Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Missed the target?? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Missed the target??  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Missed the target?? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sou lo mol eng nei diskusioun well daat lex thema geet mer gehirloos op d'E***.

Waat ech lo hei soen as lo net perseinlech geint iegenteen admin,et as och net een rachefeldzug fier den Lex geint den Johny...mee et as einfach eps waat eech lo den owend festgestallt hun (wollt daat kloer stellen dat ech et net fiergeworf krein)

Also sou leed et mer deed fannen ech dat Photogen am moment sein Ziel voll verfeelt...et kommen einfach zevill fotoen den daach drop...derbei kent dat d'qualiteit vun den fotoen emmer oofhelt...an dass daer mettelmeisseg bis schlecht fotoen dann oft vun engem user hannerteneen all ropgelueden gin...an momentan wann een op photogen kent huet een schon baal keng loscht mei duerch d'fotoen ze kuken fier fleit dei eng oder aaner gudd rauszepicken...ech fannen dat d'kriterien dass eng foto ugeholl get vill mei haart missen sin...och wann dann fleicht verschidden user gin...meeech wees net op deen naemlechten effekt net och kent wann et sou weidergeet...well iegentwei geseit een emmer manner Fotoen an emmer mannner konstruktiv Kommentarer vun deenen user dei am ufank vill an gudd fotoen ropgelueden hun...an ech schleissen daat nemmen dorop dat et villen sou geet wei mier...(kommen no der schoul heem...gin op photogen...30 nei fotoen...wow...kuken schnell driwwer an daat war et...) wann pro daach nemmen 10 fotoen bei komm sin dun haat ech mer na d'mei gemeet all foto grouss ze kuken...oft souguer eps beizeschreiwen...mee momentan hun h einfach keng loscht mei well dei gudd fotoen an all deenen aaneren ersaufen...)

Fannen daat schued an mengen dass een do een choix treffen muss....niveau mei heich an manner user.........oder mei user an niveau mei deif

geif net son dat dei 2 mateneen erreechbar sin!

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
23.02.2006 23:48 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech muss direkt mol soen dass ech däi Kommentar verstin, deng Meenung doriwer, ech kruut a läschter Zäit daat scho mei oft gesoot. Mee et ass ewei emmer: Et kann een nie jidferengem et gudd maachen. Allerdings, wann mol tëscht Fotoen dei eischter oninteressant sin, eng oder zwou gudder sin, do kommen d'Kommentaren awer nemmen sou geflunn. Also läit et nët nemmen un der mei grousser Masse un Fotoen wou een näicht besonneges dra gesäit, mee och un der unzuel vu Fotoen dei soss ropgelueden goufen an awer extrem gudd waren. Et sin der einfahc manner gin, an nach derbäi eben der aanerer méi.

Et léisst sech einfach soen eigentlech wei ech et maachen, wann ee sech bessen dru gin huet soll en kënnen Kritike kréien. Just waat een eben kloer gesäit, wann eng Foto wirklech och aus just dem Grond aktiveiert gin ass, do kommen keng Kommentaren derzou. Oder just ganz seelen.

Et ännert näicht drun wa mer mei streng sin (ech fir mäin Deel sin a läschter Zäit mei large gin, daat gin ech zou), dass dann emmer nach sou weinech wirklech gudd Fotoen ropgeluede gin.

De Problem ass dass vil Leit dei net nemmen als Ufänger ze bezeechne sin (Sou wéi ech mech selwer z.B. och gesin) aktiv sin, mee Leit dei nach vill manner vun dem ganze kennen. Eiser een huet seng eischt Erfahrungen souwisou mat analog gemaach, also ech denken dei meescht emol. Do ass scho mol e groussen Ënnerscheed well do denkt een net direkt sou dass een sws su oft probeire kann wei ee wëll, do iwerleet ee méi well ee wees et huet ee just 40 Fotoen um Film an et gët deier... Déi Leit dei lo ufänken mat digitalen Apparaten dei knipsen mei drop lass wei dass se nodenken. An daat Nodenken waat do feelt soll dann wuel ersaat gin durch Kritiken op eisem Site, sou ass et mir op jiddefall lo mol einfach agefall (Hun virdrun am fong nie dodru geduet).

Waat mengs du dozou?

__________________
404 - Not found
24.02.2006 00:00 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Themenstarter Thema begonnen von mmphotos
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo ok se knipsen drop lass...mee dei Fotoen geheieren NET heihin.

An ech wetten mat der...wanns de souguer wells em Geld...mee ech sin mer secher dat den sidd sein niveau komplett verleiert wann net mei geblockt get...well einfach och manner gudder ropkommen...wees net op et na laang gudd geet wann et sou weidergeet! That's my point of view...

well een deen gudd fotoen mecht deen kann net all daach4 foton roplueden well deen sech iwwerleet weieng foto en roplued...an nemmen dei roplued dei en gudd fennt oder wou en selwer kleng zweifel huet!

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
24.02.2006 00:05 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Tjo mee wa mer Fotoen refuseieren wou een trotzdem gesäit dass den jeenechen sech bessi Gedanke gemaach huet, da kreien mer gesoot mer geifen à la tête d'admin handelen, su ongefeier. (wei blöd äusgedréckt)

Een den nei ass an awer gudd Fotoen mecht, scho laang, den huet awer genuch Reserve vir puer Deech hannerdeneen 4 Fotoen ropzelueden.

Eventuell keint een jo d'Limite nach méi kierzen smile

"an nemmen dei roplued dei en gudd fennt oder wou en selwer kleng zweifel huet!" <-- do gin ech der zwar onrecht, ech lueden eben grad Fotoen rop wou ech mer onsecher sin waat ech derfun haale soll, genee wei de Lex et och scho gemaach huet (Daat soot en nach do wou RTL Reportage war). Mee bon allgemeng ass eng Foto vun engem den bei sengem fotografeiren wirklech sech Gedanken driwer mecht, nie sou dass ee se wirklech als schlecht keint bezeechnen...

__________________
404 - Not found
24.02.2006 00:10 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von JohnyEventuell keint een jo d'Limite nach méi kierzen smile


Giff ech gudd fannen. smile Daat kënnt en jo entweder léisen doduerch dass een seet "just 1-2 pro Daag", oder awer fir Flooding vun eenzelnen Leit ze vermeiden, "du kanns emmer just 1 Foto an den 8 neitsten hun" oder sou eppes.

Zitat:
"an nemmen dei roplued dei en gudd fennt oder wou en selwer kleng zweifel huet!" <-- do gin ech der zwar onrecht, ech lueden eben grad Fotoen rop wou ech mer onsecher sin waat ech derfun haale soll, genee wei de Lex et och scho gemaach huet (Daat soot en nach do wou RTL Reportage war). Mee bon allgemeng ass eng Foto vun engem den bei sengem fotografeiren wirklech sech Gedanken driwer mecht, nie sou dass ee se wirklech als schlecht keint bezeechnen...


Ech mengen do muss een den Ennerscheed machen teschent technesch schlechten Fotoën an Fotoën wou een sech iwert Kompositioun oder Sujet net sécher ass. Ech fannen et net schlëmm wann ech eng Foto gesin wou mir eng aner Kompositioun besser gefall hätt - daat sin deelweis perséinlech Preferänzen - mee wann ech eng Foto gesin déi kloër onscharf ass, da froën ech op déi Leit di déi eroplueden net besser hätten sëch do bessen selwer ze modéréieren, an esou Fotoën net eroplueden...
24.02.2006 07:50 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
RivanerJoe
Foren As


Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech muss dem mmphotos Recht gin an senger Aussou, dass den Site schnell wiest an doduerch d'Qualitéit vun de Fotoen ofhëllt. Déi nei User posten Fotoen ouni de ganze Werdegang an d'Zielsetzung vun photogen.lu ze kennen (kann een hinnen net virwerfen). Mir geht et och ze schnell fir d'Fotoen all ze kucken an ech mierken och, dass d'Leit rem 9 an 10 ausdeelen ouni déi néideg Fachkenntnis. Eng 6 get et kaum nach. Dobäi hu mir eis nach virun 10 Wochen alleguer Méih gin fir de Voting System optimal ze benotzen.
Virun enger Woch war eng Eldoradio Foto vun "Faces of the Summer" online. Dass déi accordéiert gin as, dorunner mierken ech dass och eis Adminen zevill Arbescht hun fir d'Fotoen nach éierbar ze kucken.

Lo get et 2 Méiglechkeeten:
- Et léisst een dem ganzen séi Laf, wuelwëssentlech dass photogen.lu säi Gesicht dann wert äneren. Den ritterlech Zielsetzung vum leschte Joer (qualitativ héigwerteg Fotoen) as awer dann net méi ze réaliséieren.
Oder
- D'Kritéren gi méi streng. Eng Partie User werten sech wahrscheinlech doduerch zreckzéien.

Fir déi déi op 1er sin oder waren: Dat as hei d'"Gretschen Frage"!

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von RivanerJoe am 24.02.2006 14:12.

24.02.2006 14:12 RivanerJoe ist offline E-Mail an RivanerJoe senden Beiträge von RivanerJoe suchen Nehmen Sie RivanerJoe in Ihre Freundesliste auf
yoshi yoshi ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech géif mol virschloen vir den Ufank mol just 2 Fotoen den Daag kennen rop lueden ze kennen, well dann maan och déi nei User sech kuerz Gedanken, wéieng lo déi Bescht sin, an dann den nächsten Daag denken se sech flaicht, dass déi aaner jo déi schelcht sinan lueden se dann guer nemmi rop.

Kritèren méi héich setzen ass einfach gesoot, natierlech wellen mer net déi erfahren User verléieren, mee den Site ass geduercht vir jonken oder och net su jonken neien Hobby-Fotografen weider ze hellefen, hinnen zum Spass um Knipsen verhellefen. An wann mer do all hier Fotoen refuséieren well se net su gudd sin, dann léieren se ni eppes bai an den Site erfellt sain Senn net. Ech sin bislo usech ganz zefridden wéi verschidden User sech an der nach relativ kuerzer Zait wou photogen.lu besteet sech sichtlech verbessert hun. Vun verschiddenen vun denen hätt dann am Ufank och keng Foto aktivéiert dierfen gin, mee dann wieren se lo flaicht net do wou se sin.
24.02.2006 14:34 yoshi ist offline E-Mail an yoshi senden Homepage von yoshi Beiträge von yoshi suchen Nehmen Sie yoshi in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie yoshi in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von yoshi anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo lo mam Ufank verglach OK, mee um Ufank war nach jidfereen immens motiveiert mat Deel ze huelen un dem ganzen. No enger Zäit nervt et een läuter schlecht Fotoen ze kommentéieren, a selwer kritt een zu enger Foto mol net wirklech hellefräich Kommentaren.

D'Limite gët mol dann ganz secher op 2 gesaat. An wann se op 2 ass bräuche mer och keng Limite ze maachen mat den neitsten Fotoen MEE waat ee ka maachen ass dass een no enger Foto och alt rem muss 1 Stonn waarden fir nach eng aaner ropzelueden ... oder?

__________________
404 - Not found
24.02.2006 16:00 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
kola
Jungspund


Dabei seit: 20.11.2005
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech géif virschloen op déi 1.Sait déi genau Zielsetzung vun dësem site mol ze erklären. Sou gesait dann all neien User direkt wat fir eng Sorte Fotoen hien hei kann eroplueden. Op der selwëchter Plaatz kéint een dann och nach aner Saachen wéi z.Bsp. de Sënn vun den Kommentaren resp. de Vote-System erklären.
24.02.2006 16:45 kola ist offline E-Mail an kola senden Beiträge von kola suchen Nehmen Sie kola in Ihre Freundesliste auf
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Denken daat wier akzeptabel mat 2/Daag an 1/Stonn. Well da wier et wéinstens net méi sou dass een op de Site kënnt an 8 Fotoën geseit vun just 2 verschiddenen Leit...

An wann een d'Haaptseit net méi mat puer Fotoën iwwerschwëmmen kann, machen d'Leit sech vlaicht bessen méi Gedanken wéi eng vun hieren Fotoën hinnen méi wichteg sin.
24.02.2006 16:46 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
Nicon07
Foren As


images/avatars/avatar-127.jpg

Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99

E puer Gedanken Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech weess net, wéi dir meng Biller astuft, ech weess just, datt ech an deem läscht Mount, wou ech Member beim photogen.lu sin, "des hauts et des bas" duerchgemaach hun. Ech sin op de site gestouss duerch eng Kollegin, déi mer de site emol gewisen huet. Su nom Motto: Du méchs jo och schéi Fotoen, wier dat näischt fir déch?" An dun hun ech méch dann ugemellt, an zenterhiir vill Biller eropgelueden. An ech muss soen, deemols am Januar, war ech begeeschtert vun der Qualitéit vun de Biller, déi ech um photogen.lu gesinn hun. Dat war fir méch eng Zort Challenge, fir och déi Fotoën, di ech no laangem Iwwerleen als "ebenbürtig" agestuft hun, erop ze setzen. Oder déi ech gär kommentéiert gehat hätt, well irgendeppes dru méch net richteg zefriddegestalt huet, a mer selwer kee Reim drop konnt maachen) Am Ufank krut ech och Kommentären, mais zum Schluss elo emmer manner. Ech hun och gären deen een oder deen aanere Kommentär gemaach, awer elo di läscht puer Deeg hun ech och ee mulmecht Gefill kritt, wann ech gesi, wat neits bäikënnt. Domat wëll ech beileiwe kengem ennerstellen, seng Biller wiren all schlecht, hätten näischt um site verluer etc.. (ech maachen och ganz vill schlecht Fotoën, esouguer fréier mam Argentique war net alles Gold wat blénkt). Dofir, och wann ech alt an der Läscht dervu profitéiert hu, fir 4 Fotoen hannerteneen eropzeluëden, fannen ech et awer eng gudd Saach, datt dat elo net mi méijlech as. Ganz éierléch war ech erstaunt doriwwer, datt ech nach ni eng Foto refuséiert krut. Dat wier fir méng Begreffer ganz normal gewiescht. Schliessléch hudd dir jo an de Spillregelen ganz däitlech gesot, dir géift iech d'Recht viirbehaalen, eng Foto ze refuséieren, an dem Absender är Grenn an enger mail matzedeelen. Virwat net mi dacks dovu Gebrauch maachen? An deem Moment helleft dir jo dem Fotograf, doduerch datt der him perséinléch sot, firwat séng Foto net ugeholl gin as, an wéi hien et ka besser maachen, datt hië publizéiert get.
Zu de Bewertungen well ech nach soen: Ménger Ansicht no hëlt d'Zuël vun de Kommentären an de Bewertungen of, well een einfach iwwerschwemmt get mat neie Biller. Ech perséinléch sot mer méi wi eng Kéier: Solls du elo do wirkléch däi Pefferkär bäiléen, well et as jo dach erem Gemeckers. An hues du dat Recht, iwwert eng schlecht Foto hier ze faalen, déng si jo och net esouvill besser, wann iwwerhaapt. An dann hun ech alt léiwer näischt geschriwwen. Oder eng gudd Foto iwwerbewärt, well se am Vergläich zu aaneren erausstécht. Dat misst ech mer och ofgewinnen.
Ech mengen, esou wéi et lo gin as, as et eng zumindest kränkléch Entwécklung, mais ech denke mir, datt déi Limit vun 2 Biller den Daag eroplueden, di Flut vu Biller e bessen helleft ënner Kontroll ze bréngen. Soss ass och irgendwann eng Kéier de Server voll, oder? Sollt dat och nach näischt bréngen, da misst een dat Ganzt op eng Foto pro user pro Woch reduzéieren. Dat as haard, ech weess, (oder esouguer irrealistesch). Sou kéimen dann och di "verluëre" (?) Schof aus der Ufankszäit vu photogen erem.
24.02.2006 17:06 Nicon07 ist offline E-Mail an Nicon07 senden Beiträge von Nicon07 suchen Nehmen Sie Nicon07 in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Themenstarter Thema begonnen von mmphotos
RE: E puer Gedanken Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech mengen daat waat den nikon07 hei schreiwt waerten dei meecht user denken...nee?

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
24.02.2006 18:55 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
amBesch
Mitglied


Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech ka mech eigentlech nëmmen all dem uschléissen wat bis elo hei geschriwe gin ass. An ech fannen souwuel d'Iddi vun den maximal 2 Photoen den Dag an an engem Ofstand vun opmannst enger Stonn wéi och dem kola séng Iddi fir d'Zielsetzung vum Site de Leit nach eng Kéier an Erënnerung ze ruffen ganz gudd.
Dass een nët jidderengem ët Recht maache kann ass kloer, dat ass nët méiglech. Ech denken ët ass och schwéier fir d'Adminen ëmmer anzeschätzen op lo een sech wiirklech Gedanken bei enger Photo gemaach huet oder nët. Dat kann een och ni wiirklech aschätzen, ass och normal.

Hm, do fällt mer nach eng aner Saach an: Johny, du hues dach vu jidderengem eng email-Adress oder? Déi huet een dach ugi missen wou een sech registréiert huet wann ech mech richteg erënneren. Bein, wéi wier ët dann wann een de Useren déi eben bis elo derbäi sin eng Mail schéckt an der erklärt gët dass d'Unzuel vun de Photoen déi een pro Dag eropluede kann op 2 erofgesat gët an eben och wisou, respektiv genau d'Zielsetzung vum Site nach eng Kéier erklären. Ech denken dat kënnt wahrscheinlech méi un wéi als News-Kommentar. Natiirlech giff ech ët och nach eng Kéier bei d'News setzen. Mee anescht sin d'Leit einfach méi ugesprach a maachen sech vlaicht e bëssi méi Gedanken.
24.02.2006 19:52 amBesch ist offline E-Mail an amBesch senden Beiträge von amBesch suchen Nehmen Sie amBesch in Ihre Freundesliste auf
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daer Meenung schleissen ech mech och un, mee ech mengen net daat et gudd ass 1h ze waarden. Daat ass eppes waat villen Useren op den Saak geet an da lueden se henno nemmen 1 erop (wahrscheinlech dei besser), och wann dei 2 ganz interessant wier. Ech fannen et muss een awer e bessen Fräiheet lossen smile .

just my 2 cents Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von coolpix am 24.02.2006 20:29.

24.02.2006 20:28
scoty
Jungspund


Dabei seit: 28.10.2005
Beiträge: 16

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech hunn mech emmer souu gereet fir no der schoul heemzekommen an nai komentarer kruut ze hunn egal ob negaif oder positif

mee lo ginn ech na all daach kucken an et kommen einfach keng nai bai bei fotoen dei ech drop gesaat hunn an ech amfong wierklech net schlecht fannen
hätt gären kritik an fierschlei :-D
muss mech jo och na vill verbesseren, dofir sinn ech amfong och op den site komm
mee wann sou vill fotoen all daach online gesaat ginn kritt een keng kommentarer
*schoued*

Den lenin haat niee een Bonzai
25.02.2006 13:16 scoty ist offline E-Mail an scoty senden Beiträge von scoty suchen Nehmen Sie scoty in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ass jo vill geschriwen gin, dann äntweren ehc lo mol schéin der Rei no:

@kola: Zielsetzung wollt ech dës Deech lo nach eng Kéier op d'Index setzen, also daat ass schon secher. Den Vote-system gët jo sws geschwenn ganz frësch gemaach, op jiddefall dann sou dass net alleng um Vote vun de User et läit op eng Foto bei Topfotoen kennt oder nët.

@CK: D'Limite vun 2 / 24 Stonnen ass schonn säit gescht Owend aktiv.

@Nicon07: Ech perseinlech muss soen dass de guer keng sou schlecht Fotoen mëss an neirens bei denge Fotoen gesin ech e Grond wisou se sollt refuseiert gin. Et ass jo net sou dass wann eng Foto net perfekt ass dass se dann refuseiert gët smile . Eng foto pro Woch ass wei op der FC, mee daat ass awer definitiv ze staark dei Limite. Ech denken daat strengst waat ee keint maachen wir eng Foto pro Daach. An de Server gët sou seier och net voll, do ass nach genuch Plaatz Augenzwinkern . Ech verstin dech gudd mat dem waats de soos mam Usporn fir un den niveau runzekommen, daat ass och vläit e Grond wisou den Niveau seier fällt, daat eent huet daat aanert als Konsequenz ... (manner gudd fotoen -> mei schlecht fotoen)

@amBesch: Wei och scho gesoot, Ziel vum Site kennt nach op d'Index. E-Mail hu mer vun absolut jidferengem, jo, well déi néidech ass fir wann ee säi Passwuert verluer huet. Et ass awer net sou einfach 350 E-Mails ze schecken mateneen vu dass keng mailing-list domat gemaach gouf, d.h. et misst e Script eng Mail no der aanerer schécken, waat wuel net su optimal wir. allerdings kinnt ech kucken e Script ze schreiwen dee mer op manst d'Ausgab vun all den E-Mailen sou mëcht dass ech se kann an eng mailing-list setzen am Mailer selwer, dann wir daat ouni Problem méiglech.

@coolpix: Verschiddener geifen dann weis de soos eng zweet och interessant roplueden, an aanerer awer och secher net ... an een den wirklech nach eng zweet interessant well roplueden, den waard och gär nach eng Stonn smile

@scoty: Daat ass och leider nees eng Konsequenz vun den manner gudde Fotoen, hoffe mer da mol dass daat geschwenn besser gët.

Ech fir mäin Deel an och d'Lydie sin mei streng lo säit 2 Deech am aktivéieren, wärten och schonn puer Leit gemirkt hun. Mam yoshi schwetzen ech nach kuezr driwer wann en nees mol am MSN online ass Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
25.02.2006 18:38 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Et ass awer net sou einfach 350 E-Mails ze schecken mateneen vu dass keng mailing-list domat gemaach gouf, d.h. et misst e Script eng Mail no der aanerer schécken, waat wuel net su optimal wir. allerdings kinnt ech kucken e Script ze schreiwen dee mer op manst d'Ausgab vun all den E-Mailen sou mëcht dass ech se kann an eng mailing-list setzen am Mailer selwer, dann wir daat ouni Problem méiglech.


Du kanns bei der PHP-Fonktioun mail() awer mei User bei der "to"-Optioun uginn. Et sierf dann du wells all User perseinlech mat sengem Nick uschwätzen an esou, do feiert keen Wee derlaanscht fier all E-Mail eenzel ze schecken. Ass bei 350 Mailen awer nach relax Augenzwinkern . Aaner Communitys mat iwwer 25000 User setzen dofier mol emmer den Forum fier opmannst 1 Stonn down Augenzwinkern .
25.02.2006 19:22
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Funktioun mail() geet just wann den Mailer sou agestallt ass dass ee keen smtp Auth bräuch, waat een awer bräuch bei eis smile .

Eben, an eppes down setzen wëll ech net, vu dass do net nemme Photogen derfu betraff wir.

__________________
404 - Not found
25.02.2006 19:30 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wei gett dann engem User d'Passwuert zoukommen geloss wann en et vergiess huet? Augen rollen

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von coolpix am 25.02.2006 20:13.

25.02.2006 20:13
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hun der et jo grad gesoot am MSN, mee fir all dei aaner dei et wëlle wëssen: Do leeft en extrae Programm den sech um Mail Server kann authentifizeieren, an dann eng Mail schécken.

//EDIT: Gudd Noricht: Den PHP ass an tëschen Zäit awer sou configuréiert dass mail() am PHP kann gebräucht gin, d.h. et loosse sech och ouni Problem un méi Leit E-Mailen verschécken. Da keint een daat emol geschwenn maachen.

__________________
404 - Not found
25.02.2006 20:23 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Missed the target??

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH