Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Gordes
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.06.2014
  • Gekuckt:
    11762
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/350 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    485 KB
  • Originaldatum:
    2010:05:19 16:19:22
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Minolta 28-105
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79077]
Kommentar vum Fotograf:
et kann een et och esou gesinn...
Nicon07 20.06.2014 - 09:44
Jo! Sou kann een et och gesin. Dat ass jo grad dat Schlëmmt u Fotoe vu Gordes. Et ass am Fong eng schéi Vue op dat Village perché, déi an der Essenz hir Qualitéit niimols verléiert an déi fir jideree vun eis perséinléch hir Stären verdingt, mais well se Millioune Mol geknippst gëtt, huet se hir absolut Eemolechkeet verluer. An da bleift eis just nach d'"Effekthascherei" (hei mengen ech dat Wuert absolut wertneutral, also ouni déi péjorativ Konnotatioun), fir eppes Interessantes aus der Foto ze maachen. An dat ass eppes, wat nët nëmme fir Gordes-Fotoe gëllt, mais fir all déi touristesch iwwerlaafe Plazen. Dat heescht net, datt net nach inédits méigléch sin, mais d'Méigléchkeeten derzou gi vun Daag zu Daag méi rar. An dann ass do nach d'"Vulgarisatioun" vun der Fotografie durch d'Internetblogs a -foren, déi mécht, datt ee quasi dem Déjà vu oder der Imitation involontaire net aus de Féiss kënnt. Dat ass zwar ee Räichtum fir d'Gesellschaft, mais leider och eng Verarmung vun der Konscht. Irgendwou...

à suivre... (Mol kucke, vu wiem a wéi laang di vu mir ugestiwwelt Diskussioun heu weidergefouert gëtt!?)
Miau 20.06.2014 - 20:28
Masseproduktioun, deemools wann mir hu missten de Film bezuelen hu mir eis méi Zäit gelooss fir eng Opnahm, elo geet et klick, klick, klick...eng gëtt bestëmmt gutt...a weider....
marker 20.06.2014 - 23:43
..genau esou...., ...an déi Geschicht fir sech Zäit ze huelen fir eng duerchduecht Opnahm ze machen huet haut och nach ëmmer hir berechtegt Valeur Willy,

Eng flott Opnahm, scho bal wéi seinerzäit mat engem Lithfilm opgeholl, an de Sephiatoun gëtt dem Bild dee néidegen ''Touch''
Miau 21.06.2014 - 09:35
merci Marc
icylady 20.06.2014 - 11:05
ech fannen déi 2 Opnahmen flott, och wann den Motiv wéi vill anerer, sou wéi den Nicon 07 et seet, schons bekannt ass. Ech sinn schons baal iwrzeegt datt et an mengem Papp sengen Alben vun virun 50 Joer wou mir schons duerch d'Provence gefuer sinn, sou Foto'en gët, an och deemols sinn mir schons ëmmer (och zu Sisteron z.B.) stoen bliwen smile
Mee eent bleiwt: sou gudd deemols wéi elo ginn et Leit déi sech mam Motiv beschäftegen an wëllen daat Bescht fir sech draus maan.
Mir sinn en Sonndeg do an ech/mir wärten och Vu'en dovun maan. An ech hun vun bestëmmten Plaazen wéi Sisteron, Les Baux Aix, Aigues Mortes oder déi 2 deck Pinienbeem hannert St. Tropez smile och oft baal déi selwecht Foto an den leschten 30 Joer gemacht, ouni et bewosst ze maan, einfach well mir deen Eck dovun oder déi Vu drop besonnesch gudd gefällt
Dann ass et haut eben och sou datt een schons déi Plaazen wou een hin wëllt, gudd kennt duerch googlen asw.,haut gët onsen Virwetz schons virdrun gestëllt. An awer ass et nach eppes anescht dann op der Plaaz ze sinn. Ech sinn awer och schons duerch Blogs oder Foren op eng Plaaz opmierksam ginn, wou ech anescht villeicht lanscht gefuer wär. Oder niii dohin.
Ech hun mir een roadbook gemacht an mir dofir och Foto'en vun Roussillon an Camargue ugekuckt. Natirlech gesait een do vill des Selwechten mol gudd mol schlecht. Mee daat kann awer och bereichernd sinn an engem Idee'en ginn, well d'Raad erfannen mir haut net méi nei, kann een just probéieren jiddereen op sengem Niveau, eng schéin Foto hinzekréien an doriwer frou ze sinn.
An dofir hun ech och keen Problem domatt "schons rem" eng Foto vun iergendwou oder vun engem Déier ze kucken, well se fir deen deen se gemacht huet, dach eppes perséinleches huet, an ech mech wann se mir gefällt och kann dofir begeeschteren.
Vulgarisatioun an Imitatioun involontaire... ech mengen daat gët et haut an allen Bereicher, ob kulturell oder net, Ech gesinn nämlech Fastfood och als Vulgarisatioun vum Iessen un, z.B., daat kann een net méi vermeiden mengen ech. Mee ech ginn dir awer doran Recht, ass awer wahrscheinlech eng Begleiterscheinung vun der Entwëcklung an der Industrialisatioun (wéi z.B. och bei der Art an Weis Musik ze lauschteren, um Handy, war fréiher net virstellbar an loin de là vun erstrebenswert)
.

Nicon07 20.06.2014 - 11:33
Genau dat ass et. Du drécks et nach besser aus wi ech. Mat deem Ënnerscheed, datt et déngem Papp wahrscheinléch an de 50er Joeren egal war, ob nach aaner Leit do eng Foto gemach hu, well eng Foto war deemols nach méi wi haut a vläicht suguer exklusiv eng Materialisatioun von der perséinlécher Erënnerung (déi ee just mat Famill a Bekannte gedeelt huet). Mais haut, wann een se öffentlich der "Welt" weist, da riskéiert ee gesot ze kréien: "Oh nee!"; "Net nach eng Kéier!"; "Och du, mäi Jong!"; "Wi langweilech, dat do macht dach jidereen!" etc... An dat ass den Ënnerscheed. An dat fannen ech schued, datt durch déi Pluralitéit di perséinléch Eenzegartegkeet verwässert gëtt.
icylady 20.06.2014 - 17:41
do hues de Recht, an eng Foto ze maan huet deemols och vill méi lang gedauert wéi haut, oder wéi bei deenen Meeschten haut. Mee déi Entwecklung vun daat net méi interessant fannen hun ech awer och schons virun 20 oder 30 Joer festgestallt. Ech kann mech un Dias- an Filmowenter erenneren, déi och net deen Glanz waren, an un aanerer wou wahnsinneg interessant waren an dono nach lanag diskutéiert ginn ass, bis an den fréihen Moien.
Déi Pluralitéit hues de awer iwerall, haut kritts de fir 3x naischt een Auto, kanns fir 2x naischt an d'Vakanz, Gezei kritts de fir 1 € oder e puer méi nogehait asw. An daat brengt matt sech datt keen méi eppes schätzen léiert. Fir mech ass daat alles an der 'Öffentlechkeet matdeelen an breetmaan een Zeechen datt d'Leit ënnerlech onzefridden sinn an op déi Art an Weis Zouwendung oder Beachtung sichen. Jo et ass schued, mee ech mengen net datt et do nach een Zreck gët. Vill Leit liewen eben manner bewosst an méi iwerflächlech, well dann brauchen se sech net matt Onangenehmen auserneenzesetzen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 537 Gäscht online