ech hunn mer doropshin d'Originaldatei nach eng Kéier op d'Long gezunn - an jo stemmt, ech kréien nach "alles" aus dem Himmel ungewisen.
Allerdings: andeems ech d'Foto vun uewen mat engem daischteren Dégradé beleen, reckelt se fir mech wait vun dem fort wat ech well weisen. Et geet mer net em een HDR an enger vertriwwelt Beliichtung, mee em een schwéieren Steen den sech an der Déift an een liichten Himmel opléisst (hell Faarwen an eng liicht Onschärft). d'Foto ass mat vill Gedold gemaach an amfong genau sou wéi ech se gudd fannen.
Mee stemmt, technech gesinn, ass dPotential do, do hues de Recht.
(waiss a/o ausgebrannt ass se net, och net hai um Site, wann een daat ugewisen kritt, lait et wuel um Bildschirm)
hehe joah, kommen emmer bessi un d'zweifelen wann et em Hellegkeetswerter geet, do geet sou séier eppes mat engem schlechten/aneren Bildschirm verluer...
Muss mer och endlech selwer mol een kalibréierten Schierm zouleen.....seuftz...
Awer esou minimal, datt een scho bal eng Kontrolllinn zéie muss, fir et ze gesin
Flott Olli, fir méch ass däi Steen e bëssen zevill ageengt (ech hätt no lénks Raum gelooss), awer dat ass afg a fir de Rescht gefällt d'Bild mir gutt.
D'Reflexioun vum Himmel ass effektiv heftég, ech hätt perséinlech och probéiert e bëssen z'atténuéieren, awer dat ass afg.
hmmm ech mierken, ech hunn nach net déi Perfektioun dran wou ech duercht! wärt mer dei Foto nach eng Kéier grendlech op d'Aan zéien - emmerhin gefällt se mir nach emmer immens gudd, an ass mer "d'Ajustéiren" wert!