BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Souweit fannen ech dat mat den Kommentaren an dem Voting ganz gutt. Schued awer fannen ech, dass Fotoen déi net esou gutt sin oft net Bewärt gin an och keen Kommentar kréien. Och wann dat elo keen Problem as, wir et dach awer méi interessant grad och do en Kommentar ze schreiwen fir dem deen d'Foto gemach huet weider ze helefen. Anescht kann een jo net erwarden, dass déi nächst Foto, déi en eroplued, besser as.
Mee wann een em gesot huet wat en besser kann machen as dat awer eng aner Sach.
Wees elo keng Léisung, wollt awer mol kucken wat aner Leit sou dozou soen.
|
|
26.02.2006 18:58 |
|
|
amBesch
Mitglied
Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Do gin ech der prinzipiell absolut Recht BlueRic. Allerdéngs ass dat do och nees en delikat Thema.
Du selwer denks do z.B. wuel genau sou wéi ech. Ech perséinlech hun och absolut naischt géint méi e schlechte Vote oder wann een mer seet dass eng vu ménge Photoen nët sou gudd ass. Allerdéngs erwaarden ech da normalerweis och e konstruktive Kommentar fir eben, wéi's du jo och sees, eppes bäizeléieren.
Lo ass ët awer esou dass ët bestëmmt och eng Rei Leit gin déi zimlech séier gekränkt sin wann een hinnen z.B. mol 4, 5 oder 6 gët a nët direkt eng 8 oder 9. Ausserdem ass ët oft och eng Affaire de gout op eppes engem gefällt oder nët. An dem enge (z.B. grad den wou d'Photo dropsetzt) kann eben eppes gefalen, engem aneren awer gefällt eng Photo lo nët sou gudd. Do gin ët Leit déi sech gekränkt fillen. Ët kann een ët eben nët ëmmer jidderengem Recht maachen.
|
|
26.02.2006 20:22 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
De Voting gett io souwisou nach vum Johny iwwerarbecht, steet och hei am Forum an deenen puer laechten Bäitreeg.
Mee ech fannen du kanns keen dozou zwengen eng Foto ze kommenterein a bewaerten. Et ginn och vill Fotoen wou ech denken 'schein ze kucken, next', kann ech rouheg zouginn. Mee et faellt bei gudden Fotoen hallt wei einfac heppes dozou ze kommenteieren. Kommenteieren muss een halt och leieren, virun allem halt konstruktiv an sech ze developeieren, wei een daat esou schein an der Schoul leiert *gg*.
|
|
26.02.2006 21:18 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Am fong steet am coolpix sengem Kommentar shcon waat ze soen ass. Et kann een keen zwengen ze kommentéieren. Natirlech ass et schued fir d'Leit dei da keng Kommentare kreien, mee do kann een net vill drun änneren. Och ech kommentéieren net extrem vill Fotoen, meeschtens just dei wu mer eppes spezielles an d'Aa fällt, egal ob negativ, positiv, oder einfach eppes wu ech eppes méi driwer wësse wëll. Ech denken daat geet awer jidferengem sou, do kann een am fong kengem e Virworf maachen. Am grousse ganzen hues de awer Recht.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.02.2006 23:37 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Jo du kanns keen zwengen, mee ech sichen awer no enger Léisung et villeicht méi interessant ze machen, d'leit ze motivéieren en Kommentar ze schreiwen. z.B. Kann deen den d'Foto mecht bewerten wat en vum Kommentar hält (et huet mer weidergeholef, oder esou...mee et dierf net emständlech sin) Ech wees net dat as Eng Idee, en Beispill.
|
|
26.02.2006 23:40 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also den eischte Schratt Leit ze motiveieren rem mei ze schreiwen hu mer lo mol dodran gemaach dass mer mei streng sin am aktiveieren. Ech hu ganz vill Fotoen an dene läschten 2 - 3 Deech refuséiert. Wa manner schlecht Fotoen um Site sin, ass een automatesch mei motiveiert och eischter ze kommenteiren, well et einfach net sou oniwersiichtlech ass mat all den neie Fotoen. Déng Idee ass nët su schlecht, effektiv, erennert mech bessen un eBay ...
Mee ass lo net frech gemengt, et keint een do mol driwer schwetzen ob daat interessant wir.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.02.2006 23:47 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Jo dat as schon gut. Et waren wirklech bessen vill Fotoen bei komm. Dat mat eBay hun ech net negativ opgeholl. :-)
|
|
26.02.2006 23:56 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
Johny, as et technesch méiglech, dass du all Member den sech aloggt, eng Foto proposéiers déi hien kommentéieren soll? Des Foto wiels du willkürlech raus am Pool vin alle Fotoen déi nach kee Kommentar hun. De User kann se dann weg klicken, mee hien kann se och kommentéieren.
|
|
27.02.2006 14:24 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Daat grenzt io schon un Spam, engem User eng Foto dohinner za haalen dei en kommenterein soll beim aloggen
. Dann wier et besser eng Random Foto an dei lenks Spalt ze setzen, dei bei all klick wiesselt oder sou.
my 2c
|
|
27.02.2006 15:00 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Jap eng random foto awa nemmen dei ouni kommentar. Dann fenkt et zwar un voll ze gin op der lenkser sait...
Daat mam Kommentar bewerten haat ech och am Ufank virgeschlo, mee iergentwei war et deen Moment net gudd ukomm.. Sin awa na emmer dofir
Also wéi gesoot gin ass "wéi op ebay" oder och wéi op photosig.com
|
|
28.02.2006 15:27 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Daat mat der "Neitst Foto" do kéins de Recht hun, et gesait een jo och bei der Startsait waat déi neitsten ass an déi meecht gin emmer bei Neitst Fotoen kucken.
Allerdéngs géif ech do trotzdem nemme déi uweisen déi keen Kommentar hun, soss verfeelt et rem den Senn vun deem Ganzen. Mee effektiv fällt mer lo an, dass flaicht deen éichten Kommentar kéint esou een sin wéi: "Gefällt mer". An dowéinst wier ech flait dofir et esou ze maan, dass alles, waat manner wéi 3 Kommentarer huet do ugewisen gett?
|
|
01.03.2006 12:12 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also ech haat mam coolpix doriwer geschwaat gescht nach am MSN, an ech soot ehc geif daat kucken mam yoshi an Lydie, well ech et och net su schlecht fannen.
Zitat: |
Original von yoshiAn dowéinst wier ech flait dofir et esou ze maan, dass alles, waat manner wéi 3 Kommentarer huet do ugewisen gett? |
Daat hun ech geduecht während dem ech den Ufank vun dengem Kommentar gelies hun .. Ech denken da si mer eis eens
__________________ 404 - Not found
|
|
01.03.2006 12:53 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Io, fannen ech och gudd
.
|
|
01.03.2006 13:29 |
|
|
|