Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

souviens-toi d'Omaha

 
All Fotoen an dëser Serie:
40976 Thumbnail
40977 Thumbnail
40978 Thumbnail
souviens-toi d'Omaha
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.06.2014
  • Gekuckt:
    12734
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78902]
Kommentar vum Fotograf:
fir den den anniversaire vum D-Day war ech e bessen a meng aal Fotoe kroomen,
mir waren deemools dohi gaang , fir eis e Bild iwwert d'Siten vum Débarquement ze maachen, et war schaureg an iergendwéi, war ech frou wéi mer vun deene Plagen fort waren
haut sinn al di Siten sou fuerchtbar commercialiséiert, an ech war schokéiert, dass do Plastiksmaschinegewierer verkaaf gi sinn, a Kanner déi ,mat all hiere Geräischer, do agesaat hunn.
arwa 09.06.2014 - 12:13
wann ech mer eng Bemierkong erlaaben duerf,
et misst "Omaha" héeschen (stéet jo och op där 2. Photo)
OK-Photography 09.06.2014 - 12:19
bigsmile bigsmile
Merci ArWa, soueppes rett den Dag! bigsmile
arwa 09.06.2014 - 13:57
mat déene ganzen Obama, Ohara, Ohama asw..... wie soll do nët duerchernéen kommen.. closed_eye

mischii 09.06.2014 - 15:48
et ass verbessert, Merci closed_eye
arwa 10.06.2014 - 10:25
closed_eye
arwa 09.06.2014 - 12:14
iwwregens, ech hat als Kand (1954 gebuer) och sou eng "Spill"-MP,
haut geif ëch kengem Kand sou ätonguepes kaafen !
Maimonides 09.06.2014 - 17:32
Ech hat als Kand (1950 gebuer)
keng esou eng Waff, Armand.
arwa 10.06.2014 - 10:24
jojo, du hues jo an enger Stad gewunnt déemols,
ech am deifsten Ourdall voller Reiber asw....... smile
Maimonides 10.06.2014 - 20:03
En enger Stad, Armand ?!
closed_eye

Ech hun 12 km vun dir eweg gewunt !!
Mais di Saach mat de Raiber ....

closed_eye
mischii 10.06.2014 - 22:35
d'Raiber hutt Dir jo allenzwee anscheinend gutt gemeeschtert closed_eye
vun deenen héiert een näischt méi!
Armand hues Du se all erschoss?
mischii 10.06.2014 - 22:35
.
arwa 11.06.2014 - 14:26
"bal" all ! smile
Maimonides 11.06.2014 - 19:34
closed_eye
Gaga 12.06.2014 - 10:09
an e psychopat bass de jo net gin, oder ? closed_eye
He-Lx 10.06.2014 - 10:00
D'Voie de la liberté féiert, schéngt et, a kommerziell Ofhängegkeet aus falschen Léieren.
BG Henri
mischii 10.06.2014 - 21:47
sou ass et leider, Merci Heng
Gaga 12.06.2014 - 10:08
Eng Plaatz wou een muss gewiercht sin Mischii.

Ech kann mech erenneren, dat mier am 4t Schouljoer vernannt gouffen well mer eis fier t'Fuesend als Zaldoten verkleed haten. Mir (e puer Bouwen aus der Klass) hun eis Uniformen missen ausdoen.
t'Madame Adam, dei secher de Krich nach als Kand erlierft hat, wor entsaat.
Ech erenneren mech oft dorunner, an froen mech emmer ob dat wierklech sou schlemm wor.
Mir (ech stellen mol meng Mehnung duer) hun net de Krich ugehimmelt, main Bop huet mir meng ganz Kandheet agepriedecht wat de Krich wor, fier eist Land an seng Famil (hien wor Zwangsrekruteierten). Wei schlemm dat as an dat et nieee mei zu esou epes dierf kommen ....

Wat mier ugehimmelt hun, woren t'Zaldoten, dei geinnt dat Beisst gekämpft hun, dei t'Leit beschützt hun an en Symbol fier Stärkt a Courrage woren. Genau wei Police a Gangster, Cowboy an Indianer spillen. (woubei ech et am nachhinein vill mei schlemm fannen engem Kand ze soen den Cowboy, deen och fier eng ethnesch Säuberung an Ausrottung vun Bisongen etc ... steht, als coolen Abenteurer duergestallt gouf, an t'Indianer als primitif mannerwerteg Rass!

Et wor och schon eng vereinfacht Duerstellung vun Moral a Politik, keen wollt de Preis sin... am Fong hun mier esou och ze verstoen kritt, dat et Sachen gin, geinnt dei een sech wieren muss an ob der aanerer Seit Werter, dei een verteidegen muss. Den Zaldot bleift emmer fier en Kand eng Heldenfigur, an dat as normal fannen ech.

Als Erwuessenen geht een vill ze weit sichen bei dem Ubléck, mais e Kand huet keng Mordgelüste, keen Haass a versteht secher net, wat Krich wierklech as. Dohier fannen ech et guer net schlemm dat e Kand wat esouepes kucken geht, och eng MP vun de Gudden well hun. Natierlech keinnten se och John Lennon Sonnebrëlelr verkaafen an Peace-Zeechen ... egal wei muss een och vill schwätzen, erklàren an Froen beäntwerten.

Ob et elo gut as de Kanner Hautzudaags nach ze vermettelen dat t'Ami'en dei gut sin, t'Helden an deren Schold mer stin, as eng ganz aaner Sach ... do geng ech soen dat et Haut eichter dei sin, firun deenen mer eis hiden missten.
mischii 14.06.2014 - 12:22
oh, Merci Marco, fir Deng laang Ausernaanersetzung zu deem Sujet, ech mengen do kann ee ganz laang driwwer discutéiren.
ob e Kand keng Mordgelüste huet sinn ech mer net sou secher, ech hun nämlech scho 4er jähreger erlieft , déi am Spill hier Popp ermord hun!!
, dann denken ech och nach un di vill Jugendlecher, déi neierdengs Amok laafen,
wann ech Dech fir d'next begéinen, kennen mer jo dann e bessi méi laang doriwwer schwetzen closed_eye
Gaga 14.06.2014 - 13:24
Ma gären...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 530 Gäscht online