Di fléien vun uewen iwwert den Bam an engem schéinen Bou an't Liicht , déi kleng hell Wollek um Horizont eran. Bewegung's Onschärft vun de Kueben betounen dat nach, et entsteet doduerch eng schéin Dynamik! Duerch de Grain ass eréischt di gewëssen Mystesch Stëmmung entstanen, wat dem Bild ganz gutt deet! Op een esou eng Foto Plangen kann, kann ech mir net direkt virstellen. Soss wier de Bam sécher ganz drop wann näischt do gestéiert huet. Grain ass esou eng Saach, awer hei Passt en wierklech ganz gutt!!
Ech si mam Auto nieft dem Bam mat de Kuebe stoe bliewwen an hu schnell eng Rei Biller gemaach. Natierlech sinn d'Kueben opgeflunn an all Bild ass liicht aanescht. Op PS hunn ech d'Kuebe vun deene verschiddenen Opnahmen zesummekopéiert. All Kueb ass also e puermol ze gesinn, mä dat fällt jo net op.
Riets stoung nach e Bam an d'Äscht vun deenen zwee Beem iwwerlappen sech. Ech konnt de Bam net propper fräistellen.
Fir méi eng geheimnisvoll Stëmmung ze schafen hunn ech e bësse radial Beweegungsonschäerft bei d'Vulle gemëscht, den SW. liicht getéint an och nach Grain derbäigemaach. Dat ass sécher adg., mee et freet mech datt et dir gefält!
Merci fir deng ausféierlech Erklärung jorsch, déi Äscht di vun riets vun engem aneren Bam an Bild eran kommen war mir net esou direkt op gefall. An deng Idee Bild esou ze verschaffen gefält mir elo nach besser. Ech hunn mech just nach gefrot op den klengen eenzelne Kueb ënnert dem Bam steiert, oder net ? Kann mech awer selwer net esou richteg entscheeden wat besser ass!
Een muss jo een den Ufank maachen, am Tour ronderëm de Bam ze fléien. Also huet den seng Aufgab och gutt erfëllt! Sos wier den Ufank mat dräi Kueben méi Katechet, also looss Bild op allefalls esou sinn!