Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Letzebuerger Sprooch » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Letzebuerger Sprooch  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
tscjoki tscjoki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28

Letzebuerger Sprooch Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut alleguer

Ech hätt e Wonsch un all Mensch, deen hei op deem flotte Site Komentaren schreift.
Déi Wéinest vun eis all könne perfekt letzebuergesch schreiwen,mee verschiddener probéieren et awer weinstens.
Leider höllt et hei, wéi iwerens och an aanere Foren, ömmer méi Iwerhand, dass an engem "sms"-Language geschriwe göt, mat Ofkierzungen a Wieder, déi et absolut net gin.
Fir nömmen e puer Beispiller ze sitéieren : "gemma" ,hessde na kene weschman" a.s.w. !!
Dass een erwuessene Mensch,deen net de ganzen Daag um Handy am Gaang ass SMS'en hin an hier ze schecken, munchmool Problemer domadden huet daat ze entzifferen,misst wuehl deene meechten aliechten.
Eis Sprooch ass scho schwéier genuch am normalen ze liesen,dofir wär ech dankbar, wann all Mensch e bössen ging probéieren normal ze schreiwen.
Zudem gin et och auslännech Useren hei ,déi bestömmt manner Problemer hun wann e Komentar an enger richteger Sprooch do steet.
17.11.2006 15:07 tscjoki ist offline E-Mail an tscjoki senden Beiträge von tscjoki suchen Nehmen Sie tscjoki in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

D'ass richteg d'ass deen Sms-Langage lues an lues Iwerhand hëllt, mee ech fannen dass et sech hei um Site nach an Grenzen hällt. Dei meescht probéieren verständlecht Lëtzebuergesch ze schréiwen, an ech haat nach bei kengem Comment Problemer eppes ze verschtoën. Dofir gesin ech keen Grond sech doriwwer ze "beschwéieren".

Wann ech een vun dengen Beispiller huelen "hessde na kene weschman", fannen ech dat awer trotz allem nach verständlech. Selbstverständlech wäer "Häss de nach kennen wesch maachen" mei korrekt (behaapten ech elo), mee ech gesin keen Grond sech doriwer weider Gedanken ze maachen, soulaang net jiddfereen esou schréiwt.

Wann ech zum Beispill däin Text liesen, selbstverständlech elo ouni dech wellen unzegräiffen, schréiws du "könne", "nömme", "bestömmt", ... Ech verschtin wat's de mengs, vielleicht gëtt et esou guer esou richteg ob Lëtzeburgesch geschriwwen, mee ech froen dech net fir "kennen, nemmen, bestëmmt" ze schréiwen. Bah dat war elo een banalt dommt Beispill.

Dei meescht probéiren verständlecht Lëtzebuergesch ze schréiwen. Wann een nun mol vereenzelt Saachen ob eng aaner Art an Weis schréiwt verschteet en se meeschtens awer am Context, an brauch sech net weider driwwer Gedanken ze maachen.
17.11.2006 15:38
tscjoki tscjoki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28

Themenstarter Thema begonnen von tscjoki
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat Ganzt sollt jo och net als "beschwéieren" opgefaast gin,well esou war et net gemengt.
Et sollt u sech just en Denkustouss sin.
Selbstverständlech schreiwen ech kee perfekt Letzebuergech, ëm Gottes Wöllen,weit dervun! A Schreiffehler gin et och bei mir masseg.
Mee et geet net ëm Gramatik an ech gi mer emol Méi et esou gudd ewei Méiglech ze schreiwen.
Et soll eng Sprooch benotzt gin, keng Phantasiesprooch.
Ech hun mat vill Phantasie och bis haut nach all Beitrag verstaanen,mee daat ass awer keen Argument.
Dass villeicht nach keen eppes geschriwen huet,wöll jo awer net heeschen dass net aaner Leit och esou denken.
Et huet jo och nach kee geschriwen et wir gudd esou.
Eis franséich Useren zb. kéinten ouni Problem och an hierem "sms"-Language schreiwen woumadden mir eis dann och ginge wahrscheinlech schwéier doen.
An et ka jo nömmen am Interesse vun eis all sin, wann dësen flotte Site esou professionel ewei méiglech gefouert an ausgefouert get.Als Beispill nennen ech just dee Site aus Deitschland,deen all Mensch kennt.Ka mech net erönneren, do schon eppes aanescht ewei normalt Deitsch gesin ze hun.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von tscjoki am 17.11.2006 16:45.

17.11.2006 16:36 tscjoki ist offline E-Mail an tscjoki senden Beiträge von tscjoki suchen Nehmen Sie tscjoki in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech perséinlech hun et och net als "beschwéieren" ugesin.

Zitat:
Dass villeicht nach keen eppes geschriwen huet,wöll jo awer net heeschen dass net aaner Leit och esou denken.


Dëst Thema gouff schon mei oft ugeschwaat. Souwuel am Forum, wei um Site selwer. An vill Léit stéiert et wann een een onverständlechen Text an schlechtem Lëtzebuergesch schréiwt, obwuel se fäheg wiereren "normal" ze schréiwen.

Mat den Auslänner: Sou schlemm wei et klengt, mee sie mussen sech eis upassen. Huel dat elo em Gottes Wëllen net falsch ob, well selbstverständlech mussen mir och no hinnen kucken, mee gei zum Beispill an Franséich Foren, do schréiwen se ob verschidden Siten och hieren Sms-Langage, och wann Auslänner do sin. Kloër, dat ass elo keen Argument dass mir och sollen esou een Langage benotzen, am Geigendeel. Den gros vun den Auslänner dei hei um Site sin, verschtin Lëtzebuergesch, an och alles dat wat esou geschriwwen gëtt.

Hei sin vill jonk Useren dei einfach nemmen no schéinen Fotoen sichen. Meeschtens sin et dei, dei mat esou engem Langage kommen, an obeemol ass all Foto "chill". Mee weigesoot, esou schlemm (fannen ech), ass et net hei um Site.
17.11.2006 16:43
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Naja verglach mam däitsch ... an Foren do gëtt awer och net propper Däitsch geschriwwen smile

Ech wees waats de mengs mam sms-Langage, (langage kritt iwwregens keen u, just am Engleschen), an sou Saachen wéi "ej hun da et jo gesot" dei nerven mech och. Mee déi Leit déi hei am Forum liesen, mengen ech schreiwen sws net esou, dofir wees ech net ob daat lo souvill bréngt fir matt dengem Thread en Denkustouss ze ginn... Leider!

__________________
404 - Not found
17.11.2006 16:43 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
tscjoki tscjoki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28

Themenstarter Thema begonnen von tscjoki
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Mojoo

Mat den Auslänner: Sou schlemm wei et klengt, mee sie mussen sech eis upassen. Huel dat elo em Gottes Wëllen net falsch ob, well selbstverständlech mussen mir och no hinnen kucken, mee gei zum Beispill an Franséich Foren, do schréiwen se ob verschidden Siten och hieren Sms-Langage, och wann Auslänner do sin. Kloër, dat ass elo keen Argument dass mir och sollen esou een Langage benotzen, am Geigendeel. Den gros vun den Auslänner dei hei um Site sin, verschtin Lëtzebuergesch, an och alles dat wat esou geschriwwen gëtt.

Hei sin vill jonk Useren dei einfach nemmen no schéinen Fotoen sichen. Meeschtens sin et dei, dei mat esou engem Langage kommen, an obeemol ass all Foto "chill". Mee weigesoot, esou schlemm (fannen ech), ass et net hei um Site.


Mat den Auslänner stömmen ech der och zou.
An dass a franséiche Foren och zum Deel esou geschriwe get, do stömmen ech der och zou.
Et ass just a Mengen Aen eng traureg Tendenz, déi ömmer méi opkönnt, an dofir wollt ech dësen Denkustouss, ech betounen, just een Denkustouss! gin.
Ech denken dass all Mensch sech esouvill Méi ka gin, an deenen puer Zeilen déi en schreift, sein SMS-Modus kurz auszeschalten an ob verständlechem Letzebuergech ka schreiwen, a sech net just verständlech mecht.
Deng Aentwerten si jo zb. kloer an deitlech geschriwen a kommen ganz aanescht eriwer, ewei wann's de daat Ganzt an iergendenger Phantasiesprooch geschriwen häs.
An ech denken all User hei ass dozou ouni Problem fäheg.

Zitat:
Original von Johny
Naja verglach mam däitsch ... an Foren do gëtt awer och net propper Däitsch geschriwwen smile

Ech wees waats de mengs mam sms-Langage, (langage kritt iwwregens keen u, just am Engleschen), an sou Saachen wéi "ej hun da et jo gesot" dei nerven mech och. Mee déi Leit déi hei am Forum liesen, mengen ech schreiwen sws net esou, dofir wees ech net ob daat lo souvill bréngt fir matt dengem Thread en Denkustouss ze ginn... Leider!


Ooops, richteg...langage kritt keen "u" großes Grinsen

Stömmt, hei am Forum ass et och net esou verbreet, et ass méi um Haaptsite, bei de Kommentaren vun de Photoen wourobber ech et bezunn haat.
17.11.2006 16:58 tscjoki ist offline E-Mail an tscjoki senden Beiträge von tscjoki suchen Nehmen Sie tscjoki in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech stëmmen der 100% zou. Muss dem Johny awer leider och Recht gin.

Wanns de an Zukunft engkeier esou een onverständlechen Kommentar bemierks, kanns de dem Auteur jo eng PM schréiwen, oder um Site selwer äntferen, vläicht denkt deenjeinegen dann emol driwwer noo (schréiw léiwer eng PM, well soss lancéiers du mat grousser Warscheinlechkeet eng laang Diskussioun! Augenzwinkern ).
17.11.2006 17:01
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech wëll hei nach derzou soen, dass ech et scho gemaach hunn, wann ech eng Foto refuséiert hun an et haat een eppes geschriwwen wéi daat "ej" do, dann soot ech suguer matt am Comment do dass daat net esou geschriwwe gëtt smile

__________________
404 - Not found
17.11.2006 17:07 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
amBesch
Mitglied


Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@tscjoki:
wat déi Ofkierzungen ugeet muss ech der Recht gin, ech hun och léiwer wann d'Leit ganz normal schreiwen, ech fäerte just déi sms-Schreifweis wäert sech ëmmer méi duerchsetzen...

Nach eng kleng Saach wou mer schon bei der lëtzebuerger Sprooch sin: den "ö" get et am lëtzebuergeschen eigentlech net. Hei ass dat en "ë".
Beispill: e Mënsch hëllt bestëmmt nëmmen ... amplaz e Mönsch höllt bestömmt nömmen

Naischt fir ongudd, ech schreiwen och keen perfekt lëtzebuergesch :-)

Ansonsten fir all déi wou interesséiert sin un enger richteger lëtzebuerger Schreifweis, gidd mol op http://www.spellchecker.lu kucken.
17.11.2006 18:11 amBesch ist offline E-Mail an amBesch senden Beiträge von amBesch suchen Nehmen Sie amBesch in Ihre Freundesliste auf
indigo
Mitglied


Dabei seit: 24.10.2005
Beiträge: 32

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

bon natiirlech sin ech och nit fir deen "jhun, jwell," asw. an ech huelen un dass dat 14jähreger sin (resp. ech hoffen et!) deenen nach e bessi liewenserfahrung fehlt, bis se gesin, dass dat amfong totalen nonsense ass, well amfong ass deen "jwell" asw. mei schweier ze verstoen wei normalt letzebuergescht.
denken ech zreck, do hun ech matt 14 och "emma" "na" "hueln" asw. geschriw, wei gesot, ech mengen dat leed sech matt der zeit...
mais mais trotzdem muss een sech awer bewosst sin dass eng sprooch emmer am wandel ass.. et muss een eben matt der zeit goen, me 2 u asw. heiers de am engleschen emmer mei, weieen englänner seet nach "he doesn´t" "he don´t" ass et well an der spoken language, sou och matt de franseischen zeiten, verschiddener gin wuel nemmen nach am aalen theater benotzt Zunge raus
asw asw asw Zunge raus ech wiederhuelen mech hm?
naja wollt dat just lasssin!
17.11.2006 18:54 indigo ist offline E-Mail an indigo senden Beiträge von indigo suchen Nehmen Sie indigo in Ihre Freundesliste auf
-Laurent-
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

also ech fannen d sproch hei um site nach ganz ertraeglech Augenzwinkern also wann ech daat sou mat anerem vergleichen

ech sin zefridden mat aerer sprochaus smile
ech goen lo mol awer wech vun haus
cucu
17.11.2006 19:33
ApplEric ApplEric ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-63.gif

Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hmm, also, ech gin eech allt mol rem recht wat dei oofkierzungen betrefft. Ech denke mer do emmer: Senn dei einfach nemmen ze FAUL fir e puer Tasten op hirrer Tastatur ze drecken, oder senn se sou presseiert.
Mee soss ass d'Sprroch um Site relativ gudd, all Mensch gett sech Mei fir sou richteg wei meiglech d'Lëtzebuergesch ze schreiwen, mee dat ass eben net 100% meiglech, weinst eisem "super" educatiounsprogramm. (Gell, Madame Delvaux?) Augenzwinkern

__________________
You don't need eyes to see,
you need visions

Faithless

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von ApplEric am 17.11.2006 21:00.

17.11.2006 20:59 ApplEric ist offline E-Mail an ApplEric senden Homepage von ApplEric Beiträge von ApplEric suchen Nehmen Sie ApplEric in Ihre Freundesliste auf AIM-Name von ApplEric: applericlux MSN Passport-Profil von ApplEric anzeigen
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hm... hun daat hei lo mol ganz duechgelies, an kann am fong jidferengem do zoustemmen!! Waat mech zum Laachen brengt, jidfereen schreift aanechters Letzebuergesch (och souguer lo an desem Forum)!
Mee wen kann haut des Daags nach richteg Letzebuergesch schreiwen??!! Net vill, well 1., do sin vill mei emlauten wei nemmen den ë, dei et am Letzebuergeschen gin, an as bal onmeiglech dei all ze verhaalen fir se richteg unzewenden an get och net sou oft benotzt vun den Leit, well et zimlech komplizeiert as... an 2. get jidfereen et aaneschters geleiert, wann iwwerhaapt!! Mee, ech fannen hei um Site, do as zimlech dei selwecht Schreiw Art an Weis!

Waat ech och nach als pefferkär kann beileen, as z.B., wann een aus dem heigen Eisleck an sengem Dialekt schreift, daat kann mol heinsdo mei onverständlech sin wei den "sms-langage"!! Meng Kusine z.B. as soueent waat, do muss ech oft 2 mol liesen fir dass ech et verstin! Mee nuje, mengen däer Leit gin et net souvill hei um Site wei dei mam "sms-langage"!

@amBesch: den ö, get et am fong schon,den as aus dem aalen Letzebuergesch, mee as duech den ë ersaatgin an et gin na vill mei aal Leit dei den ö benotzen!! :p

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
17.11.2006 22:28 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
tscjoki tscjoki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28

Themenstarter Thema begonnen von tscjoki
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@amBesch Elo hun ech alt eröm,oops erëm eppes beigeléiert großes Grinsen

Nee, mee et geet mer jo och net ëm Gramatik u sech, well déi weinest vun eis beherrschen déi,denken ech.
Waat mech gestéiert huet, daat ass dass zum Deel massif an enger fiktiver Sprooch geschriwen gët,déi et net get.Ob elo een "nit" "nik" oder net schreift, fannen ech elo net weider schlömm,well daat zumindest Wieder sinn, déi et gin, och wann et net onbedingt "heichletzebuergesch"(gët et daat Wuert iwerhaapt? verwirrt ) ass.
Et sin esou Saachen wéi : "hessde na kene weschman", vun deenen ech geschwaat hun.

@masterpii
Daat ass wahrscheinlech d'Erklärung firwaat ech ëmmer en "ö" benotzt hun ;-)

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von tscjoki am 18.11.2006 16:40.

18.11.2006 11:36 tscjoki ist offline E-Mail an tscjoki senden Beiträge von tscjoki suchen Nehmen Sie tscjoki in Ihre Freundesliste auf
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Verstin dech jo ganz gudd tscjoki, an gin der och vollkommen recht!! Mee wei gesot, dei Leit einfach drop hiweisen, an fläit no 2/3 remarquen, schreiwen se dann "häss de kennen wesch maachen"!!
An dann as do nach eppes, wann ma schon am gaangen sin iwwert Letzebuergesch Sprooch ze diskuteieren, hun geschter een Komment bei enger neier Foto gelies ("beis dei foto beis faarwen"), wou ech am Leifsten eppes dozou gesot hätt, mee hun et dun leiwer sin geloos, well wel ken Streit ufänken!! Ech weisst net firwat dass een soll "beis" benotzen fir ze soen dass et eng gudd Foto as!
Waat ech lo domat wel soen, wann ma schon iwwert den SMS-langage hei diskuteieren, mengen dann kennen ma grad sou gudd och mol mam "Strooße-langage" ufänken, den ech och schon öfters hei gelies hun!! Ech sin der Meenung daat geheiert och net heihin!!

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
18.11.2006 12:33 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
Dan
Doppel-As


images/avatars/avatar-187.gif

Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mäin Päfferkär:
Ech gin dem tscjoki 100% Recht!
20.11.2006 20:37 Dan ist offline E-Mail an Dan senden Beiträge von Dan suchen Nehmen Sie Dan in Ihre Freundesliste auf
tscjoki tscjoki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28

Themenstarter Thema begonnen von tscjoki
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Masterpii

Gin der och vollkomme Recht an déer Hinsicht. A wanns de déi Leit dann einfach kurz drop hiweis, da kriss de nach eng domm Äntwert am Genre:"ass mir schaiss egal,nerf net."
An ech ging et Schued fannen wann esou e flotte professionellen Site wéi dësen durch esou Klengechkeeten ging un Niveau verléieren
23.11.2006 16:55 tscjoki ist offline E-Mail an tscjoki senden Beiträge von tscjoki suchen Nehmen Sie tscjoki in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Matt professionell huet de Site zwar näicht ze dinn ... mee bon, wees shco waats de mengs. Allerdings kann ee schlecht de Leit soen " schreift mol richteg" well entweder kritt een eng Äntwert wéis de grad selwer soos, oder se äntweren "Dir kennt dach selwer kee richtegt letz schreiwen" ...

Mee wéi scho gesoot, ech probéiren alt de Leit kloer ze maachen dass se Quatsch schreiwen ... Dodrop réagéieren allerdings verschiddener ganz sensibel.

__________________
404 - Not found
23.11.2006 21:46 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ganz eierlech daat wuert "BEIS" as einfach Alldach fir mech ech heiren daat iwerall !!! an dofir fannen ech daat wirklech keen guud bsp....

an emmer guud schreiwen ....dann fannen ech et ganz kloer besser mol eppes neies dohinnerschreiwen!!
an as daat esou schlemm ? okay et as net dein Langage mee 90 % schwetzen esou an fannen et emmer erem guud wann leit eppes schreiwen ....well wann Leit keng Kommentarer kreien sin se och net happy oder pardon frou

Kaap heisch Welt dreit genau esou falsch weider wei emmer....

MFG

MARC
23.11.2006 22:13 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Kwitchibo: As jidferengem seng Meenung, mee ech fannen et halt net gudd, wann een sou seet wei Foto as!

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
24.11.2006 00:02 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Letzebuerger Sprooch

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH