Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Test
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.09.2016
  • Gekuckt:
    16567
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/3200 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    500 mm
  • ISO:
    220
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1200x703
  • Späicherplaz:
    667 KB
  • Originaldatum:
    2016:09:11 09:37:02
  • Fotoapparat:
    NIKON D500
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87003]
Kommentar vum Fotograf:
mat der D500
Nicon07 12.09.2016 - 11:11
An? Och zefridden? Oder geet et dir wi mir, datt d'D500 zwar ee Mega-Fotoapparat ass, mais datt se awer a schwierege Liichtsituatiounen Problemer huet a wäiss extrem ausbrennt. An datt d'Autonomie manner grouss ass, wéi se an den Tester schreiwen. Am schnelle Seriebildmodus mécht se nawell séier schlapp, an ech hat suguer de Fall, datt ech den Akku, deen an der 500 "doud war, an der 600 nach fir gudd 50 Fotoe benotze konnt. Komesch, oder?
NikonD80 12.09.2016 - 14:11
Bis elo emol zefridden
Kuck emol beim "Weissabgleich"
Do kanns du dräi verschidden Méiglechkeeten astellen.
Bei der "Auto 0 " bleift wäiss och effektiv wäiss.
Hues du eng YQD Kaart dran ?
Meng Akku'en (Li-Ion01) aus der D800 sinn an der D500 och zimlech séier platt am Géigesaz zu dem Akku (Li-Ion20) deen bei der D500 dobäi war.
Ech hun eng Mail un Nikon geschéckt fir ze froen ob ech meng Akku'en kann dohinner schécken. Anscheinend kritt een se jo do ëmgetosch.
An elo just krut ech d'Äntwert vun Nikon dat ech soll d'Akku'en aschécken fir se ëmzetauschen.

Nicon07 12.09.2016 - 16:22
Merci fir di Info. Dat mat den Akkuë muss ech da mol mi genee kucken. et ka sin, datt ech vläicht di Originalakkue vun der 500 an der 600 oder der 7100 hun oder am Batterierack vun der 600, well ech nawell ëmmer di vollste Batterie mat op den Tour huelen, an dann tauschen ech se scho mol aus, ouni ze kucken. closed_eye A wan Nikon d'Akkuen tauscht, da schécken ech mäin och an.(Also Nikon tauscht den LI-Ion20 ëm oder tauschen se all kompatibelen Akku géint een LI-Ion20?)

De WB hun ech eigentléch nach net ëmgestallt, dat ass nach ëmmer dee vun der Wieksastellung. Ech kucken dat dann och mol no. De Problem nervt méch am meeschte, wann ech ee Groreeër oder ee Sëlwereeër fotograféieren. Du bass jo och Wildlifephotographer, du kenns de Problem jo bestëmmt och mat deene Vigel do.
NikonD80 12.09.2016 - 16:33
Nee, pass op, Nikon tauscht den alen EN-EL15 (Li-Ion 01) géint de neien EN-EL15 (Li-Ion 20) aus

Wierks Astellung steet op Auto 0
Do kanns du nach wielen tëschent Auto Normal an Auto warme Lichtstimmung
Ech hunn en awer op Auto 0 stoen an bis elo keng Problemer

Problemer hunn ech mam Lightroom 5 (deen spillt net mat)
Elo probéieren ech den Capture NXd
Nicon07 12.09.2016 - 16:42
Du muss op de Lightroom CC ëmklammen an all Mount blechen, da spillt Adobe och mat. unhappy
Den NX-D ass och gudd, well en "nativ" ass, an deemno de verlängerten Aarm vun der Kamerasoft. Leider huet deen nët méi d'u-point-Technologie vum Capture Nx, an du hues och keng gesonnert Regeler fir highlights a shadows. Ech maachen normalerweis eng RAW-Konversioun am NX-D an denn exportéieren ec de 16bit-TIff an de Photoshop, wou ech dann de Fine-tuning maachen. Du muss just oppassen, datt s du genee definéiers, wuer den NX.D séng Copie virum Export soll ofspäicheren, soss hues du an amen a jo däin Start-HD voll. By Mac ass et op alle Fall mol sou, datt en à défaut den Dossier "Images" dofir hëllt. unhappy
NikonD80 12.09.2016 - 21:12
ech mengen, ech bleiwen elo beim Capture NXD an kucken domat eens ze ginn, wat net sou einfach ass wann s du mat LR gewinnt waars.

Fir d' Vitesse vun der D500, hues du eng XQD Kaart dran ?
Nicon07 12.09.2016 - 22:38
Nee, am Moment hun ech nach nëmmen eng SD Extreme 90 mB/sec, déi awer scho séier genuch ass, fir 10 Biller/ sec duerchzehaalen. Mais ech hun zwar, außer wann ech op Vigel gin, de Single-View Modus oder den CL, deen ech op 6 Biller/sec agestallt hun. Dat geet méi wi duer. closed_eye Mais den 3D AF-Modus ass awer schon zouverlässech bei 10 Biller/sec.
NikonD80 13.09.2016 - 14:23
obschonns du den 3D net ze laang kanns benotzen ouni no ze fokusséieren
Nicon07 13.09.2016 - 20:05
Normal, nee?! Di Maschinne kënne scho vill, awer net alles... Ech verstin heiansdo net, wéi ech Enn 70er, Ugangs 80er, wou ech mat der Fotografie ugefaangen hun, manuell focusséiert hun, an di Fotoe scharf gi sin...bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 612 Gäscht online