Also lo kucken ech deng Galerie an gesin daat hei :
Casual
Novice Monk (nach emmer vill ze weineg Kommentarer
The Old Man and the River
etc etc ..... do sin vill gut Portraien, och wann se eichter Street sin.
Bei der heiter sin vill Sachen dei mer net gefaalen.
- Den Mettegen, landscape Kadrage do .... gefällt mier net
- dem Model seng Expressioun eierlech gesoot och net
- t'Luucht as komplet ignoreiert gin, entweder e bessen an t'Luucht dreinnen oder mat Reflektor / Bletz e bessen ophellen
- dein Model huet schein greng Aan, e closeup mat engem spontanen leiwen Lachen keim bestemmt gut eriwer, oder e bessen mei weisen an am heichkant ...
soit, ech denken hei kann een vill besser machen. Keng Ahnung ob der daat helleft, mais einfach mol meng drei Pefferkàren.
MbG
Villmols merci fir den extensiven Feedback, natiirlech helleft mer dat weider. Wei ech schon bei denen aneren Fotoen vun deser Serie geschriwwen hat, sin ech nach relativ onerfahren wat 'Photoshoots' ungeet (meng aner Portraien sin wei's de schon gesot hues eischter Street). Den Cadrage zesummen mat der Expressioun fannen ech perseinlech an der Rei (ech weess net ob een dat Affaire de Gout kann nennen), mat der Luucht muss ech der Recht gin, do hapert et. Dei naechste Keier waert ech secher mei op dei Saachen oppassen.
Gär geschitt, bei sou Portrait'en as et eben mat daat schwierest och dem Model daat ze vermettelen waat hat soll ausstrahlen. Meschtens treffen dann dei onerfahren Photografen och nach op onerfahren Modelen, do as et dann duebel schweier.
Do helleft en Workshop oder einfach mol probeieren en Model ze fannen waat alleng wees waat et ze machen huet. Dann hues de als Newbie och Zeit an Rou dech op deng Arbescht ze konzentreieren.