Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Teerschlieren an blauem B

Teerschlieren an blauem B
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.09.2013
  • Gekuckt:
    12116
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    6.33 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    775x1055
  • Späicherplaz:
    680 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    DSC-T9
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74833]
Kommentar vum Fotograf:
Bei dësem Bild ass den Ënnerscheed tëschend abstrakt a figurativ fléissend: Duerfir dës Kéier ee Bild mat Titel.

D'original Foto ass iwwrigens net "staark beaarbicht". Duerfir passt se net an d'Kategorie "Digital Art". Hu just de Kontrast ë bësse ropgesat an nei cadréiert.
Maimonides 14.09.2013 - 17:47
Als Foto, bopa,
gefält di do mir net.

Als Bild, gemolt an arrangéiert,
(Pop-Art) zum Beispiel,
wär se interessant.

An dee klenge bloën Dreieck,
enne rechts ass net emsoss.
An di geel Rondelen, lénks uewen,

de Pelz an der Mëtt ënnen (!)
si schonn installéiert.
"Fléissend", zumols goudron,

wär secher Eppes
fir den DALI geweest.


An all déi,
di bei dëser

Divertimento 003


ganz deck Baken gemaach hun,
kréien di selwicht Baken
net mi auserneen.

closed_eye


Jean-Jos 14.09.2013 - 18:12
Hu just de Kontrast ë bësse ropgesat an nei cadréiert.
Desto besser.
Dat ka begeeschteren, déng Biller sin eng Beräicherung hei op PG!
Maimonides 14.09.2013 - 18:56
Ma dat sees de gutt, Jean-Jos.
bopa 16.09.2013 - 01:51
All Mënsch huet seng eegen Art a Weis fir ze kucken a fir ze gesinn. Wollt just meng Art a Weis weisen, ouni fotografisch Pretentioun. Merci fir den Encouragement !
jorsch 14.09.2013 - 18:38
Hunn d'Bild elo schonns e puermol gekuckt, an et gefält mer ëmmer besser, wéinst
dem Faarwenkontrast gold - blo ( a giel ),
de ganz verschiddene Strukturen,
de flotte grafreschen Elementer.
bopa 16.09.2013 - 02:04
Ech gesinn och ëmmer rëm Neies, Onentdecktes, ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 474 Gäscht online