deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
Moien alleguer!
wou et gëschter Owend jo dobaussen emol esou richteg (oft) geblëtzt huet, hat ech mer geduecht ech kéint jo och emol eng "Blëtzfoto" ophuelen. Allerdéngs huet daat net esou richteg geklappt. Wéi leen ech mech do richteg un? Fotograféiert der mat enger Laangzaitbelichtung? Wéi eng Blend? Wéi niddreg/héich stellen ech den ISO an?
Merci fir är Hellef.
Deendo
|
|
03.07.2008 22:24 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
*Mat engwe 8er Blend kriss de keng Problemer mat der Déiftschärft an du muss der keng Gedanken iwwer d'Fokusséierung maachen. Bei Wäitwénkelopnahmen geht och manner duer fir eng acceptabel Déifteschärft ze kréien.
*Looss den ISO roueg op 100, dat erlabt der méi laang ze beliichten.
*D'Beliichtungszäit hänkt vun zwou Saachen of. Méi eng laang Beliichtungszäit erlabt der mat Chance e puer Blëtzer an eng Opnahm ze kréien. Gläichzäiteg kriss de awer och méi Bildrauschen dran. Dann muss de kucken dass de net zevill ambient Luucht an d'Bild kriss. Kuck der mol Owes en wolléckechen Himmel iwwert engem Duerf un. Déi orange Téinung kënnt vun all den Stroossenluuchten etc. Wanns de laang beliichts get déi Luucht och méi hell. Idealerweis bas de wäit ewech vun Luuchten déi der den Himmel esou beliichten.
*Elo maach nonstop Fotoen. Huel der eng grouss Späicherkaart mat. Wats de méi Fotoen mechs wat déng Chance en Blëtz ze erwëschen méi grouss get. Probéier guer net réischt den Ausléiser ze drécken sou baal s de den Blëtz gesäis.
Denk drun gesonden Mënscheverstand ze gebrauchen fir ze décidéieren wéini et Zäit get anzepaaken an dech ausser Gefor ze bréngen, dech net uewen op en Hiwwel oder ënnert en Bam ze stellen.
__________________ www.gloda.net
|
|
03.07.2008 22:52 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Gutt Erklärung Gloda
Hat Gescht och mei Gléck probéiert. Hat Blend 7.1, ISO op 100 an Fokus op manuell. Hued gutt geklappt an hun en eng Kéier erwëscht
War bessi schweier well ech Stativ um Fënsterbried hat an mir hei zwëschen villen Heiser wunnen.. mee egal, war einfach mol en Test
Kann doraus schléissen dass een vill Gedold brauch an een bessen Gléck muss hun fir de Blëtz ze erwëschen
|
|
03.07.2008 23:40 |
|
|
|