Mech huet den Heli fassonéiert wéi deen di Konschtflig gemacht huet.
Looss se spretzen, mir drenken den Wéin awer, an et ass nach keen vun der Spretz agangen......., awer schon dax vum Wéin fir eng Nuecht....
Wou keen Kraut an keng Blumm wiisst an keng Insekten méi fléien ginn et och keng Villercher méi!
Fir de Profit muss eng (nach) gesonnt Natur och nach aus enger Monokultur weechen!
Do kann ech der lo net 100% Recht gin Conley. Ech wees net op's Du op der Musel wunns oder net, falls net, komm mol eng Kéier kukken. Och an deenen "gespëtzten" Wëngerten wuessen nach Blummen an fléien nach Viggel. Ouni lo all Détailer ze kennen, wees awer dass daat waat haut gesprëtzt gett, ass gezielt op verschideen Kränkten un de Riewstäck zougeschnidden.
Ech wunnen leider net op eiser schéiner Musel. Wann dat esou ass dann freet dat mech natierlech! Bio Wäin ass et awer trotzdem net. Bezunn hunn ech mech op Berichter aus der Landwirtschaft aus Däitschland, wou bis zu 5 mol gesprëtzt geet. An net nëmmen géint Pilzer mee och géint Insekten an Onkraut. Woubäi Onkraut zum gréissten deel, eigentlech nëtzlech Kraider sinn. Och an eisen Felder sinn nach seelen Karblummen an Moonblummen ze gesinn. Gesprëtzt geet mat Chimie di fir Privat Leit verbueden ass. An der Landwirtschaft ass de gebrauch vun Roundup vun der EU awer verlängert ginn. Ech kennen keen Gard Besëtzer deen dat op seng Planzen géing sprëtzen. Eu konform dierfen mir awer Glyphosater behandelt Pflanzen iessen, wat op de Felder gestrëtzt geet!
Mir ginn dach ëmmer belunn! Looss dir awer däin Brietchen gutt schmaachen!
Di misst mol eng kéier ëm geschriwwen ginn. Gudden Wäin mécht net nëmmen den Himmel. Laach zu der Sonn, Mineralien am de Buedem. An een gudden Wënzer mech e gudden Wäin.