Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Détours ...

Détours ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.07.2014
  • Gekuckt:
    18855
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    12.8 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    600x800
  • Späicherplaz:
    384 KB
  • Originaldatum:
    2014:07:05 16:22:21
  • Fotoapparat:
    DMC-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79309]
Kommentar vum Fotograf:
… peut-être.
Maimonides 06.07.2014 - 21:15
http://www.dailymotion.com/video/x2t9u3_bourvil-l-eau-ferrugineuse-sketche_news
Nicon07 07.07.2014 - 09:23
L'eau est bonne pour là, sans thé! Mais quand on la regarde à (ou de, peu importe!) travers, ça donne le verre tige, ô mine et râle!

Oder wi den Heinz Erhard et formuléiert huet: "Es ist schon was dran, am Element, dem nassen, man kann es trinken, oder aber auch lassen."
Maimonides 07.07.2014 - 20:09
Merci, Nico.

closed_eye
jekyll 08.07.2014 - 10:12
Waat géingt der nëmmen all ouni Google maachen, hehe closed_eye
Nicon07 08.07.2014 - 11:32
Google? Et kann ee vill googlen, d'accord, mais trotzdem... sou dement si mir awer net, datt mir awer och nach e puer Saachen ouni di Suchmaschin wëssen... hehe closed_eye

(@ jekyll: Dat ass lo vu mir mat vill gudd Laun an Humor a Schmunzele gelies a beäntwert gin, nët datt mir nach op eemol hei ongerechtfertecht Meenungsverschiddenheeten hun.)
jekyll 08.07.2014 - 14:50
Net dach, ech hun dat jo och mat Humor geschriwwen. Trotzdem, sin déi vill Zitater hei um Site secher net all aus dem Kapp rezitéiert... mee bon, ass de bonne guerre.
Nicon07 08.07.2014 - 17:21
Dat ass ganz sécher sou... smile Souwisou: Och fréier, wi et google nach net gouf, hu mir d'Zitater net all auswennech kannt, do hu mir dat a Bicher gesicht. closed_eye bigsmile
Maimonides 08.07.2014 - 20:35
Di Zitater si secher net
all aus dem Kapp zitéiert, jekyll,
wi dat da fréier war
wou mir soss neischt haaten !

Ouni Google
géif kee mi
villes
novollzéien können.

Maimonides 08.07.2014 - 20:18
Mir sin iwerhaapt net dement, Nico.
Mir wëssen suguer och nach
ween dement kéint sin:
maïs dat soë mir net !

closed_eye
Maimonides 08.07.2014 - 20:20
Mir sin och hei enger Meenung, Nico.

closed_eye
Maimonides 08.07.2014 - 20:15
Ouni Google wär et effektiv
vill mi komplizéiert:
well da misste mir scannen
wann 1 e Scanner hätt !

closed_eye
MsJarryman 07.07.2014 - 23:14
Fënns Du dat daat Doten dann elo besser ass, wéi dem Vince seng Boudoire Fotoen, déi's Du esou gnadenlos zerfleescht huëss, et waren Super Fotoen, wat leider elo e grousse qualitative Verloscht ass fir dese Site. Esou Biller wéi Desen hei kräischt Welt nëtt no. Kier virun Denger Dier, huëtt des Foto alles was Du beim Vince ze kritiséieren has, se ass ouwen gekätonguept, de Kadrage ass nëtt daat, an de Sujet ass 0000
Maimonides, Du gess mer op't Strëmp, mat Dengem philosophesche Gehabe.
JohnJ 08.07.2014 - 09:04
daat hues du elo awer nach ganz leif ausgedreckt...
Mir faalen do nach nach vill aaner Saachen an
MsJarryman 08.07.2014 - 10:03
Ech fannen et ganz schlëmm dat esou Top Leit wéi de Vince duerch esou Persounen hei eraus geeckelt gin. An hien ass net deen eenzegen.
JohnJ 08.07.2014 - 10:54
Hei geet et souwisou bierg oof...
ech giun dem site hei souwisou net mei fir laang
Nicon07 08.07.2014 - 11:38
De PG huet periodesch sou Phasen, wou et de Bierg of geet, mais bis elo huet en iwwerlieft. Ech mengen, dat ass leider sou, datt do wou Mënschen séch fir Konscht engagéieren, et zu Meenungsverschiddenheete kënt. Ech géif et schued fannen, wann s du Recht behaale géings, well egal wéi, PG huet vill Meriter fir d'Fotografie zu Lëtzebuerg. (an nach een Zitat, ouni google smile : Wo viel Licht, ist auch viel Schatten. closed_eye
Maimonides 08.07.2014 - 20:41
Wa mir eis net streiden, Nico,
da get et langweilig.
A PG huet effektiv
ganz vill Meriter !
Maimonides 08.07.2014 - 20:43
Kanns du en dann direkt begruewen ?

closed_eye
Maimonides 08.07.2014 - 20:51
Mir och, JohnJ.
jekyll 08.07.2014 - 10:11
plus 1
Maimonides 08.07.2014 - 20:28
De Vince huet 5 Fotoën hei um Site:
fënnef, MsJarryman !
Gidfereen kann déi kucke goën.

Wann ech dir op d'Strëmp gin, MsJarryman,
dann brauch ech mir keng Froën mi ze stellen,
well déi muss du dir da stellen,

a keng " philosophesch " .

Ech si keen Knipser, Fotograf, etc,
an hu keng Meenung vu mir:
ech proposéieren just.

closed_eye
Maimonides 08.07.2014 - 21:31
Ween wär ech dann, MsJarryman,
dass de Vince eis qualitativ
verloossen hät missen ?

Wat soll dat do ?

Ech sin op jide Fall
net vu mir iwerzeecht,
wi dir 2, anscheinend.

closed_eye
MsJarryman 08.07.2014 - 22:09
Ech mengen, all Mënsch hei um Site weess vu wéi engem Vince mer hei schwätzen, an dem seng Fotoen ka kee méi hei kucken, well den huëtt säin Account geläscht, a wann's Du nëtt méi weess was de sees a schreifs, dann haal einfach op domadder.
Ps, ech leiden nëtt ënner Schizophrenie, Du brauchs mech nëtt an der Mehrzahl unzerieden .
Maimonides 12.07.2014 - 00:22
"Schizophrenie" ass an desem Kontext
total détonguelacéiert. Wann et da muss sinn
kann ech dir dat Wuert
dann och nach professionell erklären,
MsJarryman.
MsJarryman 12.07.2014 - 22:26
Deplacéiert Kommentaren hues Du selwer Maimonides, der schons esou munch hei hannerloos, (a wann se da net geläscht si ging, da stinn se haut nach do). Iert ech ofschléissen heimatter, well ech dir an dësem Kontex trotzdem nach soen, DU Maimonides, brauchs mir näischt professionell ze erklären closed_eye
Maimonides 14.07.2014 - 20:09
Ech "brauch" net, do hues du Recht, MsJarryman.
Ech denken awer et géif vileicht sulues Zeit gin
vir dass du dann vum selwe géifs verstoën !
jekyll 08.07.2014 - 10:04
Schnappschoss, méi nët.... alt erem closed_eye
Maimonides 08.07.2014 - 20:13
Merci, jekyll.

closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 510 Gäscht online