5D Mark II
(17.09.2008 - 09:37)
Immens laang huet et gedauert bis d'5D en Nofolger kritt huet, dat gréisstendeels well einfach net genug Konkurenz um Maart war. Lo kënnt dës soulues, an dann bréngt Canon eng Vollformat matt 21 Megapixel déi och nach Full HD (1080p) filmen kann. Hei déi wichtegst Donnéen:
- 21.1 Megapixel
- Digic 4
- 14 bit
- ISO 100-6400 (mee erwedierbar op 50 respektiv 12800 an 25600)
- Full HD Video filmen
- 3" écran matt 920k Bildpunkten an Liveview
- Bis zu 3.9 Biller / sekonn
- 9 AF-Kräizsensoren plus 6 "Hëllefspunkten"
Präis ab november: 2499€
Méi infos op DPReview: http://www.dpreview.com/news/0809/08091705canon_5d...
An bei Canon: http://www.canon.de/For_Home/Product_Finder/Camera...

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Johny
17.09.2008 - 09:43
Ech hätt mer vill méi vum AF erwaard, Sucher ass och keen wou een 100% gesäit ... an se ass deier.
galileo
17.09.2008 - 11:48
....soss ass d'Differenz zu den 1er jo nët méi grouss genuch....alles Marketing
Deier ass dach relativ......an einfach mol no Krëschtdag ofwaarden, da gesäit dat scho vläicht anescht aus.
Oder séch nët maträissen loossen, an einfach bei der aaler bléiwen - an amplaz en deieren Boitier, deen no 6 Méint scho rem aal ass, sech gudd Optiken kaafen, an schéi Fotoen machen

17.09.2008 - 11:53
Gutt Optiken hun ech, huet kee Wärt mer do Saachen ze kafen déi ech net bräuch. An ech wëll och kee Wahn mattgoën emmer eppes neies ze hun, just Vollformat, dat wëll ech
galileo
17.09.2008 - 13:38
Jo, dat ass kloer en Argument - obwuel déi dach nët esou rieseg Ennerscheeder zu der 50D engem Decisioun "Vollformat oder nët" nawell nët méi einfach mecht.....wëll Crop huet jo nët nemmen Nodeeler, an.....d'Fichieren si méi kleng - mee hei geet et jo em d'5DMkII
A wee wees, vläicht kënnt jo nach en aneren Vollformat-Modell ????
A wee wees, vläicht kënnt jo nach en aneren Vollformat-Modell ????
Johny
17.09.2008 - 14:11
D'50D iwwerzeegt mech guer net, Pixelmatsch geif een dat beschreiwen, Pixeldichte ass einfach ze grouss. Bei der 5D MII hues de lo matt 21MP mol dei selwecht Pixeldichte wéi bei enger 30D matt 8MP. An dofir kann och do sou en niddregt räuschen erreecht ginn, wat wichteg wir fir mech.
klex
17.09.2008 - 11:38
Ech denke mer fir Landschaftsfotoen um Stativ mat gudden objetiver (z.B Nikon 14-24 2.8) ass se wirklech sau rau. ISO 100 an 50 fehlt definitiv bei Nikon. Keen integréierte Bletz... sou soll et sin Videomode ass flott ze hun. Mee dann de nemmlechten Tastelayout an aalt Batteriesystem? An den Aotofokus schéngt net emzewerfen...mee do muss een Tester oofwuarden.
Keen 12Bit? 14Bit schein a gudd, mat 21mpix awer an am RAW do freet sech den Harddisk an de Computer!
Si ass net wirklech verglaichbar mat der Nikon D700, si ass mi lues, de Spighel klappt mi lues, d'Auslöseverzögerung ass mi grouss, an si mecht hallew suvill Biller an der Sekonn. An héigen ISO kann ech mer net firstellen dat se ka mathaalen...mee och do muss een Tester oofwuarden.
Sin 2 ganz verschidden Apprater, mee wann ech nach keen hätt gif ech mech schwéier gin ze décidéieren op 5DmkII oder D700!
Alles an allem awer e super Apprat, an d'geet jo hei em Fotografie, net em Cola VS Pepsi

17.09.2008 - 11:47
Also ech géif op allefall op 10MP zréckschrauwen! (Geet suguer am raw). sinn jo dann emmer nach 2 méi wéi ech lo hun
D700 ass geluecht drop séier ze sinn, dat mierkt een géif ech soën, 5D MII net, genee wéi déi éischt 5D. Trotzdem wir e besseren AF wëllkomm.
Wat ISO ugeet: http://www.canon-ci.co.kr/common/image_view.jsp?pa...
Ass matt 6400 gemaach.

Shantideva
17.09.2008 - 12:01
Wow! Endlech!!! An elo muss ech nach bis am November warden... Dann kann ech mir se jo awer secher mol schon op der Photokina ukucken. Daat ass awer mol eng super Nouvelle!
Johny
17.09.2008 - 12:02
Jo ukucken do maachen ech och secher, an wei de galileo soot, mol bis no Krëschtdag waarden, fir de Präis ze kucken
Shantideva
17.09.2008 - 12:09
Jo stemmt. Awer se ass jo net méi deier wéi de Virgänger. Et ass jo schon mol dat! Presséiert sin ech och elo net well ech nach emmer ganz zefridden sin mat dem wat ech hun. 14 bit bei 21 Megapixel... do muss ech awer nach Memorykaarten kaafen. Daat get och Spass fir aus 6 bis 8 Raw Dateien een HDR ze machen. Live View ass och praktesch fir Makro... Daat get Spass!
galileo
17.09.2008 - 13:40
Nei Memorykaarten, an en neie Computer an e puer nei Harddisken, an en FullHD Fernseh fir déi schéi Filmer a Fotoen ze kucken, oder nach en FullHD Beamer an eng grouss Leinwand........LOL
D'Industrie kritt eis alleguer drun !
Mee t'ass bestëmmt e flotten Apparat !!!
D'Industrie kritt eis alleguer drun !
Mee t'ass bestëmmt e flotten Apparat !!!
Shantideva
17.09.2008 - 14:38
Yes! Daat leist bestemmt erem sou eng Kettenreaktioun aus!
Ech hun grad gesin dass d'Bletzsynchronzeit emmer nach just 1/200 ass. Ech haat gehofft si hätten déi vieleicht op 1/500 eropgeschrauwt. Daat ass leider net de Fall, et kann een leider net alles hun...

17.09.2008 - 18:39
D'ass technech net méiglech mat engem mechanesche verschloss eng Synchronzait vun 1/500 ze kréin. Soss hätten se missen en elektronesche verschloss maan.
Shantideva
17.09.2008 - 20:29
A sou, OK! Ech hat mol sou eppes gelies dass et Kameraen gin déi bis zu 1/500 s gin?!? Ech kann mech awer och ieren an hun daat mat denen aalen Nikon verwiesselt déi elektroneschen Verschloss hun, obwuel déi jo och méi schnell kennen wann een den Blëtz un een Synchrokabel uschléisst. Ech misst daat mol erem nosichen. Op jidde Fall ass 1/200 net immens schnell. Mais, ech denken dass d'technech Méigelechkeeten zimmlech onviraussichtlech sin oder get et dofir een Grond dass et net soll méigelech sin?
Hasselblad kann daat jo awer souwiesou bei all Vitesse durch d'Lamellen.
Hasselblad kann daat jo awer souwiesou bei all Vitesse durch d'Lamellen.
klex
18.09.2008 - 00:12
Jop, d'Nikon D70, an D1(X/H) di haat en eng synchronzait vun 1/500 an en electronesche verschloss... wisou se ab der D2 bis D3 serie rem e mechanesche gemat hun an op 1/250 zréckgange sin wees ech och net :/
Usech brauch een et net wirklech, wans de mei wi eng 1/250 hels da mecht de Bletz (also di nei mol) Highspeed Synchronisatioun, da geet et bis 1/8000'stel nach mat. Bei Canon wees ech net secher. Dann ass de Bletz zwar nemi grad su stark, mee haat bis elo awer do nach nie e Problem.
An am studio brauchs de jo osech och net mei wi 1/250.

gloda
17.09.2008 - 14:46
@ Lex, zum Batteriesystem: Souwäit ech gesin sin et aner Batterien déi elo och op 1800mAh ropgang sin.
Johny
17.09.2008 - 15:15
http://www.dpreview.com/previews/canoneos5dmarkii/...
Do steet eppes vun +/- 4.0 EV, mee awer an den normalen Donnéen net
//EDIT: OK, nëmmen wann een Exposure Compensation an Exposure Bracketing verbënnt ... :/
Do steet eppes vun +/- 4.0 EV, mee awer an den normalen Donnéen net
//EDIT: OK, nëmmen wann een Exposure Compensation an Exposure Bracketing verbënnt ... :/
gloda
21.09.2008 - 13:12
En interessanten Bericht vum Vincent Laforet deen sech en Weekend mam Prototyp an den Videoméiglechkeeten auserneen gesat huet:
http://blog.vincentlaforet.com/2008/09/20/something-very-interesting-is-comingboth-to-this-blog-and-to-our-industry/
http://blog.vincentlaforet.com/2008/09/20/something-very-interesting-is-comingboth-to-this-blog-and-to-our-industry/