An der éischter Versioun (nët eropgelueden) hat ech se quadratesch geschnidden an d'Meck wor méi kleng ze gesin. D'Planz war mir do zevill dominant, duerfir hun ech d'Bild an der Héicht stark gecropt. Bei däer 'Grengfläch' riets war ech mer dunn nët secher wéi grouss ech se sollt man; als Carrée hätt de Rüssel um Bildrand gepecht, an dat gefällt mer nët. Villäicht hätt ech d'Bild nach kënnen e bëssche méi breet man, da wär 'Méck méi no lënks gerëtscht.