Hmm, ze enk ass relativ, wollt d'Detailer vum Waasser wat deen Fiels do erof leeft nach drop hunn, mee en bëssen manner zentral wier effektiv net schlecht geweescht.
Ech fannen et eigentlech ëmmer interessant wou sou Naturfotoen gemaach ginn, an ech hunn et net sou mat den Gedichter vir drënner ze schreiwen...
Jo d'Gedichter sin elo net Wichtesch... D'Fotografie kennt dann wann den Dichter seng Visioun net mat de Wieder ausdrecken kenn... dofir huet eng fotografesch Duerstellung en mei e wichteschen poeteschen Potential...
Wieder zu engem Bild ze assozieren ass just nemmen fir eng Emotioun beim 2 sekonnen Bildkucken villeicht zu engem Gefill ze sublimeiren... aslo just nemmen fir de schnell vergänglescht Emotioun zu eppes mei dauerhafter ze maachen...
Den Detail vum Waaser ? Firwaat dann schon? ass daat alles waat du dir bei deser Foto dir erwënscht hues?