Neie Contest fängt scho rem un
(01.05.2008 - 02:08)
No der Diskussioun am Forum doriwwer waat ee wéi sollt a kéint verbesseren rondrem d'Contests, si mer zum Entschluss komm méi reegelméisseg Contests ze maachen, an net ganz esou laang, fir dass een net stänneg sech seet "ech maachen nach eppes" an herno mierkt een dass et ze spéit ass. Vu lo un maachen mer et esou, dass entweder 2 oder maximal 3 Wochen zur Verfügung stinn fir d'Foto ze maachen, eng Woch laang ass dann Ofstëmmung an um 1. Dag vum nächste Mount geet dann den nächste Contest schonn un.
Den aktuellen den dann leeft bis den 15. Mee 23:59 Auer, huet als Thema "Online, modern Kommunikatiounsmëttelen am Asaatz". Méi Informatiounen dozou ginn et hei: Contest Iwwersiicht
Merci op dëser Plaatz nach eng Kéier un den Nicon07 den eis all déi wirklech interessant Themen firgeschlo huet.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Metal_Freak
01.05.2008 - 10:52
Nodeems dat ech den letzten Contest einfach onverschämt verschlof hunn, maan ech dest kéier mat
Nicon07
01.05.2008 - 12:12
Da sin ech elo mol gespaant, op d'Resonanz mi grouss des Keier as. Ech mengen zwar, datt mir all elo mi Loscht kriztt hun, eis mat deenen aaneren ze moossen. Ech sin zwar wuel geeiert, datt meng Viirschei Uklang fannen, awer ech well elo dofir net zevill Lorbiere gestreet kreien. Et geet jo virun allem drems, datt mir alleguer hei eis op d'Fotoe konzentreieren, wien d'Theme virschleit as zweetrangech...
Vill Spaas, hoffentlech geschwenn och ordentlech Luucht, a loosst aer gro Fotozellen warm laafen!!!
Nico
Vill Spaas, hoffentlech geschwenn och ordentlech Luucht, a loosst aer gro Fotozellen warm laafen!!!
Nico
Metalbambi
02.05.2008 - 20:40
ehm kan mol pls een mer daat thema do akaleren? verstin nt richteg wat do lo gemengt get.
*schumm
*schumm
Johny
05.05.2008 - 18:53
Modern Apparater matt denen ee kann an den Internet goën während dem een se gebräucht, kloër genug?
Polinger
05.05.2008 - 18:42
@Focus: ech net xD ... Brauchs dech net ze schummen Metalbambi, hei ass nach een deen net eenz gett
Nicon07
05.05.2008 - 21:19
Also, et sin nun awer net nemmen di Kommunikatiounsmettelen fi an den Internet ze goen, dei hei interessant sin, geif ech mol mengen. Wi ech de Sujet formuleiert hun, hat ech dat Thema zwar mei allgemeng gesin wi den Johny, dat heescht online (en ligne) si mat aaneren, also niewent Internet och GSM, SMS, MSN, Skype etc...
Dir kennt jo d'Art a Weis, wi den Europaer vun 2008 mat sengesglaiche kommunizeiert, an dat sollt een hei duerstellen. Also do misst et jo awer elo genuch Spillraum gi, fir datt een eng Iddi kritt.
@Johny: Ech mengen, et as gudd, datt een dat Thema hei mei detailleiert duerstellt. Mengs du net och?
Schei Greiss un iech alleguer, a maacht elo mol Fotoen!!

05.05.2008 - 23:22
Bessen eng Beschreiwung schreiwen ech beim Contest selwer emmer derbäi Et muss ee se just liesen.
Nicon07
06.05.2008 - 08:04
Ah jo! Dat mat deem Liesen as esou eng Saach an eiser haiteger"vernetzter" Welt...
Metalbambi
08.05.2008 - 21:02
Thx vier d aklaerungen, hun lo alles verstaan
idi ass och schon do, muss just nach model organiseiren.
idi ass och schon do, muss just nach model organiseiren.
big-basti
03.06.2008 - 17:12
Wollt froen wi et dann mam nächsten contest steet. Wann ech richteg verstanen hun, misst seit 2 Deeg en neien laafen oder !? Hun awer nach naischt gesin Oder ass net all Mound een ?