Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
my 2 cents:
ech froen mech einfach wou photogen als Community bzw. seng Admins dorop kommen, dass si eng Aart "Bildungsoptraag" hun an der Meenung sin das jiddereen sech no enger gewessener Zait verbesseren MUSS?
z.B. dem suraki soen "du kanns daat besser" ... mee waat wann en net besser well? Waat wann him daat duergeet? Fotoen mecht een jo emmer nach normalerweis fiir sech, an wann een selwer mengt, den ereechtenen Niveau ass gutt genuch, dann ass et menger Meenung no net um Admin vun enger Fotocommunity fir him ze soen "nee du mess daat lo gefällegst besser".
En kann daat dann vun mier aus am Kommentar vun der Foto sou soen an do och genee erklären wisou en daat denkt an och dnan awer w.e.g. soen waat en besser kintn maan asw ... dann wier et Kritik, konstruktiv Kritik.
Mee eng Foto refuseieren well den Admin mengt, en sollt daat gefällegst besser maan ass an mengen Aan a) eischter destruktiv an b) wierkt et iwwerhiewlech.
Kloer sollen d'Leit sech am beschten am Laaf vun der Zait evolueieren, mee wann se daat net wellen muss een daat och akzepteieren well et kann een nunmol keen zu sengem Gleck zwengen. An wann x Fotoen bis lo emmer gutt genuch wooren an lo beemol net mei well een mengt en misst et gefällegst besser maan ass daat bessi ... onunbruecht. Dei Fotoen sin qualitativ z.B. nichtsdestotrotz na wait iwwert mengen (IMO) an domadder definitiv gutt genuch fiir hei um Site ze landen.
Wann ech lo beispielsweis een bestemmtenen Stil giff fannen an ech weilt eben gäeren fiir emmer an eiweg op deem Stil hänken bleiwen, dann ass daat nunmol main "Wee", meng Deicisoun an eben einfach meng Saach. Wei gesoot, eng dementspriechend Kritik ennert der Foto wierkt dann gutt gemengt an als een evtl. Stouss an eng aaner (besser? richteg? ...) Richtung, een Refus aus dem Grond "mer wellen dass du daat besser mess" wierkt eischter aggressiv an kontraproduktiv an mengen Aan.
Och wann d'Gefoor besteet dass daat an "Mobbing" an an eng Hexenjuecht emschleit, mee wei wier dann z.B. als Alternativ een System, wou all Foto einfach mol ugeholl gett an dann d'Utilisateuren een "Crap Delete" knäppchen oder sou eppes drecken kennen an wann eng Foto (soen ech lo mol als Beispill) vun min. 10 oder 20 User als "crap" bezeechnet gouf gett se erofgeholl? Dann hun weinstens d'Useren den "Misere" an net mei d'Admins dei dann den Kapp hierhaalen mussen.
|
|
01.12.2009 23:04 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Sicho, du hues absolut Recht mam Prinzip deens de erklärs, allerdings soen mer net e misst et besser maachen, mee wann mer gesinn dass en et besser kann, vill besser, an et schonn oft vill besser gemaach huet, DANN si mer méi streng. Dat ass awer dann bëssen eppes anescht wéi s du et beschreifs
An dann nach, bedeit dat hei net dass mer do mega streng sinn an fir all Klengegkeet refuséiren, mee eng Foto wou bei engem absoluten Ufänger géif durchgoen, loossen mer bei deenen dann net duerch. Et ass net ganz sou krass wéi s du et lo wuel opgehuel/verstanen hues.
Deng Idee gouf och schonn eng Kéier sou firgeschlo, an do ware mer mengen ech zum Entschluss komm dass dann puer "Kolleegen" aneren hier Foto einfach kéinten rausgeheien, oder anerersäits dass d' Leit sech d'Méi guer net mol maachen deen Knäppchen ze drécken well se jo dach sou schlecht ass. Och wann et vum Prinzip hier ëmmer nach eng gutt Alternativ ass, an déi bescht déi bis lo jeemols firgeschlo gouf.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.12.2009 23:08 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Den problem ass daats de einfach keng reegelen obstellen kanns waat gud an schlecht ass.
Fotografie ass neg Konscht, an Konscht get emmer subjektov bewaert well et anescht nmet meiglech ass. Kanns d'Teschnik objektiv bewerten, mee den Gesamtandrock vum Konschtwierk ass an bleift subjektiv.
Ech vier mein Deel geif mer wenschen daat nees mei staark gesennert get, am Moment kommen wierklech vill Fotoen wou een sech einfach just 'next' denkt. Doduerch ass den Antrett zwar mei schweier, mee suweit ech mech u mein Start hai arenneren kann steet ganz kloer ob der Umeldungsseit daat en gewessenen Basisniveau soll do sin. Daat ass och de Grond vierwat ech reicht en haleft Joer nodeems ech PG entdeckt haat mech ugemellt hun. Wans de wels konstruktiv Kritiken zu dengen Fotoen kreien, muss de och kapabel sin dei ze verstoen, huet also keen Wert sech unzemellen subal een eng Keier puer Fotoen gemaach huet wou een mengt daat se iwwert den 0815-Touristen-Niveau rausgin.
Am Ufank leiert een sws am meeshcten duech knipsen, d'Biller doheem kucken an eierlech mat sech selwer ze sin bei der 'Bewaertung', an natielech och vill gudd Fotoen kucken an probeiren ze imiteiren.
Ech perseinlech geif och keen Proleem derbai gesin wan alt mol Fotoen vu mer refuseiert gin, hues oft daats de eng roblueds just nodeems de se verschafft hues, an wans de dan mol eng Keier driwwer schleifs geifs de se am leifsten direkt nees rofhuelen.
Get awer och net nemmen Schwarz an Weiss, wei den Xaph seet, wans du ganz kloer eng witzeg Foto wels rovlueden an se och enner dei Kategorie setz dan kann een dei och accepteiren. Muss natierlech en bessen Senn hannendrun sin, an lo net einfach eng schlecht Foto vun Mama an Papa ob der laeschter Familienfeier. Dan mecht et schon mei Senn aus Jux dei Blamage-Fotoen vun verschiddenen mei bekannten PG-User robzelueden.
__________________ Anti-Signature
|
|
01.12.2009 23:10 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
@Johny
nee, dei 15€, vergiess daat, mais et as einfach dann t'fro, wou as den club ?
ech sichen eichter epes wou gezielt mateneen geschaft get an sech erfahrungen ausgetosch gin, an enger opener community as daat fill manner den fall wei an engem club, wous de och gewollt kritik sichen gees, training eben !
anescht beweert as eben dat een intern am club vill mei kritech kann sin, t'leit an hiert kennen kennt an dorober eben seng kritik baseiert ...
an enger community, bein eierlech gesoot, gesin ech een onlinefotoalbum ... do kennt (flickr fcetc) net mei wei "realy great shot" "nice one" awer keng gesonnt an konstruktiv kritik ....
an eben eng bewertung fier an deem fall memberen geiff jo t'evolutioun an den kampfgeescht e bessen steigeren ... wei hei t'skills, dei awer an mengen aan nemmen t'aktiviteit, awer net t'qualiteit bewerten !
secher dest as en them wou een stonnen kann driwer schwätzen, fun schreiwen mol net drun denken !
mais daat machen mer dann bei geleegenheet am studio, bei der aweiung !
|
|
01.12.2009 23:11 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Gaganee, dei 15€, vergiess daat, mais et as einfach dann t'fro, wou as den club ? |
Wéi ech sot: Dat läit leider net un eis dass mer do net vill konnte maachen. Dat ännert sech awer elo.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.12.2009 23:14 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
|
01.12.2009 23:15 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
dat ass kloer, lo vergraule mer d'leit déi sech nët méi "entwëckelen", déi nei aktivitéit ass allerdëngs opgefall ;-)
|
|
01.12.2009 23:17 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Sicho
my 2 cents:
ech froen mech einfach wou photogen als Community bzw. seng Admins dorop kommen, dass si eng Aart "Bildungsoptraag" ........
...... Kapp hierhaalen mussen. |
DITOOOOOOOOOO ENDLECH MOL EEN DEN MECH VERSTEHT AN MECH DENKT WEI GEL ?
MERCI DU GLECKSPILZ DO DU !
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 01.12.2009 23:24.
|
|
01.12.2009 23:21 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Sicho, du hues absolut Recht mam Prinzip deens de erklärs, allerdings soen mer net e misst et besser maachen, mee wann mer gesinn dass en et besser kann, vill besser, an et schonn oft vill besser gemaach huet, DANN si mer méi streng. ............ |
also fier t'XXXXXXXXXXXst !
mier wessen jo mol nach emmernet weieng foto daat wor !
oder wor et dei mam kreiz ???????????
an dann nach, et as awwer gesoot gin den effekt wier langweileg elo ... an net "du hues deen effekt schon besser agesaat" !
|
|
01.12.2009 23:24 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
De Site ass geduecht fir Kritik ze kréien an fir sech weider ze entwéckelen. Kloer kann ee gäere Fotoen maachen respektiv op engem Niveau bleiwen, mee dann huet een näischt op enger Community wéi eiser verluer... Ass vläicht krass mee ass awer esou, well de Sënn vu PG ass NET fir dass User hier Fotoen kënnen ausstellen.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.12.2009 23:24 |
|
|
Roxane
Grünschnabel
Dabei seit: 17.04.2008
Beiträge: 7
|
|
Sidd dir baal
dir Streithuhnen !
Mir sin am Dezember an dasss Zeit der Liebe also een bessen mei frendlech allenguerten an gesidd daat dach alles net esou eng jiddren mecht esou guddd wei een kann !
An dass normal dat dei "nei" nach net esou gudd sin ,an daat et bemol langweileg gett fun denen "aalen" emmer dat selwecht ze gesin ! me calmeiert ierch elo emol erem ! well dir verdreiwt mat äeren eiwegen diskussiounen net nemmen dei leit dei sech net entweckelen mee och firun allem dei dei keng loscht mei op dei eiweg diskussiounen hun !
__________________
Roxane
|
|
01.12.2009 23:24 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
Zitat: |
Original von Johny
Sicho, du hues absolut Recht mam Prinzip deens de erklärs, allerdings soen mer net e misst et besser maachen, mee wann mer gesinn dass en et besser kann, vill besser, an et schonn oft vill besser gemaach huet, DANN si mer méi streng. ............ |
also fier t'XXXXXXXXXXXst !
mier wessen jo mol nach emmernet weieng foto daat wor !
oder wor et dei mam kreiz ???????????
an dann nach, et as awwer gesoot gin den effekt wier langweileg elo ... an net "du hues deen effekt schon besser agesaat" ! |
Ech weess och net ëm wéieng Foto et geet, ech schwetzen just allgemeng hei
__________________ 404 - Not found
|
|
01.12.2009 23:25 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Ech hun de moien folgenden Artikel gelies http://www.spiegel.de/netzwelt/web/0,1518,664195,00.html
vlaischt als denkustouss fir Admins, Komiteesmemberen a ween och emmer,
Dei dei fortgelaaf sen kommen nii mei rem, an et muss een sech wuel kloer Froen stellen wou een hi well an ob een net besser de Wensch vun de User nogeet wei den eegenen Idealer, well ob Idealer bleiwt een emmer alleng setzen....
|
|
01.12.2009 23:27 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Roxane
Sidd dir baal
dir Streithuhnen !
Mir sin am Dezember an dasss Zeit der Liebe also een bessen mei frendlech allenguerten an gesidd daat dach alles net esou eng jiddren mecht esou guddd wei een kann !
An dass normal dat dei "nei" nach net esou gudd sin ,an daat et bemol langweileg gett fun denen "aalen" emmer dat selwecht ze gesin ! me calmeiert ierch elo emol erem ! well dir verdreiwt mat äeren eiwegen diskussiounen net nemmen dei leit dei sech net entweckelen mee och firun allem dei dei keng loscht mei op dei eiweg diskussiounen hun ! |
den johny spert elo desen thread fier leit dei keen ennerscheet tescht enger normaler, berechtegter, zivilisierter diskusioun an engem gepöpel machen kennen, gell Johny ?
nee kloer, ech fannen och dat et heiernsdo zefill emotional get ... loosst daat eweg ... mier wellen hei t'welt verbesseren, mei net !
|
|
01.12.2009 23:29 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@pol9000: Wéi s de selwer gesäis sinn hei och vill Leit déi déi selwecht Meenung vertrieden wéi mir Admins vum Prinzip hier, och wann et ni eng 100% Iwwereneestëmmung ka ginn. Et sinn der puer déi et guer net gutt fannen, jo. an? Déi aner déi et gutt fannen ginn iergendwéi bei sou Kommentarer komplett ignoréiert, sou wéiwann just d' Antifraktioun do wir.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.12.2009 23:31 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
meng an verschweestenen, schlooflosen nueten geschriwen biographie as och refuseiert gin !
mais dein kommentar as interessant fannen ech, en denkustouss weis de sees !
an et wier interessant mol eng graphesch duerstellung ze gesin, wei PG sech entweckelt huet, an wei daat sech evtl. ob des themen auswierkt !
|
|
01.12.2009 23:33 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Roxane
Sidd dir baal
dir Streithuhnen !
Mir sin am Dezember an dasss Zeit der Liebe also een bessen mei frendlech allenguerten an gesidd daat dach alles net esou eng jiddren mecht esou guddd wei een kann !
An dass normal dat dei "nei" nach net esou gudd sin ,an daat et bemol langweileg gett fun denen "aalen" emmer dat selwecht ze gesin ! me calmeiert ierch elo emol erem ! well dir verdreiwt mat äeren eiwegen diskussiounen net nemmen dei leit dei sech net entweckelen mee och firun allem dei dei keng loscht mei op dei eiweg diskussiounen hun ! |
et ass jo wuel eng psychologësch tatsaach dass ni méi gestridden gët wéi ronderem krëschtdaag ;-)
ech maan dann mol eng propose:
et muss gestrach gin: den xaph (wenst der Ct/urbex/hdr) ech muss jo lo direkt op mëch schloen soss hin ech gelyncht ;-)
den shanti (d'selwecht) ups heiansdo mëcht en portrait
d'spako vlait och
d'severine (hatt knipst sëch ëmmer selwer)
den arwa (mëcht street an concerten)
an iwwerhapt all déi aaner och déi vill an enger richtung schaffen
pfffffffffffffff: ass jo alles langweilëg, maan bal ëmmer dat selwëcht oder vlait och nët???? a jo dat jugéiren jo aanerer
am zeechen vun der onendlëcher léift: loost d'leit maan wat se wëllen
an @johny: ech hun se gesin: et gët vill besserer an et gët der vill déi méi schlecht sin
|
|
01.12.2009 23:37 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
et as schuet dat hei am forum t'funktioun POLL net get .....
also fier nach eng keier ze erenneren ... waat as t'fro????
wei sollen fotoen zensureiert gin ?
oder :
sollen fotoen zensureiert gin ????
|
|
01.12.2009 23:38 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
seet een dann nët "zenséiert" ? ...
Ok, ech gin ...
|
|
01.12.2009 23:41 |
|
|
|