Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Lost... » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Lost... 3 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,00  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Dragonslayer
unregistriert
Lost... Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Leschte statement vu mier:

Sou... no laangem Iwwerlee sin ech lo dann awer zum Schluss komm ech geiff alt nach ee Mol d Wuert ergraiffe fier alt rem eng Keier op daat honnert Mol duechgeknaatent Thema an ze goen mee des Keier awer mol aus engem aanere point de vue deen een sech mol misst duech de Kapp goe losse befier een hei um Site rem ufaengt alles a Fro ze stelle waat engem perseinlech net geht. Sief ett Jury, sieff ett System, sieff ett Niveau, sieff ett Kritiken...ganz egal..d feiert alles op een eenzegen Nenner an zwar de Fait datt Wessen an Erfahrung nach laang keng Weisheet as geschweige denn Verstaendniss....

Also ech sin echt kee Religiouns-Fanatiker oder soss iergend eppes waat domadder ze din huet an ech hun och meng eege Vue wei daat Ganzt z'interpreteieren as mee epps kann ech awer soen: an zwar datt de Mensch net perfect as an daat waert en och nie sin, soss haette mer net andauernd all 5 Minuten um Fernseh oder an der Zeitung rem en neie Bericht datt rem iergendwou Bomme roofgeduest sin oder d Leit sech mat Messeren d Kaepp oofhacken oder waat wees ech. Mier sin net perfect a mier waerten ett nie sin. Eis Sich no Wourecht e Recht an iergendenger Form as zwar berechtegt mee mer waerten nie eng Wourecht fannen mat daer mer definitif Recht hu a vu kengem mei ka widerruf gin. An da stellen ech mer d Fro: wei kann de Mensch eppes perfectes creeiere wann e selwer net perfect as? Wei kann de Mensch behaapten hien alleng haett d Wessen ze uerteele wa sai Wessen enger Welt entsprengt dei net perfect as vue datt se vun eis gestalt get? Wei kann e Mensch behaapten hien haett Recht wa mer e ganzt Liewen op der Sich sollte sin no enger Wourecht dei mer wahrscheinlech nie waerten erkennen? Daat si Froen dei ech mer stellen....

An ech fannen emmer rem just eng eenzeg Aentwert fier mech: Ech waert keng Wourechte fannen an ech waert nie absolut Recht hun. Dei eenzeg Wourecht dei ett fier mech get as datt jiddereen seng Wourechten huet ob gut oder schlecht an dei hun ech verdammt na mol z'accepteiere well soss waert ech glaad a guer naischt verstoen an ech mengen daat as de grousse Problem dee verschidde Leit hei hun.

D get kee right or wrong an der Konscht just perseinlech Opfaassungen an dei si wei mier Menschen alleguer meeschtens verschidden an daat waert ee gottseidank och nie aennere kenne well soss get ett weder sozialen Impact nach Fortschrett an der Konscht. Weder een deen 30 Joer bei National geographic geschafft huet, nach den Directer vu Magnum nach en David Lachapelle hun emmer Recht an ech si mer suguer zimlech secher datt daat dei lescht Leit waerte sin dei aanerer weinst hierer Opfaassung vu Scheinheet, Esthetik a Konscht roofbotteren nemme well sie eng aaner Mehnung hu wei sie...

Ech mengen ech hun ze laang an der naiver Hoffnung gelieft datt Konscht iwwert daat banalt a beschraenktent faktift Denke raus geiff goen, datt ett ebe graad d Menschen op enger mei heiger Ebene sollt verbannen, hinnen e gemainsamen Halt gin an deem se zesumme stark gin an sech FRAI ausdrecke kenne wei sie wellen... Do war ech schon zimlech naif an ett as richteg frustrant ze gesi waat Leit aus Idee maan dei uersprenglecherweis geduecht waren aanere Leit Dieren opzemaan an eng Spillplaaz ze bidde wou se ouni missen 100 Mol missen z'iwwerlee wei se waat presenteieren a schraiwen hieren Emotiounen a Gedanke fraie Laaf kenne gin an hier Erfahrungen austausche kennen an engem but commun: an zwar eng super Community ze sin a geigesaiteg vunenee baizeleieren....

Waat as aus der Idee geschitt? T as e Schlachtfeld gin op deem verschiddener probeierten hier Vue als untouchable ze presenteieren an sech op e Kinnigspodest ze stellen. T as eng Plaaz gi wou een nemmei frai soe ka waat een denkt well een all Moment mus Angscht hun d geiff rem eng Diskussioun lassgoe well rem engem eppes net geht. This is not what I call freedom... A wann ech Statements liese wei: a suivre..hmm..affaire a suivre.. da kommen ech mer suguer eischter fier wei op engem Geriichtshaff wou iwwer gut an net gut mus verhandelt gi wei op engem relaxe Site....

Eis Seil as schon an eisem schiele Kierper gefaangen da losst wann ech glifft dei weineg Plaazen intakt dei eis d Meiglechkeet gin hier e klenge Spazeiergang ze genehmegen!!!!!!!!!!

Am Ufank wou ett de Site gouff war ett genial schraiwen ze kenne waat ee wollt, ob ett lo Kritike waren, Rotschlei, kleng jokes ob bloed oder witzeg, asw. an daat Genialt un der Saach war datt mer all wossten datt mer Paiffe sin dei jiddere vun enee leiere keinten an ett as net drems gaangen de Beschten oder den Erfahrensten ze sin oder de Schlausten oder deejeinege mat de meeschten Topphotos oder dejeinegen dee wees waat Topphotos sin a waat net.

An do komme mer zu engem aanere Punkt: waat as eng Topphoto????? Wann ech daat Thema lo reng theoretesch geiff ugoen da geiff ech soen: daat as eng Photo dei technesch an allen Hinsichte perfect as a jidderengem op der Welt gehierlos gefaellt meeeeeeee daat as net meiglech also kann ett reng theoretesch keng Topphoto op der ganzer Welt gi well d waert emmer ee gin deen eppes net gut dru fennt sieff ett schon alleng nemme weinst dem perseinleche Gout. Also mus ett eppes aaners sin. Waat wees ech och net an t as mer och eierlech gesoot zimlech egal waat ett as obwuel ech der Mehung sin datt ett GANZ vill mat Gout ze din huet et c'est tout... c'est normal a mer mussen daat accepteieren wa mer accepteiere wellen datt Konscht subjektif as....

Am Ufank hun d Leit sech gefreht fier en aanere wann deen eng Topphoto kruut well ett fier jiddereen awer eng kleng Bestaetegung as datt seng Aabecht unerkannt get an d huet een sech mat deem gefreht well ee wosst: ahh tiens..dee kruut lo e klenge Motivatiounsschub an e get encourageiert an deem weiderzemaa waat e gaere mecht... Wann se net gewielt gin as..tant pis... da wosste mer: aah.. do kann een eppes drun aenneren oder d get besseres oder ganz einfach: ett as zwar vlaicht technesch impec mee d mus doweinster nach laang net jidderengem gefaalen... basta...

En dommt Beispill: ech photographeieren e rout Blaat, beachten all techneschen Aspect deen ett get vu beliichtung bis Blend bis Objektif, perspektive, cadrage, Luucht asw... waat kreien ech? Eng technesch perfekt Photo vun engem roude Blaad. Also ''perfect' photographie wei se scho mol ugeschwaat gouff... As daat lo doweinster eng Topphoto nemme well den techneschen Aspect impec as ???? Ech gleewe kaum... Mee vlaicht fennt awer een daat monochromt rout graad flott a fier deen as ett dann eng Topphoto.. mee dann awer vlaicht och rem net well daat technescht passt mee well en op rout flippt.. Conclusion???? Maacht aech mol selwer Gedanken doriwwer !!!!!!!! Daat hei as just mai point de vue großes Grinsen

Waat ech soe well: wisou verdammt namol kennt der net accepteieren datt och Leit dei vlaicht 0 Ahnung vu Photo hun an sech graad hier eischt Winnie Poo Wegwerfcam kaaf hun e Recht op eng Mehnung hun? Why???? Geht ett eis wierklech sou verkackt gut an desem Land datt mer soss naischt ze din hun eis weinst affaire de gout permanent op d' Maul ze haaen? Daat ka jo net sin !! Daat as dach einfach armseileg...sry....

Den Johny huet es eierlech gesoot saat mat deeem ganze Bullshit an ech och an ech iwwerhuelen hei lo d Roll vum Miesmacher well ett mer em de Site geht an net em mech. Ech sin deleted also kann ett net dorunner leien großes Grinsen . An ech fannen ett mei wei traureg datt Usere wei zB de Lex fraiwelleg gi well sie es och saat hu vun deeem Ganzen. Ech kennen de Lex an ech mus soen: a mengen Aan huet hien a Punkto Wessen an Technique bestemmt mei drop wei de gros vum Site (a wei ech och iwwregens..a maul lo net Lex..daat as sou an du wees daat och...Augenzwinkern Hien huet gehollef wou e konnt, as nie frech gin, huet interessant Comments geschriwwen an hie war an mengen Aan ee vun deenen dei dem Site WIERKLECH eppes bruecht hun (waart mol oof .....gidd deem nach 20 Joer..da kucke mer wee mam Fanger weise KEINT...)... mee: huet hie jemools behaapt hien haett Recht ? Nee.. huet hie jeemols behaapt hie geiff alles wessen ? nee.... an daat as de Fierdeel vun deene Leit dei weidergoe waerte kenne well se net op hierer kleng carreierter Mehnung hocke blaiwen a mat aaneren zesummen e Wee welle goen. Mee sou Lait mussen da goen..an ech fannen daat de Moment wou een sech Froe stelle mus....

Wisou as daat Thema Topphoto dann ebeemol su vun Interet ? Kann ee mer daat soen??? Fierdru war ett eng kleng Trophee dei mol heindsdo ee kruut.. Lo as ett den eenzege Punkt wou emmer rem diskutteiert get. Ma djoeeeee... Stiecht dei Energie mol a constructif Commentarer dei aaneren eppes brengen aplaaz emmer em aert Recht ze kaempfen !!!! Wann der streide wellt.. grennt e Photo -Fight -Club...a schloot iech do op d maul. Wann engem eppes net geht....be right and go back home...be happy you're right but leave this site alone.....

Aanere Punkt: mech huet ett och mol gesuckt wa Leit gemengt hu se misste Fehler bis an de leschten Detail siche goe (aus wei enger Uersaach och emmer..an daer gin ett der vill) well ech mech gaeren domadder identifizeiere waat ech maan sou wei viller wahrscheinlach och... an t as kloer datt een sech heindsdo bessi getreppelt fillt wann eppes net sou ukennt wei een ett selwer erhofft hat mee as daat eng Uersaach de ganze System doweinst a Fro ze stellen? Oder och wei aanrer ett maan, da selwer och ufaenke Haue ze verdeelen an deem aaneren seng Photo ze zerrappen ? nee.... Ech fannen daat bessi ..... bloed..jo.. extrem bloed a kanneresch nach dobai....

Vu mier aus keint suguer nach vil mei iwwert Photoen diskutteiert gin. A mengen Aan sin dei emstriddenste Phtoen awer nach dei interessants well se iergendwou ukanten. Waeren s' ett net an iergendenger Art a Weis steing keen 1 comment dobai... A wa bei Photoen dei un sech immens sin oft mei Schlechtes steht: as daat dann net well dei Photo ett reischt iwwerhaapt DER WAERT as nach verbessert ze gin. Bei totalem Kack steht jo sws meeschtens naischt dobai. Mee sou wait denken och dei mannst... Eng negatif Kritik..aah meng Photo as Null ..lo granzen ech....arrghhhs . open up your eyes !!!!!! Dier sollt se net nemmen benotze wann der duech e Sucher kuckt..schalt mol daat 3t Aan an aerem Kapp mat dobai an....

Ech reege mech lo op well ech ech faerten datt de Site graad aus deenen Uersaache lues a lues zu Gronn geht. D si menger Mehnung no vill mei Leit hei um Site deenen daat eiwegt Gestreids a Gemauls em Kaabes fuerchtbar op den Nerv geht mee dei (am Contraire zu mier) dei neideg Distanz hun sech net do an ze meschen (do sin ech effektif bessi impulsif an ze vill motiveiert..sry..).. mee ech ka mer denken datt vun deenen der och geschwenn de Keis waerten hun an ech hoffen ech vertriede lo och deenen hier Mehnung datt de But vum Site am Moment largement verfehlt get. An ech geiff ett mei wei schuet fanne wann den Johny seng Drohung geiff an d Tat emsetze nemme well emmer dei selwegt mengen sie missten hei Dinosaurier spillen an eis ziele sie haette schon Ahnung gehat befier mier reischt and Box gepisst hun.... who cares??? Gid deene Jonken dach eng Chance !!! A wann se och net als perfect Jury riwwerkommen who cares??? Hud dier na nie Fehler gemaach? War dier nie jonk? Hat der nie den Drang eppes opzebaue wou der all aer Energie dra gepucht hutt och wann der secher waart datt ett net fehlerfrai as? Kruut dier nie eng 2t Chance ? hat der nie en Draam deen der realiseiere wollt och wann honnert Leit ett zum Scheitere veruerteelt hun? Dei Froe stellen ech mer och wann ech verschidde Comments liesen....

D get emmer behaapt: ennerstetzt d Jugend an hier Projeen! ma Photogen as e riese Projet an e gudden dobai a wann iech mat aerem immense Wesse soss naischt constructives dozou afaellt wei nemmen ze maulen...sry... daat as fier ze katzen !!!

Wann der jo sou sau gut sidd.... wisou gidd der dann net iergendwousch aanescht hi wou och jiddereen op aerem GOLDniveau as. Op pG gi keng Medaille fier Besserwisserei vedehlt also sidd der hei op der falscher Plaaz.

D huet och keen eppes dogeint wann effektif mol een eppes besser wees.. daat as jo ok a graad de But vum Site: datt een dee mei Wessen huet deene mat manner Wessen eppes baibrengt. Daat nennen ech eng Famill, eng Community. Mee d geht net ze soen: ech hu Recht. an dann drems ze diskutteieren ob daat lo sou as oder net. Nee.... daat as rem eppes aanescht. An t as och eng Differenz sai Wessen fier e Gudden Zweck anzesetzen oder am Contraire ett just als Argument ze huele fier soen ze kennen: dier hut jo all keng Ahnung (obwuel mer vlaicht effektif all keng Ahnung hu mee d gett iech nach laang net d Recht iech als King Kong dohinnerzestellen..sws..dee gouff och oofgeknallt um Enn großes Grinsen DD (as zwar en dommt Beispill well deen huet mer leed gedoen...Augenzwinkern )

Ech keint mech lo nach Stonnen opreegen mee sws ett waert sech naischt aenneren och wann alt rem sou en Text getippt gouff. D ka kee permanent fierum PC vun deenen aaneren hocken an em op d Fanger kucke waat en tippt also stin d Chance zimlech grouss datt awer rem sou Diskussiounen opkommen mee ech konnt ett och net a mech rafriessen.... Lo huet ett misse raus..... Fier d'allerlescht

Schraift waat der wellt, wei der wellt, sou pingelesch wei der wellt mee em Gottes welle haalt op ze mengen dier hatt eng Wourecht fonnt well daat waert der nie an en ultimatift Recht waert der och nie hun...

Daat waat ech hei schraiwen as och lo soss naischt wei meng perseinlech Vue vun deem Problem an ech well keen opfuederen sou ze denke wei ech well dat as meng subjektif Mehnung an ech hun net onbednegt Recht domadder mee ech fannen ett beschraift de Problem awer allzegut wei ech en empfannen.

Eng leisung?????........ I don't know........ Ech hu su lues all Hoffnung verluer dat Photo als Entertainment, als Menschemagneit soll gesi gin..an net als rem eng aaner Uersaach aaneren hiert Wierk ze zersteiere. Kleng Info: fier de Site ze deleten geht mengen ech ee Knaeppchen duer waat ech lo net hoffe mee waat awer gut si ka wann ett sou weidergeht wei bis elo. An da kennen dei Responsabel echt stolz sin. Dann hutt der eppes bruecht: an zwar e Projet ze zersteiere wou 800 leit e gut fannen oder du moins accepteieren a wou dier puer Besserwisser deenen alleguerten d Diere fierun der Nues zouschloot duech aert eiwegt verkacktent rechthaberescht Getue. Be proud !!!!! Kill progress. Kill entertainment. Kill freedom of speech. Kill freedom of thought. Kill all the fun we had on this site BEFORE you came...just because you think you are always right...!!!! Be proud suckups !!!! You are right !!!!
Wann der um Dadaiste Flip sidd.. da kaaft iech eng Toilette...bemoolt dei rosa a schraift drop: this is my pink f****** throne where I alone am king großes Grinsen DDD

a lo soen iech och wisou de Mogway ab as: well en daat Gemauls nemmei kann hun. D Leit verlaangen Eierlechkeet, d soll een engem ziele waat ee selwer besser oder besser gesoot AANESCHT maache geiff...mecht een daat..da get een als Besserwisser dohinnergestallt..... T as GENAU wei am Liewen: kollege sollen eirlech zuenee sin.. Mecht een daat: ooh mauls de scho rem..loss mier mai Liewen.... ??????????????????????????????????????????????????? An ech waert mech net dovunner akreie lossen en Heucheler ze gin..da gin ech leiwer.... well d get mier zevil domm daat Ganzt an ech mus mech emmer rem opreegen.....

off
14.11.2006 23:25
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

RE: Lost... Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an nach 1 Statement vun mir:

Ech denke ma ganz eierlech gesot das Photogen leider am moment net ewei et soll an war as !
bon ech war net am ufank dobei well ech et net wosst! mee elo sin ech schon eng zeitchen dobei an hun vill diskussion gelies oder mat geschriwen an dei TopFoto Story hun ech ma durch de Kapp goengelos an et as dach egal op se top oder net as ?oder? ech fanne schon!!!....... et as 1 plus fir dei Person !daat as et...
Et sin vill "topfotoen" wou ech net guud fannen an wou ech kloer net gewierlt hät!
an awer as et okay well et sin fannen ech elo keng dran dei ultra kak as!mee Foto dei mir vum sujet net geafaalen!that s it!

Photogen geet et dorem eist Hobby oder eng PASSION ze deelen mat gleich gesenter oder?
ech maan keen Foto fir Pg mee fir MECH wann ech eng erop lueden fannen ech se ganz secher net schlecht... mee ech well se weisen fir anner point de vue zekreien an daat as net easy well wann gut do steet daat as zwar net negativ mee awer net positiv .....

schreift dach waat da wirklech denkt egal waat et as wann et erem esou Mietzen foto as wou wirklech TAKE A PICTURE KLKKLIK AS dann kaaaaaatzzt daat mech un an ech sin 1 mega MIETZEN FAN se as grad op mengem schous meng Katz! ... SNOOPY!!

Jonk Leit wou esou vill Zeit an egal waat fir Projet investeiren as dach immens daat sin Leit wou Welt veränneren an ech well 100% eppes op deser Welt änneren an dofir kämpfen ech bis zu mengen doud!!!!!

kritiseiren as esou easy an einfach belleg besser maan as do vill mei schweier!!

Kuckt den film HERO.....

voila
15.11.2006 00:11 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
JADE
Kaiser


Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

... I'm just lost ... in my thoughts ...

... sad, sad human world ...

but ...

I would like not to care about those who ...
no I won't, no I can't ... no we should not ... oh no, no, no ...
15.11.2006 01:56 JADE ist offline E-Mail an JADE senden Beiträge von JADE suchen Nehmen Sie JADE in Ihre Freundesliste auf
annemie
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

An dobai haat ech mer fiirgeholl de Baak mei ze haalen!!! Egal...
once more...: PG ansech, also sou wei et ANSECH geduet ass an och iergendwann mool war Augen rollen , ass SUPER!!! MEE dun hun iergendwann d'Streidereien ugefaangen. An eierlech gesoot: dei nerven gewaltesch! Well eischtens gin se emmer mei kleng carreiert an en plus emmer mei dacks iwwer saachen wu et reng theoretesch mool naischt ze streiden get!
Beispiller??: PhotogenSkill (why the f** doriwwer streiden???? ass dach egal...kent et beemol doropp un??; bon...as jo emgenannt gin Augenzwinkern ), dann Topfoto...: an der Lescht get vill driwwer gemault... MEE ech sin awer och der Meenung dass heiansto Foto gezielt viirgeschloo get fir rem su eng diskussioun lass ze trieden.... eierlech... wann een eng topfoto kritt, ass daat dach schein Augenzwinkern ...da gent em dach de spaass...mat e bessen chance kritt deen nach mei motivatioun an dann rullt et weider großes Grinsen mee nee...dann grouss maulen iwwert d'Jury...
hu mer naischt ze din?? ach da kucke mer mool op mer der Jury oder den admins net rem eng kenen op d'Noss haen.......

Ech duet gaaanz kuerzzaiteg daat ganzt Gestreids vun virun e puer Wochen haett sech ewell geluet....PUSTEKUCHEN...määäääp: et huet sech just verlaagert... den Forum get vlait manner vollgemault (oder hun ech deen zefill ignoreiert??) an do amplaaz gin d'comments dann emmer mei pickeg an besserwesseresch...great...well done!!!

Sou...daat heiten get jo scho rem souuu laang...mee egal...eppes nach an dann haalen ech rem de baak an denken mer maint!:
deen ausdrock vun "affaire de goût"...deen as jo schein a gudd...mee metlerweil fannen ech deen hei op PG fir ze katzen! Well eischtens emol beurteelt een eng foto quasi automatesch no sengem gout (also wei d'foto op een wierkt, asw.; wei och soss? well och ob d'Luut asw. engem gefällt henkt vun engem selwer oof...), mee deen Ausdrock klengt emmer mei arrogant!!! Sorry...mee muss een daat emmer derbai schreiwen?! Seng Meenung hun ass ABSOLUT an der reih...an ech fannen wann een mol mei geng zu senger meenung stoen waer et och gudd...well falschheet ass o na su eng saach...MEE dann muss een sech och net hannert deem "adg" verstoppen!
Seng eegen meenung hun a vertrieden, absolut naischt dogeint,sulaang een deenen aaneren hier Meenung respecteiert....

daat eenzecht waat ech hoffen ass, dass net NACH mei Leit di eps drop hun an mool motiveiert waren gin...well et hei jo dach well kee wert mei huet eps ze soen.... AN dass de Johny es net beemol sou gehierlos genuch huet dass en den ganzen PG-projet ophällt......

. and bye... Augenzwinkern (cu)
15.11.2006 11:05
Dan
Doppel-As


images/avatars/avatar-187.gif

Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Vun mier just e klengen Denkustouss...

Dier wësst jo awer all waat geschitt, wann een am Fussball, am Basketball, soss an engem Sport oder och souguer e Stéck wäit vläicht an der Schoul ufänkt iwert d'Décisioun vum "Arbiter" ze diskutéiren, gell?
Roud Kaart an eroof vum "Terrain"...
Dann kënnen der hei bis elo vill frou sin dass den "Arbiter" d'roud Kaart nach an der Täsch huet an och de Match nach nët oofgeblosen huet!
An deem Sënn, op vill Freed bei engem gemeinsamen Hobby Augenzwinkern
15.11.2006 15:12 Dan ist offline E-Mail an Dan senden Beiträge von Dan suchen Nehmen Sie Dan in Ihre Freundesliste auf
zia zia ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 40

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech fannen et einfach schlemm dass Leit dei deen selweschten Hobby hun sech sou können zerklappen well een vergiess huet en schwarzen Punkt ewegzeretouscheiren.

Ech fannen den Johnny hält sech nach relativ zreck, well an aaner Communities wären der hei schon vill net mei do.

Et sin hei Spillreegelen opgestallt gin dei dir acceptéiert hudd wei der ierch ugemellt hudd, majo, dann haalt dei Spillreegelen och an a plaatz elo hei en decken opzeféiren. Ass wei beim Sport, do sin och spillreegelen, hälls de dech net drun flitts de raus. Wann dir geint d'spillreegelen sidd ma dann bleiwt eweg. Punkt!

Wann d'Admins eppes décidéiert hun ass et esou an net aanescht. Sie machen d'spillreegelen, net dir.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von zia am 15.11.2006 15:58.

15.11.2006 15:41 zia ist offline E-Mail an zia senden Homepage von zia Beiträge von zia suchen Nehmen Sie zia in Ihre Freundesliste auf
Olivier
Haudegen


images/avatars/avatar-112.gif

Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech kann keen dovunner oofhaalen seng meenung ze schreiwen, oder soss eppes...
Mee... eppes waat mech steiert... waat ech och bei mir mierken...:
Ass deen f**** voting... en ass mer souguer wichteg gin... wan ech op beemol en schlechten voting kruut gefällt mer se nemei... an ech kann mer gudd fierstellen dat ech net den eenzegen sin deen sou ass...

Schaafft endlech deen voting radikal oof, wei deen topfoto gedengens... sou ass keen neidesch op deen aaneren, an gesait fotografen mat sengen aan, op deen gudd ass oder net, an leeft net als mitläufer mat: boah... ech fannen dess foto OCH mega gail... Verstidd der wei ech et mengen??

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Olivier am 15.11.2006 17:54.

15.11.2006 17:52 Olivier ist offline E-Mail an Olivier senden Homepage von Olivier Beiträge von Olivier suchen Nehmen Sie Olivier in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Olivier anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@oli: Et gëtt scho säit laangem d Méiglechkeet de vote fir eng foto auszeschalten, beim Roplueden, maach Gebräuch derfun smile

@zia: Well mir hei zu letzebuerg sinn an sou vill Leit mengen sie wiren eppes extras, klappt daat hei net matt "wann d'admins eng décisioun huelen, dann ass et sou"

Ahjo nach eppes: Den Dragonslayer huet, éiert en data ganzt heihin geschriwwen huet, mir den Text geschéckt gehaat, fir seche rze sinn dass alles waat dra steet, och korrekt ass. D.h. och waat ob mech bezunn ass, stëmmt. Ech bräuch daat jo dann net ze widderhuelen ...

__________________
404 - Not found
15.11.2006 18:33 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Dragonslayer
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Try and read BETWEEN the lines......
Most of you just follow like sheep... learn to make up your own mind but don't try to turn my words into yours espescially not if you don't say what I think....!!!

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Dragonslayer am 15.11.2006 18:41.

15.11.2006 18:38
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Een grond firwaat ech net alles gelies hun...hun bessen vum ufank gelies an vum recht...an ech hun meng meenung...hun dei schon meilaang...

ganz consequent sin ech leider och net emmer...gin awer mein bescht

Hun weider gelies...


zu desem:
"Aanere Punkt: mech huet ett och mol gesuckt wa Leit gemengt hu se misste Fehler bis an de leschten Detail siche goe (aus wei enger Uersaach och emmer..an daer gin ett der vill) well ech mech gaeren domadder identifizeiere waat ech maan sou wei viller wahrscheinlach och... an t as kloer datt een sech heindsdo bessi getreppelt fillt wann eppes net sou ukennt wei een ett selwer erhofft hat mee as daat eng Uersaach de ganze System doweinst a Fro ze stellen? Oder och wei aanrer ett maan, da selwer och ufaenke Haue ze verdeelen an deem aaneren seng Photo ze zerrappen ? nee.... Ech fannen daat bessi ..... bloed..jo.. extrem bloed a kanneresch nach dobai...."

Ech hun dech deemols net verstan dass et dech nervt dass Leit no feeler sichen...well...et huet een jo do duerch emmer eps beigeleiert nee? As den Site net do fier op Feeler opmirksam gemeet ze gin? Kloer et daerf een net zeweit gon...mee weini as zeweit?... Also hei laafen ech der net no well do hues de effektiv recht well deemols, haat der et zwar net gesoot mee do war ech net denger meenung...(et war och een vun den grenn firwaat ech aus dem jusry rausgaang sin....well eng Topfoto "perfekt" misst sin...an ech hun daat nemmen bei weinegen fonnt...


Zu deem hei:
"Wisou as daat Thema Topphoto dann ebeemol su vun Interet ? Kann ee mer daat soen??? Fierdru war ett eng kleng Trophee dei mol heindsdo ee kruut.. Lo as ett den eenzege Punkt wou emmer rem diskutteiert get. Ma djoeeeee... Stiecht dei Energie mol a constructif Commentarer dei aaneren eppes brengen aplaaz emmer em aert Recht ze kaempfen !!!! Wann der streide wellt.. grennt e Photo -Fight -Club...a schloot iech do op d maul. Wann engem eppes net geht....be right and go back home...be happy you're right but leave this site alone....."

Firwaat et vun interet as? As dach einfach...wann een nemmen negativ kritiken kritt...also kritiken mat verbesserungsfirschlei (waat an mengen aan positiv kritiken sin) dann faenkt een un un sech selwer ze zweifelen...ech fannen et as selten gin dass een vun mei wei 2 oder 3 steck gesoot kritt dass engem eng foto gefaellt...natirlech as daat net emmer negativ...mech perseinlech huet et och net emmer gesteiert...mee et war awer heinsdo entaeuchend wann een net vill zu enger foto gesoot krut...oder fannd dir net? An wann dann souengfoto als Topfoto gewielt geif gin...as dach super nee??...also ech verstin ganz gudd dass een emmer mei "Noutgeil" op deen Topfotovote get...mee daat as wei gesoot menger meenung no den ennergang vum site....oder gesin ech do eps falsch? Et well einfach jiddereen den beschten sin...an well et nei meiglech as deen baeschten ze sin wann een no den comments kukt, dann muss een sech eeben un d'Topfotoen haalen. Deen naemlechten Problem gouf et jo schon mam skill...


Deen do deel "Bei totalem Kack steht jo sws meeschtens naischt dobai.", mecht mer perseinlech bessen angscht, well wirklech vill Feedbacks kreien ech bei mengen Fotoen net emmer...oder besser gesoot krut ech....

Bon hei as lo mol sou bessen waat ech zu dengem Text ze soen hun...also daat schof waat dem Hiert nogeet...ech hun awer och meng eegen meenung...

Ech fannen et gin nach saachen dei den Site hei ruineieren...daat as leider den Fait dass et momentan net nemmen deen streit emt d'Topfoto geet mee dass et momentan och bessen emt den "Streit" ween daat meecht wessen huet...sief daat lo Fotografie oder soss een domain...ech hun lo keng loscht et ze maan...mee zielt einfach mol eng keier bei weivill Fotoen weinstens 2 Comments stin dei neicht, oder net vill mat der Foto ze din hun mee wou rem een probeiert sech mat sengem Wessen ze profileieren...
Ech fannen et get neicht mei enerwantes wann een no der Schoul frou op Photogen kent an mat freed feststellt dass een en Komment krut...dann geet een kuken...an waat geseit een? Iegenteen Komment deen neicht mat der Foto ze din huet....Also mech nerven sou Saachen...


Ech muss awer lo na eps zum Jury son...also ech fannen en mecht seng Saach ganz gudd (an gleewt mer ech sin lo keen vun deenen deen seng Topfoto net mei op 3 Haenn opgezielt kriit...) En Jury as emmer subjektiv...an waert et emmer bleiwen. Ech sin gard amgaang Philosophie ze leieren an do steet soss neicht wei dass alles subjektiv asAugenzwinkern
Deen schwachsinn deen een heinsdo hei liest dass Fotoen an groussen Internationalen Concouren ugeholl goufen..an hei net...jo an dann? Firwaat sin dei international Saachen dann richteg? Well den Jusry do 5 stonnen an engem Raum setzt....100ten oder 1000den vum Fotoen muss kuken an dei bescht rauswielen? Ech wees net waat do duerno mei eierlech as...
An nach eps waat mer bei sou Juryen opgefall as, sief daat lo hei oder soss iegentwou wou den sujet deen jugeiert get net an een Raster passt, deen deen schlecht waeschkoum fennt den Jury emmer scheiss...dei dei gudd waeschkommen fannen emmer genial....

An ech mengen daat kann een am groussenganzen op alles bezeien....juryen,photogen,...,an d'liewen!!!

Dofier, kukt mol weivill leit zefridden mat Photogen sin,waren,...ech geif mer wenschen dass der och na vill et waerten sin!

(waert lo fleit scheiss sin...wajo dann soot mer et!)

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mmphotos am 15.11.2006 19:38.

15.11.2006 19:24 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Olivier
Haudegen


images/avatars/avatar-112.gif

Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
@oli: Et gëtt scho säit laangem d Méiglechkeet de vote fir eng foto auszeschalten, beim Roplueden, maach Gebräuch derfun smile



Merde... jo... hun vergies dat et deen gett... mee... hun daat jo net am gros ugeschwaat... ech fannen en soll Ganz oofgeschaaft gin... ewll engem netzen mecht en net...
15.11.2006 19:41 Olivier ist offline E-Mail an Olivier senden Homepage von Olivier Beiträge von Olivier suchen Nehmen Sie Olivier in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Olivier anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Vläicht wär et och einfach am beschten Topfotoen wirklech komplett oofzeschaafen, wéi den Oli soot. An de Vote do wollt ech am fong kucken den ze änneren, dass en net méi matt enger Note vun 0 bis 10 geet, mee dass ee 5 Méiglechkeeten huet: "ganz schlecht, schlecht, geet alt esou, gutt, mega méissech". An durno kritt een ugewisen weiivll vun all Punkt een kruut ... oder waat mengt dir?

Et soll och nach eppes aanescht mam Update kommen, waat su Richtung Topfotoen geet, mee wou all User kann matt oofstëmmen ...

@mmphotos: Daat mam Wëssen allgemeng waats de sees, stëmmt, soot ech jo och scho méi laang... An et geet jo och net nemmen em d'Topfotoen bei der Saach hei, just eppes waat domat ze dinn haat war wuel den Äusléiser, respektiv déi Drëps déi d'Faass zum iwwerlaafen bruecht huet. Et geet halt drëm dass d'Leit sollen sech Gedanke maachen wisou se hei sinn. Ob sech matt iergend eppes reegelrecht ze bretzen wéi een op lëtzebuergesch seet, oder fir ze hëllefen an bäizeléieren. MEE wann ee wëll bäiléieren muss een och Kritike verdroen an sech eppes soe loossen ... der ginn et dann och rem déi soen se wéilten bäiléieren mee wa Kritiken kommen -> aua.

__________________
404 - Not found
15.11.2006 23:00 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
An de Vote do wollt ech am fong kucken den ze änneren, dass en net méi matt enger Note vun 0 bis 10 geet, mee dass ee 5 Méiglechkeeten huet: "ganz schlecht, schlecht, geet alt esou, gutt, mega méissech". An durno kritt een ugewisen weiivll vun all Punkt een kruut ... oder waat mengt dir?


Fannen ech perséinlech besser well et warscheinlech mei kloer wäert sin waat deen Vote dann elo iwwerhaapt ausseet. Een richteg groussen Ennerscheed vun engem Vote vun 2, 3, oder 4 gesin ech net. 10 Méiglechkeeten sin, fannen ech, einfach ze vill. 4 oder 5 giffen deck duer goen. An amplaatz Zifferen dei net wiirklech vill aussoën, drecke Wierder wei "Ganz schlecht, Gudd, Mega Méissech, ..." vill mei aus.
15.11.2006 23:08
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Johny, wanns de d'Top-Fotoën (also déi mat Jury) oofschaffs (waat ech am Moment mol guer net esou schlecht giff fannen) wier et vlaicht eng Iddi, dass Leit mat enger gewessener Erfahrung vlaicht beim 5-Step Voting System méi Gewiichtung giffen kréien, sou dass eng Rei vun Leit (déi d'Admins bestëmmen) kënnten zwee Votes pro Foto oofgin, zum Beispill. Wann also Leit mat enger gewessener Erfahrung eng Foto gudd oder schlecht fannen gif daat mat méi Gewiicht betruecht gin wéi een "wow cool" PG'er deen sech réicht gëschter registréiert huet.

Mee denken iwwerall wou Leit sech anhand vun festgeluechten Kritèren moossen (kennen) get et net just en gesonden Konkurrenzkampf (deen jidferengem hëlleft) mee och Streit em eng Top-Platzéierung an Leit déi mengen den System wier net "fair"...
15.11.2006 23:14 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

CK, deng Idee ass vläicht net schlecht mee waat wetten mer dass dann rem Leit meckeren an soen déi Leit denen mer déi Méiglechkeet ginn, 2 Votes oofzeginn, wiren net kapabel dofir ... :/

__________________
404 - Not found
15.11.2006 23:21 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Johny, sou Leit wärt et emmer gin. unglücklich Ech kann mech net méi erënneren op mer firun e puer Méint mol driwer geschwat hun, mee ech mengen dass ech mol eng Kéier eppes vun "critical mass" op enger Webseit gesoot hun, dH. d'Unzuel vun Useren wou et ufänkt dass d'Meenungen vun den Leit iwer verschidden Topics souvill divergéieren dass daat net méi ennert een Hutt ze brengen ass. Ab deem Moment kanns de als Webmaster et net méi jidferengem Recht machen, an dann ass daat wichtegst denen Leit et Recht ze machen déi och an Zukunft produktiv an konstruktiv zum Site beidroën kënnen.
15.11.2006 23:37 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Stëmmt ... mee wann ee sou denkt, dass et dann fir déi ass déi och lo emmer nach wëssen waat de Sënn vum Site ass asw ... ech wees net richteg mee déi wëll ech waat de Vote z.b. ugeet gläichstellen, also net denen engen e Privileg gin vis-à-vis vun denen aaneren. Mee bon mol kucken, kann een driwwer schwätzen!

__________________
404 - Not found
15.11.2006 23:43 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
annemie
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hmmm... Augen rollen ...also ech hun mer daat ganzt mool nach duerch de Kapp gin gelooss...
Ansech ass et jo dacks grad gudd wann et och Leit gin dei sech eng foto detailléiert ukucken an op saachen opmierksaam maachen well dorems geet et jo amfong och. Ech hun an deier zait wu ech bei PG sin anzait baigeleiert Augenzwinkern ...ok leider nach emmer net vum techneschen standpunkt hier..(daat kent o nach wann ech mech mol derhannert kneien)...mee einfach saachen ob dei ech soss net su opgepasst hun wou ech metlerweil awer drun denken well PG mech drop bruet huet....
an dofir denken ech mer folgendes:
- et ass gudd wann een kritiken kritt/get an seng meenung seet
- dofir muss een awer net drafachen wei d's... an de Brai, mee et kann een engem och frend(schaft)lech soen wei een et kann besser maachen;
- et muss een net bei all foto deen geringsten fehler sichen goen (großes Grinsen )

(for well you know that it's a fool who plays it cool by making this world (site) a little colder...)

boah alles als strech-lescht ze maan as net su einfach!! ech maan lo awer rem normalen text...daat get mei seier! (sry...)
also... ech denken mer dass Leit dei sech hei nemen welen profiléieren an/oder (sech) welen beweisen dass se d'"Weisheet" mam Leffel gebufft hun iwwer kuerz oder laang och rem ophaalen... well sou laang brauch keen mensch fir ze miirken dass et net den zweck vun der saach ass...zumools well bei sou komments meeschtens iergendeen d'noutbrems zitt Augenzwinkern oder sin ech do zefill guddgleeweg?

et geet nach emmer net an main kapp eran firwaat verschiddener sech dermoossen iwwert d'admins an d'Jury kenen opreegen...ok ech wees jo ech sin naiv...mee ech sin amfong der Meenung dass se hier Aufgab ganz akzeptabel maachen... Augen rollen

den Mojoo (mengen ech) haat eppes geschriwen vun zesummenhalt...: yes. mee amfong, wann een d'meetings esou kuckt...ass deen guer net sou schlecht smile emmerhin fröhlich Firwaat eis also vun Miesmacher de Spaass verdierwen loossen??
(net falsch verstoen!!: keen reproche un ween och emmer...just eng allgemeng froo...)

@Johny: dei nei variant vum vote klengt gudd! smile da bin ich aber mal gespannt...smile
@dragonslayer: i'm not a sheep Augenzwinkern *dumdidum* I just say what I have to Augenzwinkern stay true...

Lasst statt Bomben Schmetterlinge fliegen...o0..oder wei war namol dem Maggele sai sproch?? Daat keint am moment scho quasi PG-motto gin ^^
sou...ech sin lo ab in die bett... nuecht
15.11.2006 23:59
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von annemie
Lasst statt Bomben Schmetterlinge fliegen...o0..oder wei war namol dem Maggele sai sproch??


Dem Maggele säi Sproch "Et kann een net emmer friessen! Vun zäit zu zäit muss een numol och schäissen!..." mengs de ?? ... großes Grinsen

Also: Léit dei nerven: Gidd schäissen... awer net hei !!! Augenzwinkern
16.11.2006 07:09
annemie
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

l@mojoo: lol.....noe noe ech duet schon den wu iergendeppes mat bommen an peiperlécken zedin huet.... mee ass ansech jo och wurscht...
mee de schluss vun dengem text ass radikal daitllech großes Grinsen großes Grinsen fröhlich Augenzwinkern
16.11.2006 09:46
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Lost...

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH