gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Salut,
Ech wollt froen wat d'Leit esou vun Servicer kennen déi Photobooks hierstellen. Wann een en Service kennt, hei am Land oder déi op Lëtzebuerg liwweren, post w.e.g. Informatiounen iwwert deen Service.
Hei zu Lëtzebuerg kennen ech bis elo just www.photoservice.com wou et ëm déi 4 Varianten vun Bicher an verschiddenen firdéfinéierten Gréissten gët. Wann een d'Buch selwer wëll gestalten muss een eng Software vun hinnen benotzen déi ëmstänneg as, an d'Resultat an engem proprietären Format späichert, d.h. nëmmen déi Software kann se dono nach liesen. Dann muss een den färdegen Layout iwwer Internet bei si schécken. Ech hun bis elo zwee verschidden Bicher bei hinnen maachen gelooss. D'Qualitéit vum Material as ok, mee ech war net esou mam Drock zefridden, d'Biller hun am Endeffekt en bëssen un Qualitéit verluer. Als Beispillpräis, en 29x38cm Buch kascht 55€ + 3€ Versand an nach eemol 0,50€ fir all zousätzlech Säit - wéivill Säiten een dann vun sech aus dran huet soen se net, mee ech mengen et sin der 24, bei der Produitsbeschreiwung steet "PAGINATION : de 24 à 100 pages". Also wieren 80 Säiten 83€.
En aneren Service online as www.blurb.com. Och si benotzen hir eegen Software déi awer méi flexibel ze sin schéngt. Als Besipill, en 33x28cm Buch mat 80 Säiten kasch 49,95€ + 11,12€ Versand op Lëtzebuerg. Vläit huet jo schon een vun ierch bei Blurb bestallt?
__________________ www.gloda.net
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gloda am 05.05.2008 22:44.
|
|
05.05.2008 22:39 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
www.blurb.com !!!
Absolut TOP an der Qualitéit. Du kanns d'Leit och lossen direckt dein Buch bei hinnen bestellen. D'Liwerung geschitt dann bannend 3 Deeg. Ech hun virun kurzem engem Bekannten sein Buch do bestallt an ech war begeeschtert vun der Qualitéit.
(Ech kann dir d'Buch och gären eng Kéier weisen.)
Mais bon, du schengs deen Service jo schon ze kennen...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 06.05.2008 06:57.
|
|
06.05.2008 06:56 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Merci Shantideva fir d'Info iwwer d'Qualitéit. Ech hun blurb selwer awer nach net ausprobéiert. Ech mengen ech bestellen eemol en Testbuch bei hinnen. Has de Importtaxen oder esou eppes ze bezuelen?
__________________ www.gloda.net
|
|
06.05.2008 09:39 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
www.fotobuch.de
Do lued een eng Software roof, an gestallt sech sein Buch sou wéi een et gaer hätt. Su weit ech wees gett et do och zimlech vill verschidden Méiglechkeeten wat d'Gréisst an sou weider ugeet. Ech hun och schon Fotobicher do bestallt an ech fannen dass d'Qualitléit vun den Fotoen ganz gudd ass. Ech wees allerdings net ob ech daat lo sou gudd beurteelen kann.
Ech kann et nemmen empfehlen well ech bis lo nach bei kengem Service sou vill verschidden Méiglechkeeten (Gréisst, Gestaltung, Einband asw) begéint hun wéi bei fotobuch.de.
An jo, se liwren natierlech op Letzebuerg.
|
|
06.05.2008 11:02 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech hun keng Importtaxen bezuelt well d'Buch hei aus Europa komm ass. Si produzéieren an verschecken daat aus Europa wann een an Europa bestellt. Du brauchs net unbedingt een Testbuch ze bestellen, ech kann dir gären daat Buch weisen waat ech bestallt hun. Et ass excellent gebonnen an d'Qualitéit leist iwerhaapt net ze wënschen iwereg vis-à -vis vun all aanerem komerziellem Buch iwert Fotografie. Ech hun do aanerer gesin wou een erkennt dass et sech em Bicher handelt déi iwert sou een Service gemeet sin. Bei Blurb kann een daat net direkt feststellen.
|
|
06.05.2008 12:00 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
marischen, merci, ech kucken mer dat dann och emol un.
Shantideva, merci fir d'Offer, ech kommen dann Ufank Juni dorop zeréck wann dat ok as. Haas du eent mat haarden oder mëllen Deckelen bestallt?
__________________ www.gloda.net
|
|
06.05.2008 12:20 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Daat war mat hardem Deckel. Du brauchs mir just een PM ze schecken wanns du et gesin wells, dann machen mir eppes aus.
|
|
06.05.2008 12:50 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
http://www.fotocommunity-prints.de
Ass zwar saudeier, wanns de der d'Präiser ukucks, mee d'Qualitéit stemmt an du bass 100% fräi fier d'Gestaltung (du mess alles am Photoshop).
Hunn virun kuerzem een 20*30 Pearl mat 40 Säiten fier 59,90 do bestallt an wor ganz zefridden.
|
|
06.05.2008 22:57 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
Ech hun och ganz gutt Erfahrunge mat fotobuch.de gemacht: gutt Qualitéit, relativ schnell, Präis-Leeschtung ok; wat d' Software ugeet, esou muss een am Ufank vläicht e bësse gedëlleg sin (ewéi bei esou vill esou Saachen
) , wann ee bis e bëssen dran ass, geet dat fäin.
A nach eppes: et kann een Bicher och eng Zäit lang nobestellen, ouni frësch eropzelueden (eroplueden dauert nawell eng Zäit).
|
|
09.05.2008 21:17 |
|
|
|