Sou schlëmm et och ass, Zora, mais du gesäis jo datt séng Locations kengem verrooden, och keng Garantie ass. Domadder hun ech lo net gesot, du misst alles public maachen, beileiwen net...
Ech gesin éischter do an déngem Verglach nach d'Gefor, an déi's du kanns gerode, wann s du sou verloosse Plaazen, déi et vläicht net sin, besichs.
Ech fueren z.Bsp regelméisseg an engem Duerf net wäit vun eis wech laanscht een aalt Haus, dat elo zanter 3 Joer ongeféier eidel steet. Am Ufank war et just verloossen, irgendwann war eng Raut an der Fënster gebrach, lo si scho méi Raute gebrach an ech wëll och net wësse, wéi et bannenan ausgesäit. An da läit dat Haus direkt un der Haaptstross a mol guer net wäit vum Rescht vum Duerf wech...
also an denen 6 Joër wou ech daat lo man, ass daat mer nach nie geschitt, mee anneren Léit schon, an deen Vandalismus do kennt net vun emgem Urbexer, hun mer schon iwerlued unzefänken mat Häckelen, mee bon , merci Nicon07