Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

E Reiher...

E Reiher...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.04.2016
  • Gekuckt:
    12364
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1498x1000
  • Späicherplaz:
    296 KB
  • Originaldatum:
    2016:04:15 18:00:06
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma 70-300
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86068]
Kommentar vum Fotograf:
.....kreest laanscht d'Musel

Drop klicken lount sech.
Knipser 22.04.2016 - 20:36
Schéin erwëscht, flott, mat deenen Beem am Hannergronn.
Paul-H 22.04.2016 - 20:39
Merci gesoot. Op sou eng hun ech laang gewaart. Si sin immens schei an Du brauchs Gedold fir mol een méi no ze erweschen.
ornitho 22.04.2016 - 21:34
Ass io keen Detail mei drann wannste Drop klicks ????
Paul-H 22.04.2016 - 21:40
Fennste? Also et ass lo nach net déi allerschärfst mee wanns de drop klicks hues de awer schon eng besser Impressioun vum Déier fannen ech.
ornitho 22.04.2016 - 21:46
Jop, leider ! Dann kucken ech se leiwer nach kleng wei grous, well dei grouss Versioun fannen ech Katastrophe, ass naicht richteg Scharf, grëng chromatesch Aberatiounen an den Äscht dei och net propper scharf sen, an irgendwei mengt en et wir eng Art rauschen um Reiher...sorry kann ma beim beschten wellen des Foto hei net schéin schwetzen.... smile
Paul-H 22.04.2016 - 22:43
Bon, Du bass secher op deem Gebitt besser doheem wéi ech, dofir versichen ech Deng Kritik och eescht ze huelen, zumols well ech mech do réischt runtaaschten.
Daat mat den chromateschen Aberatiounen un den Äscht ass mir wirklech derduerch gaangen well ech mech op d'Déier konzentréiert hun. Do hun ech net opgepasst.
Mee dass dass d'Äscht net schaarf sin ass menger Meenung no zwar total onwichteg. "Näischt richteg schaarf" an "Katastroph" fannen ech och iwerdriwen. Ech denken daat ass e bessen haart jugéiert.
ornitho 23.04.2016 - 02:30
Kloer sin se onwichteg, mee se geheieren awa nunmol mat zum Bild...Ech wees net op meng kritik wieklech esou haart ass, mee mengen et kann en madeneen och eierlech sin an rit eraus, mengen muss en io och spross vum Weizen trennen kennen, wat gud an schlecht ass....Mee wanns Du da Meenung bas dass Deng Foto hei gud ass, Paul, dann lossen Ech Dech gären bei deier Meenung och, hun domadden keen Problem !
Paul-H 23.04.2016 - 14:40
"Gudd" ass natirlech relativ. Fir mech ass se "gudd" och well et, bis elo, meng beschten Foto vun engem Reiher am Vol ass. Do spillen dann sou Saachen wéi e bessen Onschärft an e klengt Rauschen keng Roll. Och wann een bedenkt mat wéi engem Objektiv se gemaach ass. Ech soen Merci fir Deng Éierlechkeet, loossen awer d'Prädikat "Katastroph" hei net gellen. Iwerhaapt mengen ech gett hei oft zevill "technesch" gekukkt, secher ass daat och vun grousser Wichtegkeet mee et ass bei enger Foto net alles mengen ech mol kennen ze behaapten.
Ech fannen et awer gudd an ech sen Dir dankbar dass Du als "Spezialist" op desem Gebitt d'Foto iwerhaapt kommentéiert hues.
ornitho 23.04.2016 - 21:39
Och wann ech hei net mei vill weisen, schreiwen, mee kuken ma halt alles un, all Foto heut e Bleck verdengt, meng Intertioun leit hei net engem seng Foto schlecht ze rieden. Kloer dat Weut Katastrophe an menger Formuleierung wor flait e bessen hart.. mee...et get io och net esou waarm gies ewei gekacht get normalerweis closed_eye

Mee ech fannen et wichteg das en an sengen Biller Perfektioun sicht, dass dat engem net bei all Schoss geglëckt ass ma och bewosst.....Nee e Spezialist sin ech am fong net wieklech closed_eye

NikonD80 24.04.2016 - 11:01
ech muss dem ornitho Recht ginn, op mengem Schierm ass se och verschwommen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: wandaluciaia
Am Ganzen: 3727
1 Benotzer an 703 Gäscht online