Merci ornitho, fir de Kommentar an de Fav.
Am Ufank war ech e bëssen enttäuscht, datt ech just den 70-200 mat op d'Insel hat a keng Noopnahme maache konnt.
Awer duerno hunn d'Biller mat sou vill Liewensraum mer trotzdem gefall.
Manner as heiansdo mei, netz net emmer mussen dei läscht Fieder kennen am Detail ze gesin, dei Biller hei sin grad deurch hieren Bildopbau vill mei interessant, an de Puffin kennt vill besser zur geltung dodeurcher... , du heus do alles richteg gemach
..richteg gutt jorsch, zemols déi éischt, mat denen Reendrësen, an en plus e ''Bild mat 'Raum''..
..och déi dezent an natierlech Faarwen, am difuse Liicht opgeholl gefalen mir hei ganz gutt..!!
Dat si richteg schéin Déieren, besonnesch mat de Reendrësen.
Du schreifs, du häss kee Tele dobäi gehat: mat wéi vill mm sinn déi da gemaach ginn? Sinn déi net weider schei?