Daat ass den Fouss vun engem Riesen-Sequoia. Et handelt sech em een relativ klengt Exemplar daat un der Basis net méi ewéi ca 3m Duerchmiesser huet ...
D'Foto ass an daer Hinsiicht gudd, datt déi Partien am Schied och nach hell genuch sin fir all Détail ze erkennen. Obschons d'Foto mer gefällt felt mer en Referenzpunkt un dem en erkennen géif wéi grouss den Bam ass.
di sequoiaen wuessen am fong baal exklusiv am sequoia National Park an am Yosemite National Park an Amerika, et gett och nach grouss Bridder di heeschen Redwood.
Ouni lo de streber raushänken ze lossen...
deen eelsten as den General Sherman mat iwwer 100m heich an iwwer 10m breed. deen steet schon sait iwwer 2000 joer op där selweschter plaaz
Et wuëssen der awer och eng ganz Partie an de Parken a Gärt iwwert d'Welt verstreet. Suguer hei zu Letzebuerg. An der Stad am Parc Toni Neuman (eis Universitairen vun der uni.lu kennen dee bestëmmt) z.B. an awer och a private Virgärtercher hun ech der scho gesin. Ech froe méch just, wat mat deene läscht gëtt, wann se mol nach mi grouss sin. Si wuëssen zimmléch séier. Ech hat der och 2 bei méngen Elteren hirem fréieren Haus an der Wiss niëwendru geplanzt, mais déi si leider ausgerappt gin, well elo do Appartementswunnenge gebaut gi sin. Déi waren an enger halwer Dose Joer vun enger Plänzche vun ±50 cm héich zu Beem vu 5-6 Meter Héicht gewuëss. An England fënnt een der a Parken, di schon iwwert 100 Joer aal sin, déi hu schon an di 30 Meter Héicht.
Flott Foto. Zu Bourglenster wanns de den Pavé roffiers do stinn och 2 Sequoia (Sequoiadendron giganteum, Mammutbam). Dei sinn em 100 Joer al, also Fixspein am verglach zu den doen, an awer schon impressionnant.
@Rabicop: Streeeeeber! Du bass gudd am Bild. Respekt!
@Nikon07: Ech denken nët dat daat déi selwecht Beem erem d'Welt sin. Si gehéiren zur selwechter Art, mee et sin net déi selwecht. Déi doten wuessen och ganz lues. Et get se natiirlech nëmmen un der US West Coast an an der Sierra Nevada zu der den Sequoia N.P. gehéiert an emmer an Gruppen. D'Redwoods sin méi schlank an e bessen méi héich wéi d'Giant Sequoia.