Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

The Morning Sun

The Morning Sun
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.12.2012
  • Gekuckt:
    14862
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    250 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x682
  • Späicherplaz:
    457 KB
  • Originaldatum:
    03/12/2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 650D
  • Programm:
  • Objektiv:
    EF-S55-250mm f/4-5.6 IS II
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69292]
Kommentar vum Fotograf:
Als neien User, soll desst dann meng éischten Photo hei um Site gin. Allerdengs hun ech nach net all ze vill Erfahrung an sin op fir all positiven an och all negativen Kommentar. Hei op der Photo gesidd dir den Sonnenopgang, geknippst moies fréih an der Géigend vum Cargo Center.
Johny 22.12.2012 - 12:37
Salut,
Als éischt fir der ze erklären wisous de bis elo nach kee Kommentar krus: Sonnen-op(an ënner)gäng ginn oft "mëssbraucht" fir ze knipsen, jiddereen huet dat schonn iergendwann gemaach, dofir gëllt et als Motiv fir anerer déi dës Foto kucken dann net interessant genuch fir eppes derbai ze schreiwen.
Ech sinn och der Meenung dass d'Foto dofir net ganz interessant ass, MEE ech gesinn awer schonn e besseren ufank wéi bei villen aneren: Du hues den Horizont nämlech net an d'Mëtt vum Bild gesat an ech huele mol un dass de Vull am Bild och sou mat geplangt war, dofir kriss de puer Extrapunkten smile
Probéier just der am beschten aner Motiver ze sichen déi vläicht net ganz esou oft geknipst ginn, dann kriss de och méi Feedback. Mee maach weider sou!
Paul-H 22.12.2012 - 13:31
Also d'Faarwen sin zwar schon bombastesch, och wann et en oft geknipsten Sujet ass. E bessen méi Schärft hätt der Foto allerdings gudd gedoen, also: Méi eng kleng Blend (méi en héichen Wert), dofir awer d'Belichtungszäit och méi kleng, fir déi selwecht Hellechkeet raus ze kréien.
Soss awer e ganz gudden Ufank hei!

Jean-Jos 22.12.2012 - 14:02
Wëllkom a vill Spaas hei op PG Eilahtan!
E bësse geschwängert Faarwen, awer ansonsten gefällt mer déng éischt Foto hei op PG nët schlecht, schon alleng wéinst dem Cadrage, dem solitaire Vull an der Luucht an de gebéiten Kiefer-Beem.
Ech frée mech op déng nächst Biller.
gogo 22.12.2012 - 17:03
Déng Foto ass bei wäitem besser wi méng éischt um Site deemols bigsmile

Ech hat zwar wierklech gemengt dass daat doen iergendswou an der Wüste wier, ech fréen mech op di nächste Foto smile
Eilahtan 22.12.2012 - 22:53
Villmols merci Iech all, fir Aer konstruktiv Kommentaren. Ech hoffen, datt ech mech dann an Zukunft méi mat der Photographie kann beschäftegen, a wärt mech gären u gudden Roodschléi orientéieren closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: wandaluciaia
Am Ganzen: 3727
keen Benotzer an 276 Gäscht online