Header
Feeler behuewen beim Kommentar schreiwen
(10.01.2014 - 21:44)
Et gouf e Feeler deen dozou gefouert huet, dass een heiansdo, wann ee scho bei enger Foto e Kommentar geschriwwen hat, beim Späichere vun engem weidere Kommentar e Feeler krut "Ajax Error", awer de Kommentar ass dann trotzdem gespäichert ginn. Dëse Feeler ass elo behuewen, entschëllegt eis w.e.g. dofir.

Sollten iech esou Feeler an Zukunft nach opfalen, schéckt w.e.g. eng E-Mail un info@photogen.lu.

Mir wënschen iech e schéine Weekend
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
OK-Photography 10.01.2014 - 21:51
hat daat zwar schon laaaaang net méi (war der meenung dass een Mozilla Update den Fehler behuewen hätt...) mee, merci trotzdem dass de na enka an den Code gruewen wars!! closed_eye
Johny 10.01.2014 - 21:56
Et ass virkomm wann ee mindestens ee Kommentar scho geschriwwen hat, an een d'Optioun ageschalt hat, dass Fotoen wou ee kommentéiert automatesch mat an d'Iwwerwaachung geholl ginn, well dann huet e probéiert eng zweete Kéier d'Foto an d'Iwwerwaachung ze setzen, obwuel se schonn dra war. Weess och net sécher säit wéini de Feeler war, mä war awer säit e puer Méint.