chrisykris
Jungspund
Dabei seit: 08.08.2011
Beiträge: 16
|
|
fir iPhone User interessant |
|
Salut Community...
Ech hunn iwwer Twitter en interessanten Artikel op Petapixel font, den dovu schwätzt, wisou a wéi een seng "Locations" katalogiséieren kann, déi een dann einfach kann ofruffen wann een eppes fir e Shooting sicht.
An dem Artikel get och eng iPhone App virgestalt, déi engem dobäi hëlleft Locations ze katalogiséieren an mat aneren User aus der Emgéigend ze sharen.
D'App heescht LocalShoot. Leider get et hei fir Lëtzebuerg an Groussregioun nach keen Eintrag. Schued... Vläicht sinn der ënnert Ierch déi dat wéilten e bëssen opbauen. Ech wier dobäi...
Hei nach de Link zu der App:
http://shootlocalapp.com
An zum Artikel:
http://www.petapixel.com/2012/06/04/keep...-and-backdrops/
LG
Christophe
|
|
05.06.2012 20:35 |
|
|
Loki
Mitglied
Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28
|
|
RE: fir iPhone User interessant |
|
Oho, interessant App. Ech hun mer do mol en Account gemach, mol kukken weini ech d'Kéier kréien do matzehëllefen
Um iPad gett et och eng ähnlech, di ass nach eng Grëtz mi flott gemach, nennt sech 'StuckonEarth', do gett et och Inhalter vun hei.
|
|
06.06.2012 16:15 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Gesäit wirklech interessant aus, merci fir den Tipp. Sinn zwar net oft ënnerwee fir Fotoen ze maachen, mee wann dann hoffen ech dass ech heirun denken
__________________ 404 - Not found
|
|
06.06.2012 16:41 |
|
|
|