Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Een Owend am Éislék

All Fotoen an dëser Serie:
32761 Thumbnail
32762 Thumbnail
32763 Thumbnail
Een Owend am Éislék
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.11.2012
  • Gekuckt:
    16899
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    31.07.2012
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68712]
Kommentar vum Fotograf:
De läschten Daag vum Juli 2012 teschend Boukels an House goung sou zu Enn.
Zora 26.11.2012 - 12:47
Ganz schéin stemmeg Serie, an dei lescht ass dei beschtclosed_eye
Nicon07 26.11.2012 - 12:58
Merci Zora!
Nemo 26.11.2012 - 14:29
Déi 3 si gudd, mee Nr 1 as definitv TOP closed_eye
Nicon07 26.11.2012 - 15:11
Merci, Nemo.
Abacab 26.11.2012 - 15:33
Flott Serie Nicon07, woubäi di 2te mer am beschten gefält.
Dest duerch de Bildobbau bei deem de Blëck fir 1te lenkssäiteg an d'Dall erof geet ieren no riets op di super Faarwen a Kontouren vun dem Himmel geet.
Di 1te ass och super flott duerch Géigeliicht vun der Sonn, hei get d'Féierung vum Blëck e ganz e besschen durch deen Lens flare mëtteg am Bild ofgelenkt.
Nicon07 26.11.2012 - 16:10
Merci fir déng Analys. Dee Lensflare an der éischter Foto ass mir mol guer net opgefall. Do gesäit ee, wéi wichteg et ass, wann aaner Leit wi den Auteur vun der Foto matkucken. closed_eye
Jacques 26.11.2012 - 16:55
Eng schein Serie, Nummer 1 gefällt mer besonnech guddsmile
Nicon07 26.11.2012 - 16:57
Merci, Jacques.
BigVood 26.11.2012 - 17:01
Déi 2 éischt gefale mir richteg gutt...menge, wann`s du bei der 1. ënnen d`Feld géifs e besschen wechschneiden fir e Pano-Format ze kréien, da wier déi nach besser. Farwlech sinn se genial!
Nicon07 26.11.2012 - 17:23
Merci fir de Kommentar. Déng Iddi ass net schlecht. Bei Geleeënheet probéieren ech dat mol.
jorsch 26.11.2012 - 17:14
Flott Stëmmung, besonnesch bei 1.
Nicon07 26.11.2012 - 17:23
Merci, jorsch.
Nathalie 26.11.2012 - 17:46
Ganz flott dei heiten. Fir mech hei nummer 1. Ass eng flott stemmung an en flotten kadrage. Gefällt mir immens gud. En scheinen sonnenenergang. Ech fannen awer dass dei 3 hei net an serie passt...
Nicon07 26.11.2012 - 18:00
Merci, Nathalie. Di drëtt passt, deemno wéi, wirklch net an des Serie, well se jo am Fong de Sonnenënnergang am Réck duerstellt, mais ech hun se awer mat rageholl, well et einfach eng Suite ass, déi ufänkt mat enger Foto wou d'Sonn nach iwwert dem Horizont ass, dann eng, wou se just ënnert dem Horizont ass an dann nach eng, wou se den Himmel an d'Wollecke mam Mound nach indirekt ustraalt an eng Reschtluucht nach d'Landschaft beliicht.


Merci awer nach fir de Fav.
Nathalie 09.12.2012 - 16:32
Ech fannen se geif besser an serie passen wann se dei nemmlecht vue geif weisen, also den heeballen an net duerf closed_eye
Nicon07 09.12.2012 - 17:44
Ech weess, wéi's du dat gemengt hues, Nathalie. Du hues jo och recht. closed_eye
Nathalie 09.12.2012 - 17:51
closed_eye
Schluck 26.11.2012 - 21:50
Fir mech och déi eischt an dem BigVood seng Idee ass och eng Iwwerleeung wert
Jeanny 27.11.2012 - 07:08
och fir mech dai eescht Nico, eng wonnerbar Foto.
Pit 04.12.2012 - 08:36
Déi 1te ass top, Faarwen an Perspektiv gefaalen mir do am beschten.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 616 Gäscht online