gefällt mer exzellent vun der perspektiv, den himmel as schein (bon,do hues de jo keen afloss) an de schärfteverlaaf huet eng ganz schein wierkung.
(8/10)
Merci alleguer!
Rabicop: Ech haat immens Chance mam Wieder, well déi ganz Woch iert ech dohinner kom sin wor et nëmmen Reen an Niwel do (Sequoia National Park).
Wann ech déng Exif kucken, da gesinn ech, datt s du nach roueg an der Blend häss kéint mi rop goen, fir de Bësch hannen och scharf ze kréien. Dat wir bestëmmt och ee flotten Effekt gin. Mais däi choix war jo awer sécher, fir den HG eben net och mat scharf ze kréien. An dat as natiirléch och ganz gudd esou, keen Zweifel. Dat virdru war just esou eng Iddi vu mir. Ech war op déng homepage luussen, an do hun ech gesin, datt een dir keng Rotschléi zu Bildkompositioun bei Landschaftsfotografie brauch ze gin. Dest as ee Kompliment!!
Merci, Merci! Ech gi jo ganz roud am Gesiicht! Du hues scho recht, déi kleng Déifteschärft wor e bewossten choix, allerding bei der Brennwäit net esou einfach hin ze kréien
Ech wees net obs de den Ice Age gesin hues oder kenns, mee ech sichen hei ob der Foto den Scrat deen seng Eechel sicht an probéiert se an Secherheet ze brengen .
D'Foto stëcht positiv an d'Aan, an gefällt mer deemno och gudd. Mir perséinlech häett e bessen mei Kontrast an Saturation gefall. Trotzdeem eng flott Foto duerch deen iwwerluerchten Kadrage, an dei schéin natiirlech Kulisse.