Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Fotografie fir Ufänger
Dëse Workshop ass Samschdes, den 10. Januar 2015, um 09:00 Auer zu Jonglenster am Clubsall.
E gëtt gehale vum Johny Goerend a Christian De Carolis, op Lëtzebuergesch.

Adress:
Centre Culturel "Am Duerf"
rue du Village - Junglinster
Op der Kaart (Google Maps) kucken




Schonn d'lescht Kéier war dëse Workshop en Erfolleg, an well ëmmer nach grouss Nofro besteet hu mer decidéiert en nach eng Kéier ze halen.
En ass ganz kloer un all Ufänger geriicht, dee virun allem 2 grouss Froen huet: Wéi funktionéiert mäin Apparat, an op wat muss ech allgemeng oppasse beim Fotograféieren.

Mir erklären iech hei also op enger Säit d’technesch Saachen déi ee wësse muss vu sengem Apparat, weisen iech wéi dat op ärem Apparat genee ze gebrauchen ass, an demonstréieren dann och méi allgemeng wat gutt Fotoen vu normale Fotoen ënnerscheed a wéi dir och ganz einfach kënnt erreechen, dass är Fotoen direkt vill méi flott ginn.

Moies steet den Deel mam Fotoapparat um Programm, a Mëttes de Fotografie-Deel wou mer dann och Fotoen maache ginn an dir eis kënnt är Froen direkt op der Plaz stellen an ausprobéieren wat der neies gewuer gitt.

An der Mëttesstonn gi mer an de “Piccobello” iessen (net am Präis mat dran), a wéi laang de Workshop genee dauert kann bëssen variéieren, ofhängeg dovu wéi vill Froen dir eis stellt :) Mir schätzen, dass e wärt bis ongeféier 17:00 daueren.

Bréngt äre Fotoapparat, d’Beschreiwung an déi divers Accessoire mat. Vergiesst och net är Kaarten virdrun eidel ze maachen an d’Batterien ze lueden. Wann der wëllt kënnt der eis de Model vun Fotoapparat am viraus matdeelen.


Maximal kënnen 12 Leit drun deel huelen.

De Präis fir Clubmemberen ass 15€, fir Leit déi net Member an eisem Club sinn kascht en 25€.

Wichteg: Ugemellt ass ee réischt definitiv, wann ee sech hei ageschriwwen huet (Knäppchen drécken wou "Schreif mech elo an" steet) an d'Suen iwwerwisen huet op eise Compte. Wuer d' Suen mussen iwwerwise ginn kritt een nom Umellen direkt hei, an per E-Mail, matgedeelt.


» Fräi Plazen: 0
Fir dech anzeschreiwe fir dëse Workshop, muss de dech als éischt registréieren.
Prisci 01.01.2015 - 20:03
Gudden Owend , wollt iwerweisen fir 2 Persounen fir desen Workshop mee fannen Kontosnummer elo net mei ? smile
Johny 01.01.2015 - 21:29
Fir dass d'Plaze korrekt gezielt ginn, muss jidderee sech selwer mat eegenem Account umellen. Iwwerweise fir 2 mateneen ass awer kee Problem. D'Kontos Nr ass: LU62 0030 8812 4135 1000 (BGL)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 531 Gäscht online