Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Aronstab
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.05.2013
  • Gekuckt:
    16276
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    582x850
  • Späicherplaz:
    323 KB
  • Originaldatum:
    2013:05:10 21:34:15
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Blummen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72370]
Kommentar vum Fotograf:
Eng vun den aussergewéinlechste Blummen an eise Bëscher!

Just dat hei:
Mat dem sténkege Kolben lackelt se Mécken un. Beim Landeversuch op dem grousse glate Blat rutschen se awer aus a falen erof an di Tut ënnen. Kleng Hoer um Hals vun der Tut loossen d'Méck eran, awer net méi eraus! Domm gaangen: Lo sëtzt se fest! ( A bestäubt niewebäi d'Planz )
Allerdings fënnt se ënne an der Tut eng nektarhalteg Flëssegkeet. Vollpensioun also!
Wann d'Planz befrucht ass, gëtt se wielech an d'Méck kann nees eraus aus hirem Prisong.
Happy End fir jiddereen, ass dat net schéin?

marker 12.05.2013 - 09:23
..staark Foto jorsch, esou Toun an Toun, an däi Kommentar dozou as bal genau esou gutt..!!
jorsch 13.05.2013 - 14:22
Villmools Merci marker!
theom 12.05.2013 - 11:22
Schéin Farwen, e flotte cadrage an eng gudd erklaerong.
Hun eppes bei geléiert.
jorsch 13.05.2013 - 14:22
Dat freet mech, theom.
icylady 12.05.2013 - 12:36
d'Farwen an Verarbechtung gefaalen mir hei immens gudd smile
an een interessanten Kommentaire, wosst ech guer net, merci Jorsch smile
jorsch 13.05.2013 - 14:23
Gär geschitt a Merci, icylady!
JADE 12.05.2013 - 16:24
deen Cadrage gefällt mir zimmlech gutt, esou wéi och den "Minimalismus" vum Ausschnëtt
fir mech, wär ech matt méi Hellegkeet (clareté, Luucht) nach méi zefridden smile
jorsch 13.05.2013 - 14:25
Merci Jade, och fir d'Iwwerleeung.
Ech hat och probéiert, d'Bild nach méi a Richtung High-Key ze drécken, mä di heite Versioun huet mer am beschte gefall!
Conley 13.05.2013 - 00:03
Merci fir de Komentar vun denger Opnahm! Di dezent gréng Téin sinn e genoss. An de Cadrage mécht engem Mutt och mol an di Richtung ze Tendéieren.
jorsch 13.05.2013 - 14:27
Merci Conley.
Mir hunn déi schéi geschwongen, organesch Linnen esou gutt gefall.
Conley 13.05.2013 - 19:41
Mir och jorsch, an esouguer ganz gutt!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 492 Gäscht online