Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gro-Reier

 
Gro-Reier
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.05.2014
  • Gekuckt:
    22973
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Net genuch
  • Gréisst:
    614x1048
  • Späicherplaz:
    93 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Hasselblad 500C
  • Programm:
  • Objektiv:
    Zeiss Otus 50mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Fotoapparat, Ilford XP2

Fir anzesetzen: [pg_img=78443]
Kommentar vum Fotograf:
Beim nuets tour erwescht...beim Saturn op der gare...um velo...
Schluck 12.05.2014 - 10:39
Wunderbar!!! ... definitif eng Wochenfoto! Respekt .. muss schon soen .. déin Numm ass Programm bigsmile
Egalwaat 12.05.2014 - 11:09
Merci... merci...smile
gtaddei1 17.05.2014 - 14:11
Egalwaat ... schreiw deng Aentferten mei perseinlech... dan liest en se och bigsmile
Egalwaat 17.05.2014 - 23:13
Okok,
Senn nach net sou kenneg haismile
gtaddei1 18.05.2014 - 00:11
Vla... Vill besser... Maach esou weider... Kreativ an dissakrativ!!!
Egalwaat 18.05.2014 - 21:28
Hulen mir emmer gut zeit fir en neien post...smile
BigVood 12.05.2014 - 14:16
Besonneg gut gefällt mir d'Ausso zur Beliichtung: déi bezitt sech awer secher net op d'Bild.
Respekt fir de Courage, dat sou oppen zou ze ginn! surprised
Egalwaat 12.05.2014 - 15:01
Merci... merci...smile
JADE 12.05.2014 - 18:44
daat dooten wier dann deen enzegen Grond wisou eng Zensur, vun menger Säit aus gesin, heiansdo (erëm) erwënscht wier;
emol nët wéinst der Foto selwer, mee wéinst der Provokatioun (par rapport zu Photogen), ouni déi een eventuell villäicht nach vun Konscht kéint schwätzen

an kommt elo nët matt "zur Konscht gehéiert och Provokatioun" ... dir hutt ganz gutt verstaanen waat ech mengen

Edit:
ech hun dëst elo un jidfereen hei op PG geschriwwen an guer nët speziell un d'Admins
(soss hätt ech ët hinnen per PN geschriwwen)
gtaddei1 12.05.2014 - 19:57
Jade...
D'Provokatioun ass elei awer extrem Creativ.... an firwaat och net ... hien street de Soom an dann gesäit hien waat hien méien waert...

Ech fannen seng Fotoen super... Hsselblad um Velo ... superb...

Ech hun den Egalwaat gaeren ... dé gefaellt mir dén Egalwaat ____

JADE 12.05.2014 - 20:19
Gennaro, daat soot ech jo smile
--> "nët wéinst der Foto selwer, mee wéinst der Provokatioun (par rapport zu PG), ouni déi een eventuell nach vun Konscht kéint schwätzen"

ët kann och sin, dass ech mech ieren (wéi esou oft!! daat ass och elo nët auszeschléissen ...) an daat bedéngt duerch (m)eng falsch Interpretatioun vun sengen "Kommentar vum Fotograf" an vun sengen Komments allgemeng ... ech hun ët als Provokatioun un PG gesin ...
gtaddei1 12.05.2014 - 22:18
Eng foto ass Subjektivisatioun... Jidderen ken soen waat hien wellt ... d'interpretatioun ass nach emmer perseinlech (ausser an der Schoul... do muss jidderen den Kirkegard oder den Goethe op der selweschter art an weis interpreteieren... smile

Haat daat matkritt dass du daat esou soos...
JADE 12.05.2014 - 23:08
jop, mir sin ons no deenen puer Joeren awer nach ëmmer eenz smile
Schluck 12.05.2014 - 23:51
Naja Gennaro .. ech froen mech ob's de ët nach ëmmer géifs so cool fannen an ët der sou gudd géif gefaalen, wann ët déi Photographie géif provozéieren, déi's du sou gaeren mëss an dir Spass mëcht. Dat do ass just gutt, fir denen Léit déi héi gaeren flott Naturbiller weisen d'Flëmm anzedreiwwen. Wann's du dat gutt fënns ...

Déi Zäit wou héi nach Biller aktivéiert ginn sinn war den Niveau weinstens nach méi heich an sou Saachen wéi dat do wieren guer net gewissen ginn.

Dat héi war emol een flotten Site, mais ët gët ëmmer Manner .. ech hoffen dass den Comité mol endlech rëm erwäscht an esou Toppeschkeeten einfach läscht.

Héi geet ët dach nët méi ëm den Spass un der Photographie mais drëmms déi anner Schéissen ze doën wëll den egalwaat sëlwer wahrscheinlech keng anstänneg Biller hinkritt an dofir aus Neid denen anneren wëll eng Auswëschen.

Sorry, mais ass dat wierklech däin Verständnis vun Konscht ?

gtaddei1 13.05.2014 - 09:02
Schluck... d'Provokatioun , egal an waat fir eng Form (awer emmer Friddlech) ass emmer eng gudd Saach... Weeste wou jidderen HDR gemeet huet ... op emool huet de Shanti opgehaalen elei eropzelueden, ...
Weeste dei Foto vum Egalwaat ... ass schlisslech guer net egal waat... Se ass Kommunikativ an Creativ opgebaut... Sie huet nix geint Animalier Fotografen ... mé villeicht geint en iwerdriwenen Dokumentarismus wou vill Arbescht gefroot ass mé weinesch Creativiteit... ausser bei deenen beschten ... wou d'Natur och extrem flott an artistesch duergestallt get (dei lescht vum Ornitho zB)

Weeste ... mir ass et egal op een meng Fotoen net gaeren huet ... mé kloer hun ech et gaeren wannse gefaalen... an wannste mool gudd kucks... ech eviteieiren fotoen eropzelueden dei sech zefill gelichen well se WF gin sin... Et sin der vill dei de site elei fir en Facebook 2 geholl hun...

Gef net rosen an spill einfach mat.... wann et eng Qualit provokatioun ass an net eng Hooliganesch
Shantideva 13.05.2014 - 14:17
1124 Klicks bis elo bigsmile
Se huet een wahnsinnege Succès!!! D'Wochefoto huet grad emol d'Halschent un Klicks. Also, WTF???
Soit... Wat dem Shantideva seng genau Absicht war fir keng Fotoen méi ze weisen, dat ass nach ëmmer kengem richteg bekannt. Och elo ginn just nach ganz sielen mol déi Eng oder Aner Foto op Flickr eropgelueden well ech den Link brauch (an soss op guer keen aneren Site). Fir wat wuel lued eng Persoun, déi leidenschaftlech gären Fotoen mécht, seng Fotoen net méi op d'Internet? Kann et sinn dass déi Persoun einfach eppes net méi brauch an no Anerem strieft am Liewen? An sou, d'Fotografie am Schiet vun aneren Ziler einfach deen Stellewäert elo huet den se tatsächlech nëmmen nach "kann" an "dierf" hunn well just dat Sënn mécht... at the end of the day... ? closed_eye
Awer schlussendlech ass des "Provokatioun" jo net kontraproduktiv, am Géigendeel, wéi ech feststellen kann. Awer wéi wichteg ass et dann och??? Just sou wichteg wéi een et fir sech selwer mécht....
Schluck 13.05.2014 - 14:58
Wou's du dann lo hei dei egen Créativitéit vum Egalwaat héi gesäis Gennaro, dat ass mir een Rätsel .. souguer d'Idee fir d'Bild ass vum Pixelman kopéiert (den säin Account schengt geläscht ze hunn), d'Bild aus enger Zeitung .. vläicht d'Obmolen vum Pfeil ?

Den Egalwaat ass jo bestëmmt een zweet Account vun engem anneren héi um Site, firwaat kann heen dann nët seng Mehnung ënnert sengem richtegen Account ausdrécken anstatt sech wéi een Feigling ze verstoppen ?

Wann ech d'Kommentaren bei der héi Foto

Groreiherporträt


richteg interprétéieren sinn och nach anner Léit der Mehnung das dat do just Provokatioun vun Néider ass, souguer déi vun denen Beschten.

Firwat sollt ech rosen sinn, nee, bien au contraire, ech fannen ët absolut witzech an onwahrscheinlech lächerlech wat héi verschidden Léit sech Méi machen an een Zirkus obféieren, nëmmen wëll se bis elo mat hierer Photographie nët weider kommen an nët déi gewënschten Obmierksamkeet kréien.

Dofir wëllen se dann och denen anneren déi Spass hunn hier Freet huelen an se faerdeg machen. Ech fannen dat armséileg an feig.

Mais bon, dat ass een jo sou lues gewinnt héi ass ob allen Fall eng gutt Saach fir driwwer ze laachen wann mer am Tarnzelt ob déi flott Naturmomenter waarden.

gtaddei1 13.05.2014 - 18:09
Schluck du hues recht!!! Mee mengste hai op photogen waer et wichtesch opzefaalen... Ech mengen et huet mech nach keen iwert pg eppes offreiert (villeicht well ech net verdengen) ...
Egalwaat 12.05.2014 - 22:57
Merci fir dei negativ an positiv ausoen...wert nach dei eng oder aner schep drop lehen...the next picture coming soon...Mercismile
gagapix 13.05.2014 - 15:05
also et kann een jo net soen en hàtt sech keng Gedanken gemach ....


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 612 Gäscht online