Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » Ausdrëck fir eng Ausstellung » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Ausdrëck fir eng Ausstellung  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Shantideva
unregistriert
Ausdrëck fir eng Ausstellung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Alleguerten,

Ech sin an leschter Zeit öfters gefroot gin fir bei Ausstellungen matzemachen. Dat war dann haut och erem den Fall, an des Kéier ass déi Sach awer zimmlech konkret. Elo muss ech awer een Geschäft, oder online Service fannen deen mir meng Fotoen an enger professioneller Qualitéit ausdrockt, an eventuell och schon op een Support oppäscht fir se direkt kennen auszestellen. Deels hun ech schon e ganze Koup Posteren vun Canon Lëtzebuerg gedrockt kritt, awer déi sin och nach net op engem Support.

Et gief mech interesséieren wou ech kann goen fir secher een seriösen Service ze kréien fir den Ausdrock an eventuell och fir daat gleichzeiteg op een Support gepäscht ze kréien, respektiv wou ech déi Posteren, déi ech schon hun op een Support gepäscht kann kréien.

Vieleicht huet den een oder aaneren een zousätzlechen Tip fir mech. Ech hun leider domat guer keng Erfahrung. Ech kéint meng Fotoen zwar och bei mir doheem op mengem Epson R2400 op A3 ausdrocken, awer ech denken daat get vill méi déier wéi bei engem professionellen Service.

Ech sin fir all Tip an Hëllef dankbar. smile
30.09.2008 13:14
the_zipper
Doppel-As


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125

RE: Ausdrëck fir eng Ausstellung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech geiff der den Photo Dichter uroden, du kanns bei sie an Geschäft goen, et get een zu Dikrech an een zu Diddeleng. Oder op http://www.photoservice.lu/

Do krut ech bis elo emmer dei beschten Qualiteit am Drock.
30.09.2008 15:21 the_zipper ist offline E-Mail an the_zipper senden Beiträge von the_zipper suchen Nehmen Sie the_zipper in Ihre Freundesliste auf
jimHawk
Jungspund


Dabei seit: 23.05.2008
Beiträge: 13

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

also ech kann emol www.posterjack.de empfehlen. Ech hu bis elo 2mol eppes ausprinten gelooss an ech kann vun der Quali hier net kloen. Si bidden och Prints op Leinwand an Plexiglas un, wat natierlech och entspriechend deier ass.

http://www.posterxxl.de huet wat den Ënnergrond ugeet vill méi méiglechkeeten (Liichtkëscht, Leinwand, Acryl-Glas, laminéiert, alu-dibond, Leichtschaumplatte etc.), mee déi liwwren (nach) nët op Lëtzebuerg, wëllen dat awer anscheinend ausbauen.
30.09.2008 15:38 jimHawk ist offline E-Mail an jimHawk senden Beiträge von jimHawk suchen Nehmen Sie jimHawk in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci! Ma ech probéieren déi Sachen dann schon mol aus. Ech denken ech bestellen mir einfach iwerall mol schon een Ausdrock an vergleichen dann d'Qualitéit. Ech hoffen dass ech nach souvill Zeit hun. :-)
30.09.2008 15:43
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech war bei den Dichter an hun mir Ausdreck vun 30X45 machen geloos. Daat sin déi gréissten Ausdreck déi ech bei him nach chemesch konnt kréien, also ob engem Frontier Minilab. Ech muss dozou soen dass et immens wichteg ass ze präziséieren dass een keng Autokorrektioun well wann een d'Foto beaarbescht huet an se op engem kalibréierten Bildschirm optimal ausgeseit. D'Frontier Minilab schafft net mat Faarwprofiler. Deen Faarwprofil deen am nosten zum Frontier sengem Gammut passt ass den sRGB. Wann d'Frontier elo eng Autokorrektioun mecht, dann verännert se d'Werter unhand vun den EXIF werter déi se an der Foto fennt. Daat kann gudd Resultater gin bei JPG Dateien déi direkt aus dem Fotoapparat kommen, awer bei beaarbeschten Fotoen, wéi meng, do kann daat verherend Auswirkungen hun. Et war dann och sou dass meng Fotoen direkt zwee Mol konnten gemeet gin well déi eischten Kéier den Autokorrekt an war.
Fir déi nächsten Kéier wees ech dass ech ganz einfach d'EXIF Informatiounen an der Foto läschen, dann kann een Frontier Minilab och keen Autokorrekt machen, souguer wann deen agestallt ass. smile

Majo... An desen Week-End ass dann d'Ausstellung. Ween interesséiert ass, an Zeit huet, deen kann jo op Garnich kommen. Méi Informatiounen kann een bei mir um Internetsite fannen (do kann een och den Flyer als PDF downloaden):
www.luxurbex.com
21.11.2008 21:22
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bonne chance fir d'Austellung. Schéiss e puer Impressiounsfotoen vun der Ausstellung, dann as et bal wéi wann ech hätt kënnen dobäi sin. 't dauert nach e bëssen bis ech nees iwwert den Pull kommen.

__________________
www.gloda.net
22.11.2008 00:50 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
arwa
Routinier


Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

éent nach, ëch wées jo nët , wei eng Ausstellong daat as , mais pass op, wann do zB. Streetfotoën derbei sin, wou Leit ze erkennen sin................ - das Recht am eigenen Bild - !!!

mais, ëch denken, daat brauch ëch dir nët zë soën Augenzwinkern
22.11.2008 12:30 arwa ist offline E-Mail an arwa senden Beiträge von arwa suchen Nehmen Sie arwa in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci fir dein Rot. Do sin awer just Urbex-Fotoen vum Spako an vun mir. smile
22.11.2008 12:44
KeeBlitz KeeBlitz ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

bas du oder d'Spako da muer Sonden nometten evt zu Garnich? a wa jo, wat fir eng Auer ?
Bonne chance!!

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von KeeBlitz am 22.11.2008 17:20.

22.11.2008 17:16 KeeBlitz ist offline E-Mail an KeeBlitz senden Homepage von KeeBlitz Beiträge von KeeBlitz suchen Nehmen Sie KeeBlitz in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech denken, mir sin de ganzen Daag do. Et ass ob jiddefall emmer wéinstens een vun eis do. smile (14:00 bis 20:00) Haut war iweregens een groussen Erfoleg an ech denken dass muer souguer nach méi Leit kommen...

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 23.11.2008 00:47.

23.11.2008 00:46
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merde, dei hun ech dann wuel verpasst unglücklich

hätt lo wierklech gären dei pics op pabeier gesin, net nemmen well ech deng biller cool fannen mee och fir ze kucken waat den labo aus dengen pics gemach huet.


Wollt och lo bei den Dichter goen op DIddldeng mee deen huet zou unglücklich

also sou eng geschicht mat autokorretuer haat ech och desen w-e an engem Eschershop wou rem sou en heipi mer meng postern komplet verschass haat och wann hien behaapt en hätt neischt drun geännert, faarwen verwäsch wei sau an alles vill ze hell gemach.

probeiren mer halt den nächsten buttek aus großes Grinsen mol kucken waat dei draus machen
24.11.2008 12:25 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
KeeBlitz KeeBlitz ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hu se gesin a kann nemme soen : tip top. D'Biller um Pabeier gin einfach nach vill méi hier, wéi op eisen Ecranen.
Et huet mech och gefreet, iech zwee perséinlech kennenzeléieren, dat réckelt Villesan en anert Liicht.
Macht weiderhin gudd Biller!!
24.11.2008 13:05 KeeBlitz ist offline E-Mail an KeeBlitz senden Homepage von KeeBlitz Beiträge von KeeBlitz suchen Nehmen Sie KeeBlitz in Ihre Freundesliste auf
JADE
Kaiser


Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von KeeBlitz
Et huet mech och gefreet, iech zwee perséinlech kennenzeléieren, dat réckelt Villesan en anert Liicht. ...


ah? jo? an waat dann? smile ... daat géing mech awer elo nawell interesséieren Freude

sin richteg enttäuscht nët konnten ze kommen, en plus hun ech vill méi spéit eréicht gecheckt, dass d'Spako och do wier ... unglücklich

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 24.11.2008 13:18.

24.11.2008 13:17 JADE ist offline E-Mail an JADE senden Beiträge von JADE suchen Nehmen Sie JADE in Ihre Freundesliste auf
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von KeeBlitz
Ech hu se gesin a kann nemme soen : tip top. D'Biller um Pabeier gin einfach nach vill méi hier, wéi op eisen Ecranen.
Et huet mech och gefreet, iech zwee perséinlech kennenzeléieren, dat réckelt Villesan en anert Liicht.
Macht weiderhin gudd Biller!!



ahh jo smile

Geif mech dann interesseiren wou den Shantideva se machen geloss huet.

Leider ass et oft den fall dass pics um ecran besser ausgesin wei um pabeier, well dei heinien dei se zu pabeier brengen absolut null ahnung hun.

Dofir ass et bei mir oft wann ech zb soen macht mer se 40*50, dann seet hien, jop dann mussen mer se anschecken dann soen ech vergiess et. meeschtens kriss de do nemmen schrott rem well dei meescht mat einfachen industriellen grousslaboen schaffen an do geet et em quantiteit an net qualiteit
24.11.2008 13:22 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Schlimpitz: Majo, wéi gesoot, beim Dichter. (30X45)

@all:

Ech well mech dann och heimat ganz herzlech bei all denen Leit vum PG bedanken déi desen Week-End op d'Ausstellung komm sin. Et war wirklech een immensen Erfolleg an ech hun och genug Biller verkaaf kritt. Daat motivéiert fir daat nächst Joer nach eng Kéier dobei ze sin. Ech denken den Erfolleg huet och vill domat ze din dass mir jo e puer Kënschtler waren déi alleguerten e bessi dozou beigedroen hun dass souvill Leit komm sin. Mir hun och 2500 Flyeren ausgedeelt gehat an ech hun och selwer e bessi Pub um Internet gemeet. Op jiddefall haten mir permanent d'Haus voll Leit an daat huet dofir gesuegt dass et och net langweileg gin ass.
24.11.2008 13:34
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo bei den Dichter wollt ech och goen well en kolleg gut erfahrungen bei dem gemach haat. leider ass den Buttek zu Diddldeng zou unglücklich ( an bis op Dikrech rennen war net dran unglücklich
24.11.2008 13:40 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
KeeBlitz KeeBlitz ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von JADE
ah? jo? an waat dann? smile ... daat géing mech awer elo nawell interesséieren Freude

sin richteg enttäuscht nët konnten ze kommen, en plus hun ech vill méi spéit eréicht gecheckt, dass d'Spako och do wier ... unglücklich

di éischt Begéignung mat enger Persoun, déi én schon eng ganz Zäit aus engem Forum kennt, léisst eng Reih Virstellungen wi Seefeblosen platzen, sin awer virun allem ganz perséinlech Andréck.
24.11.2008 21:18 KeeBlitz ist offline E-Mail an KeeBlitz senden Homepage von KeeBlitz Beiträge von KeeBlitz suchen Nehmen Sie KeeBlitz in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo, do gin ech dir vollkommen recht. Daat kennen ech och allzegudd. Et ass jo emmer sou dass een sech seng perséinlech Virstellung (ob gudd oder schlecht) vun enger Persoun mecht wenn een se um Internet kennen léiert. Dofir sin ech perséinlech net fir Internetfrëndschaften. Reng theoretesch léiert een sech jo just selwer kennen (entweder seng gudd oder seng schlecht Seit) wann een eng aaner Persoun um Internet kennen léiert. Déi aaner Persoun léiert een awer dodurch net kennen. Et ass jo just bei sou Gelegenheeten dass een sech dann richteg kennenléiert an daat ass awer, fir mech, och emmer immens interessant. Et huet mech op jidde Fall immens gefreet dech an och déi aaner Photogenler kennen ze léieren, déi ech nach net kannt hat.
Als "Shantideva" probéieren ech och sou wéineg wéi méigelech iwert mech frei ze gin, aus Respekt virun dem "richtegen" Shantideva. Ech hun den Numm just ausgeléint. Et ass awer och ouni dat emmer een Erliewnis. Ech war och immens beandrockt iwert den Jean-Jos. Dat ass och een immensen Kärel an beim Wave war ech och immens beandrockt. Déi aaner hun ech jo schon kannt virdrun. :-) Et war, alles in allem, een immens flotten Week-End. ;-)

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 24.11.2008 22:04.

24.11.2008 22:00
Jean-Jos
unregistriert
Andréck vun enger Ausstellung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Félicitatiounen Spako an Shantideva,
Dir hutt mat äeren aner Kënschtlerkollegen (a besonnësch do de Marc Mathieu mat séngen Holzaarbéchten a séng Schwëster mat e puer ganz flotten Tableaux'en) eng richtég flott Ausstellung op d'Been gesaat (op den éischte Bléck e bëssen onorthodox vläicht, wat d'Plaaz ugeet, awer dofir mat enorm vill méi Charme a Perséinlechkeet, wat d'Andréck an äer Präsenz ugeet, an dat hun déi sëlleche Läit, déi do waren, sécher appréciéiert).
Ech hun déi meescht Fotoen vun iech zwee kannt vun PG an äeren anere Siten a si frou se am grousse Format gesin ze hun: dat ass staark, waat dir do maacht!
"immer wieder gerne!"

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Jean-Jos am 30.11.2008 01:35.

28.11.2008 23:07
Shantideva
unregistriert
RE: Andréck vun enger Ausstellung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hallo Alleguerten,



Ech wollt nach eng Kéier vun desem Thread profitéieren fir zwou Ausstellungen unzekennegen bei denen d'Spako an ech Fotoen ausstellen (48 Steck). Et handelt sech als eischt em d'"Visions Parallèles" am Escher Spidol, déi op 3 Stäck an den Gäng déi d'Gebeier Héiguewen an Buddi verbannen, zenter dem 11. September bis den 29. November ass. Méi Informatiounen iwert des Ausstellung fennt een bei mir um Site www.luxurbex.com.



Ausserdem ass den Week-End vum 16. bis den 18/10 eng méi kleng Ausstellung an der Aaler Kiirch zu Roodt/Syre. Daat ass een ganz flotten Cader fir eng Ausstellung an ech hun och probéiert do e bessi een konzentréierten konterbonten Mix ze weisen. Déi meschten Fotoen déi ech do ausstellen sin awer och am Spidol ze gesin. D'Ausstellung hescht "Konscht an der Kapell", an mir sin zu 5 Artisten (Photografie, Holz, Molerei, Bijouen an Toun) fir do auszestellen.

Den Flyer kann een als PDF-Datei hei erooflueden.

An, wéi schons erwähnt, gin et weider Informatiounen op www.luxurbex.com.

Et gief mech freen e puer Leit do ze gesin. Den Vernissage ass den Freideg, 16/10 um 19 Auer. Fir Iessen an Gedrenks ass och gesuegt.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 09.10.2009 16:27.

09.10.2009 16:22
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » Ausdrëck fir eng Ausstellung

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH