Ech wollt se och am Ufank am Farwechen eropplueden, an dun hun ech gesin dass ze vill "Banding" an der Foto war, an d'Streifen vun den Farwofstufungen ze stark waren. Hun se dun an s/w gemach.
Et gin awer och Leit déi fannen esou stark Streifen genial an enger Foto
Mir gefällt se ganz gutt. Super macro!
Just eng (domm?) Fro: ass déi Vignette nogemaach oder ass déi direkt aus der Kamera? Wéisou sinn d'Sträife fort am s/w?
Merci luxiline, freet mech wann se gefällt
Ech hun eng ganz liicht Vignette drop gesaat. Ech sin mer net secher mee ech mengen am s/w hues de just 256 Grotéin an doduerch geseit een se net méi. Wéi gesoot, sin ech mer net secher op et doduerch ass.