Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

"Mäin" Äisi ...

Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (30.06.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.06.2014
  • Gekuckt:
    23624
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    550 mm
  • ISO:
    1400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    534x800
  • Späicherplaz:
    240 KB
  • Originaldatum:
    2014:06:30 07:41:57
  • Fotoapparat:
    NIKON D600
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
Konverter X1,4

Fir anzesetzen: [pg_img=79247]
Kommentar vum Fotograf:
... vun der Neimillen...

Nodeems ech schon zech Mol Äisvulle gesin hun op der Neimillen un der Uewersauer, laanscht "briederen", hat ech dann haut de Moien och endléch eemol d'Chance, datt séch ee vun hinnen op den diren Aascht bei der Hütt gesaat huet, an do e puer Minutte sëtze bliwwen ass. Hei ass mol eng 1. Foto vun him.
ornitho 30.06.2014 - 13:56
Flott heuste Joffer krut !
Nicon07 30.06.2014 - 16:02
Merci! Da so mir awer elo mol, wourunner een dann sou "sur le tas" erkennt, datt et eng Joffer oder een Här ass? Kann et sin, datt den Härche méi liichtend orange op der Brëschtchen ass?

BTW: Ech weisen den Owend no 19:15, wann ech neess fräigeschalt sin hei, eng aaner Foto vum Trauerschwan, déi ech de Moien an der Sonn gemaach hun. Do wollt ech dann e puer Froen derzou stellen. Kanns du wann ech gelifft an deem Moment eis e puer weider Infos zu deem Schwan hei zu Lëzebuerg gin? Merci am Viraus.
BigVood 30.06.2014 - 16:41
Bei der Madame ass den ënneschten Deel vum Schniewel orange. Beim Här ass den ënneschten Deel och schwaarz. E jonken Äisi huet d'Spëtzt vum Schniewel wäiss.
Nicon07 30.06.2014 - 16:58
Merci fir déng Bestëmmungshëllef.

ornitho 30.06.2014 - 16:41
op der Ennersait vum Schniewel ass e Lichte orangen Strech, dat seet definitiv dass e Weibschen ass.. Dei 2t Sach obet en Jonken oder allen Vull ass gesaiste un da Fierwung vun de Patten, sense Brongelsech, dann asset e Jonken, sense knetsch Orange asset en Adult.. Och heiansdo ass e Weissen Punkt op da Schniewelspetz en Indiz dasset e Jonken ass... Kuk mol Foten vum JCS, Schluck, Bigwood oder TC...
Nicon07 30.06.2014 - 16:58
Merci villmols fir déi detailléiert Infoen. Ech kennen all di Fotoen, déi's du mir réids ze kucken, mais ouni déng Erklärungen hei, wier ech awer lo net drop komm, wou een d^Ënnerscheeder fënnt. Do gesäit een, wéi iwwerflächléch ech heiansdo ka sin. unhappy
ornitho 30.06.2014 - 17:05
Naja , hänkt och of ewei ferm en sech mam Sujet selwer ausaneen setzt... dei eng kennen all Modell vun Auto, dei anner all Vull asw.. annerer kennen sech weder an dem engem oder anneren aus an man awa schein Fotoen closed_eye
Nicon07 30.06.2014 - 17:09
Do kann ech dir net onrecht gin...

Mais mat Hëllef vun dénger Initiation au Martin pêcheur weess ech elo awer och, datt ech och nach een Hien de Moie fotograféiert hun. bigsmile

http://fc-foto.de/34133481
ornitho 01.07.2014 - 14:36
E jonken hien closed_eye
ornitho 01.07.2014 - 20:54
p.S. nach emmer net de Problem mat deier Lens geleist ?
Nicon07 01.07.2014 - 23:12
Prinzipiell schon! Emmerhin hat ech d'Lëns an der Reparatur an do hu se se normalerweis ajustéiert. Hei ass et sou, datt d'Onschärft och durch den Entrauscher kënnt, well d'Originalfoto dach zimmléch Farfrauschen huet (1400 ISO) An et ass eng zimmléch stark Vergréisserung, well deen Aaascht, wou den Äisvull drop setzt, ass awer schon 5 - 6 Meter vum Abri wech. An da kënnt nach dobäi, datt ech ech selwer, wann ech fräihand knipsen, wakelen a virun allem liicht defocusséieren durch hannerzech oder fijenzech Bewegungen am Zentimeterberäich.
BigVood 30.06.2014 - 17:13

War d'lescht Joer och e puer mol mam Hond do spadséieren: do sinn d'Äisien engem nëmme sou ëm d'Ouere geflunn. Ass awer schwiereg, fir een ze erwëschen, well einfach ze grouss. Besonnesch am Ufank d.h. bei der Strooss/Bréck sinn si zimlech heefeg unzetreffe gewiescht.

Du kanns d'Liichter nach e bëssche erofschrauwen: déi wäiss Plommen an Deeler vum Aascht fannen ech iwwerstraalt.
Nicon07 30.06.2014 - 17:23
Dann hues du méi Chance wi ech, well ech begéinen der ni sou vill do. A wann, da fléien se mam TGV laanscht. Dofir war ech frou, datt ech demoien der 2 hat, déi séch bei méch sëtze koumen bei der Hütt hannen op der Neimillen.

Dat mat de Liichter ass sou eng Saach. Ech weess net, wisou, mais wann ech probéieren se zréckzehuelen, da geschitt net ganz vill. Wäiss bleift wäiss. Do misst ech méch da mat Maskéieren amuséieren. Mol kucken, wat do geet.
BigVood 30.06.2014 - 17:18
D'Madame an den Här @Wörk:
!Dës Foto ass net méi am System!



D'Resultat dovunn:
!Dës Foto ass net méi am System!
wäiss Schniewelspëtzt an op der Broscht sinn déi orange Plomme gro/gréngelzech. Eréischt méi spéit ginn déi och orange.
BigVood 30.06.2014 - 17:34
Du hues e jonken Äisi do geknipst: seng Patte sinn donkel, dat ass och nach nëmme sou bei de jonken Äisien.
Nicon07 30.06.2014 - 17:41
Lo hun ech d'Foto nei verschafft, déi ausgebrannte Plaazen um Kapp a Schniewel sonner beliicht a méi gro gemaach an de Cadrage verännert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 594 Gäscht online