Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Signs in B/W

 
Signs in B/W
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.02.2013
  • Gekuckt:
    15746
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    320 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x750
  • Späicherplaz:
    331 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:09 10:21:22
  • Fotoapparat:
    NIKON D3200
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70448]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun dann een Effort gemaach an eng Schwarzwäiss-Konversioun probéiert.
Jacques 09.02.2013 - 11:06
Vill besser am s/w, an gefällt mer gudd Nicon07!
Nicon07 09.02.2013 - 14:16
Wanns du dat sou mengs, Jacques, da freet dat méch. Mais ech selwer sin awer nach net 100%eg iwwerzeecht. smile


Merci fir däi Kommentar.
Jacques 10.02.2013 - 09:19
Ech sin selwer och nie 100% iwerzeecht vun mengen Fotoenclosed_eye
Mee jiddereen geséit eng Foto vun engem aaneren op seng eejen Manéier an daat ass och gudd esousmile
Metalbambi 09.02.2013 - 11:36
Hued eppes Tim-Burton-méisseges!
Hues ëm d'Äscht nach en méi oder manner groussen Halo, géif probéieren deen nach wech ze pinselen.
Nicon07 09.02.2013 - 14:15
Genau dat doten Argument mam Halo war schon d'Uursaach, firwat ech di Foto am Ufank farweg ropgelueden hun. Mais well de Wonsch geäussert gin ass, se am S/W ze weisen, hun ech da méch drugin, fir eng Versioun ze probéieren, wou ech den Halo sou schwaach wi méigléch haale wollt. An da kënnt déng Remarque wéi eng Guillotine. bigsmile ;-) cool
Signs

Ech weess net, wéi een Ecran datts du hues, mais ech gesin op méngem Apple Cinema Display 27" vun 2011 do am Fong keen Halo méi. Außer di optesch Täuschung, wann ee laang op sou staark Kontraster kuckt an et ufängt ze flimmeren.

Ech weess awer wat's du mengs. Den Ënnerscheed vum Schnéigro op dat Himmelgro ass esou kleng, datt ee wirkléch d'Impressioun huet, et wier do ee méi wäissen Iwwergang. Mais wéi soll een dat stempeln? Ech färten, da gëtt et schlëmmer, well dee Stempel-Tool ass och alt esou eppes. Ech geséich d'Méigléchkeet, den Aascht fräizestellen an an eng uniform gro Fläch als zweet Mask ze iwwerlageren oder ze fusionnéieren. Mais op dann den Halo wirkléch fort ass, oder eist Gehiir eis net eng spillt an awer eist Aa eppes do gesin deet, wat net ass, dat misst een een optesche Gehiirfuerscher froen... bigsmile

Egal wéi, ech soen dir Merci fir däi Kommentar an déng Ureegung.
Metalbambi 09.02.2013 - 16:25
Ass gäer geschitt! tongue
Halo gesäit vir mech derno aus wéi wann nodréiglech den Himmel ofgedonkelt ginn ass oder d'Äscht méi hell gemaach goufen an d'Mask net ganz propper ginn ass.
Nicon07 09.02.2013 - 19:07
Dat ass dann ee Produit vum SilverEffex deen ech benotzt hu fir d'Konversioun. Dann hun ech do zevill un de Regeler gezunn. smile
Metalbambi 09.02.2013 - 19:21
Jup, definitiv, d'gesäit een jo dat den Himmel relativ gesinn vill ze däischter ass. Wéinst sou Saachen sinn ech keen Frënd vun all deem automateschen Gedéngels. Wanns de eppes selwer am Ps mëss, brauchs de vläicht heiansdo en bëssen Zäit, mee d'kënnt awer genau dat raus wat's de wëlls.
Nicon07 09.02.2013 - 21:27
Ganz richteg...
Mais ech muss déch awer hei enttäuschen, well sou vollautomatesch ass de SilverEffex och alt neess net. Op mannst, wanns du net di Virastellunge beméihs. Wat ech de facto hei net gemaach hun. Mais do méchs du genau wéi am PS eng B/W-Konversioun an dann hues du do zu dénger Verfügung di eenzel Farfkanäl, d'Highlights an d'Shadows, d'Kontraster an zousätzléch nach S/W-Filter Simulatiounen. An do ass et, wou ech gesëndégt hun... tongueEch hun ze stark mat Highlights/Shadows gespillt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 646 Gäscht online