Header
Canon EOS 1D Mark IV
(20.10.2009 - 22:03)
Canon erneiert ee vun hieren professionellen Apparaten: 1D Mark IV mam bekanntenen Cropfaktor vun 1.3 huet 16 Megapixel, Dual Digic 4 Prozessor an filmt och ewell am Full HD.

Offiziell Pressematdeelung:
http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...

Op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0910/09102001canon1d4...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 20.10.2009 - 23:04
gloda 20.10.2009 - 23:07
Wärt interessant gin fir ze gesin op Canon den ISO 102400 bei enger Pixeldensitéit vun 5,7µm grad sou gudd hikritt wéi d'Nikon D3s bei 8.45µm. D'Sample Fotoen déi se op hierem Site eropgelueden hun gi just bis ISO 5000.
An dann natierlech op den AF dann dës Kéier besser klappt wéi bei der 1D Mk III.
Naturknipser 28.10.2009 - 21:37
wat ass dann um AF vun der MIII schlecht?
gloda 29.10.2009 - 22:22
D'MkIII as deelweis zréckgeruff gin well den AF den Hick hat. Bessi Google bréngt dech bestëmmt séier op e puer Foren wou Profien sech geiergert hun. Ech hun zwa keng 1er Canon, mee 't as awer ni flott wann d'Firma vun der een säin Material keeft sou eng komme léisst.
Naturknipser 31.10.2009 - 19:14
Ech schaffen zanter Joren mat EOS 1er, an och scho länger mat der MIII. Ech wees op wéi een 'Problem' dass de uspills, mee et ass bewisen dass bei deenen meeschten (net bei allen!) de Problem hannert der Kamera ze fannen ass. Et gouf eng Serie déi zréck geruff gin ass, do hues de Recht - mee doraus e globalen Problem ze maachen ass einfach net richteg! Och Profien kennen net besser wéi verschidden 'Amateuren' mat hierem Material ëmgoen - wann ech zB an der Champiosnleague oder op aaner groussen Events gesinn dass 'Profien' am P Modus Sport fotograféieren da wonnert mech naischt méi!
Gleef mer et - net iwwerall wou Profi drop steet ass och Profi dran ;o)
Den AF vun der MIII ass extrem sensibel, ech wees wirklech vu waat ech schwetzen - mee et ass dermatt eens ze gin. De Nikon AF ass vill méi neutral, en ass net esou schnell (souguer deen vun der D3 net) mee dofir behällt hien sain Ziel besser am Fokus wanns de mol getraff hues.
Wat mech extrem nervt bei der MIV ass dass Canon nees de besoin vun den 'Profien' net verstaan huet. Alles ass op Consumer getrimmt - oder mengs de am Eescht dass een Profi eppes kéint mat deem sch... Video Modus ufenken- bezuelen muss de en awer.... Am MM oder esou, do verkeeft dat sech natiirlech gut un déi grouss Mass. Och huet Canon et alt nees net verstaan eng Profi friendly Opléisung ze bréngen. Wat mengs de wat ech schon oft geflucht hun wéinst den ze groussen Fichier'en wann ech am Stress sin, d'Competitioun dauert zB bis 22.30h an d'Biller mussen um 23.00h an der Redaktoun sin. 12 MPX ass do de maximum deen ech gut fannen. Lo brengen se der 16 an d'MIV - bon da brauchs de alt nees en neien Laptop mat méi Mémoire, muss alles op UDMA emswitchen asw asw - mee 16 MPX verkaafen sech alt nees besser wéi 12 am MM a n ähnleche Geschäfter...
Nikon huet dat verstaan an d'Opléisung vis-à-vis vun der D3 net verännert. Och wa meng Fotoen am 25 x 35 cm an der Zeitung sin, da geet 8 Mpx masseg (!!!) duer, do kanns de ouni Probleem (wann d'Foto uerdentlech geholl ass) op d'mannst 50% nach ewech croppen, an dat ouni qualitéitsverloscht.
Sou laang Canon net versteet dass hier Pixelgréisst net ka mat den aktuellen Nikon'en konkurréieren, sou laang schaffen ech ganz gut mat der MIII virun. E gut Beispill ass d'G11 wou se ENDLECH nees op 10 MPX oroofgeschrauwt hun (d'G10 hat 15MPX) - well d'G10 ass e richtegen 'Rauschgenerator' - d'Fotoen ab 400 iso kanns de direkt nees läschen, do brauchs de der keng Méih ze maachen se op den PC ze iwwerspillen.
Ech hoffen d'MIV gt net eng zweet 7D, well dat ass e richtegegn Desaster a mengen Aan, mee si verkeeft sech gut well se eben baal 19 MPX huet.... Cropen kanns de trotzdem net well bei engem Ausschnett freckt schon bei 1600 Iso de Kueder :o))
Sou lo gin ech léiwer Fotoen maachen ier ech mech nach weider opreegen ;o)
arwa 16.11.2009 - 15:05
unhappy

Opregong as nët gudd fir d'Gesondhéet !!

deng ugeschwaaten 7D -Pixeldesaster - richteg.
virwaat nët einfach 12 Mpix a gudd as. D'Rauschen vun der 7D........... tsts... do kann d'50D locker mathaalen,
an och alt rëm dei blöd Videogeschicht............
uuuuups, hei géet ët jo ëm d'1DMk4.............. hat daat lo bal vergiess closed_eye
claudedh 21.10.2009 - 09:34
Wor gescher mueren bei der offizieller présentatioun dobai. Déi Camera gesait relativ impressionant aus (och an den heigen ISO'en). Eppes genaues kann ech leider nach nët soen. Déi boitier'en woren nach préserie modeller. Nach e bessi waarden bis dat déi définitiv versioun doo ass. Normalerweis ugangs dezember. A suivre
Claude