, hun ech dat dann mol direkt gemaach och fir dëse Contest.
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Aktuelle Contest Panorama
(20.10.2008 - 11:42)
Duerch e klenge Feeler an enger Astellung konnt ee bei de Contests keng Fotoë roplueden déi méi kleng waren wéi (bal) 500Pixel, an der Héicht. De Feeler ass eis awer réischt dëse Weekend opgefall, mee dofir ass de Contest lo ëm dräi Deeg verlängert ginn, well et gutt méigleg ass, dass muench Leit dofir hier Foto net konnten eroplueden.
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
45Plus Konkuer gëtt verlängert!
(18.09.2008 - 17:57)
Duerch déi bis elo sou wéineg Fotoën déi eropgeluede gi sinn fir den Konkuer dee Photogen.lu zesumme matt 45Plus organiséiert huet, ass décidéiert ginn vun hierer Säit äus dass mer de Konkuer verlängeren, an zwar bis Enn November. Dëst erméiglegt och nach bëssen méi Reklamm ze maachen.

Déi Leit déi bis elo eng Foto ropgelueden hun an vläicht eng aner wëllen eroplueden (wat vläicht de Fall kéint sinn, wa se eng besser hun), sollen sech w.e.g. op johny@photogen.lu mellen.

Den präzisen Datum bis wéini en dann lo wärt goën gëtt nach den Owend oder muar am lafen vum Dag festgeluecht, genee wéi dann d'PDFen déi op de läschte Stand bruecht ginn, passend op déi nei Deadline.


NEIEN DATUM: 23. November
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Concours zesumme matt 45plus
(24.06.2008 - 00:05)
Mir si lo säit enger klenger Zäit amgaangen mam Centre de Formation Sociale Jean-Baptiste Rock asbl am Kader vun der Campagne 45plus dësen Concours virzebereeden. Mir si lo frou ierch en kënnen ze präsentéieren an hoffen dass mer vill Leit fannen déi mattmaachen, Grënn sinn op allefall genug do wann een kuckt waat et ze gewannen gëtt :)

Méi Informatiounen op http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_inde...

http://www.45plus.lu
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Gewënner vum Contest sti fest
(23.05.2008 - 10:50)
D'Ofstëmmung ass eriwwer an d'Gewënner vum Contest "Online, modern Kommunikatiounsmëttelen am Asaatz ", sinn:

1. Focus:


2. klex


3. alma


Gléckwonsch un dës dräi éischt Plazen.

Hei kënnt dir all d'Fotoe kucken: Contestfotoen

Den nächste Contest geet dann den 1. Juni un.
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Ofstëmmung leeft
(16.05.2008 - 00:35)
D'Ofstëmmung fir den Contest "Online, modern Kommunikatiounsmëttelen am Asaatz" ass ugelaf, fir eng Woch laang kann elo jidfereen deen ugemellt ass, hei seng éischt 5 Favoritte-Plazen wielen.

Direkt zur Ofstëmmung
17 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neie Contest fängt scho rem un
(01.05.2008 - 02:08)
No der Diskussioun am Forum doriwwer waat ee wéi sollt a kéint verbesseren rondrem d'Contests, si mer zum Entschluss komm méi reegelméisseg Contests ze maachen, an net ganz esou laang, fir dass een net stänneg sech seet "ech maachen nach eppes" an herno mierkt een dass et ze spéit ass. Vu lo un maachen mer et esou, dass entweder 2 oder maximal 3 Wochen zur Verfügung stinn fir d'Foto ze maachen, eng Woch laang ass dann Ofstëmmung an um 1. Dag vum nächste Mount geet dann den nächste Contest schonn un.

Den aktuellen den dann leeft bis den 15. Mee 23:59 Auer, huet als Thema "Online, modern Kommunikatiounsmëttelen am Asaatz". Méi Informatiounen dozou ginn et hei: Contest Iwwersiicht

Merci op dëser Plaatz nach eng Kéier un den Nicon07 den eis all déi wirklech interessant Themen firgeschlo huet.
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
D'Gewënner vum Contest sti fest!
(01.05.2008 - 01:57)
No enger Woch Ofstëmmung dann stinn eis dräi Gewënner fest:

1. gloda:


2. MarcGerard


3. ChLo



An soumat gewennt den gloda eng 4GB Späicherkaart, den Marcgerard eng vun 2GB an den ChLo eng vun 1GB, all gesponsort vun eurobureau, Gléckwonsch!

Alleguerten d'Fotoen kucken inklusiv d'Endresultat, kennt dir hei maachen: http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_view...

D'Gewënner ginn an denen nächsten puer Deeg vun eis per PM benochrichtegt wéi daat geet fir un hiere Gewënn ze kommen.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Oofstëmmung fir Contest
(24.04.2008 - 09:20)
D'Oofstëmmung fir de Contest ass elo eng Woch laang amgaang.

Är Favoriten wielen kënnt dir hei: http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_inde...
16 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Contest leeft just nach eng Woch!
(17.04.2008 - 14:22)
Ech wëll hei kuerz drun erenneren dass Deadline fir eise Contest an enger Woch ass, an bis elo ass nach näicht eropgeluede ginn. Dobäi hu mir mol eng Kéier flott Gewënner unzebidden, daat wärt secher net bei all Contest de Fall sinn.

Also, gidd bessen kreativ, an lued är Foto erop :)

Contest: D'Stad Lëtzebuerg
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neie Contest huet ugefaang
(24.03.2008 - 04:43)
Et ass endlech mol rem Zäit gi fir en neie Contest! All Informatiounen derzou kënnt dir direkt hei liesen:
http://www.photogen.lu/?page=contest_index

Vill Spaß
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Teamcontest ass eriwwer. And the Winners are ...
(11.08.2007 - 04:10)
Den Teamcontest gëtt gewonnen vum klex an dem Kwitchibo. Op zweeter Plaz kommen den kola an den alma. Op drëtter Plaz dann ass Team vum Blackpanther an krautheim

Gratulatioun vun eiser Säit äus! Gutt Arbecht.



Hei dann nach déi ganz Lëscht vun denen déi mattgemaach hun, matt hiere Punkten:

1. 396 Klex / Kwitchibo
2. 255 Alma / Kola
3. 100 Blackpanther / krautheim
4. 80 Gloda / Focus
5. 77 Ploro / -Laurent-
6. 64 Charel / Yoshi
7. 57 Pelz /Masterpii
8. 40 Sevy / NoHa
9. 36 Keeblitz / Tomdi
10. 19 Everyday / Nikkie
11. 13 Jean-Jos / Junior
11. 13 Frutsch/ Mano
13. 10 Annick / Kaka
17 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Team Contest Oofstëmmung
(04.08.2007 - 13:37)
Stëmmt oof fir de Contest, wou daat misst der jo wëssen :). Ech wees dass vläicht muencher sech et aanescht firgestallt haaten wei dei aner Contests, mee ech haat kéng Zäit nach en anere System ze programméieren dofir.

Am Moment ass et och méiglech dass een fir dei Fotoen oofstëmmt déi Säin Teamkolleeg eropgelueden huet. Och wann ech heimat vläicht reischt puer Leit dodrop opmirksam maachen ... Ech kucke ganz zum Schluss daat no, schreiwen mer extra eppes waat daat nocheckt, an jidfereen den fir d'Foto vu sengem Teamkolleeg gestëmmt huet, gëtt (leider) disqualifizéiert :)
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
De Gewenner vum Contest steet fest
(02.04.2007 - 01:09)
Den Contest "Kontrasträich" bei dem et drem gaang ass iergendwei epeps matt Kontrast ze maachen, egal ob et wirklech Kontrast an der Foto war, oder ob soss e Kontrast sollt äusgedréckt ginn, ass fäerdeg, an et gewënnt:

D'Lydie matt der Foto: Schleimig jedoch vitaminreich

Op zweeter Plaaz kënnt dem spako seng Foto: Autsch

Drëtten ass den Johny matt: STOP Racism



Gléckwonsch Lydie an spako (mir selwer kann ech wuel schlecht gléckwënschen ...), är Fotoen hun et definitiv verdingt fir ze sinn.

Merci och un jiddereen den mattgemaach huet!
21 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Oofstemmung vum Contest
(26.03.2007 - 01:26)
Gesin kennt dir all Fotoen hei:

http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_view...

Wéi emmer, är 5 Favoriten wielen, an enger Woch dann gëtt d'Resultat publizéiert.

Denkt w.e.g. onbedingt drun dass dir sollt bewärten wen Thema vum Contest am beschten emgesat huet! An net weieng Foto ierch einfach am allgemengen besser gefällt...

D'Oofstemmung dauert eng Woch, also nächste Méinden um 1 Auer an der Nuecht ass zou, an am lafen Dag gëtt dann d'Resultat public gemaach.

37 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neien Contest ... schonn erem
(24.02.2007 - 02:13)

http://www.photogen.lu/?page=contest_index

Do gidd der am fong scho genuch gewuer doriwwer. Nodem beim läschten Contest net immens vill komm war (Ech menge vill Leit huet d'Thema net vill gesot), erwaarden mer eis bei desem bessen méi Fotoen, an si gespaant op d'Ideen.

Vill Spaass an alt jidferengem bonne chance ;)
30 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Oofstëmmung vum Contest ass eriwwer
(15.01.2007 - 00:17)
And the Winner is ...

-Laurent- !


Gléckwonsch Laurent, fir däin eischten Contest dens de gewënns :)

Op 2. Plaz ass den TK komm, an 3. den Focus. Déi ganz Resultater kennt der hei gesinn:

http://www.photogen.lu/?page=contest_view_all&...

Et waren zwar net immens vill Fotoen ropgeluede ginn, mee nächst Kéier gëtt dann rem en Thema gesicht waat bessen méi allgemeng ass. Merci awer un all déi déi mettgemaach hun, an och un déi déi matt oofgestëmmt hun.
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Drëtten Photogen Contest leeft
(12.12.2006 - 22:26)
Thema ass des Kéier "Wegwerfgesellschaft rondrem d'Krëschtdeech", woubäi daat ganzt eng zesummengewürfelt idee ass vun User. Et ass en Thema iwwert daat ee sech sollt Gedanke maachen, an da kann een och ganz secher puer ganz flott Saachen maachen an fannen.

Déi wichtegst Saachen fannt der all zesummen hei:

http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_inde...

Vill Spaass dann emol :)
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Oofstëmung fier de Contest ass eriwer
(13.08.2006 - 21:45)
Soumat steet de Gewenner elo fest ...

an et ass ...

den NECKEL ! Gléckwonsch.

Op zweeter Plaatz, ganz no hannendrun kënnt dann den Mogway himself, an op drëtter Plaatz de yoshi. Och hinnen zwee Gléckwonsch heifier :)

Hei nach eng Kéier daat ganzt Resultat:

1. Neckel
2. Mogway
3. yoshi
4. kola
5. Johny
6. Jean-Jos
7. Junior
8. Lydie
9. Gummibaer
10. patty

Merci all denen déi matgemaach hun !

Contest Fotoen kucken

7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Contest ass eriwer
(16.05.2006 - 13:06)
And the winner is ...

kola !

Gléckwonsch. Awer och Gléckwonsch un den zweeten, den Focus. op drëtter Plaatz ass dann déi zweet Foto vum kola, d.h. déi 3. Plaatz geet un de Gummibaer.

Merci dass der alleguerten matgemaach hudd, an mer fréen eis op den nächsten. Den dann awer 4 Wochen wärt laafen, fier dass méi Leit zäit fannen eppes dofier ze réaliséieren.

Zesumemfaassung.
1. kola
2. Focus
3. Gummibaer

=======================
Contest Fotoen kucken
=======================

21 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Contest ass färdech, Oofstëmmung leeft
(09.05.2006 - 00:09)
D'Oofstëmmung ass esou geduecht: Jidfereen wielt 5 Fotoen sou der Rei no wei en se weilt herno no der Oofstëmmung op de Plaatzen gesin. Ënnert all Foto ass en Select Feld fier dës Plaatz ze wielen. Natirlech därf een all Plaatz just eng Kéier vergin, an et mussen déi 5 eischt Plaatzen vergin gin! Déi Foto déi no enger Woch am nootsten mat der Moyenne un Plaatz 1 ass, gewënnt.

Oofstëmmung

(Ech mengen nächst Kéier loossen mer den Contest léiwer 4 Woche laafen)
17 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Eischten Contest op Photogen
(24.04.2006 - 22:41)
Bei dësem Contest geet et em Thema "Luucht". Mei dozou liest der hei:
http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_inde...

Desen Contest ass just4fun, also et gët näicht ze gewannen.

No der Deadline, kann fir d'Fotoen gevote gin, do muss jidfereen ganz einfach seng 5 Favorite Fotoen den Plaatzen no vergin wei heen se weilt am léifsten duerno do gesin stoen. No enger Woch ass den Voting eriwer an dann gewennt eben den den am nootsten un Plaatz 1 ass.

Mer wënschen ierch alleguer vill Spaaß derbäi.

(Falls nach Feeler am Script sollte sin, w.e.g. direkt mir eng PM schecken. En konnt eben nach net zu 100% getest gin...)
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»