Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech huelen daat hei mol eng Kéier net fir dass een eng Kritik schreiwt zu PG selwer, mee déi ass direkt un d'User geriicht.
Et gëtt gefrot no Contests wa mer keng maachen, a wann dann endlech een ass wou mer suguer e Sponsor fonnt hun fir Gewënner ze sponsoren, kommen ënnerhalb vun engem Mount grad mol 8 Fotoen eran. Gleeft mer,durch sou Aktiounen wou 0 Feedback kennt gëtt een net grad motivéiert. Et kann emmer mol eppes dertëscht kommen dass een net daat ka maache waat ee wollt oder sou, mee net bei sou ville Leit.
Ech wëll awer dëst lo net huele fir matt User ze meckeren, mee ech wëll mol bessen läuschteren WISOU sou vill Leit net mattgemaach hun. Aanescht gesot well ech direkt vun ierch de Grond gewuer ginn, hei. Sinn d'Themen schäiss, ass ee Mount nach net genug Zäit, hudd der keng Motivatioun fir iergendwei Fotoen ze maachen?
Mer sti ganz kuerz virdrun eis als asbl an domat och als Fotosclub unzemellen, an mer wiren dann warscheinlech zimlech séier den Club matt dene meeschten Memberen, an mir hu keng Loscht fir matt dene meeschte Memberen awer sou wéineg Asendungen bei engem Contest ze hun.
PS: Soot lo net vun den Admins hätt och kee mattgemaach, well mir hun eis express eräusgehalen well mer op kee Fall wollten dass ee vun eis ee Gewënn kritt amplaz vun eise User.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.04.2008 10:06 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Also, ech hun jo mat gemaach, deels well ech gesin hun dat nach kaum eppes eran komm wor.
Waat mech baal ofgehal huet ass den Timing. Obwuel d'Iddi dat eng Photo Während den Concours leeft muss gemaach gin un sech gudd ass fir d'Leit un ze spornen eraus ze goen an Fotoen ze maachen, huet daat och en Nodeel. Fir all déi di net esou vill Zäit hun kann et ganz schwiereg gin fir genee dann passend Fotoen ze maachen. Ech haat d'Gléck eng ze hun déi just op den Ufanksdatum gemaach gouf, well duerno hätt ech keng Zäit gehaat.
Villäicht kinnt een also z.B. Soen dat se an den läschten 2 Méint muss gemaach sin, oder den Zäitraum vum Concours vergréisseren.
|
|
24.04.2008 11:05 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Nee wéis de selwer schonn deelweis soos, et geet drem d'Leit unzespornen Fotoen ze maachen. Eng Foto an d'Archiv siche goen an ropluede ka jidfereen, do hätt och jidfee vun eis eppes fonnt vun der Stad. Mee et geet jo drem dass dee soll gewannen den d'Thema am beschten emgesat huet.
An ee Mount ass scho relativ laang, wann mer daat géife verälngeren, do geif ech erwaarden dass vun dene Fotoen dei rakommen op manst 80% als Topfoto geifen durchgoën, well een sou vill Zäit haat sech eppes ze iwwerléen an et emzesetzen (wou d'Emsetzung dann oft an engem Nomëtten gemaach ass)
__________________ 404 - Not found
|
|
24.04.2008 11:21 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
wann een ZEVILL lang zäit huet denkt ee fläit och "oh, ech man et muer!!" an dann iergendwéino vergësst een et....
kuck, zënter déngem opruff lescht woch sin 8 fotoen eropgeluede gin.. fläit sollt een engkéier probéieren méi dacks "kleng" contests ze man.. vun 1-2 wochen. maximal ... dann ERWAARDE mer eis manner user, mee et sin MEI kontests an dat spornt fläit och un, well de site méi dacks vu contests schwetzt ....
__________________
|
|
24.04.2008 13:24 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Gudd Iddi, Marc. Op méngem aaneren Forum wou ech mech meechtens erem dreiwen get et emmer en weekly assignment an en monthly assignment. Et get net vill ze gewannen (en klengen plugin fir Photoshop vum deem deen den Forum mecht) mee et ass ganz interessant. Och do muss d'Photo an dem Mount bzw der Woch gemaach gin wou et leeft. Duerno stemmen d'User of ween gewënnt.
Natiirlech get et do vill méi User (170878 am Moment), wouduerch en wöchentlechen Concours eréicht méiglech get. Mee een pro Mount wir dach villäicht och hei dran. Et misst een halt déck Reklam dofir maachen, z.B. direkt ënnert dem Banner op der Haaptsäit vun photogen: "D'Erausfuedrung vum Mount ass ..."
|
|
24.04.2008 14:05 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Daat ass dann rem pro Mount, da wir ech éischter fir reegelméisseg all 3 Wochen z.B. epps gemaach gëtt, 1 Woch oofstemmung an dann daat next. Dann brauche mer allerdings eng gutt usammlung vun Themen fir den Ufank fir der direkt puer hannerdeneen ze maan. Mee d'Idee ass sch mol gutt! thx
__________________ 404 - Not found
|
|
24.04.2008 14:24 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmmm...
OK
giff soen deng Kritik wier berechtecht!
et stemmt effektiv dass lo schons laang keen Kontest mei war an dass schons firdrun hai am Forum driwer geschwaat guff...
Informatiounen an Loscht missten mengermeenung no also effektiv DO gewiescht sen...
an dach kent sougudd wei KENG Reckmeldung wann et dann schliislich em dWurscht geet...hmmm...
ech fir main Deel hun och NAISCHT agescheckt!
daat lait awa ganz einfach dorun dass ech am Eislekk wunnen...bis an dStaat sen et 60 km an eng Stonn Auto resp. Zuch...
ech sen also NET einfach an seier doennen an kann ma am moment (Schoul...besser na: premiere) NET einfa alaaben mol een Nometesch komplett fir Fotoen dropzekeiren!
ech wees net op ech dDiskussioun iwert den THEMA verpasst hun oder op et keng guff mee ECH sen Dermeenung dass et mei -originel- AN -praktesch- (och fir Eislekker...^^) Themaen gin wei dHaaptstaat fum Land...
ech denken do un originel, abstrakt Themen mat fill Spillraum fir Kreativiteit, epps anres wei sou klassech Themen wei 'Stadt, Land, Fluss' ;D
main eischten Grond wisu niks fun mir koum wa also dass ech effektiv an dä Zait keng Geleenheet haat Fotoen op enger 60km entfernter Plaatz ze maachen
an den zweeten Grond wisou ech dei puer dei ech duerch Zoufall gemeet hat net agescheckt hun war dass ech tatsächlech NET motiveiert fir sou een Thema epps ze maachen...(an ok: dFotoen waren NAISCHT, et wa dPhila an dUni.....;p)
ech verstin awa effektiv och nik wisou dass bei mindestens enger halwer Honnert (mei oder weinescher) AKTIVEN Membren hai net mei wei SIEWEN epps geschaft hun (well hannert mindestens der Halschecht fun den Entréen stecht effektif ARBESCHT!)
mee dofi hun joh lo puer lait mat Liischtechkeet eng Kärtschen gewonn! grattuleiren!!
an dei aner...joh...selwer Schold!! ;p
hmm...soufill fir den moment...hoffen dass ech zumindest puer gescheit punktn kont brengen an nik alles nemmen blabla as....an wann awer...boff...weidersurfen! ;oP
ps:ech soen trotzdem den Admins MERCI fir dOrganisatioun den Sponsor an all de Rescht!
hoffen mat der asbl as et fi geschwenn! (den Jean-Paul huet joh mol optimistich geklongen...^^)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
24.04.2008 14:39 |
|
|
Neckel
Routinier
Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396
|
|
Salut,
Den Marc huet mein Grond well gesoot wisou ech neischt agescheckt hun. Hun mech eigentlech gefreet dass rem een Cotest leeft, mee dann su "oh jo bass io lo ejentwann an der Staat dan kucks de mol obs de eppes scheines fenns". Hmm naja, war lo iwwert een Mount nemmei do an lo kinnt ech mech rennen -.-
D'Idi vum Marc fannen ech an dem Senn gutt, dass een och wann et lästeg ass, mei Opriff mescht fir d'Contest, su all Woch soen hei et sin na drei Wochen bis dann an dann. Well di meescht gesin dass een Contest leeft kucken awer net op d'Zeit.
Vun den Themen hier hun ech all Contest nach relativ flott fond, et hätt een egal wei eppes flottes kennen man, an hoffen dass och weiderhin der Themen kommen :-)
Neckel
|
|
24.04.2008 16:15 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
@ alleguer: wat halt der dovunner wa mer elo direkt nodeems de contest ausgewäert as deen nächste starten? bis elo sin 't contests emmer a relativ gläichméissegen ofstänn gelaf, mee et giff mech intresséieren ob dat elo en ennerscheed mecht. also den dag nodeems dësen ausgewäert as géif dat neit thema ugekënnegt gin an 2 wochen drop musse resultater op den dësch! dat geet déck duer !
wat denkt der ???
__________________
|
|
24.04.2008 18:45 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
jops!as gudd well nemmen sou bleift een op Trapp! ;D
sen gespaant op den nexten Thema!
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
24.04.2008 18:52 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech sin och der Meenung dass wann mer d'Contests 2 Wochen op hun, mat all Kéiers eng (oder zwou) Wochen Paus fir den Voting dotëscht, lues an lues d'Zuel vun Kandidaturen eropgeet. Waat och immens motivéierend kann sin as eng digital Auszeechnung, en Ruban d'Or, Argent, Bronze wéi an den aneren Fotosklibb. Déi kéint dann op der Usersäit ugewisen gin. An ech géif et och flott fannen wann d'Gewënner op der Startsäit gewisen géifen, iwwert en kuerzen Zäitraum och do bleiwen. An ech brauch lo och net ze verstoppen dass déi Iddien vun DPChallenge kommen. Ech mengen net dass mer hieren Model sollten iwwerhuelen, mee et sin awer e puer Saachen déi do gudd klappen an déi och fir eis méi kleng Community hëllefen kënnen.
Wat d'Themen ubelaangt, do kënne mer och en bëssen bei si léinen goen
An en Forum Thread opmaachen fir Themen ze sammelen.
__________________ www.gloda.net
|
|
24.04.2008 19:02 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
gloda: dat mat de medaillen as gudd wa mer opt manst 30 foto'e pro contest hun oder? esou as dat langweilech :d dann as jo 't halschend vun de leit déi gewënnt
__________________
|
|
24.04.2008 19:42 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
|
|
Immens interessant Standpunkten hei! Also ech wollt och bei desem Contest matmaan, gin schliesslech gär an d' staad an haat mer en ganzen samsten fräi gehaal... an dunn ech missten d' graas schneiden, kruut natierlech deen schlemmsten Heeschnapp an quasi keng lofft mei an dunn war deen iwwregens ganz scheinen samsten volll gelaaf... -.- booon ech fannen dei idee mat den 3 wochen contests saugudd: ech hätt lo schon loscht eppes ze maachen...meeeee: mir feelen einfach nach Kenntnisser... ech hun deelweis gudd ideen, mee ech krin se net sou emgesaat an daat demotiveiert schon, virun allem een Perfektionist wei mech ^^ also Johny: mer sammelen alleguerten zesummen iwwert dei nächst woch no sujeten an dann den 1. Mai eröffnest de deen eischten 3 wochen contest
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
24.04.2008 20:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von gloda
An ech géif et och flott fannen wann d'Gewënner op der Startsäit gewisen géifen, iwwert en kuerzen Zäitraum och do bleiwen. An ech brauch lo och net ze verstoppen dass déi Iddien vun DPChallenge kommen. |
Du wees et warscheinlech nach, an ech och, dass de daat scho mol firgeschlo haas. Ech fannen et och gutt, hu just keng Zäit et emzesetzen am Moment.
Schlot e puer Themen fir, dann maachen mer daat wei de Marc gesot huet.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.04.2008 20:53 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Dat as ganz interessant a richteg, wat hei gesot get, mais! et sin alt erem, mat Ausnahm vum Polinger dach neess déi "aal Huesen", déi och hei séch manifestéieren. Ech géif elo mam Goethe soen: Der Worte sind genug gewechselt, lasst uns jetzt endlich Taten sehen. Hei sin Themeviirschléi vir di näxt Contests:
1. Online, di modern Kommunikatiounsmëttelen am Asaatz.
2. My favorite Toy: eng originell mise en scène vu ménger Lieblingsspillsaach
3. Music is my first love: Fotografi a Musek, zwee Aggregatzoustänn vum selwéchten Element
4. Hold on my shoes. Schung fotografesch duergestallt
5. Macrofotografie mol aanescht. Wien mécht deen atypeschsten an iwwerraschenste Macro?
6. Panorama
7. Liese mécht Spaass
8. Sportsaction
9. Composing: Wee mécht den originellste Montage
10. Faces between black 'n' white
Wat menge mer dozou?
Nico
|
|
24.04.2008 20:54 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Merci mol Nico dass de och eppes heizou sees
Also huelen Themen mol een nom aner durch matt menger perseinlecher (subjektiver( meenung:
1. Ganz interessant
2. léisst vill meiglegkeeten, och gutt
3. en schwéiert thema geif ech soen
4. ok komesch, mee mol epps aanescht vläicht
5. Sou vill Leit maachen eigentlech net Makrofotoen, ob et sech lount gleewen ech iergendwei net richteg
6. ass lo eppes waat mech perseinlech net su interesseiert mee keint och vlaicht do ganz interessant resultater ginn
7. do gesinn ech schonn 20 fotoen wouvun 10 genee di selwecht ass
8. schwieregt thema a schwéier ze verbannen matt just zwou wochen zäit
9. daat wir scho baal eppes fir eis nei sektioun déi beim update bäikennt ...
10. yap!
__________________ 404 - Not found
|
|
24.04.2008 21:02 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
10!!!!!!!!!!!!!
__________________
|
|
24.04.2008 21:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Als éischt nach d'Oofstëmung waarden an dann geet et lass
__________________ 404 - Not found
|
|
24.04.2008 21:13 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Hmm, zum Nico séngem Thema Nr.5: Wéi wir et dann mat "Kleng Saachen ganz grouss". Daat misst net onbedingt Makro sin.
|
|
24.04.2008 21:23 |
|
|
|