Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Regard
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.03.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.03.2013
  • Gekuckt:
    14712
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    2500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    600x900
  • Späicherplaz:
    394 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:17 09:28:21
  • Fotoapparat:
    NIKON D3200
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71252]
Kommentar vum Fotograf:
Haut de Moien, wéi ech durch d'Buedzëmmerfënster de sëlleche Sangvillercher nogekuckt hun, sin déi op eemol all wéi vun der Tarantel gestach op- a fortgeflunn. Eng Sekonn drop wosst ech firwat.... Leider war ech um 1. Stack an um RdCH waren d'Storen nach net rop. Dofir hun ech durch eng knaschteg Fënster durch den Niwwel an durch ee Kiischtebaam missen dëse Käizchen (an net Fallék, wéi ech am Ufank gemengt hat) knipsen ënnert miserabele Liichtkonditiounen. Mais wéini huet ee schon d'Chance, een Accipter nisus a séngem Gaard ze gesin, deen do op Iessbares lauert?

Zitat aus Kosmos Naturführer Was fliegt denn da?:
"Der Sperber ist ein draufgängerischer und wendiger Kleinvogeljäger. Besonders im Winter sieht man den Sperber auch in Städten und Dörfern jagen, denn dort versprechen die vielen Vogelfütterungen reiche Beute."
Abacab 17.03.2013 - 09:45
Dat ass schonn aussergewéinlech esou en Fallék a sengem Gaart ze gesin.
Fannen du hues jo awer nach dat bescht draus gemat. Ass op alle Fall kuckeswärt!
Nicon07 17.03.2013 - 10:11
Jo, mais leider hun ech méch bei der Bestëmmung geiirt. Et ass kee Fallek, mais ee Käizchen. (Sperber)

unhappy

bigsmile
MsJarryman 17.03.2013 - 11:10
Deng 2. Versioun gesäit richteg gutt aus, me mir soen dach e Käizchen fir déi kleng Eulen bigsmile
Nicon07 17.03.2013 - 11:14
Eben net! Op lëtzebuergesch heeschen di kleng Eilen "Kauz" an de Sperber "Käizchen". Keng Angscht! Dat hun ech och laang Zäit net gewosst. Mais du kanns et awer an "Die Vögel Luxemburgs" noliesen, datt dat esou ass.

smile
MsJarryman 17.03.2013 - 11:48
Dat ass awer irreführend, jo wa mir hei vun engem Käizchen schwetzen, da mengt bestëmmt bal jiddereen die kleng Eil. Op däitsch seet e jo och, ein Käuzchen fir déi. Da hu mer alt erëm eppes bäigeléiert bigsmile
Jeanny 18.03.2013 - 06:29
däi nei Versioun geseet vill besser aus,
wat fir e flott Erliefnes an dat mueres fräi.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 665 Gäscht online