BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Ech sin net secher mee ech hun den Androck do wir elo eppes anescht. Et war emer esou, dass een huet missen sRRB beotzen, dass eng Foto och richteg Farw an Kontrast hat hei bei Photogen. Hat dat awer emol verpasst an meng Foto huet wirklech bessen blatzeg ausgesin. Lo hun ech mol nach emol déi Foto gekuckt an se schengt awer elo esou ze sin wéi se soll. As eppes geännert gin?
|
|
11.05.2007 14:57 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
hmm jojo dei kleng baertesch zwergen an den salopetten dei an der nuecht emmer un photogen bastelen wann d leit doheem friddlesch schlofen hun daat gemeet? hmm mengen awer eischter net well emmerhin huet daat joa awer nix mam site ze dinn wann den internet farwen killt?
jo johny sou kleng bas de och rem net
|
|
11.05.2007 17:09 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
BlueRic, hues de e Browser-Update gemaach oder daat ganzt nach op engem aaneren Computer oder an engem aaneren Browser gekuckt? Reng theoretesch haenkt daat och vun den Bibliotheiken oof dei benotzt ginn fier d'Biller unzeweisen.
Photogen selwer dierft naeicht domadder ze dinn hunn, daat ass reng client-säiteg.
So long
|
|
11.05.2007 18:50 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
|
|
sRGB ass am Prinzip besser fir alles waat Computer (Monitor Output) ass.
RGB (AdobeRGB - waat een och ob Canon DSLRen kann astellen) ass besser fir Print.
[sRGB sin bei Canon IMG_xxxx files an AdobeRGB sin _MG_xxxx files]
Ech perséinlech maan meng Fotoen all am AdobeRGB (well deen, esou wéi ech daat mol mengen - duerch recherchen - ze wëssen, een besser ausgeglachenen Fuerwspectrum hued fir op engem Printer (CMYK) erauszedrecken).
Waat elo deng Fro ugeed, ob eppes um Site geännert hued, ... daat hued naischt matt der Foto ze din. Ok eng Foto kann aanescht wierken dermossen wéi een Hannergrond een hued, mee deen ass jo hei net geännert gin.
Et kann Luuchtafall op den Ecran sin, et kann eng Emstellung vun dengen Color Profiles am Betriebsystem sin, den Ecran selwer, ...
Color Management ass ee flott Thema, an falls eng kéier een soll wessen wou een Workshop dozou ass, w.e.g. bescheed soen, well do mol bessi méi dervun wessen
|
|
11.05.2007 22:45 |
|
|
Alphonse_M
Mitglied
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 31
|
|
Kaaf der e Buch dodriwwer méi muss de net wessen, zb Well done.
|
|
12.05.2007 01:19 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Merci @ all.
Haat net drun geduecht, dass et och kéint den Browser sin un deem et leit.
Wéi och emmer. As eigentlech en ganz interessant Thema, och wann Normen extrem nerven geet et net ouni sie! :-)
Also bis dann,
Eric
|
|
14.05.2007 14:51 |
|
|
|