Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

?

 
?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2017
  • Gekuckt:
    10994
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/1 sec
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1102x1100
  • Späicherplaz:
    116 KB
  • Originaldatum:
    2016:11:27 21:54:42
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87726]
Kommentar vum Fotograf:
Mir gefält dat Bild, ass et dat läscht wat ech hei däerf weisen? Et ass nach net emol eng WF gewielt ginn. Zukunft vun PG ?
pixelman 22.01.2017 - 10:23
deng Foto ass baal net ze toppen, Style an di Feinhéten sin aussergewéinlech. Huelen un dass deng Serie och aanerwärts weis wou méi en liewegen Austausch vun Ideen stattfend. Photogen ass en Auslaafmodel, huet och kee Wärt hei zefill Zeit ze verschwenden, daat brengt dech net weider !
Conley 23.01.2017 - 22:32
Nee di weisen ech just hei. Wéi den Nicon07 schreift, ass et mir och de Moment ze Zäitintensiv. Freeën mech iwwert däin Kommentar an deng Beuerteelung vun der Foto. Merci pixelman!
Nicon07 22.01.2017 - 10:41
A wann et di läscht Foto sollt sin, déi's du hei duerfs weisen, dann ass et bestëmmt eng vun deene beschten, déi je hei gepost gi sin. Fir méch ass dat hei d'Wochefoto hors concours. smile
Conley 23.01.2017 - 22:33
Ech hoffen dass et net di läscht ass. An freeën mech esou vill Guddes hei ze liesen. Merci Nicon07! smile
NikonD80 22.01.2017 - 11:46
ech muss dem Nico Recht ginn, di Foto ass wierklech super smile

anscheinend sinn ech net den eenzegen deen mengt hei géif net méi vill lafen unhappy
Nicon07 22.01.2017 - 14:37
Ech fannen et komesch, datt ëmmer méi User bäikommen an et der mëttlerweil schons wäit iwwer 100 sin, a wann een dann d'Skills kuckt a virun allem d'uploads vun deene rezente User, da freet een séch op do net deelweis e Bot um Wierk ass. unhappy Oder ass dat ee weidert Indiz vun eiser komplett deboussoléierter Welt, wou een séch einfach sou mol an engem Sozialen Netzwierk umellt "fir ze kucken", an dann näischt méi..
sandra_point 22.01.2017 - 15:29
Ass et dann net éichter well et schon baal eng Aart Däiwelskreeslaaf ass? Et mellt een sech un, et mirkt een dat net vill leeft, an dann ass een selwer schon manner motivéiert eppes ze maachen, wann een en puermol gemierkt huet dat net vill Feedback kennt?
NikonD80 22.01.2017 - 16:03
do kanns du Recht hunn

ech hunn schonns e puer Mol gemierkt dat nei Benotzer eppes erop gelueden hunn, op gutt oder schlecht ass egal, mee guer keng Reaktiounen koumen
Nicon07 22.01.2017 - 17:08
Dat ass ganz sécher richteg, @sandra_point, mais et wier jo awer eigentléch dann och un deenen neie User, mol bei deenen "aalen Huesen" e puer Kommentarer ze schreiwen. Oder einfach ënnert séch ze "chatten". Bestëmmt kommen se sou dann éischter an d'Community ran. Ech denken awer virun allem un déi, di 0 skills hun. Déi hu jo mol nach net ee Kommentar ofgin. A keng Foto gewisen. Wéi ee mat deenen an d'Gespréich kënnt, dat wéist ech awer mol gären. OK, et kann een op hirer Profilsäit ee Kommentar schreiwen, mais wann och do näischt steet, wat se wëllen iwwert hir Persoun an hire Bezuch zur Fotografie veroden, dann ...

Awer fir et mol mi positiv ze gesin: Ech sin och online an enger Mega-Community, wou extrem vill lass ass, an awer sin ech do een Nobody mat enger Handvoll "Followers" oder "Buddies". Do muss de och andauernd on sin, an irgendeppes schreiwen, soss bass du do och no e puer Deeg nët méi "kommentarwürdeg", wanns du eppes Neies roplueds. Mais do gët et awer Leit, déi kréie bei deem gréisste Schund oder der 100.000ster Variatioun vun engem Motiv zeg bis honnerte vu Kommentarer am Stil "Nice pic", oder "Perfekt in Szene gesetzt", an dovunner kann een séch dann och näischt kaafen. Dann hun ech léiwer ee rouege PG, an heiansdo komme richteg Kommentarer, wou ee mierkt, datt séch de "Kuckert" mat der Foto beschäftegt huet, eet hien säi Comment geschriwwen huet.
NikonD80 22.01.2017 - 16:01
Ennen steet Benotzer am Ganzen "3633"

da kann een sech jo awer nëmmen wonneren !
Nicon07 22.01.2017 - 17:11
Ech gesi lo grad, datt ech eng 0 zemann getippt hun uewen. Ech wollt eigentléch 1000 schreiwen, mais ech mengen, dat huet jifereen hei och verstaanen. 100 no souvill Joer, wier wierkléch e bësse "roueg"... closed_eye
jaya-the-cat 24.01.2017 - 08:41
Ech erlaabe mer kuerz dorobber ze äntwerten. Ech hunn mech virun enger Zäit bei Photogen ugemëllt (2012) a gehofft, hei duerch Kommentarer, Ureegungen asw. mäin Level an der Fotografie ze steigeren. Mä:

1.Leider krut ech kaum Feedback an hunn ganz seier d'Gefill gehat et wär en Innercircle vun 10 Leit dei sech geigensäiteg hier Fotoen kommenteieren. Do hunn ech och nach bei enger Foto gelies, dass (ech wees et elo net méi auswenneg, mä esou ähnlech ewei): "dei ganz schlecht Fotoen kommenteiert ginn an déi ganz gudd, déi derteschent jiddfereen iergendwei kaal loossen". Ech selwer schätzen méi kënnen ob net immens grouss an, mä wahrscheinlech just iwwer dem Seuil wou se als ganz schlecht wouer geholl ginn....

2. Et gesäit hei mat momenter dono aus, wei wanns de misst Villercher fotografeieren fir wouer geholl ze ginn. Natierlech sinn gudd Naturfotoen schweier ze scheissen an erfuerederen Gedold, Kënnen, MAitrise vun der technique (an e gewesst Equipement), mä dat schreckt of.



Nicon07 24.01.2017 - 12:55
Wat s du do schreifs ass ganz richteg. An ech muss dir gestoen, datt ech méch och zu deenen zeieln, déi's du hei uschwätz. A fir déch direkt ze berouegen, ech sin elo net ageschnapt oder béis doriwwer. Am Géigendeel, ech fannen et gudd, datt s du dat mol seess, well op mannst fir méch zielt dat do sécher. Ech kommentéieren effektiv och bal nëmme bei deenen, déi ech virtuell hei kennen. An dat ass ganz sécher net gudd, wann ech net och mol bei aaner eppes schreiwen.
Zu déngem Zitat, datt just schlecht a ganz gudd Fotoe Kommentarer kréien, wëll ech dest froen: Ass dat dann net normal, datt ee bei korrekte Fotoen, déi engem gefalen, mais di awer trotz exzellente Qualitéiten, näischt Neies, oder näischt Bemierkenswertes erzielen, net automatesch ëmmer "schéi Foto" oder sou schreift? Domadder hun ech net gesot, datt Fotoen "dertescht", wéi's du dat nenns, automatesch net gekuckt oder vum Internaut analyséiert gin. Et ass, denken ech, zum Deel och eng Art "trop plein", déi séch am Netkommentéiere bemierkbar mécht. Sou nom Motto: Ok, eng ganz gudd Foto, technesch an der Rei a vum Bildopbau virbildléch, mais dat do huet ee schon zevill dacks gsein, datt et een nët méi zu Begeeschterungsausbréch animéiert. Ass dat elo richteg oder falsch? Ech géing soe, vu béidem e bëssen: De Fotograf hätt gären eng Reaktioun, eng Bestätigung, datt hie säi Metier no an no besser beherrscht, a wëllt vläicht Ureegunge, wéi een di Foto nach aanescht hätt kënne maachen. An de Kuckert denkt: Wat soll ech deem do nach schreiwen, dee mécht säin Job jo méi wi uerdentléch. An do derzwëschend ass "Schweigen der Lämmer" smile
A mat der Villercherfotografie soen ech dir dat hei: Dat ass effektiv hei um Site eng Inflatioun gi, wou ech net onschëlleg dru sin. A wann een "tongueerfekt Material" huet, da setzt een dat och gären an. Mais ech selwer mierken, datt ech am gaange si, méch do an déi Richtung ze verrennen, an dann deet et gudd, mol opgerëselt ze gin durch sou een zoutreffende Kommentar vun dir. Merci! Ech probéieren, mol aaner Saachen ze knipsen an Zukunft.

N.
jaya-the-cat 24.01.2017 - 08:41


Conley 23.01.2017 - 22:36
Hoffen dass et geschwënn erëm besser hei gëtt, och wann ech net vill dozou bäidroen kann . %uF04C
Merci NikonD80 freet mech dass Foto esou gutt gefält.
jorsch 22.01.2017 - 20:32
E super Bild. Eng kloer Struktur duerch de riichte "Stamm" an der Mëtt an ganz vill Dynamik a Spillereie ronderëm. Du hues et eraus mat den Drëtonguesen!

Ech hoffen net datt dat däi lescht Bild hei wier! Photogen huet vill un Dynamik agebéisst. Ech wëll net no Ursaache siche goen, et ginn der bestëmmt méi. Mee ech wëll drop hiweisen, datt Photogen eng Platform ass déi an deeër Form keng Alternativ huet. Mir huet Photogen vill bruecht, besonnesch wéi ech ugefaangen hu mat Fotograféieren an ech wëll dru gleewen, datt déi aktuell Flaute just passagère ass.

Hu mol jiddefalls wëlles mech net sou schnell découragéieren ze loossen! Avis aux amateurs!
Nicon07 22.01.2017 - 20:56
Ech si quasi vun Ufank un als User bei Photogen mat dobei, an do gouf et schon eng yet Krisen, déi alleguerten iwwerstaane gi sin. Des Kéier wärt et net aanescht sin. Kapp héich! PG lieft durch eis Fotoen. Sou laang mir der roplueden, iwwerlieft PG.
Conley 23.01.2017 - 22:39
Merci fir d´Analys vum Bild, an et freet mech dass et gefält jorsch! Ech gesinn dat genau esou wéis du et hei beschreifs. Soulaang et PG gëtt wäert ech sécher, zwar seelen nach Biller weisen.
Eric_1989 23.01.2017 - 18:34
Flott gefällt mir smile
Conley 23.01.2017 - 22:42
Freet mech dass Bild gefält. Merci Eric_1989! smile
gtaddei1 25.01.2017 - 20:19
superbe
Conley 26.01.2017 - 12:32
Merci
marker 29.01.2017 - 13:30
Quelle image Conley, ça valait vraiment le coup. Ouni grouss Erklärungen, ..einfach ee super Bild..!!
Conley 04.02.2017 - 00:16
Merci marker! Et ass jo och schwéier eng Erklärung ze schreiwen. Wann een net genau weess wat oder wéi dat gemaach geet. Freet mech dass Foto gefält!
marker 04.02.2017 - 10:16
..genau esou Conley, ech kenne mech Null mat denger ugewandter Technik aus, mäi d'Bild ass impressionant.
bac 29.01.2017 - 18:00
Also mir gefaellt deng explosiv Foto Conley
Conley 04.02.2017 - 00:24
Explosiv an eng gewëssen Ureegung PG besser ze maachen, war meng Iddie bei dëser Foto.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Cinque Terre

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Firepat
Am Ganzen: 3688
2 Benotzer an 251 Gäscht online