Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 44 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Wéien Makro-Objektiv un enger D200
amBesch

Antworten: 3
Hits: 24.891
RE: Wéien Makro-Objektiv un enger D200 09.01.2007 22:31 Forum: Technik-Diskussiounen


Vlaicht hëlleft der folgend Säit och e bëssi weider:
http://www.nnplus.de/macro/Macro100.html

Ech hun zwar selwer nach keen Macro, mee héieren dass effektiv den Tamron 90 soll zimlech gudd sin, awer och den Tokina 100 (Tokina si meeschtens zimlech gudd gebaut)

Eppes ënnert 90mm giff ech der effektiv och ofroden wanns de Insekten photographéiere wëlls.
Thema: Problem beim schaarf stellen
amBesch

Antworten: 3
Hits: 21.075
09.01.2007 18:39 Forum: Misc


Maja, merci mol fir d'Äntwert! Ech hu selwer och nach eng Kéier e bëssi nogekuckt, an ët gët op anere Plazen och gesot dass ët um Objektiv oder un der Kamera hänke kann. Leider hun ech keen zweet Objektiv fir dat direkt erauszefannen. Leider hun ech och weder d'Kamera, nach d'Objektiv direkt an engem Butték kaaft, mee iwert Internet :-/
A leider hun ech och eréischt ab Februar Zäit fir mech richteg mam Problem auseneenzesetzen. Ma dann wäert ech mer dat mol méi genee ukucken.

Merci awer nach eng Kéier fir déi séier Äntwert
Thema: Canon EOS 30D ... oder Nikon D200 ...
amBesch

Antworten: 15
Hits: 33.869
09.01.2007 18:04 Forum: Technik-Diskussiounen


Also eng Saach wou bei Nikon ganz flott ass, wat Canon nët huet (souwäit ech wees): den Auto-ISO. Du kanns eng gewëssen Zäit astellen (z.B. mat dem 70-200 VR, also mat Bildstabilisator, vlaicht eng 1/15s oder sou) ab der d'Kamera dann automatesch den ISO erhéigt bis e Wäert deens du och nees festsetze kanns (z.B. ISO 800) iert en dann ënnert déi 1/15s geet. Ass ganz praktesch.
Thema: Problem beim schaarf stellen
amBesch

Antworten: 3
Hits: 21.075
Problem beim schaarf stellen 06.01.2007 23:18 Forum: Misc


Majo, ech hun do e klenge Problem wou ech nët wees op ech just nët eens gin, op dat normal ass, oder op e Problem mam Objektiv besteet. Anzwar stellt mäin Nikon 50mm 1,8D iergendwéi ëmmer sou tëschend 2 an 3 cm méi no schaarf, wéi de Punkt wou ech eigentlech fokusséieren. Ass dat normal oder hun ech tatsächlech e Problem mam Objektiv, respektiv e Feeler um Objektiv?
Thema: Adobe RGB 98 oder sRGB: wéini as waat besser?
amBesch

Antworten: 2
Hits: 21.816
RE: Adobe RGB 98 oder sRGB: wéini as waat besser? 03.01.2007 19:28 Forum: Fotobearbëchtung


Hei lies emol op folgender Säit:
http://www.kenrockwell.com/tech/adobe-rgb.htm

Ech denken dat misst déng Fro beäntweren :-)
Thema: Nikon AF-S 28-70mm f2.8 D
amBesch

Antworten: 4
Hits: 23.800
01.01.2007 20:25 Forum: Material


Majo, merci fir d'Äntwert! Jo, dass den 17-55 2.8 AF-S DX och sou gudd si soll hun ech och schon héieren. Ët war eigentlech esou dass ech éischter un den 28-70 geduecht hat, well ech mer nach eng Kéier en 12-24 kafe wollt (wuel den vun Tokina, soll jo anscheinend praktesch keen Ennerscheed sin wat d'Qualitéit ugeet zum Nikkor, den awer duebel sou daier ass). Tjo, an dann hätt ech eben mam 17-55 en zimleche Beräich den sëch iwerlappe giff. Hm, wees och nach nët wat ech maache soll ... :-)
Thema: D80 oder D200?
amBesch

Antworten: 8
Hits: 27.317
29.12.2006 23:28 Forum: Material


Jo, hat ech och geduecht mam 50mm. Dat soll jo anscheinend Präis/Leesschtungs méisseg absolut top sin. Si mol gespaant op d'Spill mat der Déifteschärft :-)
A wat eben och flott ass: brauch dobannen nët onbedéngt e Blëtz wéinst der Liichtstärkt vun 1,8. Fir Portraiten ass ët bestëmmt gudd. E 85mm wier do natiirlech d'Alternativ (wobäi ët da scho méi schwéier gi kann dobannen Ganzkierperportaiten ze maachen), ma den ass awer och nees e gudde Strab méi daier...
Thema: D80 oder D200?
amBesch

Antworten: 8
Hits: 27.317
29.12.2006 20:15 Forum: Material


Majo, wat d'Kamera ugeet: ët ass eng D200 gin :-) Lo muss ech just nach e gudde Mount waarden bis ech richteg Zäit kréien domadder ze spillen well ech am Moment nach amgaange sin u ménger Diplomaarbescht ze schreiwen.

Objektiv hun ech mol den 50mm f1,8 geholl, ech denken domadder kann een naischt falsch maachen. Ansonsten hätt ech effektiv nach gären den 18-200 vu Nikon fir unzefänken, mee den ass am Moment iergendwéi néierens ze kréien, déi hu Liwerschwieregkeeten (opmannst hei an Daitschland wou ech momentan nach sin).

Tjo, an iergendwéini an Zukunft gët ët da nach eng Kéier den Tokina 12-24mm a wuel e liichtstaarkt 70/80-200mm an eppes liichtstaarkes tëschent 28-70... wann ech mol Suen zevill hun ;-)
Thema: D80 oder D200?
amBesch

Antworten: 8
Hits: 27.317
26.12.2006 22:10 Forum: Material


Majo, Merci ApplEric a Johny f!r är Meenongen. Tjo, dat mam ISO am Finder ass effektiv schon eng schéi Saach, an e Magnesium Gehais ass och eppes aneres wéi Plastik. Ech tendéieren ëmmer méi zur D200 :-) Lo stellt sech da just nach d'Fro vum Objektiv derbäi, ech hun däer nämlech och nach keent. Ech wees dass dat ganz drop ukënnt wat ech photographéiere wëll, ma éierlech gesot kann ech do naischt genaues soen, wäert wuel e bëssi vun allem sin, souwuel Architektur a Stied, wéi och Portaiten asw. ... mol kucken ....
Thema: Nikon AF-S 28-70mm f2.8 D
amBesch

Antworten: 4
Hits: 23.800
Nikon AF-S 28-70mm f2.8 D 25.12.2006 20:49 Forum: Material


Huet een Erfahrungen mat dem Objektiv? Ass ët séng Sue wäert? Wier fir 1300 Euro ze kréien.
Thema: D80 oder D200?
amBesch

Antworten: 8
Hits: 27.317
D80 oder D200? 25.12.2006 20:47 Forum: Material


Huet een vun iech Erfahrungen mat denen zwou Kameraen gemaach an dem Sënn, dass en en direkte Verglach tëschend denen zwou maache kann? Sin 500 Euro méi fir d'D200 dat och wäert?
Thema: Chat and Fun
amBesch

Antworten: 1.477
Hits: 3.701.901
30.11.2006 22:50 Forum: Allgemeng OT


Majo, ka sin dass déi hei schon eng Kéier virgeschlo goufen, ech fannen se op alle Fal genial.

http://youtube.com/watch?v=QjA5faZF1A8 (Kanon vum Pachelbel)
http://youtube.com/watch?v=BIeIWkK0t4s (The evolution of dance)
Thema: Nikon D40
amBesch

Antworten: 19
Hits: 36.328
18.11.2006 20:06 Forum: Material


Einsteiger freundlech sin eigentlech all d'Modeller an dem Segement, do ass ët egal op Canon 400D oder Nikon D50 oder D40, oder Pentax... Du kanns mat en alleguer praktesch alles photographéieren, ët kënnt méi ob d'Objektiv un wats de drop mëchs.

Ansonsten schléissen ech mech ganz dem FranzMacN un: géi an de Butték an huel d'Kamera an d'Hand. Do ass ët wou's de wiirklech d'Ënnerscheeder gesäis.
Beispill: mäi Schwoer huet eng Canon 350D déi mir vun der Ausstattung eigentlech ganz gudd gefällt, ma se läit mir einfach nët gudd an der Hand. Nodeems ech verschidde Modeller vu Nikon an d'Hand geholl hun hat ech mech séier décidéiert dass ët der wäert eng gin. Mee dat muss jidderen selwer kucken.

Da wënschen ech der op alle Fall nach vill Spaas beim Siche, Kucken an Ausprobéieren! :-)
Thema: Nikon D40
amBesch

Antworten: 19
Hits: 36.328
18.11.2006 19:09 Forum: Material


Ech giff d'Saach mol anescht ugoen, dofir froen ech lo mol einfach: wat has de wëlles maximal auszegin? Ech huelen un du hues och nach keng Objektiver, oder? Wat photographéiers de dann am léiwsten oder haaptsächlech? Anhand vun denen zwou Saachen, kënne mer der éischter Propose maachen wat Kamera an Objektiver fir derbäi ugeet.
Thema: Letzebuerger Sprooch
amBesch

Antworten: 21
Hits: 59.558
17.11.2006 18:11 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@tscjoki:
wat déi Ofkierzungen ugeet muss ech der Recht gin, ech hun och léiwer wann d'Leit ganz normal schreiwen, ech fäerte just déi sms-Schreifweis wäert sech ëmmer méi duerchsetzen...

Nach eng kleng Saach wou mer schon bei der lëtzebuerger Sprooch sin: den "ö" get et am lëtzebuergeschen eigentlech net. Hei ass dat en "ë".
Beispill: e Mënsch hëllt bestëmmt nëmmen ... amplaz e Mönsch höllt bestömmt nömmen

Naischt fir ongudd, ech schreiwen och keen perfekt lëtzebuergesch :-)

Ansonsten fir all déi wou interesséiert sin un enger richteger lëtzebuerger Schreifweis, gidd mol op http://www.spellchecker.lu kucken.
Thema: Objektiv & Konverter
amBesch

Antworten: 9
Hits: 32.208
17.11.2006 17:59 Forum: Material


Jo, sanitel, ët verduebelt déng Brennwäit, allerdéngs verléiers de duerch sou e Konverter deementspriechend u Liichtstärkt. Déi doten Kombinatioun vu Konverter (2x) an Objektiv (Blend 4-5,6) gët vu villen Leit als nët méi wiirklech gudd ugesin. Du giffs esou eng minimal Blend vun 11 kréien an ët ka gudd sin dass den AF dann nët méi funktionéiert. E Konverter, gët oft gesot, kann een nach gudd verwenden mat engem liichtstaarken Objektiv (F2,8 z.B.), ma däin 70-300 ass leider nët wiirklech liichtstaark.

Ech wëll der lo hei nët soen dass déi Kombinatioun guer nët klappt, du kanns bestëmmt Photoen domat maachen. Ët freet sech just ops de herno wiirklech frou mat de Resultater gës. Ech hu selwer nach ni mat engem Konverter geschafft, wat ech der hei schreiwen, baséiert just op Saachen déi ech op anere Plazen gelies hun, mee do sin d'Leit sech meeschtens absolut eeneg dass der doten Kombinatioun nët méi ze roden ass.

Hoffen ech hun lo naischt Falsches hei geschriwen :-)
Thema: FinePix S5 Pro
amBesch

Antworten: 14
Hits: 36.701
22.10.2006 22:06 Forum: Technik-Diskussiounen


Hey, de Thread hei hat ech jo guer nët matkrut :-)
Maja, kléngt effektiv immens interessant, hm ... vu dass ech mer souwisou eréischt Ufank nächst Joer eng DSLR kafe wollt, waarden ech mengen ech mol nach bis dës eraus aus. Wéi se präislech wuel gi wäert??? Mengt der sou am Beräich vun der D200 (also 1500 bis 1600 Stroossepräiss) oder éischter driwer a Richtung 2000 Euro?
Thema: Sou feich an domm sin d'Leit
amBesch

Antworten: 27
Hits: 63.744
22.10.2006 22:02 Forum: Allgemeng OT


Freck, mega krass dat do!!! Wees nët wat ech soe soll, deet mer déck Leed fir dech Johny, ma wéi's de am Titel jo geschriwen hues, feich an domm, méi gët ët dozou nët ze soen...
Thema: No engem Member sichen
amBesch

Antworten: 8
Hits: 59.575
13.09.2006 21:33 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Yes, fannen ech och eng excellent Iddi dem Mojoo säi Virschlag fir no Memberen sichen ze kënnen, déi eng gewësse Kamera hun. Sou kann een dann och vlaicht gesin wéieng Objektiver si mat däer Kamera benotzen an/oder hinnen eng PM schécken wann een eng Fro huet zur Kamera oder engem Objektiv wat een benotzt.

Ech wees dass dofir eigentlech de Forum do ass, ma leider geet nët jiddereen an de Forum kucken, a sou kann een dann eben direkt engem eng PM schécken z.B.
Thema: Nikon D80
amBesch

Antworten: 5
Hits: 25.795
RE: Nikon D80 08.08.2006 21:39 Forum: Technik-Diskussiounen


Dat mëcht natiirlech Sënn :-)
An bestells d'ëm lo eng D80? Präis wäert wuel sou em déi 900€ gin huelen ech un.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 44 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH