Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Gottesanbeterin

All Fotoen an dëser Serie:
32475 Thumbnail
32476 Thumbnail
32477 Thumbnail
Gottesanbeterin
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.11.2012
  • Gekuckt:
    10106
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68450]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi mir zu Grimaud an der Vakanz waren dest Joer, soutz eemol loies des Béischt op engem Duch, wat iwwer Nuecht op engem Stull op der Terrasse gedréchent ass. Natiirléch hat ech ee Macro bei mir an awer hun ech méch misse wéi ee Kontorsionist verrenke, fir einegermosse scharf Fotoe ze kréien.
MR 17.11.2012 - 20:14
Mir gefält déi 2.Foto
vun denger Serie
ganz gutt mat der
Schäerft op der richteger Platz
an flott cadréiert.smile
Op der 1. fannen ech stéiert Struktur
vum Duch am Hannergrond an
den Cadrage op der 3. ass net mäin Goûtclosed_eye
Nicon07 17.11.2012 - 20:56
Merci fir de Kommentar, MR. De Cadrage vun der läschter ass effektiv Affaire de goût. An datt dat Insekt do grad op engem Duch soutz, war ebe Pech. Ech hätt se och léiwer op enger Blumm oder engem Blad fotograféiert. smile
MR 17.11.2012 - 21:02
däi 2. ass dir duerfir awer
richteg gutt gelongenclosed_eye
Maimonides 18.11.2012 - 17:32
Ouni Zwäifel, Nico,
ass fir mech
di 3. di Bescht,
Net nëmmen wéinst dem Cadrage.
galileo 17.11.2012 - 20:42
Di 3. Nico, fannen ech immens. Mat wéiengem Objektiv hues du déi dann gemach ? Mam Tele an dann vergréissert a gecropt ?
Nicon07 17.11.2012 - 20:54
Alleguerten hun ech se mam 60mm Macro gemaach, di läscht ass ee crop vum där zweeter.
galileo 18.11.2012 - 17:14
Hoppla, haat andengem Kommentar gelies: ' ...natierlech haat ech KEE Macro bei mer.....' smile
Nicon07 18.11.2012 - 20:37
Do haas du och net verkéiert gelies... closed_eye Mais wéi ech d'exif mol gekuckt hun, du konnt ech méch neess erënneren, datt ech awer de macro an der Posch hat.
smile
gi87 18.11.2012 - 01:32
Super Serie, scheinen Detail a flott Schärf heuste an de Biller ! Top !
Schluck 18.11.2012 - 13:32
Déi läscht ass cool wéi se do aus dem Eck luust, d'Chance fir sou eng ze erwëschen hat ech nach nët ... mir haaten zwar och emol an Spuenien eng an der Rideau setzen mais déi Zäit hun ech nach keng Photoën gemach
JC1967 18.11.2012 - 19:01
Deng Verrenkungen hun sech gelouhnt. Des Makroen gefallen mer wierklech gud an sin och interessant. Schein an gud geschafft smile
Nathalie 18.11.2012 - 22:20
Ganz flott dei heiten. Fir mech hei dei 2. smile
jorsch 19.11.2012 - 14:22
Mir gefält di 3. och aussergewéinlech gutt!
Originelle Bildopbau a vill Detailer, besonnesch d'Schäerft vun dem Fühler bis ( bal ) an den Eck ass immens!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 679 Gäscht online