Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Misc » hobby zum beruf machen » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen hobby zum beruf machen  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
toto
Tripel-As


Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200

hobby zum beruf machen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

1 Hi wollt mol froen wat fir eing schoul muss een hun fir fotograph ze gin?
2 Muss en do iwerhapt eing schoul hun oder kann een do einfach eing leier beim fotograph mache?
3 keent een hei fotographen dei leierbouwen un huelen oder wat fir eing schoul huet fotograph stonnen?

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von toto am 06.10.2007 13:18.

06.10.2007 13:17 toto ist offline E-Mail an toto senden Beiträge von toto suchen Nehmen Sie toto in Ihre Freundesliste auf
Olivier
Haudegen


images/avatars/avatar-112.gif

Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Just su eng fro... Sait weini wells du fotograf als beruf maan? Saitdeems de hai bei PG bass, oder sait längerem?
Wei eng art fotografie weilst du practizeieren?
06.10.2007 14:46 Olivier ist offline E-Mail an Olivier senden Homepage von Olivier Beiträge von Olivier suchen Nehmen Sie Olivier in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Olivier anzeigen
toto
Tripel-As


Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200

Themenstarter Thema begonnen von toto
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ma am leifsten portrai.

fotoen hun mech schon seit langem interesseiert mee ech hatt niee moyen fir mer eing gut camera ze kaafen.

mein emfeld huet mer emmer ogeroden den beruf ze machen. das keen job mat zukunft ... .
ech hun dann electriker geleiert mee bon gesin mech net an dem beruf mein liewen laang.
06.10.2007 20:38 toto ist offline E-Mail an toto senden Beiträge von toto suchen Nehmen Sie toto in Ihre Freundesliste auf
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

RE: hobby zum beruf machen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech giff derfun oofroden direkt den "Hobby zum Beruf" ze machen, mee mol fir den Ufank fir d'éicht versichen den Hobby zum Niewenberuf ze entwécklen. Daat heescht mol éicht Schrëtt machen an Erfahrung sammlen ouni den Drock ze hun fir direkt mussen genuch ze verdëngen fir derfun ze liewen. Mat der Zeit, wann daat ganzt sech gudd entweckelt an du mierks dass dein Niewenberuf Photographie Potenzial huet kanns de dann eventuell kucken fir definitiv Karrière ze wiesselen.

Ech kennen mech net vill mam Beruff "Portrait-Photograph" aus (ech machen niewenberuflech Sportfotoën, an als Hobby Landscape), mee ech giff soën et gët puer Méiglechkeeten fir an den Beruf Photograph ze kommen: 1) et brëngt een sech alles selwer bei an baut sech lues awer sëcher en gudden Ruff op, 2) et geet een op eng gudd Schoul wou een sech während mindestens 2-3 Joër sériös mat Photographue auserneen setzt, oder 3) et geht een bei een Photograph hei zu Lëtzebuerg an d'Léier, woubei daat mir perséinlech als déi schlechsten vun den 3 Alternativen firkënnt.

Waat Nimm vun Schoulen ugeht hun ech mech nie iwert europäëscher informéiert, do kann ech also leider naischt derzou soën. (Wann ech firun e puer Joër d'finanziell Moyen'en gehaat hätt wier ech gär heihin gaang: Brooks Institute - http://www.brooks.edu/)
06.10.2007 21:01 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
toto
Tripel-As


Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200

Themenstarter Thema begonnen von toto
RE: hobby zum beruf machen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

nr1. sin ech mol am gang.
nr2. hun geduecht mol mat owes kueren unzefänken.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von toto am 06.10.2007 21:12.

06.10.2007 21:10 toto ist offline E-Mail an toto senden Beiträge von toto suchen Nehmen Sie toto in Ihre Freundesliste auf
Garry
unregistriert
RE: hobby zum beruf machen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

die wichtegst Fro deis de der stelle solls as mol : wisou well ech dee Beruff maan ausser datts de dech dofier interesseiers?
De statement: e Beruff ouni Zukunft geng ech net soen. Eischter ouni secher Zukunft an d freht een sech ob jiddereen dofier gemaach as mat sou engem Risiko sai Liewe laang kaenpfen ze missen ...
wei aal bas du da lo? Waat hues de fier Schoule gemaach? Wei stells de der daat da fier duerno dai Liewen domadder ze verdengen? relax a cool oder mengs de d waer awer mei stresseg wei ee mengt ?
06.10.2007 22:55
toto
Tripel-As


Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200

Themenstarter Thema begonnen von toto
RE: hobby zum beruf machen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ma sin 22, hun electriker geleiert ,
mer als selbs stänegen fotograph zumols hei zu lux. ass et schweier.

wei ech gesin reid all mench hei et als niewen job ze machen.

kennt een hei irgend eing privat photografen schoul oder eing öffentlech ?? ( am beschten fir owes )

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von toto am 07.10.2007 00:06.

07.10.2007 00:03 toto ist offline E-Mail an toto senden Beiträge von toto suchen Nehmen Sie toto in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

RE: hobby zum beruf machen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat as net esou eiinfach weis de geseis ...Augenzwinkern
08.10.2007 00:36 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech kennen eng super Fotografen Schoul. Se as baséiert wou ech grad sin. Dat Coolt as dass iergendwéi d'Coursen ëmmer grad dat Thema behandelen wou ech mech grad dofir interesséieren. Di meescht Cours'en sin daachsiwwer, mee net all. Si sin zimmlech flexibel, et get keen Prof an keen Klassenzëmmer an alles wat een brauch as dat wou een bei sech huet. Et get net all ze vill geschwaat, 't as éischter Praxis baséiert. Eng besser Schoul fënns de net, alles wat ech kann hun ech do geléiert. All Kéiers wou een eng Foto mecht léiert een eppes.

__________________
www.gloda.net
08.10.2007 01:37 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
luxplorer
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

gloda:
Schei geschwat!
Kann ech nemmen ennerstreichen!
08.10.2007 01:59
FranzMacN
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hi,

ech stemmen awer net 100% zou. Trial& Error ass ok fir den Hobbyfotograf. Mee et geet mei schnell an enger Schoul/ beim Profi.
Ugehol d'Ziel ass profimeisseg Publiciteitfotoen (oder Mode,...) ze maachen. Do gin et vill Tricken fir d'Mise en Scene, Beliichtung, auswiel vum Material (Profimaterial...) Studioanrichtung.... Daat leiert een net vum selven. Do geet et nemmen richteg & seier iwwer Schoulen & Praxis bei Profien.


mfG
Franz
13.10.2007 10:18
Rolacro Rolacro ist männlich
Mitglied


images/avatars/avatar-106.jpg

Dabei seit: 21.11.2006
Beiträge: 26
Herkunft: Mars

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut!
Schein dat mol op dess thema ageschwaat get!
Also ech intresseieren mech lo och bessen mei vun noem un dei saach. Fotographie intresseiert mech wierklech ganz vill. Ech sin lo einsteiger, an hunn nach ganz vill ze leieren. Mee wann ech lo zb beruflech un fotographie denken, dann ass et eben well et mech intresseiert. An et soll een jo en beruff wielen deen engem gefellt, well an deenen meeschten fäll hellt een en beruff sain liewen laang. Ech krut och schon oft gesoot, foto wier ouni zukunft (oder besser, wwei den garry soot, mat zukunft awer net einfach). Oft kritt een dann gesoot "komm, leier en -rischtege- beruff, an dann mess du foto als hobby"... Dat ass dann och bessen demütegend... Ech mengen awer dass foto zukunft huet. Wann ech lo zum beispill reportagefoto huelen, och wann DSLR demokratiseiert gin, wert een emmer fotografen brauchen. Fotografen werten mat grousser wahrscheinlechkeet nie duerch machinen ersaat gin. Foto bleiwt eben eng konscht, an et kann een keng konscht vun enger machine erwaarden. Daat waat eng foto intressant mecht ass deen perseinlechen undeel/erfahrung/stil vum fotograf, emmer bessen impro zb.
Waat lo methoden ungeet fir fotograf ze gin, deelen ech dem Här MacN seng meenung: an der professioneller welt, wann engem sain deeglech brout drunhengt, geet et net duer (oder net mei) mat perseinlech solo erfahrung. Et sin emmer standarden do, dei een mei oder weineger respektieren muss, an dei erwaard gin. Wann zwee kandidaten sech fir eng plaatz mellen, dann get normalerweis och deen geholl deen en diplom huet... Et ass wi beim sport, oder beim theater: virdeischt reegelen leieren, resp. diktioun maan, an denn sech anschaffen, eng spillmethod entwecklen, en stil. Awer op stabiler wessenbasis. Dat ass mengen ech och dei bescht leisung...
Waat ech lo vun schoulen wees ass nemmen dat een entweder eng meeschterprüfung mecht bei engem fotograf, oder op eng uni. Ech wwees lo vun breissel dat et zwou meiglechkeeten gin: 1) Konscht: do get een nemmen op presentatioun vun engem dossier ungeholl, an den studium geet lo mi deif op saachen an dei vlait indirekt nemmen epps mat foto ze din hunn... fir dono modefotoen etc ze maan. oder 2) Iwert dei selwescht unisectioun wei journalisten...

Waat ech lo iwerleen (ech sin jo mol na net mam lycée ferdeg) ass fir vlait biologie ze studeieren an dann gezielt an een gebiet fotografie ze praktizeieren... ka, hunn jo och na zait...

Mee du wees jo schon dass du portrait maachen wells. An do egent sech och mengen ech mei -konschtsectioun- o wann lo owescour... well ech wees net op een nemmen duerch passfotoen liewen kann...?

fG
Romain

uaah, waat ech lo eng schmier geluecht hunn!! großes Grinsen gha!

__________________
Quand on est pas fort, 'faut être malin! großes Grinsen

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Mojoo am 18.10.2007 22:02.

18.10.2007 21:53 Rolacro ist offline E-Mail an Rolacro senden Beiträge von Rolacro suchen Nehmen Sie Rolacro in Ihre Freundesliste auf
Garry
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat: Foto bleiwt eben eng konscht, an et kann een keng konscht vun enger machine erwaarden. : falsch ! Berufflech gesin as Fotografie en Handwierk an ett mus een dem Client ausser am Portrait Beraich daat brenge waat hie freht an net daat waat ee selwer als artistesch ugesait d'sieff du haess sou e gaile Style deen dech vun aaneren oofhiewt a verschiddener daat cool fanne mee mengs de vun deene puer keints de liewen? well do stechs de selwer vill Aabecht a Suen a fierun allem Zait dran. ok..mes d Praiser mei heisch.. da well awer rem keen ett bezuele well sou eng upper society hu mer hei am Land net datt se Tonne welle fier Photoen ausgin. Problem ....

Zitat: Wann zwee Kandidaten sech fir eng plaatz mellen, dann get normalerweis och deen geholl deen en diplom huet... : falsch , oder leider nemmen hei an deem schiele Letzebuerg mat sengen topesche Regelen. D'get dee geholl deen de rapport eege Leeschtung - iwwerwise Peih - ereechte Produktiviteit am beschten erfellt. Problem...

Zitat: mee du wees jo schon dass du portrait maachen wells. An do egent sech och mengen ech mei -konschtsectioun- o wann lo owescour... well ech wees net op een nemmen duerch passfotoen liewen kann...? : falsch. Fier Portraie maachen ze dierfen an dech Fotograf dierfe ze nenne MUS een d'Meeschterprufung hun. Passphotoen un sech och idem. A sich mer een eenzegen deen NEMMEN vu creativem Portrait hei liewt ... daat as e scheine Bonus wann een daers huet mee secher net den haapt Gewenn.

den aanere Wee: sech selbstaenneg maan an iwwert Nieweweer sech etableiere..mee da sich der mol d Clientele dei op dech opmierksam get a bezillt fier daat waats de brengs , do mus de der am Fierfeld schon en Numm maan... a Suen ausgin.. Problem ...

ech soe just : de Cliche vun der Photographie als 'coole' beruff nemme well een sech dofier interesseiert as einfach totale Schwachsinn ... d geht net nemmen drems Photoen ze maan, flott Mosse fierun der lens ze hun a seng artistesch Oder auszeliewen.. leider.. an dei mannste vun der Zait as richteg creatif well wee well schon em soss schaffen ? time is money .. a krass gesoht huet 70% vun deem waat ee speider als Fotograf mecht nemmi vill mat Biller maan ze din d'sieff ett haett een ee Mol dei grouss Chance erwescht sech en Numm ze maan an op deem Niveau ze blaiwen ... will you??? ... ha.. Ongewessheet .. Onsecherheet .. wou deng gesamt Zukunft drun haengt an du MUS der am Fierfeld schon am Klore sidd datt ett zwar geht mee mam Compromiss datts de speider baal secher net daat waerts maan waats de der fiergestallt hues!

an: t'get e RIESEN Ennerscheet teschend : creatif sin a MISSE creatif sin an enner Drock e gewessent resultat ze liwweren. Mat der Zait NERVT ett suguer Potoen ze maan..gleef mer! An ech maache gaer Photoen.

gidd Stage maan, a schwaetzt mat deene leit doriwwer waat wierklech leeft a wei een sech iwwer Waasser haellt well vun Aquagym as hei keng Ried. keng schein orange Aermecher, keng Schwammflossen...nix...

Journalismus as en Thema fier sech ... do stin d Chance scho vlaicht mei grouss mee och do mus ee gut a produktif sin.

sry wann ech su sec a granzeg riwwerkomme mee eppes kann ech soen: wann ech net total kappgeschass wier a masoschistesch an net stur wei Sau haett ech daat ganzt scho fieru Joren an den Eck geheit ... t'as sou e Schaiss daat Ganzt! Zumools hei am Land.. an am Ausland kennt ee scho guer net bai ... wei dann och???

wann der richteg Ambitiounen hutt mecht ett iech ennerlech freckt, sieff ett well ett schnell genuch geht an der NIE wesse waert ob der ett packe waert. Wann der mam mainstream zefridde sidd as ett awer nach emmer hart seng Schmier ze verdengen nemme mat deem waat e gaer weilt maan ...lol..

end of story ... good night !

EDIT: mee ech weilt awer och soss naicht maan *ggg*..hehe Zunge raus ;O großes Grinsen
sou.. daat war lo extrem oofschreckend... as un sech och just fein geduercht well deen eenzegen Tipp deen ech iech gi kann: maacht Stagen a leiert daat ganzt kenne wei ett richteg oofleeft an duerno kennt der emmer nach decideieren ob ett eppes fier d'Liewen as oder net. Sou leiert der eppes, sidd net fier Jore fest gebonnen a kritt en Ableck an daat Ganzt smile

Haett ech haut d'Wahl.. ech geng ett direkt nach eng keier sou maan..jo.. mee e bessere Wee as vlaicht awer: sech e sechert Gehalt sichen an engem aanere Beruff sou datt een och dei finanziell Moyeen huet an dann iewebai lues duerchstarten an dann decideieren ob sech de Sprong lount oder net ... an d get ee vlaicht och net sou seier demotiveiert^^

Ech hu selwer och nach keng meeschterprufung a sin am Moment wierklech frou net op mech selwer ugewisen ze sin an am Fong dei 80% Prozent maachen dei ech un sech net maache wollt ;O D'geht eben net vun haut ob muer.. vlaicht och nie.. wee wees.. a genau daers sollt der iech bewosst maache FIERDRUNNER befier der iech blanne maensches an daat rageheit mat Erwaardungen dei sech wahrscheinlech net erfelle waerten ^^

daat war da lo den Nutella fier deng Schmier ;O

cioa smile

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Garry am 18.10.2007 23:04.

18.10.2007 22:48
Rolacro Rolacro ist männlich
Mitglied


images/avatars/avatar-106.jpg

Dabei seit: 21.11.2006
Beiträge: 26
Herkunft: Mars

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Re!
Gudd, sin net deen eenzegen deen keng breiderscher esst! großes Grinsen
Oah Garry, lo hues du mech schein ausserneen geholl... Augenzwinkern

Zu Zitat 1: jo, et tried schon eng gewesse routine an, dann kann een daat och als machine huelen; mee kuck waat en foto-automat mescht, am kuck waats du mess? An routine tried jo schlussendlech bei ALL beruff op...

Zu Zitat 2: mjo, bong... hues zwa recht... mee stell der vir dei zwee sin glaich gudd...?

Zu Zitat 3: hunn jo och net behaapt dat een nemmen dovun liewen kann...

Genau weis du et beschriwen hues stellen ech mer d'liewen vum fotograf vir. Jo du misst et jo baal wessen. Mee meng lo met ech hett lo pink ideen am kapp, also ech mengen ech idealiseieren dat ganzt net, ech sin mer schon bewosst dat dat ganzt keen relaxen job ass... Ech well net sou riwerkommen dat ech geing soen foto dat wier mat den hänn an den täschen duerch d'welt laatsche mam apparat um hals, am heinsdo scheissen. Ech kann mer och virstellen weis du gesoot hues dat mam drock alles aanescht ausgesait, wann een d'messer um hals huet!

Dat waats du lo soos mam nierwenberuff hunn ech och schon geduet... Dat ass eintlech eng gudd method. Muss een nemmen na en beruff fannen deen engem gefellt, an deem enegem d'meiglechkeet get en zweete beruff ze leieren...

Asou, et braucht een eng meeschterprüfung, och wanns du vun der uni kenns? Krut nehmlech net genau datselwescht vun engem fotograf gesoot...

En groussen merci un dech Garry, dass du awer mol eng vue vun bannendran gess! (dh wou bass du lo eintlech drun?)

à propos stage: ech sichen verzweifelt dono... sin emmer entweder ganz weit weg, oder schweideier... wees du do epps mei? thx

ass hei keen deen een kennt, deen duerchen aaneren parcour an d'fotografiewelt rankomm ass? (wi zum beispill, dat waat ech mat der wessenschaft gemengt haat...)

ciao

__________________
Quand on est pas fort, 'faut être malin! großes Grinsen
19.10.2007 11:35 Rolacro ist offline E-Mail an Rolacro senden Beiträge von Rolacro suchen Nehmen Sie Rolacro in Ihre Freundesliste auf
Garry
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ola smile dem test no sin ech haut sanguinesch, nett choleresch...Zunge raus ..haha also:

Zu Zitat 1: stemmt.. mee d'war mei fier ze soen: Ennerscheed Beruf-Konscht.. wei waat ech maan?..mengs de dann dann weilt iergendee bezuelen?..lol Daat as cool fier a mengem Portfolio an do hun ech och mei Suen dragestach wei ech der rauskruut (am Fong guer keng..lol) mee bon... aanescht geht ett heindsdo eben net fier e portfolio ze maan a mam Beruff huet daat am Moment (nach) net vill ze din Augenzwinkern schei waer ett smile

Zu Zitat 2: mjo, bong... hues zwa recht... mee stell der vir dei zwee sin glaich gudd...?
ma dann defineier als eischt mol 'gut'.. Fier e Patron heescht gut : 'lukratif' Zunge raus an dei mam Diplom huelen sech dann oft daat scheint Recht ze soen: ech hun en Diplom also bezuel mech mei .. hmm ;O haengt sws vill vum Patron oof a waats de lo genau maache wells..daat Thema as extrem vaste wei iwwerhaapt dei ganz Branche ^^ mee en diplom ze hun as effektif EMMER gut smile right! D'get just e puer Saachen an der Branche dei emmer waert valabel sin an zwar: geff dai Maximum egal waat ett dech kascht, conquer and destroy, geff nie ob, an zeih ett duerch egal wei schlecht datts de heindsdo do stehs..alle Wege fuhren nach Rom.. dei eng si mei laang, dei aaner mei kuerz, dei eng schmerzvoll, dei aaner e rouden Teppech mee dee gett och leider net fier jiddereen dee gut as ausgeluecht.. right time, right place... chance.. smile

Zitat3: ok Zunge raus dann hat ech dech falsch verstaanen oder ennerschaetzt ..sry smile

Zitat:Genau weis du et beschriwen hues stellen ech mer d'liewen vum fotograf vir. Jo du misst et jo baal wessen.
si bis haut awer nach emmer net richteg schlau draus gin... a raich scho guer net ... lol ;O

Asou, et braucht een eng meeschterprüfung, och wanns du vun der uni kenns? Krut nehmlech net genau datselwescht vun engem fotograf gesoot...
soht ech jo och net ;O ... ech hat gemengt: fier dech officiell 'Fotograf' nennen ze kennen dh: dech an der Associatioun unzemellen ... jo ... Mee ech soht och: dech iwwert Nieweweer z'etableieren.. Do brauchs de effektif keng, spriech asbl, eng Filiale opmaan, eng Agence, dech als Kenschtler umelllen deen als medium eben d'Photo huet an du daerfs +- daat selwegt maan oder kanns der de Meeschter iwwerschreiwe lossen oder nohuelen diermno wei etc.. sulaangs de eng TVA-Nummer hues... do gin ett vill verschidde Weer a koomescherweis hun dei weineg hei am Land dei nach am meeschte mat reng Photoe maan ze din hun och kee Meeschter.. hmm..*grübel*.. freht een sech wisou..muahahahahahahaha *ggg* ..no further comments soss daerf ech nemmei an den Exame wann een daat liesst Zunge raus Zunge raus Zunge raus
Als Journalist, Reporter etc brauch ee sws kee Meeschter sou wait ech wees mee si mer net secher well daat huet mech o na nie su richteg interesseiert ^^

En groussen merci un dech Garry, dass du awer mol eng vue vun bannendran gess! (dh wou bass du lo eintlech drun?) : ma relax.. gaer geschitt..smile waat ech maan?.. ben no 1 Joer Wurschtelen an nemme Photoe maan, gezwongener Extrem-Diaet a mierken datt een domadder net wait kennt endlech mol rem eppes teschend den Zaenn hun an eppes am Frigo mam Compromiss lo keng Zait mei ze hu fier daat waat ech un sech wollt maan mee hun awer mat Photo ze din..as also relax .. ;O

à propos stage: oooh... jee... hmm.. eischt Fro as: ween huet Suen zevill ??? beuh.. laangt Iwwerleen..keen.. ;O dh du misst der schon e Stage sans remuneration sichen. Bei weem..kA.. d'gin der awer genuch hai am Land ... spriech Zeitungen oder Studiofotografe wei www.frankweber.lu ..dee sicht der heindsdo fier ze botzen a Kabelen ze droen, d'Toilette botzen etc. wous de awer da kanns bessi iwwert d'Scheller kucken ;P bei him un ech och baal soss naischt gemaach wei daat mee d'war deen interessanteste Stage deen ech je gemaach hat ^^

aanere Parcours?.. hmm... kenne just Leit dei entweder Uni, Leier gemaach hun oder eng gewessen Zait am Mileu geschafft hun an sou de Meeschter nogemaach hun asw..... kA..sry ,, mee ech kennen der och dei D'Photo opgin hun berufflech, sech eng fest Plaaz gesicht hun, do nei Leit kenne geleiert hun an da vun deene Photoe maan..waat och geht.. an du hues eng secher Peih ;o

sou.. a lo gin ech meng eegen Toilette botzen a raumen.. smile

scheine WE :S..lol
chu smile
21.10.2007 15:06
JuZi
Grünschnabel


Dabei seit: 22.01.2007
Beiträge: 2

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hei Garry,
Du hues ett richteg ausernaaner gepleckt.
Fotograph Haaptberufflech, Coolen Job, an waat nach.

- Wann een mol schons 12 Stonnen mam ganzen Material an der Vest an um Bockel dohier gelaaf ass fier eng Reportage ze maachen dann denkt een schons anescht dodriwer.
- An dann weis Du sees, dei Fotoen deis du flott fends, an dei och bestemmt gudd sinn, gefaalen dem Client nett.
- Investissement ass och nett grad onbedeitend, ennert 2 Apparaten leeft guer neischt, ween haat daat nach nett, kenns opp een shooting an eng Maschinchen fonktioneiert nett...
Daat ass dem Client un sech egal, hien hätt gär seng Fotoen...
- An sou kann een fierunfueren...

Am beschten esou eppes niewenlaanscht, ouni engem opp d'Feis ze treppelen funn deenen Professionellen. Awer fill Saachen dei mier maachen, do sinn dei guer nett drunn interesseiert.

An dei grouss international Fotografen hunn sech och missten matt vill Oarbecht mol een Numm maachen, an dann kennt e beemol een deen besser ass, oder aner Idien huet, an schwupps bas de weg vom Fenster.

Fotographeieren leieren, OK, jo Theorie, awer daat muss de dann herno emsetzen, an dann leiers de bei all Foto deis de mechs bei, awer wierklech bei all Foto.

Pro-Fotograph... do ass ett nett wei hei um PG, 100 Fotoen maachen fier eng eropzelueden. Do hescht ett 100 Fotoen machen esou gudd wei meiglech, = , sou mann wei meiglech Oarbecht mam PS, well Time is Money, an bei engem Event kanns de och nett zreck goen, do muss de alles an der Kescht hunn.

Iwerlee der desen Schratt gudd

JuZi

Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von JuZi am 24.10.2007 10:39.

21.10.2007 20:28 JuZi ist offline E-Mail an JuZi senden Beiträge von JuZi suchen Nehmen Sie JuZi in Ihre Freundesliste auf
Rolacro Rolacro ist männlich
Mitglied


images/avatars/avatar-106.jpg

Dabei seit: 21.11.2006
Beiträge: 26
Herkunft: Mars

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Garry: Wi et schengt hues du der missen den rim enk zeien... Bewonneren deng perseverance! Dat mat den weer op Rome verhaalen ech mer! Augenzwinkern

@JuZi: Jo, also ech iwerleen mer et ganz gudd! An wahrscheinlech maan ech virdeischt mol en aanert beruff... Dat geif mer schon vlait mei fraiheet gin!

Weivill Pro-fotographen hunn mer eigentlech hei op PG? großes Grinsen

__________________
Quand on est pas fort, 'faut être malin! großes Grinsen
23.10.2007 17:20 Rolacro ist offline E-Mail an Rolacro senden Beiträge von Rolacro suchen Nehmen Sie Rolacro in Ihre Freundesliste auf
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Rolacro
Weivill Pro-fotographen hunn mer eigentlech hei op PG? großes Grinsen


Hänkt wuel vun denger Définitioun oof vun Pro...

Wéini ass en Pro? Réicht dann wann een just vum Fotoën machen lieft, an soss naischt anescht mecht fir Suën ze verdengen? An deem Fall sin ech keen, an denken dass och net vill anerer op PG an deem Fall sin. Leit déi regelméisseg Suën mat Photographie verdëngen gët et der wahrscheinlech e puer méi. (Ech sin een vun denen.)
23.10.2007 20:46 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
toto
Tripel-As


Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200

Themenstarter Thema begonnen von toto
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dann so mol w.e.g wei kann enn sech dann suen machen mat fotoen ounie beruflech domader bechäftegt ze sin.
wei muss enn do fir goen ?
op wat muss een opassen?
wat fir fotoen sin am mechten gefrot ??
23.10.2007 21:07 toto ist offline E-Mail an toto senden Beiträge von toto suchen Nehmen Sie toto in Ihre Freundesliste auf
CK
Eroberer


Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von toto
dann so mol w.e.g wei kann enn sech dann suen machen mat fotoen ounie beruflech domader bechäftegt ze sin.
wei muss enn do fir goen ?
op wat muss een opassen?
wat fir fotoen sin am mechten gefrot ??


Een Beispill ass d'Sportfotographie, fir eng Zeitung. Hei am Land ass daat quasi exklusiv en Job deen niewenberuflech gemeet get, vun Leit déi daagsiwer eppes anescht machen. An mengem Fall haat ech daat passend Material, an wéi ech eng Annonce gesin hun hun ech mech gemeld, hun Testfotoën gemeet an sin geholl gin.

Dann get et d'Méiglechkeet vun der Stock-Photographie. Hei hun ech weineg Erfahrung, och well ech nach emmer net genuch Zeit haat fir mech sériös dermat ze beschäftegen; mee et ass eng Optioun déi ech mer fir d'Zukunft ophaalen well. (Graff gesoot hues de en Portfolio, deens de bei Agencen plazéiers, an dann kënnen hier Clienten deng Fotoën lizenséieren. Den Firdeel ass, dass de flexibel bass, je méi gudd Fotoën dass de hues je méi kanns de der plazéieren an potenziell verkaafen. Den Nodeel ass dass d'Konkurrenz enorm ass.)

Et get sëcherlech nach aner Richtungen - Richtung Portrait zum Beispill, mee do kennen aner Leit der secherlech besser Erklärungen gin.

Et get fill Forumen (dpreview.com, fredmiranda.com fir der nemmen zwee ze nennen) wou et dédizéiert Ennerforen get fir professionell Photographen. Ech giff der fiirschloën do mol matzeliesen, deng Froën an eng ganz Rei vun Äntwerten, tauchen do regelméisseg op. Wann een do kritesch matliest dann get een ganz vill gewuer.
23.10.2007 22:16 CK ist offline E-Mail an CK senden Beiträge von CK suchen Nehmen Sie CK in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Misc » hobby zum beruf machen

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH