Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » Photobooks » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Photobooks  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Photobooks Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut,
Ech wollt froen wat d'Leit esou vun Servicer kennen déi Photobooks hierstellen. Wann een en Service kennt, hei am Land oder déi op Lëtzebuerg liwweren, post w.e.g. Informatiounen iwwert deen Service.

Hei zu Lëtzebuerg kennen ech bis elo just www.photoservice.com wou et ëm déi 4 Varianten vun Bicher an verschiddenen firdéfinéierten Gréissten gët. Wann een d'Buch selwer wëll gestalten muss een eng Software vun hinnen benotzen déi ëmstänneg as, an d'Resultat an engem proprietären Format späichert, d.h. nëmmen déi Software kann se dono nach liesen. Dann muss een den färdegen Layout iwwer Internet bei si schécken. Ech hun bis elo zwee verschidden Bicher bei hinnen maachen gelooss. D'Qualitéit vum Material as ok, mee ech war net esou mam Drock zefridden, d'Biller hun am Endeffekt en bëssen un Qualitéit verluer. Als Beispillpräis, en 29x38cm Buch kascht 55€ + 3€ Versand an nach eemol 0,50€ fir all zousätzlech Säit - wéivill Säiten een dann vun sech aus dran huet soen se net, mee ech mengen et sin der 24, bei der Produitsbeschreiwung steet "PAGINATION : de 24 à 100 pages". Also wieren 80 Säiten 83€.

En aneren Service online as www.blurb.com. Och si benotzen hir eegen Software déi awer méi flexibel ze sin schéngt. Als Besipill, en 33x28cm Buch mat 80 Säiten kasch 49,95€ + 11,12€ Versand op Lëtzebuerg. Vläit huet jo schon een vun ierch bei Blurb bestallt?

__________________
www.gloda.net

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gloda am 05.05.2008 22:44.

05.05.2008 22:39 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
RE: Photobooks Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

www.blurb.com !!!

Absolut TOP an der Qualitéit. Du kanns d'Leit och lossen direckt dein Buch bei hinnen bestellen. D'Liwerung geschitt dann bannend 3 Deeg. Ech hun virun kurzem engem Bekannten sein Buch do bestallt an ech war begeeschtert vun der Qualitéit.

(Ech kann dir d'Buch och gären eng Kéier weisen.)

Mais bon, du schengs deen Service jo schon ze kennen...

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 06.05.2008 06:57.

06.05.2008 06:56
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Themenstarter Thema begonnen von gloda
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci Shantideva fir d'Info iwwer d'Qualitéit. Ech hun blurb selwer awer nach net ausprobéiert. Ech mengen ech bestellen eemol en Testbuch bei hinnen. Has de Importtaxen oder esou eppes ze bezuelen?

__________________
www.gloda.net
06.05.2008 09:39 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
marischen marischen ist weiblich
Doppel-As


images/avatars/avatar-115.gif

Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

www.fotobuch.de

Do lued een eng Software roof, an gestallt sech sein Buch sou wéi een et gaer hätt. Su weit ech wees gett et do och zimlech vill verschidden Méiglechkeeten wat d'Gréisst an sou weider ugeet. Ech hun och schon Fotobicher do bestallt an ech fannen dass d'Qualitléit vun den Fotoen ganz gudd ass. Ech wees allerdings net ob ech daat lo sou gudd beurteelen kann.
Ech kann et nemmen empfehlen well ech bis lo nach bei kengem Service sou vill verschidden Méiglechkeeten (Gréisst, Gestaltung, Einband asw) begéint hun wéi bei fotobuch.de.
An jo, se liwren natierlech op Letzebuerg.
06.05.2008 11:02 marischen ist offline E-Mail an marischen senden Homepage von marischen Beiträge von marischen suchen Nehmen Sie marischen in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von marischen anzeigen
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun keng Importtaxen bezuelt well d'Buch hei aus Europa komm ass. Si produzéieren an verschecken daat aus Europa wann een an Europa bestellt. Du brauchs net unbedingt een Testbuch ze bestellen, ech kann dir gären daat Buch weisen waat ech bestallt hun. Et ass excellent gebonnen an d'Qualitéit leist iwerhaapt net ze wënschen iwereg vis-à-vis vun all aanerem komerziellem Buch iwert Fotografie. Ech hun do aanerer gesin wou een erkennt dass et sech em Bicher handelt déi iwert sou een Service gemeet sin. Bei Blurb kann een daat net direkt feststellen.
06.05.2008 12:00
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Themenstarter Thema begonnen von gloda
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

marischen, merci, ech kucken mer dat dann och emol un.
Shantideva, merci fir d'Offer, ech kommen dann Ufank Juni dorop zeréck wann dat ok as. Haas du eent mat haarden oder mëllen Deckelen bestallt?

__________________
www.gloda.net
06.05.2008 12:20 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat war mat hardem Deckel. Du brauchs mir just een PM ze schecken wanns du et gesin wells, dann machen mir eppes aus.
06.05.2008 12:50
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

http://www.fotocommunity-prints.de

Ass zwar saudeier, wanns de der d'Präiser ukucks, mee d'Qualitéit stemmt an du bass 100% fräi fier d'Gestaltung (du mess alles am Photoshop).
Hunn virun kuerzem een 20*30 Pearl mat 40 Säiten fier 59,90 do bestallt an wor ganz zefridden.
06.05.2008 22:57
Jean-Jos
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun och ganz gutt Erfahrunge mat fotobuch.de gemacht: gutt Qualitéit, relativ schnell, Präis-Leeschtung ok; wat d' Software ugeet, esou muss een am Ufank vläicht e bësse gedëlleg sin (ewéi bei esou vill esou Saachen smile ) , wann ee bis e bëssen dran ass, geet dat fäin.
A nach eppes: et kann een Bicher och eng Zäit lang nobestellen, ouni frësch eropzelueden (eroplueden dauert nawell eng Zäit).
09.05.2008 21:17
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » Photobooks

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH